Perturbatioun vu verschiddene staatlechen Internetsitten (1)

Säit de Moien, den 21. Mäerz 2024, gouf et eng Cyberattack op verschidde staatlech Internetsitten. Dobäi handelt et sech ëm eng DDOS-Attack. Eng DDOS-Attack besteet doranner déi informatesch Ressource vum viséierten Affer ze iwwerlaaschten.

D'Servicer vum Staat huelen all déi néideg Mesure fir den Impakt vun der Attack ze limitéieren an d'Servicer esou séier wéi méiglech nees disponibel ze maachen.

De Premierminister huet eng Cellule de crise aberuff. Déi ass am Moment zesumme fir iwwer weider néideg Schrëtt ze diskutéieren. Op Instruktioun vum Premierminister, gëtt d'Cellule de crise vum Stéphanie Obertin, der Ministesch fir Digitaliséierung presidéiert.

De Premierminister gëtt permanent iwwert de weidere Verlaf informéiert an ass aktiv un all Decisioun bedeelegt.

Participanten: Ministère fir Digitaliséierung, Direktioun fir Verdeedegung, Héije Kommissariat fir national Sécherheet (HCPN), Groussherzoglech Police, Arméi, Staatlechen Noriichtendéngscht (SRE), Service fir Krisekommunikatioun (SCC), Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE), Informatiouns- a Pressedéngscht (SIP), Departement fir Medien, Connectivitéit an digitalen Agenda (SMC), Computer Incident Response Center Luxembourg (CIRCL), Lëtzebuerger Reguléierungsinstitut (ILR).

Communiqué vun der Cellule de crise 

Aktualiséiert