Ried vum Xavier Bettel am Kader vun der Commemoratiouns-Zeremonie

Altesses Royales, Här Chamberspresident, Madame Buergermeeschter, Dir Dammen an Hären Deputéiert, Dir Dammen an Häre Membere vum Corps diplomatique, Dir Dammen an Hären,

"Parce qu’un homme sans mémoire est un homme sans vie, un peuple sans mémoire est un peuple sans avenir.” Dës Iwwerleeung vum Maréchal Foch kritt op engem Dag ewéi dësem, all hir Bedeitung. Haut sti mir hei, um Fouss vun dësem Monument, well mir eis erënnere wëllen, well mir eis erënnere mussen, datt d’Erhale vum Fridden zu de wichtegsten Aufgabe vun eiser Gesellschaft gehéiert.

Et ass eng Konstant an eiser Zivilisatioun, datt déi aktuell Generatioune sech versammele fir un eppes ze erënneren, wat si selwer net erlieft hunn, mee wat awer esou en déiwen Impakt am kollektive Gediechtnes hat, datt e Besoin besteet fir sech zesumme ze erënneren. 

Mir kennen all déi grouss prachtvoll Monumenter uechter Europa déi militäresch Victoiren zelebréieren. Dem Leed, dem Misère vun der Bevëlkerung, dem Doud vun honnertdausenden onschëllegen Zaldoten a Ziviliste gëtt bei esou Monumenter oft guer net Rechnung gedroen.

Mee, säit honnert Joer fënnt een och eng aner Zort Monumenter uechter Europa. Et si Monumenter déi grad un d’Leed, un de Misère, un all déi onschëlleg Doudesaffer sollen erënneren, als Mahnung fir d’Zukunft a fir all d’Generatiounen déi duerno kommen.

An et ass eis Aufgab, déi vun der Regierung an alle politesche Responsabelen, grad ewéi vun eis alleguer als Bierger vun dësem Land, fir datt dës Erënnerung nët am Floss vun eisem Alldag verwässert, mee dat se erhalen an un déi nächst Generatioune weider gereecht gëtt. An dat soll een och mat de Mëttel vun eiser Zäit man. Duerfir sinn ech houfreg, datt d’Regierung zesumme mat der Universitéit déi digital Expositioun iwwert den éischte Weltkrich zu Lëtzebuerg ausgeschafft huet, déi elo op eng anschaulech Art a Weis d’Realitéit vun där Zäit an de Schrecken vun dësem Krich beliicht. 

Den éischte Weltkrich wor fir Lëtzebuerg, a fir Europa e Schicksalsmoment, e Wendepunkt an eiser Geschicht. Et wor en Opbroch an eng ganz nei Zäit, eng Zäit déi de Grondsteen geluecht huet fir dat modernt Lëtzebuerg wéi mir et kennen, an och fir dat Europa, sou wéi mir et haut kennen.

D’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung vun deemools wor eng ganz schwiereg.

Op der enger Säit hat Lëtzebuerg vun de groussen europäeschen Muechten, déi 1867 seng Onofhängegkeet bestätegt haten, d’Neutralitéit imposéiert krut. Lëtzebuerg hat iwwert d‘Joeren och immens enk wirtschaftlech Verknäppungen mat Däitschland opgebaut. Den Zollveräin, wou Lëtzebuerg Member wor, ass vun enger enormer Wichtegkeet gewiescht fir eis deemools jonk Stolindustrie.

Op der anerer Säit hat Lëtzebuerg, grad ewéi haut, eng pazifistesch Astellung, well et eis deemools, genee ewéi haut, bewosst wor, datt mir am Krich an am Konflikt mat eise Noperen ëmmer nëmmen eppes ze verléieren haten. Déi schwiereg Situatioun mat där Lëtzebuerg während dem Krich an duerno konfrontéiert wor, hätt deemno liicht kéinten d’Enn vun eiser Onofhängegkeet bedeiten.

 

Wann een haut nach am Norde vu Frankräich, op der aler Front, duerch d’Landschaft fiert, op deene Platzen déi hei am Sockel vun dësem Monument aggravéiert sinn a wou Lëtzebuerger Fräiwëlleger gekämpft hunn a gestuerwe sinn, gesäit een nach ëmmer méi Kierfechter ewéi Dierfer, nach ëmmer Narben op de Felder, nach ëmmer Zonen wou et verbueden ass hinzegoen, well se zevill geféierlech oder nach ëmmer contaminéiert sinn. 

D’Brutalitéit vum Krich huet deemools keen wierklech gesi kommen. D’Zäit virun 1914 wor och e Moment wou d’Gesellschaft sech staark verännert huet. D‘Mënschheet wor iwwerzeegt datt de Fortschrëtt an alle Beräicher onauswäichlech wor an duerfir och nëmmen konnt positiv sinn. 

De Fortschrëtt an d’Industraliséierung hu leider nët nëmme der Mënschheet vun deemools gehollef, si hunn och e Rüstungswettlaaf un d’Rulle bruecht, den d‘Mënschheet a kuerzer Zäit an eng grenzelos Tragedie gefouert huet. 

Ech well elo hei keng historesch Analyse exposéieren, mee erlaabt mer an dem Kontext, kuerz de Stefan Zweig ze zitéieren aus sengem Wierk “Die Welt von Gestern” : “Wenn Ich versuche, für die Zeit vor dem Ersten Weltkriege, in der ich aufgewachsen bin, eine handliche Formel zu finden, so hoffe ich am prägnantesten zu sein, wenn ich sage: es war das goldene Zeitalter der Sicherheit”. 

Mir hunn och oft d’Gefill an engem gëllenen Zäitalter vun der Sécherheet ze liewen. Säit 73 Joer hu mir a Westeuropa keen Krich méi erlieft. Mir hunn oft d’Gefill datt sech eisen Alldag nët esou kennt veränneren wéi en sech deemools, a en puer Méint komplett verännert huet. Natierlech geet et eis wirtschaftlech heiansdo nët esou gutt; natierlech erliewe mer och immens tragesch an dramatesch Evenementer wéi déi rezent Terrorattentater an Europa.

Mee déi wéinegst vun eise Matbierger wëssen haut nach wéi et sech ufillt wann hiert Haus an hir ganz Existenz zu all Moment kennen zerbommt ginn. Mir vergiessen oft datt 1918 och zu Bouneweg Bomme gefall sinn, Leit ëmkomm an Haiser zerstéiert gi sinn. 

Mir wëssen nët méi wéi et sech ufillt wa Membere vun eiser Famill mussen op e Schluechtfeld sech der fuerchtbarster Gewalt stellen an net méi erëm kommen. An dëst Monument erënnert un all d’Lëtzebuerger déi an der franséischer Friemelegioun un der Front gekämpft hunn an do ëmkomm sinn.

Mir wëssen nët méi wéi et sech ufillt wann een net sécher ass ob ee muer nach eppes z’iesse kritt. Mir hu vergiess datt deemools d’Iesswueren hu missen rationnéiert ginn, datt d’Regierung huet missen de Bäcker virschreiwe wéivill Gramm Miel e Brout dierft hunn, fir nët all Reserven opzebrauchen. 

D’Gefill vun der Sécherheet wat virun 1914 nach net ewech ze denken wor, gouf ersat duerch Angscht an dacks och duerch Fatalismus an Hoffnungslosegkeet. 

 

Wa mir hei stinn, kucke mer dacks nëmmen op d’Gëlle Fra erop, a vergiessen oft wat d’Skulpturen um Sockel eis wéi e Mahnmal wëlle matdeelen. E jonken Zaldot, den de Krich iwwerlieft huet, setzt niddergeschloen nieft sengem doudege Komerod a kuckt mat engem eidele Bléck, voller Matleed, an den Horizont a freet sech wahrscheinlech: “firwat ?”

Dëst Monument, an d‘Monument um Kanounenhiwwel, erënneren nët nëmmen u Kricher, un Idealer wéi Fräiheet a Solidaritéit, dës Monumenter erënneren och u Mënschen, mat hirer eegener Perséinlechkeet, mat hiren Dreem, mat enger eegener Geschicht, alleguer awer gläich virun engem ongerechten Doud. Op dëser Platz, loosst mech zwou Fraen ervirhiewen, déi op hir Manéier, zwar net direkt un der Front, awer mat de selwechten Idealer vu Fräiheet a mam selwechte Risiko fir hiert eegent Liewen, sech agesat hunn.

D’Lise Rischard, eng Stadter Dame, déi e performanten Renseignementsréseaux op d’Been gestallt huet a wichteg Informatiounen iwwert d’Truppemouvementer um Lëtzebuerger Schinne Réseau un de briteschen a franséische Geheimdéngscht konnt weider ginn. Dëst wor nëmmen méiglech mat der Hëllef vun enger anerer Dame, dem Jeanne Schroell, déi an Ofwiesenheet vun hirem Mann d’Leedung vum Tageblatt, mee virun allem vun der Zeitung “Der Landwirt”, iwwerholl huet an duerch déi d’Madame Rischard verschlesselt Noriichten konnt weiderleeden. 

Dat alles kléngt haut bal wéi eng intressant Anekdote, mee mir sollen net vergiessen datt dës zwou Dammen hiert d’Liewen op d’Spill gesat hunn. Wieren se gepëtzt ginn, wier och fir si, den Doud onauswäichlech gewiescht. 

 

Wann den éischte Weltkrich eng grouss Ëmstellung bedeit huet am Verglach zu dësem “goldenen Zeitalter der Sicherheit” wéi den Zweig et beschriwwen huet, sou wor d’Zäit direkt nom éischte Weltkrich och fir Lëtzebuerg eng Zäit vu déifgräifend Changementer déi d’Grondlag fir dat modernt Lëtzebuerg geluecht hunn. 

Genau wéi a villen aneren europäeschen Länner ass et och zu Lëtzebuerg zu sozialen a politeschen Onroue komm, déi d’Fundament vum Land kräfteg un d’Wackele bruecht hunn. Um internationalen Plang gouf d’Positioun vun eisem Land hefteg debattéiert, an et huet e konkrete Risiko bestan datt Lëtzebuerg seng Onofhängegkeet géing verléieren. 

Mee dës Kris wor fir Lëtzebuerg a fir d’Lëtzbuerger och e Moment vun Erwächen a vu Reflexioun. 

Vun Erwächen, well nodeems dat universaalt Walrecht agefouert ginn war, wou all Fraen a Männer endlech konnte wielen goen, hunn sech d’Lëtzebuerginnen an d’Lëtzbuerger, ganz kloer, am Referendum vun 1919 fir d‘Bäibehale vun eiser Dynastie an domat och vun engem Onofhängege Lëtzebuerg ausgedréckt. De Wonsch an de Wëllen no Selbstbestëmmung konnt d‘international Communautéit nët einfach ignoréieren. 

Vu Reflexioun, well d’Land sech bewosst ginn ass datt eng nei wirtschaftlech Orientéierung néideg wor, no baussen, wéi no bannen; datt de Staat net nëmmen e Gendaarm sollt sinn, mee sech och sozial misst engagéiere fir den Zesummenhalt vun der Bevëlkerung an eng méi gerecht Verdeelung vun deem neie Räichtum ze garantéieren. Eng Reflexioun schlussendlech, datt mir eng Schicksalsgemeinschaft sinn, déi sech net méi eleng konnt hannert enger Neutralitéit verstoppen, déi zwar um Pabeier vun den europäesche Groussmuechte garantéiert wor, mee déi riskéiert huet ignoréiert ze ginn esou bal et haart op haart géif kommen. 

An et ass dës Wëllenskraft an dëst Bewosstsinn datt Lëtzebuerg schonn eppes Besonnesches tëschent all de groussen Natiounen ronderëm eis ass, déi eist Land deemools, genau ewéi haut, nach ëmmer animéiert.

An et ass an dem Sënn datt mir Lëtzebuerger bleiwe wëllen wat mir sinn, awer net stoen bleiwen wou mir stinn. 

Wa mir d’Akutalitéit kucken, nët nëmmen an Europa, mee op der ganzer Welt, gesi mer leider wéi Discoursen vun Haass a Gewalt erëm méi präsent ginn. Dem Noper d’Schold ginn un eise Problemer ass ëmmer déi einfachst a kamoudste Manéier fir den Äntwerten op de Leit hire legitime Froen an Ängschten aus dem Wee ze goen. 

Et ass essentiell, datt mir op engem Dag ewéi haut eis drun erënneren datt eis Fräiheet, eise Wuelstand, nët selbstverständlech sinn. Zwou Generatiounen hu missen an den leschten 100 Joer bludden, fir datt mir haut a Fridden a Wuelstand an eisem Land liewen. Trotz allen Differenzen, Divergenzen a Meenungsverschiddenheeten, musse mir eis un de wichtegste Message erënneren. 

Mir stinn haut beieneen, hei zou Lëtzebuerg an op ville Platzen uechter Europa an uechter d’Welt fir de Fridden ze feieren. E Fridden , dee mir och haut mussen erhalen. 

Haut, a Präsenz vun all deene Leit a besonnesch deene Jonken, déi d’Chance hunn nach ni e Krich hu missen ze erliewen, wëll ech all deenen Merci soen, déi a schwéiere Momenter zur Fräiheet stounge grad ewéi all deenen, déi de Courage haten, en Europa ze bauen, dat Garant vu Fräiheet a Fridden ass.

Mir stinn op éiweg an hirer Schold.

Aktualiséiert