Refonte vum nationale Warnsystem: Onugekënnegten Test vun den zonale Warn-SMSen

Am Kader vun der Refonte vum Warn- an Informatiounssystem fir d'Bevëlkerung féiert d'Regierung säit Mee 2022 all Mount Tester vum Sireenenetz, der Applikatioun GouvAlert an d'Verschécke vun enger Warn-SMS un d'Populatioun an engem bestëmmte Gebitt duerch.

Wéi Ufank Juni ugekënnegt, ginn d'Tester vun de zonale Warn-SMSen net méi am Viraus ugekënnegt, domat d'Bedreiwer vun den Handysreseauen an enger reeller Situatioun op een Evenement ze reagéieren, dat eng direkt a spontan Warnung vun der Populatioun ausléist.

Deementspriechend huet een onugekënnegten Test vun den zonale Warn-SMSen en Dënschdeg, den 27. Juni 2023 um Gebitt vun de Gemenge Beefort, Bech, Bäerdref, Betzder, Konsdref, Iechternach, Fëschbech, Hiefenech, Jonglënster, Fiels, Noumer, Reisduerf, Rouspert-Mompech, Ärenzdallgemeng a Waldbëlleg stattfonnt.

Et sief drop higewisen, datt nëmmen déi Leit, deenen hiren Handy am Ament vun der Alert mat enger Handysantenn aus den Zonen, déi uewen opgezielt sinn, verbonne war, dës SMS kritt hunn: "LU-ALERT / ALERTE TEST / NO ACTION REQUIRED / AUCUNE ACTION REQUISE / KEINE HANDLUNG ERFORDERLICH /INFOS: GD.LU/LU-ALERT"

Zousätzlech Informatiounen an een FAQ sinn ënner folgendem Link ze fannen: Nationale Warnsystem: LU-Alert.

Communiqué vum Staatsministère, dem Inneministère an dem Héije Kommissariat fir national Sécherheet (HCPN)

Aktualiséiert