Accessibel Wale fir jiddwereen

Andeems si wiele ginn, kënne Persoune mat enger Behënnerung hir politesch Rechter effektiv ausüben an op dës Manéier – och indirekt – Decisioune beaflossen, vun deenen och si betraff sinn. An der Praxis gëtt et allerdéngs nach ëmmer Hindernisser, déi hinnen dat effektiivt Ausübe vun dëse Rechter erschwéieren.

©iStock / ArtemSam Clavier - Walen (blo Tast)

Laut Artikel 29 vun der UN-Konventioun iwwert d'Rechter vu Persoune mat Behënnerungen (UN-BRK), muss de Staat dofir suergen, dass den Zougang zu de Walen erliichtert gëtt, ë.a. duerch accessibel Prozeduren.

De Comité fir d'Rechter vu Persoune mat Behënnerungen huet dem Lëtzebuerger Staat recommandéiert, bei der Ëmsetzung vun der UN-Konventioun op Follgendes ze uechten:

  1. déi gesetzlech an all aner néideg Mesuren ze huelen, fir dass Persoune mat enger Behënnerung gläichberechtegt um politeschen an ëffentleche Liewen deelhuelen, a besonnesch hiert Walrecht ausübe kënnen;
  2. Walprozeduren, -lokaler a -ressourcen esou ze gestalten, dass se fir Persoune mat Behënnerungen ugepasst an accessibel sinn, notamment duerch Gebäerdesprooch, Braille a vereinfacht Sprooch;
  3. d'Bedeelegung vu Persoune mat enger Behënnerung, inklusiv Frae mat enger Behënnerung, um politesche Liewen an an ëffentlechen Entscheedungsprozesser ze fërderen.

Aus deem Grond, huet de Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun de Sujet vun der Bedeelegung um politesche Liewen a säin nationalen Aktiounsplang fir d'Ëmsetzung vun der UN-BRK 2019-2024 mat opgeholl, fir d'Empfeelunge vum Comité z'applizéieren.

Fir d'Rechter vu Persoune mat Behënnerungen ze garantéieren, stellt d'Regierung an Zesummenaarbecht mat verschiddene Partner sécher, dass Walprozeduren, -lokaler an -ressourcen ugepasst, accessibel, liicht verständlech an einfach ze benotze sinn.

Broschür "Accessibilité des bureaux de vote" (FR)

Ee vun de wichtegste Grondsätz vun der UN-BRK ass déi voll a wierksam Bedeelegung an Integratioun an d'Gesellschaft a besonnesch eng gläichberechtegt an allgemeng Participatioun un de Walen. Dofir ass et noutwendeg, den Zougang vu Persoune mat ageschränkter Mobilitéit zu de Walbüroen ze garantéieren. 

D'Broschür "Accessibilité des bureaux de vote" (op Franséisch), déi vun Info-Handicap an Zesummenaarbecht mam Kompetenzzenter fir liicht Sprooch "Klaro" verëffentlecht gëtt, riicht sech un d'Gemengen a proposéiert déi néideg Mesuren, fir dass all d'Persounen hiert Walrecht ausübe kënnen.

Beschreiwung vum "Check Politik"

"Check Politik" ass eng Serie vun Hefter mat Inhalter a liichter Sprooch, déi vum Zentrum fir politesche Bildung a vu Klaro proposéiert gëtt. D'Inhalter sinn no de spezielle Reegele vun der liichter Sprooch verfaasst, déi besonnesch d'Längt, de Sazbau, de Wuertschatz an de Layout betreffen (weider Informatiounen op www.klaro.lu).

D'Zil ass Informatiounen zu politeschen a sozialen Theme fir eng breet Mass zougänglech ze maachen an esou méiglechst vill Leit zum Ausübe vun hirem Walrecht z'encouragéieren. Dës Hefter riichten sech un en allgemenge Public ma och besonnesch u Persoune mat Léier- oder Liesschwieregkeeten.

Am Hibléck op d'Parlamentswale vum 8. Oktober 2023, gouf d'Ausgab Le Luxembourg élit son parlement aktualiséiert. Dëst Heft, wat zesumme mam Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun a mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend verëffentlecht gëtt, proposéiert an enger liichter Sprooch Basis-Informatiounen zu de Parlamentswalen.

D'Heft ass op däitsch, franséisch an englesch disponibel a kann op de Säiten www.zpb.lu oder www.elections.public.lu an der Rubrik Barrierefräiheet erofgeluede ginn.

Gedréckten Exemplarer op däitsch an op franséisch kënnen och iwwert d'Adress info@zpb.lu bestallt ginn.

Bei Froen, kënnt Dir Iech un d'Annaïk Garin wenden: annaik.garin@zpb.lu.

Beschreiwung vun de liicht verständlechen Uweisungen

Am Hibléck op d'Parlamentswalen, huet den Zentrum fir politesch Bildung liicht verständlech Waluweisungen op däitsch an op franséisch erstallt. Dës Publikatioun beschreift déi verschidde Méiglechkeeten, fir de Stëmmziedel gëlteg auszefëllen. D'Gemengen hunn d'Méiglechkeet dës un hir Bierger a Biergerinnen ze verdeelen, oder am Gemengeblat an op hirer Websäit ze verëffentlechen. Et besteet och d'Méiglechkeet de Logo vun der Gemeng ënnen op d'Säit anzefügen. Bei Froen, kënnt Dir Iech un d'Annaïk Garin wenden: annaik.garin@zpb.lu.

Aberuffung an Uweisungen un d'Wieler a liichter Sprooch

D'Convocatioun an d'Uweisunge fir d'Wieler gi vum Kompetenzzenter fir liicht Sprooch "Klaro" a vun der Associatioun APEMH an enger vereinfachter Sprooch (Leichte Sprache) verfaasst.

Site

Sämtlech Informatiounen zu de Projeten déi am Kader vun de Walen an d'Liewe geruff ginn, ginn an enger accessibeler Form um offiziellen Internetsite fir d'Wale www.elections.public.lu verëffentlecht.

Themenowend mat Politiker a Wieler

Fir ze garantéieren, dass all d'Persounen hiert Walrecht korrekt ausübe kënnen, ginn Informatiounsronnen organiséiert, an deenen Erklärungen zu de Programmer vun de politesche Parteie geliwwert ginn. Dës Veranstaltunge riichten sech u Persounen, déi Schwieregkeeten hu politesch Programmer ze verstoen. Membere vun de politesche Parteie ginn ageluede fir aktiv un dësen Informatiounsronnen deelzehuelen. Informatiounen zu dëse Veranstaltunge ginn op www.info-handicap.lu verëffentlecht.

Aféierung vum Walrecht fir Erwuessener ënner Tutelle

Duerch d'Ännerunge vum Walgesetz, déi zanter dem Akraafttriede vum Gesetz den 29. Juni 2023 gëllen, hunn Erwuessener ënner Tutelle elo e Walrecht a kënnen um Walsonndeg deelhuelen. Fir awer ze vermeiden, dass dëst neit Recht fir déi betraffe Persoun zum Nodeel gëtt, zum Beispill da wa si net an der Lag sinn hire politesche Wëllen auszedrécken, sinn Erwuessener ënner Tutelle d'Office entschëllegt a ginn net strofrechtlech verfollegt, wa si hiert Walrecht net ausüben. 

Erweiderung vun der Méiglechkeet den Dag vun de Walen op e Guide zouzegräifen

Den Artikel 79 vum Walgesetz gouf och ëmgeännert. Domat hu walberechtegt Erwuessener, déi ënner Tutelle stinn oder eng dauerhaft visuell, physesch, mental, intellektuell oder sensoresch Beanträchtegung hunn, elo d'Méiglechkeet sech um Walsonndeg an der Walkabinn vun engem Guide begleeden ze loossen. 

Modell fir taktil Walofstëmmung

An Zesummenaarbecht mam Centre pour le développement des compétences relatives à la vue (CDV) stellt d'Regierung de Wieler mat enger visueller Behënnerung en taktile Walmodell zur Verfügung. Dës taktil Walënnerlag steet um Walsonndeg an all Walbüro zur Verfügung a kann am Fall vun der Bréifwal och vum Wieler direkt beim CDV bestallt ginn. 

Transportméiglechkeet an de Walbüro fir Persoune mat enger Behënnerung a mat ageschränkter Mobilitéit

D'Notzer vum Transportservice Adapto, déi eng Adapto-Kaart besëtzen, hunn d'Méiglechkeet dëse Service fir den Transport an de Walbüro ze notzen. Den Transport an de Walbüro an nees zeréck gëtt net vum järleche Kontingent vun de Trajeten ofgezunn, déi dem Adapto-Notzer zoustinn. Fir esou een Trajet buchen ze kënnen, kënnen d'Notzer de Service mobiliteit.lu um Telefon 2465-2465 kontaktéieren oder iwwert d'App adapto.lu eng Reservatioun maachen, andeems se als Motiv "Elections/Wahlen" selektionéieren.

Ëffnungszäite vum Call-Center

  • Méindes bis Freides, 06:45 bis 19:00 Auer;
  • Samschdes, Sonndes: 09:00 bis 16:30 Auer. 

Et sief drop higewisen dass d'Transportcapacitéite begrenzt sinn.

Layout vum Walziedel

Fir d'éischte Kéier, ginn um Walziedel d'Logoe vun de politesche Parteie mat ofgebillt, fir dass Persoune mat sensoreschen oder kognitive Beanträchtegungen d'Ziedele méi einfach liesen an ausfëlle kënnen.

Doriwwer eraus, gouf de Layout vum Walziedel adaptéiert (z.B. duerch eng ugepasste Schrëftaart, zousätzlech Kontraster, asw.), fir dass en och fir Wieler mat enger visueller Beanträchtegung méi accessibel ass.

Communiqué vum Staatsministère an dem Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun

Aktualiséiert