Evaluatioun vun der Terror-Menace zu Lëtzebuerg no der terroristescher Attack vum 22. Mäerz 2024 zu Moskau

No der Terror-Attack vum 22. Mäerz 2024, koum d'Koordinatiounsgrupp fir d'Lutte géint den Terrorismus (GCT) op Demande vum Premierminister zesummen, fir d'Menace op nationalem Niveau z'evaluéieren.

Unhand vun den aktuellen Elementer, gëtt et fir de GCT keen Hiweis op eng konkreet a warscheinlech Uschlag-Gefor um Lëtzebuerger Territoire.

Dofir gëtt den "Niveau de la menace" op 2 gehalen. Am Aklang mam VIGILNAT-Plang, gëtt den Niveau "2" ausgeléist wann eng Terror-Menace real mee abstrakt ass.

De GCT wäert d'Situatioun weiderhi verfollegen.

 

Communiqué vum Héije Kommissariat fir national Sécherheet

Aktualiséiert