Visitt vum Pilotprojet "Lieu de vie pour personnes en précarité vieillissantes" zu Berbuerg

Den 28. Mäerz 2024, hunn de Premierminister Luc Frieden an de Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil Max Hahn de Pilotprojet "Lieu de vie pour personnes en précarité vieillissantes" besicht. Haaptzil vum Projet ass et, Persounen, déi obdachlos waren, am Alter en appropriéierten Ënnerdaach ze proposéieren.

  1. ©SIP / Claude Piscitelli

    Gruppefoto

    Gruppefoto

  2. ©SIP / Claude Piscitelli

    (v.l.n.r.) Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil; Yves Morby, Direkter vum HMSB; Luc Frieden, Premierminister; Fabienne Steffen, Generaldirektesch vun elisabeth; Stéphanie Weydert, Member vum Verwaltungsrot vun elisabeth;

  3. ©SIP / Claude Piscitelli

    (v.l.n.r.) Jean-Pierre Hoffmann, Buergermeeschter  vun der Gemeng Manternach; Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil; Laurent Mersch, Sous-Direkter vun elisabeth; Luc Frieden, Premierminister

  4. ©SIP / Claude Piscitelli

    (v. l. n. r.) Marc Pitzen, President vun der Amicale Haaptmanns Schlass; Yves Morby, Direkger vum HMSB; Laurent Mersch, Sous-Direkter vun elisabeth; Luc Frieden, Premierminister, Judith Schultz, Responsabel fir Aktivitéiten a soziaalt Liewen, elisabeth; Max Hahn,  Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil; Catarina Da Cruz

  5. ©SIP / Claude Piscitelli

    (v. l. n. r.) Fabienne Steffen, Generaldirektesch vun elisabeth; Fernand Boden, President vum Verwaltungsrot vun elisabeth; téphanie Weydert, Member vum Verwaltungsrot vun elisabeth; Yves Morby, Direkter vum HMSB; Jean-Pierre Hoffmann, Buergermeeschter  vun der Gemeng Manternach; Luc Frieden, Premierminister; Catarina Da Cruz

  6. ©SIP / Claude Piscitelli

    (v.l.n.r.) Fabienne Steffen, Generaldirektesch vun elisabeth; Stéphanie Weydert, Member vum Verwaltungsrot vun elisabeth; Laurent Mersch, stellvertriedende Generaldirekter vun elisabeth; Luc Frieden, Premierminister; Jean-Pierre Hoffmann, Buergermeeschter  vun der Gemeng Manternach; Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil; Yves Morby, Direkter vum HMSB

  7. ©SIP / Claude Piscitelli

    Illustratioun

    Illustratioun

De Projet befënnt sech an der Seniorestruktur "Haaptmann's Schlass" zu Berbuerg a gëtt vun der Associatioun Claire geréiert, e Sozial- an Hëllefsdéngscht fir eeler Persoune vum Grupp Elisabeth.

Opgrond vum Altere vun der obdachloser Bevëlkerung a vun hirer besonnescher Vulnerabilitéit mat hire ganz ënnerschiddleche Besoinen, wiisst d'Noutwendegkeet fir dëse Persounen eng appropriéiert Struktur ze bidden, déi hir Bedierfnisser berécksiichtegt, an déi et bis elo hei am Land net gouf. Esou gouf decidéiert dëse Pilotprojet mat 22 Better an d'Liewen ze ruffen, deen de Beneficiairen eng adequat Prise en charge ubitt, baséierend op engem holistesche psycho-medezinesch-sozialen Encadrement.

De Premierminister Luc Frieden huet d'Haaptzil vum Projet ënnerstrach: "Dëse Projet ass den Ausdrock vun eisem Engagement fir d'Dignitéit vun all Eenzelen unzeerkennen, onofhängeg vu senger Liewensgeschicht. Ech wëll dass zu Lëtzebuerg jiddwereen d'Méiglechkeet huet, würdevoll ze wunnen. Dëse Liewensraum wäert méi wéi nëmmen en Daach iwwert dem Kapp bidden: et ass en Ëmfeld, wou Matgefill an Ënnerstëtzung am Mëttelpunkt stinn. Dat kierperlecht, mentaalt a soziaalt Wuelbefanne vun eise Senioren ass vu gréisster Bedeitung."

Bei der Visitt vun de Raimlechkeeten, huet de Minister Max Hahn ënnerstrach wéi wichteg den éischte Projet an dësem Genre ass, an dem Gestionnaire fir seng wäertvoll Aarbecht Merci gesot: "Dëse Pilotprojet ass e wichtege Pilier am Kampf géint sozial Ausgrenzung a Prekaritéit, deen op allen Niveaue stattfanne muss. En erméiglecht eng mënschewierdeg Prise en charge vun de vulnerabelste Persounen an eiser Gesellschaft. De kontinuéierlechen Ausbau vun eise sozialpolitesche Moossname läit mir besonnesch um Häerzen. Mir dierfe keen zeréckloossen, virun allem net déi, déi an eiser Gesellschaft oft net siichtbar sinn. E grousse Merci un d'Personal vu Claire ASBL a vum Grupp Elisabeth, déi sech dagdeeglech fir déi bedürfteg Leit an eisem Land engagéieren."

Am Februar 2024 goufen déi éischt Beneficiairen an der Struktur vum Pilotprojet empfaangen. Déi offiziell Aweiung wäert um Enn vum éischte Semester 2024 stattfannen.

Communiqué vum Staatsministère a vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil

Aktualiséiert