Ried zur Lag vun der Natioun 2021

Eise Wee. Eist Zil.

De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet um 12. Oktober d'Ried zur Lag vun der Natioun 2021 virun der Chamber gehalen.

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

et deet gutt nees hei um Krautmaart virun Iech schwätzen ze däerfen. D'Chamber ass erëm zréck an hirem Doheem, wou zanter 1860 d'Geschicht vun eiser parlamentarescher Demokratie geschriwwe gëtt.

Obwuel eist Land sech zanter annerhallwem Joer an engem aussergewéinlechen Zoustand befënnt, huet d'Parlament zu kengem Moment opgehalen ze fonctionéieren. Wärend dem ganze Verlaf vun der Pandemie sidd Dir Ärer Verantwortung nokomm. D'Manéier, wéi mir zesummen dës Kris geréiert hunn, ass quasi eenzegaarteg an Europa.

D'Demokratie ass zu Lëtzebuerg net virum Virus an d'Knéie gaang. Här President, dofir wëll ech Iech mäi gréisste Respekt a meng gréissten Unerkennung ausdrécken. Stellvertriedend fir déi ganz Chamber, mat all hiren Deputéierten an deene Leit déi fir si schaffen.

Ech wëll och der Stad Lëtzebuerg Merci soen, datt si mam Cercle wärend esou ville Méint dem Parlament eng Plaz zur Verfügung gestallt huet, an där den demokrateschen Debat an engem wierdege Kader konnt stattfannen.

Et ass e wichtegt Symbol, datt mir haut erëm op dëser Plaz zesummekommen. E Symbol fir déi nei gewonnen Normalitéit, déi mir eis déi lescht Wochen a Méint haart erkämpft hunn.

Mir hunn e Wee hannert eis, deen alles aneschters wéi einfach war.

Och Lëtzebuerg huet Affer ze bekloen. De Virus huet Lächer an eiser Mëtt hannerlooss. Mënschen, déi de Covid-19 aus dem Liewe gerappt huet, an déi eis batter feelen. Grousselteren, Pappen a Mammen, Bridder a Schwësteren, Frënn, Aarbechtskolleegen a Noperen.

Ech denken op dësem Dag och u si, déi eis fir ëmmer verlooss hunn. Ech denken un hir Familljen, Frënn a Bekannten. Mir däerfe si net vergiessen a mir wäerte si net vergiessen.

Mir sinn dem Enn vun der Pandemie ganz no. Mee mir sinn nach net ganz um Zil ukomm. Ech wäert selbstverständlech a menger Ried op d'Evenementer vun de leschten 19 Méint agoen. Et ass wichteg, datt mir haut ufänken, en éischte virsiichtege Bilan vun der Pandemie ze zéien an d'Gestioun vun der Kris opzeschaffen.

Wann ech kucke wou mir haut stinn, dann däerfe mir eis Ustrengungen elo net noloossen. Ze vill hu mir missen opginn. D'Léisunge leien um Dësch. Ech wäert a menger Ried och dorobber agoen, wéi d'Regierung sech d'Sortie aus dëser Pandemie virstellt.

Eng Exit-Strategie déi kee Wee zeréck wäert sinn. Mee e Wee no vir!

Elo, wou mir amgaange sinn d'Course géint de Virus ze gewannen, ass nämlech de Moment, fir d'Zäit no der Pandemie ze preparéieren.

Déi grouss Erausfuerderunge vun eiser Zäit hu sech déi lescht Méint net a Loft opgeléist.

Ganz am Géigendeel. D'Erausfuerderunge ronderëm de Klimawandel, déi héich Wunnengspräisser a sozial Problemer ginn ëmmer méi akut.

Gläichzäiteg huet de Coronavirus eist Liewen nohalteg verännert. Et ass un eis, déi richteg Léieren aus der Pandemie ze zéien. Et ass un eis, fir Äntwerten op d'Fro ze fannen, wéi mir no der Kris als Gesellschaft fonctionéiere wëllen.

Ech denken zum Beispill un eng gesond Work-Life-Balance.

Ech denken awer och un d'Digitaliséierung an hiren enormen Afloss op eist alldeeglecht Liewen.

Wa mir de rasante gesellschaftlechen Entwécklunge vun deene leschte Jore wëlle Rechnung droen, an déi grouss Defie vun eiser Zäit wëllen ugoen, musse mir nei Weeër goen. Jo, mir mussen d'Dynamik an den Engagement vun deene vergaangene Méint mathuelen. Well mir hu gesinn, zu wat mir fäeg sinn, wa mir eis kollektiv enger Saach verschreiwen.

Mir Lëtzebuerger hunn et bis elo ëmmer fäerdeg bruecht, gestäerkt aus enger Kris erauszegoen.

Well mir net stoe bleiwen. Well mir et woen nei Weeër ze goen. Well mir Chancë wouerhuelen, déi sech eis op dëse Weeër bidden. Well alles dat zeechent de "Lëtzebuerger Modell" aus.

De "Lëtzebuerger Modell" ass eng Erfollegsgeschicht. Et ass d'Geschicht vun engem Land, dat sech eng aussergewéinlech ekonomesch, politesch a sozial Stabilitéit erschafft huet.

Et ass d'Geschicht vun engem Land, an deem d'Bierger vu Wuelstand a Liewensqualitéit profitéieren.

Et ass awer och d'Geschicht vun engem Land, wou mir matenee schwätzen, aplaz géinteneen ze schaffen. E gutt fonctionéierende Sozialdialog ass de Garant fir de soziale Fridden. Wann et drop ukënnt, hale mir zesummen.

Mir wëllen an Zukunft nach méi staark op d'Biergerbedeelegung setzen. Mir wëlle Politik mat de Mënsche maachen. Well et geet um Enn ëmmer ëm de Mënsch. Et geet ëm eis gemeinsam Zukunft.

Et kann een déi grouss Erausfuerderunge vun eiser Zäit net getrennt vuneneen ugoen. D'Bekämpfe vum Klimawandel, d'Digitaliséierung, de Logement an d'Sozialpolitik sinn onweigerlech matenee verbonnen.

Mir kënne keng effikass Klimapolitik maachen, ouni mat enger gerechter Sozialpolitik d'Bierger virun den enorme finanziellen Auswierkungen vun der Klimakris ze schützen.

D'Digitaliséierung bitt eis grouss Chancen, biergt awer och Erausfuerderungen. D'Aarbechtswelt wäert sech an den nächste Jore massiv veränneren. Mir däerfen op dësem Wee keen zréckloossen.

Och de Logement spillt eng wichteg Roll an der Klimapolitik. D'Wunnen ass de Moment awer virun allem e sozialen Ausgrenzungsfacteur.

D'Politik vun haut stellt d'Weiche fir d'Zukunft. Mir decidéieren haut, wéi mir an 10, 20, 30 Joer liewe wëllen.

Mir decidéieren haut, wéi eng Welt mir den nächste Generatiounen hannerloosse wäerten.

Mir hunn nach e laange Wee virun eis. Gläichzäiteg bleift eis net méi vill Zäit. Mir mussen all dës Erausfuerderungen elo direkt ugoen, ier et ze spéit ass.

De Weltklimarot war a sengem leschte Rapport méi wéi däitlech.

D'Klimakris ass eng Realitéit. Si betrëfft eis alleguer. Net an 100 Joer. Net um aneren Enn vun der Welt. Mee elo direkt. Hei zu Lëtzebuerg.

Am Juli stounge ganz Deeler vun eisem Land ënner Waasser. Héichwaasser an Iwwerschwemmunge gehéiere mëttlerweil zum alljärleche Risiko, deem mir wéinst dem Klimawandel ausgesat sinn. Mir schwätzen net méi vun Joerhonnertkatastrophen. Dofir geschéien dës Naturkatastrophe mëttlerweil leider vill ze oft.

Et brauch ee sech just déi lescht fënnef Joer unzekucken, fir sech bewosst ze ginn, wéi reell d'Klimakris an hir Auswierkungen zu Lëtzebuerg elo scho sinn.

Et grenzt un e Wonner, datt all dës Katastrophe keng Mënscheliewen zu Lëtzebuerg gefuerdert hunn. An awer ass de Schued immens grouss. Ech wëll op dëser Plaz eise Rettungsdéngschter an de ville Leit Merci soen, déi sech solidaresch mat hire Matmënsche gewisen hunn.

Et sinn d'Eenzelschicksaler, déi mech all Kéier emotional ergräifen, wann ech bei déi betraffe Leit ginn. Mënsche kréie bannent e puer Stonnen hir Liewensexistenz ënnert de Féiss ewechgerappt.

Mir maachen eist Bescht fir hinne finanziell ënnert d'Äerm ze gräifen. Mee et ass den emotionale Schued, dee mir nëmme schwéier guttmaache kënnen. Wäertvoll Erënnerunge si fir ëmmer zerstéiert. Wat bleift ass d'Angscht. D'Angscht virun der nächster Katastroph.

Ech erënnere mech un e Gespréich mat enger jonker Mamm aus der Fiels, enger Uertschaft, déi elo schonn e puer Mol Staarkreen an Iwwerschwemmungen ausgesat war. Dës Mamm huet mir erzielt, datt hir Kanner Angscht hunn, esoubal et e bësse méi staark reent. Si verbannen de Ree mat all deem Misär a Leed, dee si an hire jonke Jore schonn zweemol hu misse matmaachen.

Wat an der Vergaangenheet geschitt ass, kënne mir net réckgängeg maachen. Dofir ass et ëmsou méi wichteg, datt mir d'Zukunft esou gestalten, datt de Klimawandel net nach méi grousst Leed verursaache wäert.

Mir hu kee Choix. Mir mussen eis Klimaziler erreechen. De Wee dohin ass kloer gezeechent.

Éischtens: mir musse eisen Ausstouss vun Zäregasen esou reduzéieren, datt d'Äerd sech net weider erwiermt.

Zweetens: mir musse massiv an d'Erfuerschung vun neien an innovativen Technologien investéieren, déi eis op laang Siicht hëllefen, de Klimawandel ze stoppen.

Drëttens: mir musse preventiv Mesuren ergräife géint de Schued deen d'Äerderwiermung elo schonn uriicht.

D'Zil ass kloer. D'Wëssenschaft seet eis, datt mir bis 2050 klimaneutral musse ginn, fir d'Erderwäermung op 2 Grad, besser nach op 1,5 Grad ze limitéieren. Lëtzebuerg huet sech ambitiéis Ziler gesat. Bis 2030 wëlle mir eis Zäregas-Emissiounen ëm 55% reduzéieren.

2030 ass eng wichteg Tëschenetapp fir d'Mënschheet. Packe mir et bis dohin net, eis CO2-Emissioune staark ze reduzéieren, riskéiere mir, datt sougenannte Kipppunkten antrieden, déi mir net méi réckgängeg kënne maachen.

D'Ewechschmëlze vun den Äismassen op den Äerdpoler ass esou e Kipppunkt. Mat der Konsequenz, datt d'Mieresspigglen ëm e puer Meter uklammen a ganz Landflächen iwwerschwemmt ginn. Mir schwätze vun engem massive Verloscht vu Liewensraum fir d'Mënschen, d'Déieren an d'Natur.

Mir hunn also manner wéi 10 Joer, fir eist selwer gesatent Zil bis 2030 z'erreechen. Lëtzebuerg ass bereet Verantwortung ze iwwerhuelen. 

Klimapolitik

A mir hu scho sou munches erreecht.

Mir hunn et zum Beispill fäerdeg bruecht, eis Produktioun vun erneierbaren Energien an de leschte 5 Joer méi wéi ze verduebelen. Esou konnte mir dat lescht Joer eist Zil vun 11% erneierbaren Energië par rapport zum gesamten Energieverbrauch zu Lëtzebuerg erreechen. 2020 hunn déi erneierbar Energië fir déi éischte Kéier an eiser Geschicht den Energiebedarf vun allen Haushalter zu Lëtzebuerg gedeckt.

D'Experte si sech eens, datt den Ausbau vun den erneierbaren Energië mat de wichtegste Baustee vun engem effiziente Klimaschutz ass. Do dernieft ass Lëtzebuerg staark ofhängeg vun Energie, déi am Ausland produzéiert gëtt. Den Ausbau vun erneierbaren Energië schount also net nëmmen d'Klima, mee stäerkt och eis national Versuergungssécherheet.

Wéi wichteg eng gréisstméiglechst national Energieversuergung ass, erliewe mir de Moment hautno. Geopolitesch Ursaachen, op déi mir als Lëtzebuerg keen Afloss hunn, provozéieren eng Hausse bei den Energiepräisser. Mir wäerten dës Entwécklung genee am A behalen an deene sozial schwaache Stéit mat konkrete Mesuren ënnert d'Äerm gräifen, fir datt si net an d'Energieaarmut falen. Ech kommen nach heirop zréck.

D'Sonn an de Wand sinn de Schlëssel fir eng nohalteg Stroumproduktioun zu Lëtzebuerg. Mir produzéieren haut dräimol esou vill Wandenergie wéi nach viru fënnef Joer. An och d'Energie, déi mir duerch d'Sonn gewannen, hëlt vu Joer zu Joer zou. Hei gesi mir e besonnesche Succès bei de Solaranlagen, déi op Halen installéiert ginn. Dësen Erfolleg geet och op eis Decisioun vum leschte Joer zréck, fir Bedreiwer vun dësen Anlagen attraktiv Tariffer unzebidden. 

Stroum

Fir eist Zil vu 25% erneierbaren Energië bis 2030 z'erreechen, mussen mir nach méi Surfacë mobiliséieren, haaptsächlech um Daach vun existente Gebaier, wéi Büroen, Schoulen a Parkingen. Sonnenenergie-Projete sinn och interessant fir privat Investisseuren, um eegenen Dach oder a Cooperativen.

Nieft den Efforten zu Lëtzebuerg, setze mir och op gréisser Investitiounen an Projeten am Ausland. Lëtzebuerg wëll sech ënner anerem un Energie-Insele mat Offshore-Wandparken an Dänemark wéi och an der Belsch bedeelegen.

Lëtzebuerg baut och op de Biogas an de Waasserstoff als alternativ Energiequellen.

Nodeems d'Regierung virun e puer Wochen hir Waasserstoffstrategie presentéiert huet, leeë mir och an noer Zukunft e klore Fuerplang fir de Biogas vir.

Den Ausbau vun erneierbaren Energien ass ëmsou méi wichteg, well d'Nofro un Energie an Zukunft ëmmer méi grouss wäert ginn.

Gläichzäiteg musse mir iwwerall do Energie aspueren, wou et méiglech ass. Mir hunn eis d'Zil gesat, eis Energieeffizienz bis 2030 op 40 bis 44% par rapport zum Referenzjoer 2007 ze erhéijen. Zu Lëtzebuerg verbrauchen d'Mobilitéit, d'Industrie an d'Wunnen déi meeschten Energie.

Ëmmer méi Awunner wëllen hiert Haus energetesch sanéieren. Am Kader vum Relance-Pak "Neistart Lëtzebuerg" hu mir e Bonus bei de Subside fir d'energetescht Sanéieren agefouert. 2022 wäerte mir dëse Subsideregimm weider vereinfachen, fir datt och eenzel Sanéierungsmesurë méi séier kënne realiséiert ginn.

D'Mobilitéit betrëfft jidderee vun eis am Alldag. Séier vun A op B kommen, dëst am beschten esou bëlleg, komfortabel a klimafrëndlech wéi méiglech. Dat ass eist Zil. De Wee dohi ka just a Kombinatioun mat engem performanten ëffentlechen Transport geléngen.

Mir hunn am Mäerz 2020 als éischt Land op der Welt den ëffentlechen Transport gratis gemaach. Gläichzäiteg gehéiere mir zu deene Länner, déi am meeschten an den Ausbau vum ëffentlechen Transport investéieren. An Europa leie mir zum Beispill mat 567 Euro pro Kapp eleng beim Ausbau vum Zuchreseau op éischter Plaz.

Dës Investitioune fléissen ënner anerem an d'Verdueblung vun der Linn Lëtzebuerg-Beetebuerg, awer och an Opfänkparkingen zu Rodange, Miersch, Ettelbréck, Ëlwen a Waasserbëlleg. Mir hunn och 34 nei Zich bestallt, déi tëschent 2023 an 2025 geliwwert ginn. Mat dëser Investitioun erhéije mir d'Gesamtcapacitéit vum Schinnennetz ëm ganzer 43%.

Den Tram fiert ewell vum Kierchbierg bis op d'Stater Gare. Den Ausbau a Richtung Bouneweg, Houwald an d'Cloche d'Or leeft op Héichtouren.

Nieft dem massiven Ausbau vum ëffentlechen Transport setzt d'Regierung op Investitiounen an déi douce Mobilitéit. Mir hunn zanter 2015 de Reseau vu Vëlospisten ëm 92,5 Kilometer op 640 Kilometer ausgebaut. An den nächste Jore wäerten zousätzlech 460 Kilometer Vëlospisten entstoen. D'Primme fir Vëloen, Pedelecs an E-Bikes goufen op 600 Euro verduebelt. Bis elo sinn iwwer 50.000 Demandë beim Ëmweltministère erakomm. Dat ass de Beweis vum Succès vun dëser Mesure.

Den Auto wäert och an Zukunft net aus Lëtzebuerg verschwannen. Och wa mir den ëffentlechen Transport an d'Mobilité douce ëmmer méi performant gestalten, si mir eis bewosst, datt nach ëmmer vill Mënschen zu Lëtzebuerg op den Auto ugewise sinn. Dofir musse mir dëse Mënsche klimafrëndlech a bezuelbar Alternativen zum Verbrennungsmotor schafen.

Ëmmer méi Bierger entscheede sech fir en Elektroauto. Zesumme mat Hybrid-Autoe maachen Elektroautoe mëttlerweil ronn 20% vun den Neiimmatrikulatiounen aus. Dat léisst sech engersäits duerch eis staatlech Primmen erklären, déi mir an eisem Relance-Pak nach emol op 8.000 Euro erhéicht hunn. Anerersäits gëtt d'Offer u performanten a bezuelbaren Elektroautoen um Marché ëmmer méi grouss.

En drëtte Facteur fir den Erfolleg vum Elektroauto ass d'Opluedinfrastruktur. Hei brauche mir eis zu Lëtzebuerg viru kengem ze verstoppen. Mir leien an Europa op der zweeter Plaz, wat d'Opluedinfrastrukture pro Quadratkilomeeter ubelaangt. A mir investéiere weider, zum Beispill an d'Installatioun vun 88 Schnellopluedstatiounen.

Eleng am Juni dëst Joer goufe ronn 267.000 Kilowatt grénge Stroum op ëffentleche Borne getankt. Dat entsprécht ronn 1,6 Millioune Kilometer, déi elektresch gefuer konnte ginn.

Och eise Subsid fir Opluedstatioune bei Privatpersounen ass e groussen Erfolleg. D'Regierung schaft zousätzlech e Subsideprogramm fir Opluedstatiounen op der Aarbechtsplaz. Dëse soll Ufank nächst Joer lancéiert ginn.

Klimafrëndlech Mobilitéit

D'Regierung investéiert dann och weider an eng besser a méi sécher Stroosseninfrastruktur. Ënner anerem solle Contournementen d'Uertschaften zu Housen, Dippech a Käerjeng verkéiersberouegen an esou d'Liewensqualitéit an d'Sécherheet vun de concernéierte Bierger verstäerken.

Eis Ekonomie a besonnesch d'Industrie hunn e groussen Energiebedarf. D'Regierung wëll si bei hirer ekologescher Transitioun ënnerstëtzen.

D'Industrie ass bereet hiren Deel zur Léisung bäizedroen. Ech hunn zwee grouss Betriber aus dem Süde vum Land besicht, déi Glas an Zement produzéieren. Si stellen haut schonn androcksvoll ënner Beweis, wéi d'Energietransitioun an der Industrie ka geléngen. Si moderniséieren hir Produktiounmechanismen a stoussen esou däitlech manner CO2 aus. Gläichzäiteg sécheren hir Investitiounen Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg of.

Mir brauchen nach vill esou Initiativen, fir datt mir eis Klimaziler erreechen. Mir brauchen e Klimapakt fir d'Betriber. D'Regierung schafft dofir un engem neien Hëllefsprogramm, fir déi néideg finanziell Mëttel, awer och Expertis a logistesch Hëllef zur Verfügung ze stellen, fir datt all Betrib, egal op grouss oder kleng, sech méi klimafrëndlech opstelle kann.

Mir wäerten eis Efforten an der Innovatioun a Fuerschung fir méi klimafrëndlech Technologië weider verstäerken. Dofir huet d'Regierung den Domän vun der nohalteger a responsabeler Entwécklung och als ee vu véier grousse Fuerschungsprioritéiten zréckbehalen. Op der Uni Lëtzebuerg waert ee véierten interdisziplinären Zenter geschafe ginn, dee sech mat nohalteger Entwécklung soll beschäftegen.

De Staat huet eng Virreiderroll am Klimakampf. E muss senger Virbildfunktioun gerecht ginn an de Bierger an Entreprisen de Wee Richtung Klimaneutralitéit virweisen.

De Staat a seng Zerwisser mussen an den nächste Gang schalten an hir Efforte beschleunegen. Et gëtt nach ëmmer ze vill ëffentlech Gebaier, déi net energetesch sanéiert goufen. Et gëtt nach ze vill ëffentlech Daachflächen, op déi mir keng Photovoltaik-Panneauen installéiert hunn.

Gläichzäiteg bremse vereenzelt Prozedure privat Klima-Initiativen aus. D'Regierung wäert dofir en interministeriellen Aarbechtsgrupp opstellen, deen als Aufgab huet, de Staat a seng Prozeduren op onnéideg Bremsen am Klimaschutz z'iwwerpréiwen. Dësen Aarbechtsgrupp soll e Mesurëkatalog ausschaffen, deen et eis erlaabt, d'Klimapolitik ze beschleunegen.

Eng konkret Mesure ass zum Beispill d'Mise en place vun engem Guichet unique als eenzeg Ulafstell, fir d'Geneemegungsprozedure vun Energieprojeten däitlech ze vereinfachen.

D'Regierung féiert och als éischt europäescht Land e sougenannten Nohaltegkeetscheck fir zukünfteg legislativ a reglementaresch Texter an. Mir sinn drop an drun, dëst Instrument ze finaliséieren, dat et eis erlabe wäert, eis eege Gesetzer méi nohalteg ze gestalten.

Mir sinn e relativ klengt Land. Lëtzebuerg dréit just zu engem Brochdeel zu de weltwäiten CO2-Emissioune bäi. Mir eleng wäerten d'Klimakris net stoppe kënnen. Dat soll awer keng Entschëllegung sinn, fir net eisen Deel zur globaler Léisung bäizedroen an och Virreider ze sinn.

D'Weltklimakonferenz am November zu Glasgow ass richtungsweisend. Lëtzebuerg ass bereet méi Verantwortung z'iwwerhuelen. Lëtzebuerg verlaangt awer och vun der internationaler Gemeinschaft e méi engagéiert a solidarescht Virgoen an der Klimakris. Mir kënnen de Kampf géint de Klimawandel just als gëeente Welt gewannen.

Mir erhoffen eis vun der Weltklimakonferenz konkret Léisungspiste fir e méi effikasse Klimaschutz op globalem Niveau. D'Weltklimakonferenz ass awer och e ganz symbolescht Evenement. D'Welt, a ganz besonnesch déi jonk Generatiounen, kucken op eis.

Mir kënnen net vun de Bierger verlaangen, datt si hiert Liewen ëmstellen, wa mir selwer als Staat net mat guddem Beispill virginn.

Ech wäert dofir dem Regierungsrot virschloen, datt staatlech Missiounen am Ausland an Zukunft CO2-kompenséiert ginn. Mir sinn amgaang e System op d'Been ze stellen, deen et den Zerwisser erlaabt, den CO2-Verbrauch vun hire Reesen iwwert e ganzt Joer ze comptabiliséieren. Vun 2023 u gëtt dann am Budget dee Montant virgesinn, dee gebraucht gëtt, fir den CO2-Verbrauch vum Virjoer ze kompenséieren.

Dës Sue wäerten zousätzlech an de Klimafong gespeist ginn, fir d'Efforten am Klimaschutz hei zu Lëtzebuerg ze acceleréieren.

Eise Klima- an Energieplang gesäit nach eng sëllege konkret Mesurë vir, déi mir elo séier ëmsetzen. Mir schwätzen net nëmmen iwwer Klimapolitik, mir maachen Neel mat Käpp.

Mir setze virun allem drop, d'Leit positiv z'incitéieren, méi klimafrëndlech ze liewen. Mir hunn dofir eng ganz Rei u Subsiden en place gesat, ob an der Mobilitéit, am Wunnen oder an den erneierbaren Energien.

All dës Primme gi virum Enn vum Joer verlängert an esouguer deelweis nach méi attraktiv.

Klima

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Et ass onbestridden, datt mir zousätzlech Klimamesurë brauchen. Dat soen eis d'Experte vum Weltklimarot ganz kloer.

Eng konsequent Klimapolitik kréie mir just dann hin, wa mir d'Ënnerstëtzung vun enger gesellschaftlecher Majoritéit hunn.

D'Politik muss de Bierger nolauschteren. Dat gëllt och fir déi Mënschen, déi sech nach Froe stellen zu de konkreten Auswierkungen, déi de Klimaschutz op hiert Liewe kann hunn.

Mir brauchen méi wéi jee e gesellschaftleche Konsens doriwwer, wéi mir zesummen d'Klimakris ugoen wëllen. Mir däerfen eis net ee géint deen aneren ausspille loossen. Mir däerfen eis net ausenaner dreiwe loossen. Mir setzen all am nämmlechte Boot.

D'Klimapolitik geet eis alleguer eppes un. Well si betrëfft eis alleguer am Kär vun eisem Zesummeliewen. Wéi wëlle mir an Zukunft liewen? Wat fir e Planéit wëlle mir den nächste Generatiounen hannerloossen? D'Klimafro ass eng Gesellschaftsfro.

Dofir brauche mir och d'Gesellschaft um Verhandlungsdësch, wa mir iwwert zousätzlech Klimamesuren diskutéieren.

Aussergewéinlech Situatiounen erfuerderen aussergewéinlech Mesuren. Et ass Zäit fir en innovativen demokratesche Projet, ewéi et en an där Form zu Lëtzebuerg nach net gouf. Et ass Zäit, d'Gesellschaft un de Verhandlungsdësch vun der Klimapolitik ze setzen.

Ech wäert dofir e Klima-Biergerrot aberuffen. Dëse Biergerrot soll sech aus 100 Memberen zesummesetzen, déi déi demografesch Realitéit zu Lëtzebuerg representéieren an domat stellvertriedend fir d'Populatioun wäerte stoen.

Mat der Ënnerstëtzung vun Experte sollen dës 100 Bierger iwwert konkret Klimafroen diskutéieren. Mir wësse genee wat eist Zil ass. D'Klimaexperten zeechnen eis de Wee kloer vir, wéi mir d'Klimakris bewältegen kënnen. Elo geet et drëm, datt mir dëse Wee zesumme ginn, ouni déi sozial Kohäsioun op d'Spill ze setzen.

Genau dat ass d'Aufgab vum Klima-Biergerrot. Mir stellen den Zesummenhalt an de Mëttelpunkt.

Den Ausgangspunkt vun den Diskussioune vum Biergerrot ass den nationale Klima- an Energieplang, deen elo schonn en ambitiéise Pak un Ziler a Mesurë virgesäit. Déi 100 Bierger sollen driwwer beroden, wéi wäit si iwwert dëse Klimaplang erausgoe wëllen.

D'Regierung wäert an den nächste Wochen e Projet ausschaffen an d'Detailer iwwert de Klima-Biergerrot presentéieren.

Et ass fir mech kloer, datt d'Propositioune vum Biergerrot integral Objet vun engem Debat an der Chamber musse ginn.

Mir sinn hei am Land schonn esou oft eisen eegene Wee gaangen. Mir hu Krise genotzt fir eis unzepassen an nei Opportunitéiten ze schafen.

D'Klimakris betrëfft eis alleguer. Et ass also nees un der Zäit, eisen eegene Wee ze fannen. Ech sinn iwwerzeegt, datt de Klima-Biergerrot dëse Wee kann zeechnen.

Mir däerfen eis näischt virmaachen. D'Rette vun eisem Planéit kréie mir net zum Nulltarif. Lëtzebuerg investéiert all Joer iwwert eng Milliard Euro an de Klimaschutz. Näischt maachen, wäert eis awer däitlech méi kaschten.

D'Regierung investéiert och weider an d'Preventioun vu Wiederkatastrophe fir de Schued an Zukunft ze limitéieren.

De Kampf géint de Klimawandel ass eng vun de gréissten Erausfuerderungen, déi d'Mënschheet jee kannt huet. Mee zesumme packe mir dat.

Mir kënnen dës enorm Kris just bewältegen, wa mir dëse Wee zesumme ginn.

Klimabiergerrot

Dëst bedeit och, datt mir keen hannert eis zréckloossen. D'Klimakris däerf sech net zu enger sozialer Kris entwéckelen. Mir wäerte mat geziilte Mesuren deenen ënnert d'Äerm gräifen, déi eis Hëllef am meeschte brauchen. Sou wéi mir dat och schonn an der Corona-Kris gemaach hunn an esou verhënnert hunn, datt d'Pandemie sech zu enger sozialer Kris entwéckelt huet.

Ech hu ganz am Ufank vun der Pandemie de Bierger e Verspriechen ofginn. Ech hu versprach, datt mir keen am Ree stoe loossen. Mir hunn dat Versprieche gehalen.

D'Regierung huet net gezéckt an huet séier finanziell Aiden decidéiert, fir de Mënschen an de Betriber an Nout ze hëllefen.

D'Existenzgrondlag vun dausende Mënschen zu Lëtzebuerg war a Gefor. Mir hunn an der Kris geliefte Solidaritéit bewisen.

Et war eng vun eise Prioritéiten, Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg ofzesécheren. D'Aarbecht ass dat beschte Mëttel géint Aarmut.

D'Regierung huet iwwert eng Milliard Euro u Chômage partiel un d'Betriber ausbezuelt. Nom Ofzéie vun den Avancen, déi erëm zréckbezuelt ginn, bleift déi impressionnant Zuel vu 791 Milliounen Euro, déi de Staat investéiert huet, fir zéngdausenden Aarbechtsplazen ofzesécheren.

Um Stand vun haut, huet de Staat Hëllefen an Héicht vun iwwert enger halwer Milliard Euro un d'Betriber an Independanten ausbezuelt, déi wéinst der Pandemie a Schwieregkeete gerode sinn. Och dës Suen hunn dozou bäigedroen, datt déi allermeeschte Mënschen zu Lëtzebuerg och wärend der Pandemie hir Aarbecht behalen hunn.

Eis Chômagezuele si mat 5,5 % haut erëm quasi um nämmlechten Niveau wéi virun der Pandemie. A kaum engem aneren EU-Memberstaat huet sech den Aarbechtsmaart esou séier stabiliséiert, wéi zu Lëtzebuerg.

Mënschen ouni Aarbecht oder mat niddrege Revenue waren an der Kris besonnesch finanziell vulnerabel. D'Regierung huet dofir mat ganz konkreten temporäre Mesurë reagéiert, fir dëse Mënschen ënnert d'Äerm ze gräifen.

Fir d'Joer 2020 hu mir d'Allocation de vie chère verduebelt. Mir hunn d'Loyere wärend der Period matten an der Pandemie agefruer, fir ze verhënneren, datt d'Locatairen an der Kris nach méi fir hire Logement bezuele mussen. De Chômage partiel, deen am Prinzip op 80% vum Salaire gedeckelt ass, huet Salariéë mam Mindestloun zu 100% kompenséiert.

Eis Wirtschaft ass och erëm um Wuessen. Nodeems 2020 eise PIB ëm 1,8 % zréckgaangen ass, soen d'Prognose fir dëst Joer e Wuesstem vun 6% viraus.

Dës Zuelen sinn aussergewéinlech gutt, virun allem am internationale Verglach. Dës Zuelen sinn de Beweis fir de Succès vun eisem Stabiliséierungs- a Relance-Pak.

E Spuerpak wier grad zu dësem Moment genee dee falsche Wee. Dofir soen ech op dëser Plaz kloer an däitlech: mat dëser Regierung wäert et keng Austeritéitspolitik an och keng Steiererhéijunge ginn. Ganz am Géigendeel, mat dëser Regierung wäert et weider eng Politik ginn, déi op Investitiounen, Innovatioun an engem stabille steierlechen Ëmfeld opbaut.

Mir brauchen an de nächste Jore weider enorm Investitiounen, wa mir eis Liewensqualitéit erhale wëllen. Dat nächst Joer wäerten déi ëffentlech Investitioune bei bal 3,2 Milliarden Euro leien a bis 2024 op 3,7 Milliarden Euro klammen.

Nëmme mat konstant héijen Investitioune kënne mir eng gutt a liewenswäert Zukunft fir all eis Bierger garantéieren.

Zur Wouerecht gehéiert och, datt Lëtzebuerg sech dës Investitiounen, grad ewéi den Hëllefspak an der Kris, just leeschte kann, well mir d'Staatsfinanze säit 2013 nohalteg sanéiert hunn.

Iwwer déi ganz Period 2013-2019 hate mir een Iwwerschoss an der Administration publique. 2018 hate mir, fir d'éischt no 10 Joer, souguer een Iwwerschoss am Zentralstaat. Mam Covid, deen en aussergewéinlecht Evenement ass, an aussergewéinlech Mesurë verlaangt huet, hu mir 2020 och een aussergewéinlechen Defizit gehat. An zwar vun 3,2 Milliarden Euro. Schonn dëst Joer wäerte mir deen Defizit méi wéi halbéiert kréien, an och d'nächst Joer weider erofschrauwen.

Mee mir kënnen eis deen Defizit leeschten. Lëtzebuerg ass dat Land an der Eurozon, deem seng Staatsschold par rapport zum PIB an der Kris am wéinegsten eropgaangen ass. An dat, obschonn eis Hëllefspäck zu deenen ëmfangräichsten an Europa gehéiert hunn.

Lëtzebuerg huet nach ëmmer mat déi nidderegst Schold an der Eurozon. Si wäert sech an den nächste Jore ronderëm 27% vum PIB stabiliséieren, also ënnert där ambitiéiser Limitt vun 30%, déi mir eis selwer ginn hunn, an wäit ënnert de 60%, déi déi europäesch Reegele virgesinn. 

Finanzen

Mir wäerten et fäerdegbréngen, dank där ambitiéiser Budgetspolitik an den héijen Investissementer, rëm schwaarz Zuelen ze schreiwen, an dat, ouni nei Steieren anzeféieren.

Lëtzebuerg ass drop ugewisen, datt déi international Investisseuren en héicht Vertrauen an d'Bonitéit vun eisem Land hunn. Dofir sinn ech immens houfreg, datt Lëtzebuerg och an dëse Krisenzäite säin Triple-A bei all de Rating-Agencë verdeedege konnt.

Mir brauchen och eng staark Ekonomie, déi Aarbechtsplaze schaaft an nei Recetten erabréngt.

Mir wäerten eis Ekonomie weider diversifiéieren an eis Betriber stäerken, fir esou sécher Aarbechtsplazen ze erhalen.

Mir brauchen en nohaltege Wuesstem.

D'Regierung huet mat hirem Relance-Pak de Fokus op eng digital an nohalteg Ekonomie gesat. Mir wëllen dëse Wee virugoen an eis Ekonomie nei positionéieren, fir si op d'Erausfuerderunge vu muer ze preparéieren.

Mir setzen op eng konsequent Ëmsetzung vun eiser Laangzäitstrategie, ouni déi kuerz- a mëttelfristeg Erausfuerderunge fir eise Standuert aus den Aen ze verléieren.

Eis Wirtschaft vu muer soll op méi verschiddene stabille Piliere stoen, wéi dat haut de Fall ass.

Mir wäerten d'Finanzplaz weider fit fir d'Zukunft maachen, andeems mir eis Efforten an den nohaltege Finanzproduite weiderfueren.

D'Hallschent vun all den nohaltegen Obligatiounen weltwäit sinn zu Lëtzebuerg op der Grénger Bourse gelëscht.

Eis Finanzplaz ass dee gréisste Levier, dee Lëtzebuerg huet, fir weltwäit géint de Klimawandel ze kämpfen. Nohalteg Fonge finanzéieren iwwert Lëtzebuerg nohalteg Investissementer op der ganzer Welt.

D'Industrie ass fest verwuerzelt mat der Geschicht vun eisem Land. Och an den nächste Jore si mir op eng staark Industrie zu Lëtzebuerg ugewisen. Eng Industrie, déi méi digital a méi nohalteg wäert ginn. Mir wëlle Virreider an den Zukunftstechnologië ginn. Dofir zéie mir weider nei innovativ Betriber un.

D'Regierung ënnerstëtzt déi lokal Betriber an hirem digitalen an nohaltegen Transformatiounsprozess. Mir passen eis Hëllefen esou un, datt den digitalen an nohaltegen Invest méi attraktiv gëtt. Mir wäerten och nei Hëllefen aféieren, fir den CO2-Ausstouss vun der Ekonomie ze reduzéieren a mëttelfristeg op Null erofzesetzen. Mir lancéieren an deem Kontext och eng Etüd iwwert d'Dekarboniséierung vun der Lëtzebuerger Industrie bis 2040.

Och d'Kreeslafwirtschaft ass en Deel vun eiser Strategie, fir eis Ekonomie méi nohalteg ze gestalten. D'Regierung schafft un enger Etüd an engem Aktiounsplang, déi de Betriber hëllefe sollen, en Deel vun der Kreeslafwirtschaft ze ginn.

D'Digitaliséierung bitt immens Chancë fir eist Land. Engersäits fir eise Wirtschaftsstanduert ze diversifizéieren, andeems mir héich spezialiséiert ICT-Firmen dovun iwwerzeegen, fir sech zu Lëtzebuerg z'etabléieren.

Anerersäits wëlle mir all Betrib, ob grouss oder kleng, dobäi ënnerstëtzen nei Technologië fir sech ze notzen.

Eis Betriber hunn an de leschte Méint vill Innovatiounsgeescht an Ausdauer bewisen. Dës Zäit war besonnesch schwiereg fir déi Persounen, déi sech dofir entscheet hunn, en neie Betrib ze grënnen. D'Regierung wëll dës nei Entrepreneuren an Zukunft nach méi staark begleeden. Mat der Aide-Primo-Créateur gräife mir hinnen ënnert d'Äerm fir de Start an d'Entreprenariat méi einfach ze maachen.

Mir leeën och e besonnesche Fokus op eis kleng- a mëttelgrouss Betriber. D'Handwierk, zum Beispill, steet viru groussen Erausfuerderungen.

D'Regierung huet klengen a mëttelstännegen Handwierksbetriber eng Toolbox zur Verfügung gestallt, mat Hëllefsmesuren, déi d'Entreprisen dozou incitéieren eng nohalteg Entwécklung unzestriewen. Dës Toolbox wäert an Zukunft op aner Secteuren ausgeweit ginn.

Ëmmer méi Betriber stoussen un hir Limitten, well si keng gëeegent Plaz fir hire Betrib fannen, wou si sech weiderentwéckele kënnen. D'Regierung schafft dowéinst zesumme mat de concernéierte Gemengen un der Ëmsetzung vum Plan sectoriel iwwert d'Aktivitéitszonen. Mam kloren Zil, datt déi regional Aktivitéitszone méi Terraine fir lokal Betriber kënnen ubidden.

D'Regierung plangt och ganz spezifesch Offeren u Betriber aus gewëssene Secteuren, fir sech zu Lëtzebuerg ze implantéieren. Mir wäerte beispillsweis en "HEAL Campus" schafen, wou Betriber aus dem Beräich vun de Gesondheetstechnologië sech entfale kënnen.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Lëtzebuerg ass ekonomesch a finanziell gutt duerch dës Kris komm. D'Zuele beleeën dat ganz kloer. Eis Chômagezuele sinn erëm um Niveau vu virun der Pandemie an eis Ekonomie ass erëm um Wuessen.

Mir hunn et fäerdegbruecht eng sozial Kris an der Pandemie ze verhënneren.

Dat bedeit awer net, datt et zu Lëtzebuerg keng sozial Problemer gëtt.

Mir sinn eis deene Problemer bewosst. Mir verschléissen eis Aen net virun de groussen Erausfuerderungen, déi mir elo mussen ugoen. Ganz am Géigendeel. D'Sozialpolitik war, ass a bleift eng vun de grousse politesche Prioritéite vun dëser Regierung.

Mir hunn an de leschten 8 Joer enorm Ustrengungen ënnerholl, fir mat geziilte Geld- a Saachleeschtunge sozial Problemer ze bekämpfen. Dat sinn Investitiounen an d'Mënschen an Investitiounen an eis Zukunft.

Mir hunn an de leschte sechs Joer eleng de Mindestloun véiermol gehéicht.

D'Steierreform huet 2017 virun allem déi kleng a mëttel Revenuen däitlech entlaascht. Mir hunn de Crédit d'impôt sozial gestaffelt an op de klenge Revenue verduebelt. D'Regierung huet och de Crédit d'impôt fir Elengerzéier verduebelt.

2019 huet d'Regierung hiert Versprieche gehalen an de Mindestloun zousätzlech ëm 100 Euro netto gehéicht an huet selwer zwee Drëttel vun de Käschte gedroen, andeems de Crédit d'impôt nach eng Kéier an d'Luucht gesat ginn ass.

Mir hunn d'Wunngeld agefouert an d'Montante vun den Hëllefe fir Locatairë substanziell erhéicht.

Mam neie REVIS kréie Famillje mat Kanner a virun allem Elengerzéier däitlech besser gehollef, wéi dat virdrun de Fall war.

D'Erzéiung an d'Bildung vun eise Kanner däerf kee Luxus sinn. D'Regierung huet mat der Aféierung vun 20 Stonne gratis Kannerbetreiung a vu gratis Schoulbicher d'Familljen nach eng Kéier däitlech finanziell entlaascht.

D'Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport entlaascht alleguer déi Leit, déi mam Zuch, Bus oder Tram ënnerwee sinn.

Mir wëssen awer och, datt mir nach net um Zil ukomm sinn, fir d'Aarmut komplett aus eisem Land z'ecartéieren. Mir mussen also weider de Wee vun enger staarker Sozialpolitik goen.

Well och haut gëtt et nach ëmmer Mënschen zu Lëtzebuerg, déi Schwieregkeeten hunn, fir finanziell iwwer d'Ronnen ze kommen.

Et sinn virun allem déi héich Wunnkäschten, déi vill Mënsche staark belaaschten.

D'Wunnen zu Lëtzebuerg ass deier a gëtt ëmmer méi deier. Dëse Constat ass net nei. Mee en ass esou aktuell wéi seele virdrun. Wärend der Pandemie sinn d'Wunnengspräisser nach méi staark geklomm, wéi déi Jore virdrun.

Eng héich Demande no Wunnengen dreift zanter Joerzéngten d'Immobiliepräisser an d'Luucht. Zanterhier hunn ënnerschiddlech Regierunge versicht d'Offer no uewen ze schrauwen, also méi ze bauen.

Et gëtt leider net déi eng Solutioun, déi all eis Problemer am Logement matenee léist. Dofir hunn och déi verschidden Initiative vun den ënnerschiddleche Regierungen hir Meritten.

Zu der Wouerecht gehéiert awer och, datt bis elo keen et fäerdeg bruecht huet, dem Logementsproblem Meeschter ze ginn.

Dat bedeit awer net, datt mir de Kapp an de Sand stiechen. Ganz am Géigendeel. De Logement ass a bleift eng Prioritéit vun dëser Regierung. Mir schaffe weider all Dag drun, fir méi bezuelbare Wunnraum ze schafen.

Mir konzentréieren eis dobäi op zwee grouss Voleten.

Éischtens: de Staat, d'Gemengen an déi ëffentlech Bauträger wäerte massiv an de Wunnengsbau investéieren. Andeems si selwer méi Wunnenge bauen an de Bierger zu abordabele Präisser zur Verfügung stellen.

Zweetens: mir wäerte géint d'Spekulatioun mat net bebauten Terrainen an eidel stoende Wunnenge virgoen.

Wunnraum soll kee Spekulatiounsobjet sinn.

Wärend ëmmer méi Mënsche sech d'Wunnen zu Lëtzebuerg net méi leeschte kënnen, ginn anerer ëmmer méi räich, well si hir Terraine bewosst brooch leie loossen an hir Wunnengen bewosst eidel stoen loossen.

Jo, et gëtt e Recht op Eegentum. Mir schafen dëst Recht net of. Mee mir huelen déijéineg mat an d'Verantwortung, déi et sech an dësen Zäite leeschte kënnen, Terrainen a Wunnengen eidel stoen ze loossen.

Mir wäerten dofir d'Spekulatioun mat Bauland a Wunnenge besteieren. D'Inneministesch an de Finanzminister schaffen zesummen mam Logementsminister am Kader vun der genereller Grondsteierreform e Modell aus, deen equilibréiert a gerecht ass. Mir cibléieren mat dëser Reform net déi Mënschen, déi an hirem eegenen Doheem wunnen, mee déijéineg déi de Logement just als Spekulatiounsobjet gesinn.

Fir datt an Zukunft net occupéiert Logemente méi staark besteiert kënne ginn, schafe mir e juristesche Kader fir een nationale Regëster, an deem all Wunneng am Land ageschriwwe gëtt, zesumme mat der Informatioun ob se bewunnt ass, oder net. Mat dësem Regëster, dee vun de Gemenge wäert alimentéiert ginn, kréie mir och endlech ee prezisen Iwwerbléck doriwwer, wat d'Wunnverhältnisser am Land sinn.

Nach bannent den nächsten 12 Méint wäert d'Regierung e Projet de loi iwwert d'Reform vun der Grondsteier deposéieren.

Zil ass et, datt duerch dës Reform méi privat Bauland ka mobiliséiert ginn. Gläichzäiteg huele mir d'Proprietäre vun net bebauten Terrainen an net occupéierte Wunnenge mat an d'Verantwortung, fir sech un den Efforte vum Staat ze bedeelegen, fir méi bezuelbare Wunnraum ze schafen.

Mam Pacte logement 2.0 hu mir an deem Sënn e Paradigmewiessel agelaut. Déi ëffentlech Hand wäert an Zukunft bei neie PAPen 10 bis 20 % vum Terrain kréien, fir bezuelbare Wunnraum ze schafen. Als Géigeleeschtung kënnen déi privat Promoteuren 10% méi dicht bauen an esou déi wäertvoll Ressource vum Bauland méi effikass notzen.

Et ass e Paradigmewiessel, well de Staat an d'Gemengen endlech an de Besëtz vu genuch Bauland kommen, fir e spierbaren Impakt op den Wunnengsmaart ze kréien.

Déi ëffentlech Hand wäert mëttel- a laangfristeg zum gréissten Acteur am Logement avancéieren. En Acteur, deen net op Profit aus ass, mee als eenzegt Zil huet, de Bierger bezuelbare Wunnraum z'offréieren.

Dat lescht Joer hu mir ronn 100 Milliounen Euro an d'Schafe vu bezuelbarem Wunnraum investéiert. Dëse Montant wäert sech bis 2023 méi wéi verduebelen.

Grouss staatlech Wunnprojeten zu Kielen, Wolz, Mamer, Biwer an Diddeleng gi realiséiert a schafe bezuelbar Wunnenge fir dausende Mënschen. De Moment befanne sech 300 Projete mat iwwer 3.100 Logementer an der Realisatioun. Bis 2025 sollen déi ëffentlech Bauträger 8.200 zousätzlech Logementer bauen.

De Pacte logement 2.0 hëlt och d'Gemenge mat an d'Verantwortung. D'Schafe vu bezuelbarem Wunnraum soll an Zukunft an alle Gemengen, an alle Stied an Dierfer stattfannen.

Mam Baulandvertrag wäerte mir de Gemengen en zousätzlecht Instrument mat an d'Hand ginn, fir d'Spekulatioun ze bekämpfen. An Zukunft mussen nei Bauterrainen bannent enger gewëssener Zäit bebaut ginn. Wann dat net am Delai geschitt, gëtt den Terrain erëm an eng net bebaubar Zon klasséiert. De Baulandvertrag suergt dofir, datt d'Spekulatioun mat neie Bauterrainen net méi lukrativ ass. Zousätzlech sollen nei Bauterrainen iwwert déi nei Grondsteier méi staark besteiert ginn, vue datt de Proprietär duerch eng administrativ Decisioun vun enger enormer Wäertsteigerung profitéiert.

D'Regierung envisagéiert och eng Reform vum Gesetz iwwert d'Logementshëllefen. D'Hëllefe fir den Kaf an d'Loune vu Wunnengen gi vereinfacht an ugepasst, fir datt Leit mat moderatem Akommes besser ënnerstëtzt ginn.

De Staat wäert och d'Locatairë méi staark ënnerstëtzen a si besser viru steigende Loyere schützen. Mat der Reform vum Gesetz iwwert de Bail à loyer gëtt fir Transparenz gesuergt, an d'Loyere ginn effektiv plafonéiert, fir Abusenz'ënnerbannen.

D'Regierung ass prett fir hir Verantwortung am Logement z'iwwerhuelen.

Ech erënneren an dësem Kontext och un d'Steiermesuren, déi d'Regierung schonn dat lescht Joer decidéiert huet, wéi mir Abuse mat den FIS immobiliers ofgeschaaft hunn an den Amortissement accéléré ofgeschwächt hunn. Mat dësen zwou Mesuren hu mir wichteg Akzenter gesat, fir Investitiounen am Logement op Käschte vun der Allgemengheet ze limitéieren.

De Logement ass dee gréisste sozialen Ausgrenzungsfacteur zu Lëtzebuerg. Déi héich Wunnengspräisser sinn de Grond, firwat ëmmer méi Mënschen zu Lëtzebuerg Schwieregkeeten hunn, finanziell iwwert d'Ronnen ze kommen. Mir mussen also alles dofir maachen, fir d'Präisspiral am Logement ze stoppen.

Dat wäerte mir awer net vun haut op muer packen. Esou éierlech musse mir sinn. Och déi Mesuren, déi ech elo grad annoncéiert hunn, wäerten net vun haut op muer de Logementsproblem léisen.

All dës Mesurë brauchen Zäit fir richteg ze gräifen. Déi betraffe Mënschen hunn awer haut scho Problemer iwwert d'Ronnen ze kommen. Mir mussen hinnen direkt hëllefen.

Mir mussen eise Sozialsystem also weider ausbauen. Mir mussen eist soziaalt Opfänknetz nach méi enk spanen, fir datt kee méi derduerch fale kann.

D'Regierung huet dofir decidéiert, sozial schwaache Stéit séier an onkomplizéiert finanziell ënnert d'Äerm ze gräifen. Net iwwert de Steiersystem, mee iwwert Mesuren, déi direkt gräifen an direkt en Ënnerscheed maachen.

Mir erhéijen op den 1. Januar 2022 d'Allocation de vie chère nach eng Kéier ëm mindestens 200 Euro pro Stot. Dëst nodeems d'Regierung déi Hëllef schonn dat lescht Joer nohalteg ëm 10% erhéicht huet.

Mir hunn an onser Sozialpolitik schonn ëmmer e besonnesche Fokus op d'Wuel vun de Kanner geluecht. Mir striewen eng Chancëgerechtegkeet fir all Kand un. Et däerf keng Fro vu Sue sinn, wéi gutt e Kand opwiisst. Dofir hu mir an der viregter Legislaturperiod schonn d'gratis Kannerbetreiung a gratis Schoulbicher agefouert.

Elo wäerte mir zousätzlech dofir suergen, datt all Kand mëttes e waarmt Iessen um Teller huet. An Zukunft solle Kanner vu Famillje mat klengem a mëttlerem Akommes gratis an der Grondschoul an am Lycée iessen. Fir Schülerinnen a Schüler, déi all Dag am Lycée iessen, mécht dës Mesure en Erspuernes vun 846 Euro am Joer aus.

2006 huet déi deemoleg Regierung decidéiert d'Familljeleeschtungen 2006 ze desindexéieren, fir méi a Saachleeschtungen z'investéieren. Dës Regierung huet elo beschloss den Index um Kannergeld erëm anzeféieren a gläichzäiteg weider a Saachleeschtungen z'investéieren. En deementspriechende Projet de loi vun der Familljeministesch ass um Instanzewee. Déi Re-Indexéierung soll am Januar 2022 a Kraaft trieden.

Elo ass et esou, datt op den 1. Oktober vun dësem Joer nach eng Indextranche fälleg gouf. D'Regierung wäert dës Indextranche réckwierkend an d'Re-Indexéierung vum Kannergeld mat abezéien.

Dës Mesurë sollen och de concernéierte Stéit hëllefen, fir déi klammend Energiepräisser finanziell ze kompenséieren. Mir wäerten dës Situatioun weider am A behalen an och op europäeschem Plang mat eise Partner no gemeinsame Léisunge sichen.

Dat nächst Joer maache mir och eng Evaluatioun vum neie REVIS-Dispositif, fir ze kucken ob eventuell Upassunge musse gemaach ginn. Am Januar 2021 goufen d'Montante vum REVIS schonn ëm 2,8 Prozent an d'Luucht gesat, zesumme mam Mindestloun opgrond vun der Lounentwécklung an de leschte Joren.

Sozialsystem

Mir wëssen, datt virun allem elengerzéiend Eltere vum Aarmutsrisiko betraff sinn. Si profitéiere besonnesch vun de Mesuren déi ech elo grad annoncéiert hunn, well si mat hirem eenzege Revenu de Plaffong net esou séier erreechen.

Mat der leschter Steierreform hu mir d'Elengerzéier entlaascht, andeems mir de Crédit d'impôt monoparental op 1.500 Euro verduebelt hunn.

Mir sinn eis awer bewosst, datt d'Elengerzéier trotz dëser Mesure nach ëmmer besonnesch vulnerabel sinn.

D'Regierung hat eng zweet grouss Steierreform fir dës Legislaturperiod geplangt. Dës Reform sollt eise Steiersystem méi gerecht maachen, andeems jiddereen an der nämmlechter Steierklass besteiert gëtt, ouni, datt een eppes verléiert.

De Coronavirus huet eis e Stréch duerch dës Rechnung gemaach. Mir bleiwen awer der fester Iwwerzeegung, datt den Debat ronderëm méi Steiergerechtegkeet muss weider gefouert ginn. En Debat, dee jo och an noer Zukunft hei an der Chamber wäert gefouert ginn. Mir bleiwen der fester Iwwerzeegung, datt eng grouss Steierreform noutwenneg ass, och wa se net elo direkt kann ëmgesat ginn.

Mir mussen a wäerten also och an Zukunft nach iwwert Steiere schwätzen.

Allgemeng setzt d'Regierung op den Dialog.

Ech hunn dofir virun dëser Ried d'Gewerkschaften an d'Patronat gesinn, fir mat hinnen iwwert hir Prioritéiten, Suergen a Virschléi ze schwätzen. Säit dem Ufank vun der Pandemie huet d'Regierung am Kader vum Sozialdialog ronn 100 Entrevuen organiséiert.

Ech hunn de Sozialpartner annoncéiert, datt ech nach virum Enn vum Joer eng Tripartite aberuffen. D'Tripartite ass eigentlech e Kriseninstrument. Si ass fir d'éischte Kéier ënnert dem Premier Gaston Thorn aberuff ginn, wéi et an der Stolkris drëms gaangen ass, zéngdausenden Aarbechtsplazen ze retten.

Eisen Aarbechtsmaart steet haut op zolitte Féiss an eis Ekonomie ass um Wuessen. Déi aktuell Situatioun um Aarbechtsmaart géif de Moment also net no enger Tripartite verlaangen.

An awer ass et mir wichteg, datt d'Regierung, d'Gewerkschaften an d'Patronat sech nach dëst Joer un en Dësch setzen, fir iwwert déi zukünfteg Erausfuerderungen um Aarbechtsmaart ze diskutéieren, déi d'Sozialpartner de Moment beschäftegen.

Sozialdialog

Ech hunn et ganz am Ufank gesot an ech stinn dozou: d'sozial Kohäsioun an de Sozialdialog sinn e feste Bestanddeel vum Lëtzebuerger Erfollegsmodell. Mir si méi staark, wa mir de Wee zesumme ginn, dee virun eis läit.

Dat huet Lëtzebuerg an der Vergaangenheet méi wéi eng Kéier bewisen. Lëtzebuerg ass och da staark, wann eist Land Virreider ka sinn a sech säi ganz eegene Wee moolt, deen eis an eng gutt a sécher Zukunft féiert.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

och an der Pandemie ass Lëtzebuerg säin eegene Wee gaangen.

Ee weidert Joer ass vergaangen an deem de Covid eis net lassgelooss huet. Ee Joer an deem dëse Virus eist gesellschaftlecht Mateneen, eis ekonomesch Realitéit an eis Zukunftsperspektiv beaflosst huet.

Mir si gutt duerch dës sanitär Kris komm. Eis Spideeler waren ni komplett iwwerlaascht a mir hunn zu all Moment d'Kontroll iwwert d'Situatioun behalen.

Et gouf zu Lëtzebuerg keng esou katastrophal a chaotesch Zoustänn, wéi mir se deels am Ausland gesinn hunn.

Wou Patienten an de Couloire vun de Spideeler traitéiert goufen, well d'Better op den Intensivstatiounen all beluecht waren.

Wou de Sauerstoff op eemol knapp ginn ass.

Wou de Gesondheetssystem a sech zesummegebrach ass.

Wann ech soen, datt mir gutt duerch dës Kris komm sinn, dann hu mir dat virun allem ganz villen engagéierten a couragéierte Mënschen ze verdanken. An de Klinicken, Alters- a Fleegeheemer, an de Betriber an de Ministèren, Verwaltungen a Gemengen, Noperen a Familljememberen déi sech géigesäiteg ënnert d'Äerm gegraff hunn.

Mënschen, déi fir eis un éischter Front géint de Covid kämpfen. Mënschen, déi och zu den onsécherste Momenter fir eis geschafft hunn. Mënschen, déi Iwwerstonne gemaach hunn, fir datt eist Liewen gereegelt konnt virugoen.

Et läit mir um Häerz, fir all dëse Mënschen nach eng Kéier mäi Merci a meng Unerkennung auszedrécken.

All Corona-Affer ass eent ze vill.

Mir wousste fréi, datt et keen 100-prozentege Schutz géint eng Infektioun mam Virus ka ginn, ouni alleguerten d'Spillreegele vun eiser Gesellschaft iwwer Bord ze geheien.

Mir sinn e Vollek, dat un demokratesch Wäerter an un d'Fräiheet gleeft.

D'Verdeedege vun eise Grondrechter a Fräiheeten ass eng vu mengen déifsten Iwwerzeegungen, fir déi ech mech politesch engagéiert hunn an nach ëmmer engagéieren.

Wa mir Mesurë geholl hunn, déi dës Fräiheeten zäitweis ageschränkt hunn, dann nëmme, well mir der fester Iwwerzeegung waren, datt eise Gesondheetssystem ouni dës Mesurë kollabéiert wier.

Esou vill Sécherheet wéi néideg, esou vill Fräiheet wéi méiglech. Dëse Prinzip huet eis déi lescht Méint ëmmer begleet.

Jo, mir haten zu Lëtzebuerg zu ville Momenter manner streng sanitär Reegelen, wéi an anere Länner. Mir hu permanent no der richteger Balance tëschent Sécherheet a Fräiheet gekuckt. Well et eis wichteg war, d'Fräiheete vun de Mënschen net onnéideg anzeschränken.

Déi mental Gesondheet vun de Bierger däerf eis net egal sinn. Mir Mënsche si sozial Liewewiesen, déi de sozialen awer och de physesche Kontakt mat eise Léifste brauchen.

Ech denken hei och un d'Kanner. Si si ganz besonnesch vulnerabel, wa si aus hirem gewinnten Ëmfeld erausgerappt ginn. Dofir war et eis wichteg, d'Schoulen, d'Maison-relaisen an d'Crèchë mat alle Mëttelen opzehalen.

Wärend aner Länner mat hire rigide Stufepläng nach méintelaang am Homeschooling gefaange waren, konnte bei eis d'Kanner wärend engem groussen Deel vun der Pandemie an d'Schoul goen. Lëtzebuerg läit wäit ënnert der OECD-Moyenne, wann ee sech d'Zuel vun den Deeg ukuckt, op deenen d'Grondschoule wéinst Covid zou waren.

D'Lycéeë waren am Grand-Duché just 34 Deeg laang ganz zou. Domat leie mir op der zweeter Plaz an der OECD.

Fir d'Rentrée war ech eng Grondschoul an eng Maison relais besichen. D'Laachen an d'Freed an den Ae vun de Kanner huet alles gesot. Si ware frou, erëm an d'Schoul kënnen ze goen. An hirem gewinnten Ëmfeld. Mat hire Frëndinnen a Frënn. Mat hirem Léier- an Erzéiungspersonal op der Plaz an net um Ecran.

Mir hunn dës Balance tëschent Sécherheet a Fräiheet awer net liichtfankeg ze vill an déi eng oder aner Richtung kippe gelooss. Mir haten zu all Moment eng kloer Strategie, déi eis eng gewësse Flexibilitéit erméiglecht huet.

D'Regierung huet hir Äntwert op dës Kris zu all Moment ugepasst, wa mir mat enger verännerter Situatioun konfrontéiert waren.

Eis Strategie huet virun allem op dat breet Teste vun der Populatioun baséiert.

Mir hu séier, als eent vun den éischte Länner op der Welt, massiv an eis Testcapacitéiten investéiert. Wärend ville Méint hu mir d'Rankinge vun de meeschten Tester ugefouert.

Esou hate mir zu all Moment e gudden Iwwerbléck iwwert d'Verbreedung vum Virus. D'Donkelziffer vun onentdeckten Infektioune war zu Lëtzebuerg däitlech manner héich, wéi bei eisen Noperen. Eng Etüd ass zur Conclusioun komm, datt Lëtzebuerg mat Hëllef vum Large-Scale-Testing 99,2% vun all den Infektiounen entdeckt huet.

Well mir méi Infektiounen a virun allem och asymptomatesch Infektiounen entdeckt hunn, war och eise Contacttracing méi effikass. Esou konnte mir Infektiounskette briechen a Mënscheliewe retten.

Am Ganze sinn zanter dem Ufank vun der Kris méi ewéi 4 Milliounen Tester hei zu Lëtzebuerg gemaach ginn.

Domat huet d'Regierung sech awer net zefridde ginn. An de leschten 8 Méint hu mir ronn 16 Millioune Schnelltester fir Entreprisen, eeler Matbierger, den HORECA-Beräich, de Gesondheets- a Fleegeberäich an d'Schoulen zur Verfügung gestallt.

Et wäert och an Zukunft ëmmer nees zu punktuellen Ausbréch kommen. Mir wäerten dat enk suivéieren. Dofir hu mir eis och eng Reserv vu Schnelltester zougeluecht, esou datt mir am Fall vun engem Ausbroch séier a breet teste kënnen.

Wann ee méi test, fënnt ee méi infizéiert Persounen. Mir hunn eis dofir net eleng op d'Infektiounszuele baséiert, fir déi sanitär Mesuren ze decidéieren.

E rigide Stufeplang, wéi aner Länner en applizéiert hunn, hätt bei eis zu manner Fräiheeten awer net onbedéngt zu méi Sécherheet gefouert.

Eng ambitiéis Teststrategie an eng effikass Impfcampagne hëllefen eis ee Liicht um Enn vum Tunnel ze gesinn.

D'Impfstrategie ass ausgeschafft a permanent ugepasst ginn. Kommunikatiouns-, Sensibiliséierungs- an Opklärungscampagnë sinn ugelaf.

D'Impfung wierkt. Iwwerall am Ausland stelle mir déi nämmlecht Tendenze fest.

De Prozentsaz vun de positiv geteste Leit déi net komplett geimpft sinn ass héich par rapport zu geimpfte Leit – aneschters gesot: d'Impfung reduzéiert d'Circulatioun an d'Transmissioun vum Virus.

De Prozentsaz vu komplett geimpfte Leit an de Spideeler ass niddreg. D'Impfung schützt virun engem schwéiere Krankheetsverlaf.

Dëst weist ewéi wichteg et ass datt mir all zesummen d'Bierger an eisem Land iwwerzeegt kréie sech séier impfen ze loossen. Et ass am Moment deen eenzege Wee an d'Normalitéit.

D'Regierung huet de leschte Freideg nei Mesuren decidéiert. Et si Mesuren, vun deene mir eis erhoffen, datt si eis gutt a sécher duerch de Wanter, a soumat e gutt Stéck méi no un d'Enn vun dëser Pandemie bréngen.

Et ass mëttlerweil dat 17. Covid-Gesetz, dat mir der Chamber virgeluecht hunn. All Gesetz, all Mesure, déi mir decidéiert hunn, sinn eng Reflexioun vun der Situatioun, wéi se sech eis dee Moment duerstellt. An all Gesetz an all Mesure gesi mir als néideg Schrëtt um Wee, fir méiglechst séier kee Covid-Gesetz a keng speziell Mesure méi ze brauchen.

D'Situatioun ass haut awer nach esou, dass den Taux vu geimpfte Leit net héich genuch ass, fir datt mir all eis Fräiheeten zréckkréie kënnen. Mir musse séier op 80 bis 85% Geimpfte kommen, fir gutt a sécher duerch déi kal Joreszäit ze kommen.

D'Mënschen hale sech elo rëm méi bannen op. Well nach net genuch Mënschen zu Lëtzebuerg geimpft sinn, musse mir der méi héijer Infektiounsgefor a Banneraim Rechnung droen. Dofir generaliséiere mir d'3G-Reegel. Wien an Zukunft e Restaurant, Café oder eng Disco wëll besichen, muss mam CovidCheck noweise kënnen, datt e geimpft oder geheelt ass, respektiv datt en e certifiéierten negativen Test gemaach huet.

Mir féieren och d'Méiglechkeet fir de Patron an, de CovidCheck op der Aarbechtsplaz ze applizéieren. Dëst fir engersäits seng Mataarbechter gesondheetlech ze schützen a fir anerersäits och op der Aarbechtsplaz erëm méi Normalitéit z'erméiglechen.

Et mécht eis keng Freed, dës Mesuren ze huelen. Ech géif léiwer haut annoncéieren, datt alleguerten déi sanitär Mesuren iwwerflësseg sinn, well genuch Leit geimpft sinn. Ech hoffen fir eis alleguer, datt mir dësen Dag séier erreechen, wou keng Mask méi muss gedroe ginn.

 

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Besonnesch ganz um Ufank vun der Pandemie wousst kee genuch iwwert de Virus. Wéi e sech verbreet. Wéi e sech op d'Gesondheet vun infizéierte Mënschen auswierkt. A wéi mir dës Mënschen am beschte medezinesch behandelen.

Mir ware konfrontéiert mat dramatesche Biller - fir d'éischt aus China, duerno aus Italien -wou ganz vill Leit bannent kierzter Zäit um Virus gestuerwe sinn.

D'Regierung huet séier Verantwortung iwwerholl. Mir stinn hannert all de Mesuren, déi mir geholl hunn.

Mir hunn am Laf vun de leschte Méint ëmmer erëm nei wëssenschaftlech Erkenntnisser iwwert de Covid gewonnen.

Mir hunn eis Krisegestioun ëmmer erëm un dës nei Erkenntnisser ugepasst.

Wann elo ee mech freet, ob ech haut verschidde Mesuren aneschters géif huelen, dann ass meng Äntwert "Jo". Well mir haut de Virus besser verstinn.

Mir musse besser op eng zukünfteg Pandemie preparéiert sinn.

Aus dësem Grond ass d'Regierung an Diskussioune mat der OECD, fir eng onofhängeg Etüd iwwert d'Krisegestioun an Optrag ze ginn. Eng multidisziplinär Ekipp vun internationalen Experte soll analyséieren, wéi d'Pandemie sech op Lëtzebuerg ausgewierkt huet. Op sanitärem Plang, mee och an all deenen anere Beräicher vum ëffentleche Liewen.

Mir ginn der OECD d'Missioun, d'Krisegestioun, an all hire Facetten ze beliichten an ze analyséieren.

D'Etüd soll esou breet gefächert sinn, wéi méiglech. Mir hätte gären, datt all Aspekt vun dëser Pandemie beliicht gëtt, op sanitärem, ekonomeschem a gesellschaftlechem Plang. Dofir soll och déi besonnesch demografesch Situatioun vun eisem Land consideréiert ginn. Lëtzebuerg ass net eent zu eent vergläichbar mat anere Länner. Mir sinn e klengt Land mat oppene Grenzen, dat ausseruerdentlech op d'Kooperatioun mat sengen Nopeschlänner ugewisen ass.

D'Experte sollen op Basis vun hirer Analys Recommandatiounen ausschaffen, wéi Lëtzebuerg sech op eng nächst Pandemie besser ka preparéieren.

Mir sinn der fester Iwwerzeegung, datt dës Etüd eng reell Plus-value fir eist Land wäert bréngen.

D'Resultater vun der Etüd wäerten eis och zousätzlech Erkenntnisser doriwwer liwweren, wat fir eng Léiere mir aus der Pandemie zéie mussen.

Mir hu mat virop geléiert, wéi wichteg e staarke Gesondheetssystem ass. Mir kënnen eis glécklech schätzen, datt mir an der Pandemie op e gutt Gesondheetswiesen ziele konnten.

D'Gesondheetsberuffler hu mat hirem Engagement an hirer Ausdauer eng immens Aarbecht wärend der Pandemie geleescht. Et ass eis wichteg, dass dës Beruffer nach méi attraktiv ginn. Dofir schaffe mir un enger neier Formatioun fir si zousätzlech ze valoriséieren.

D'Regierung schafft kontinuéierlech um Erhale vun engem staarke Gesondheetssystem deen all d'Besoine vun de Patienten ofdeckt.

Mam Gesondheetsdësch hu mir eng Plattform déi all d'Acteuren am Gesondheetsberäich regroupéiert fir en nationale Gesondheetsplang auszeschaffen.

Mir stellen d'Preventioun méi staark an de Vierdergrond a plangen, den Zougang an d'Proximitéit zum Hausdokter an alle Regioune vum Land ze verbesseren.

Am Beräich vun de Soin-primairë wäerte mir d'Hospitalisation à domicile op, andeems mir hir en eegene Kader ginn. Duerch eng qualitativ gläichwäerteg Betreiung doheem wëlle mir, do wou et méiglech ass, onnéideg laang Openthalter am Spidol verhënneren.

D'Pandemie huet eis och gewisen, wéi wichteg en effikasse Monitoring vun Daten aus dem Gesondheetssecteur ass. Mir sinn dofir amgaang en nationalen Observatoire de la santé opzebauen.

Déi lescht Méint hunn eis och gewisen, dass mir déi lokal Versuergungsketten am Gesondheetsberäich verstäerke mussen, fir a Krisenzäite manner ofhängeg vum Ausland ze sinn.

Mir schaffen dofir un enger nationaler Medikamentenagence, déi et eis erlabe wäert, d'Sécherheet vun all de Medikamenter a Materialien ze garantéieren, déi bei eis an den Asaz kommen. Mir diversifizéieren eis Wirtschaft, andeems mir an de Secteur vun de Biotechnologien investéieren. 

Verschidde Leit, déi mam Coronavirus infizéiert waren, leiden un den Nowéie vun dëser Infektioun. Dës sougenannte "LongCovid"-Patienten hunn nach Wochen a Méint no der akuter Infektioun eng Vilfalt vu Symptomer.

Mat engem grousse gemeinsamen Effort hunn déi national Autoritéiten an déi lëtzebuergesch Gesondheetsinstituter en Netzwierk fir d'Betreiung vun dëse Patienten op d'Been gestallt.

An den nächste Woche wäert ee Konsortium aus Fuerschungsinstituter eng wëssenschaftlech Analys vun de Laangzäitfolge vum Covid lancéieren.

Am LongCovid-Projet geet et net nëmmen ëm déi physesch, mee och em déi mental Gesondheet vun alle Betraffenen. D'Pandemie huet eis gewisen, wéi fragil eise Geescht ka sinn. Déi mental Gesondheet muss zu enger vun eise Prioritéiten an der Gesondheetspolitik ginn. Mir wëllen den Accès zu professioneller Hëllef am psychesche Beräich méi séier a méi liicht gestalten.

An deem Kader sinn ech frou, kënnen ze annoncéieren, dass d'Regierung fir d'nächst Joer en nationale Plang vun der mentaler Gesondheet wäert virstellen.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Och eis Kanner sinn net vum Coronavirus verschount bliwwen. Glécklecherweis iwwerstinn déi allermeeschte Jonker eng Infektioun ouni gréisser Symptomer. Mee och d'Kanner goufen aus hirem gewinnten Alldag erausgerappt.

Ech hunn et scho gesot: et war fir eis eng absolut Prioritéit, datt d'Schoulen, d'Crèchen an d'Maison-relaisen esou normal fonctionéiere kënnen, wéi nëmme méiglech. D'Wuelbefanne vun eise Kanner däerf eis net egal sinn.

De Virus huet eis déi grouss Defien nach emol ganz kloer opgewisen, virun deenen den Educatiounssystem steet. D'Bildungspolitik huet als Aufgab, all Kand a Jonken et ze erméiglechen, dat Bescht aus sech erauszehuelen.

Jidderee muss d'Méiglechkeet hunn, den héchstméigleche Bildungsniveau ze erreechen, dee sengen Talenter a Wënsch entsprécht. Well dovun hänkt net nëmmen d'Zukunft vun de Kanner a Jonken of, mee d'Zukunft vun eiser Gesellschaft, vun eisem Land. Mir hu staark Kanner. Et ass eis Aufgab, si an hir spezifesch Stäerkten ze fërderen.

Wann d'Gesellschaft sech ännert, kann d'Schoul net stoe bleiwen. De Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend suivéiert zënter Joren eng aktiv Politik vun der Diversifizéierung vun der Schouloffer ënner dem Motto "Ënnerschiddlech Schoule fir ënnerschiddlech Schüler".

Eis Bildungslandschaft gëtt weider méi villfälteg, well mir esou de Besoin vu ville Schüler besser entsprieche kënnen an domat fair Bildungschancë fir all Kand kënne schafen. Esou si bis elo scho 7 nei Sektiounen entstanen. An noer Zukunft wäerten 2 weider Sektiounen an de Lycéeën an ee weideren DAP an der Beruffsausbildung entstoen.

D'Schoul vum 21. Joerhonnert muss d'Kanner dorop virbereeden, sech erfollegräich a sécher an engem digitalen Ëmfeld erëmzefannen, a gläichzäiteg géint déi digital Ongläichheet kämpfen.

Digital Kompetenze sinn och eng Fro vun der Chancëgläichheet am Bildungssystem a Bezuch op de Bildungserfolleg.

De sozioekonomesche Kontext, d'Mammesprooch an e Migratiounshannergrond hunn nach ëmmer e vill ze groussen Afloss op de schoulesche Parcours an op d'Reussite vun de Schüler. Mir hu scho vill Mesuren ergraff fir d'Chancëgläichheet ze erhéijen: en ëmfaassenden Inklusiounsprogramm fir Schüler mat spezifesche Besoinen, e modernen an differenzéierte Sproochenunterrecht, eng grouss Offer un Nohëllef an d'Diversifizéierung vun der Schouloffer duerch nei Schoule mat innovative pedagogesche Konzepter.

An d'Efforte fir d'Schüler beschtméiglech z'ënnerstëtze ginn intensiv weider.

Mir wäerte flächendeckend gratis Hausaufgabenhëllef am Fondamental aféieren. An den nächste Méint ginn Diskussioune mat de betraffene Partner gefouert fir d'Konzept vun enger qualitativer Offer vun Hausaufgabenhëllef op nationalem Niveau fir d'Schüler aus dem Fondamental z'entwéckelen.

Zu der Ënnerstëtzung vun de Kanner gehéiert och hir Kreativitéit ze fërderen. Kreativitéit ass e wichtege Facteur an der emotionaler a kognitiver Entwécklung. Si dréit och zur Entwécklung vun engem positive Selbstbild bäi.

Fir d' Kreativitéit an de Virwëtz vun de Kanner a Jonken ze stimuléiere wäerte mir e groussen Deel vun de Musekscoursë vum nächste Schouljoer u gratis maachen. D'Schüler mussen fir de ganze Cycle inférieur, also op d'mannst déi éischt 4 Joer Museksunterrecht näischt méi bezuelen.

Mat dëser Mesure maache mir de Museksunterrecht fir all Kand zougänglech. Och dat wäert an Zukunft zur Chancëgläichheet an zur Bildungsgerechtegkeet bäidroen a fir vill Schüler en éischte Kontakt mat der Kultur erméiglechen.

D'Pandemie huet eis nach emol däitlech virun Ae gefouert, wéi wichteg d'Kannerbetreiungsstrukture fir d'Famillje sinn. Si bidden deene Klengen e gewinntent a séchert Ëmfeld, wou si sech zesummen mat hire Frëndinnen a Frënn fräi entfale kënnen.

An de leschte Joren hu mir grouss Efforte gemaach fir eng héich Qualitéit an der Kannerbetreiung opzebauen.

Nodeems mir schonn 20 Stonne gratis Kannerbetreiung an de Crèchen agefouert hunn, fir all Kand fréi eng héichwäerteg Sproochefërderung ubidden ze kënnen, wäerte mir vun der nächster Rentrée un och d'Maison relais gratis maachen. Dëst wärend de Schoulwoche vu moies 7 bis Owes 7.

D'Kannerbetreiung ass an eiser Zäit net méi ewechzedenken. D'Kannerbetreiung wäert awer och an Zukunft just eng Offer sinn, déi de Staat an d'Gemengen den Elteren ubidden. Et bleift den Elteren hire fräie Choix ob a wéi vill si heivu Gebrauch maache wëllen.

Mir wëllen d'Elteren onofhängeg vun hirer Entscheedung ënnerstëtzen. Dofir wäerte mir an all de 15 Schoulregioune Elterefore schafen. Hei kréien d'Elteren Informatiounen a Rotschléi iwwert d'Entwécklung an d'Ënnerstëtzung vun hirem Kand.

Nieft de Kanner hunn och eis eeler Matbierger déi lescht Méint eng wäertvoll Zäit vun hirem Liewe mat Aschränkunge verbruecht. Mir sinn et hinne schëlleg, datt mir och hir Liewensqualitéit weider verbesseren.

Déi geplangten Investitiounen an d'Infrastrukturen am Senioreberäich befanne sech op engem Héchstniveau.    

De Familljeministère huet fir déi nächst Joren am Beräich vun de Strukture fir eeler Leit Projeten an enger Héicht vun iwwer 600 Milliounen geplangt. Dëst si souwuel Better, déi sollen nei geschafe ginn, wéi och bestoend Better, déi sollen nei amenagéiert ginn, fir dass si den haitege Standarden entspriechen.

Scho virum Ufank vun der Pandemie huet d'Regierung e Projet -an der Chamber deposéiert, mam Zil, d'Qualitéit vun den Zerwisser fir eeler Leit ze erhéijen. Mir schafen e Regëster, fir d'Präisser an den eenzelen Haiser méi transparent ze gestalten. D'Personal soll nach méi spezifesch forméiert ginn. D'Regierung huet am September Amendementer fir dëse Projet ugeholl, déi de Léiere Rechnung droen, déi mir bis elo aus der Pandemie am Senioreberäich konnten zéien.

D'Pandemie huet gewisen, dass d'Digitaliséierung e wichtegt Instrument fir eeler Leit ka sinn, fir de soziale Kontakt zu hire Matmënschen net ofbriechen ze loossen. Déi digital Inklusioun vun eelere Leit gëtt an deem Sënn weider promovéiert. Grad déi nei Kommunikatiounstechnologien sinn immens wichteg ginn, fir de soziale Kontakt mat Famill a Frënn ze halen an esou weiderhin en Deel vun der Gesellschaft ze bleiwen.

Mat der Reform vum Accueil gérontologique erméigleche mir et all eeler Persoun op eng grouss Offer un Zerwisser a CIPAen a Fleegeheemer zréckzegräifen.

Och eis Matbierger mat engem physeschen oder mentalen Handicap hunn an der Pandemie gelidden. Vill ënnert hinne si besonnesch vulnerabel an hunn a permanenter Angscht virum Virus gelieft.

En Handicap däerf keen Ausschlosskrittär an eiser Gesellschaft sinn. De Familljeministère huet eng ganz Rei un Initiative lancéiert, fir all de Mënschen mat Handicap zu Lëtzebuerg e gläichberechtegt Liewen z'erméiglechen.

D'Regierung huet sech Enn 2019 een neie 5-Jores-Aktiounsplang ginn, deen an Zesummenaarbecht mat Leit aus dem Secteur vum Handicap a mat behënnerte Leit ausgeschafft ginn ass. Zil vun dësem Plang ass et fir eis Gesellschaft méi inklusiv ze maachen, duerch eng Rei vu Projeten a ville verschiddene Beräicher.

D'nächst Joer wäert de Familljeministère eng grouss Sensibiliséierungscampagne starte fir op d'Besoinen a virun allem och op d'Stäerkte vu Leit mat enger Behënnerung hinzeweisen. An deem Kader ginn och nei Formatioune fir ganz ënnerschiddlech Beruffsgruppen ugebueden, déi mat behënnerte Mënschen a Kontakt stinn.

An deenen nächste Jore wäerten eng Rei nei innovativ Wunnprojeten entstoen. Hei kënne Leit mat enger Behënnerung esou liewen, wéi si et sech wënschen.

Eng weider Prioritéit ass d'Verbesserung vun der Accessibilitéit vun den ëffentlech zougängleche Gebaier. Mam Gesetzprojet iwwert d'Accessibilitéit vun den ëffentleche Plaze soll d'Diskriminatioun vu Leit mat enger Behënnerung der Vergaangenheet ugehéieren. An Zukunft muss all neie Bauteprojet d'Prinzippie vum "Design for all" respektéieren.

De LISER mécht eng Etüd fir een neie Finanzéierungssystem op d'Been ze stellen, deen déi individuell Besoine vu Leit mat enger Behënnerung verstäerkt en compte hëlt. Dësen neie Finanzéierungsmodell ass als "Budget fir perséinlech Assistenz” ugeduecht, deen als Haaptzil huet Leit mat enger Behënnerung ee méi selbstbestëmmt Liewen ze erméiglechen.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Eist gesellschaftlecht Zesummeliewen huet sech an de leschte Méint staark verännert. De Virus huet eng enorm Well vu Solidaritéit a Matmënschlechkeet ausgeléist. Ech sinn houfreg op d'Nächsteléift, mat där mir Lëtzebuerger een op deen aneren opgepasst hunn.

Mir hu wärend ville Méint op eist normaalt Liewe verzicht, fir eis Matmënschen a besonnesch déi vulnerabelst an eiser Gesellschaft ze schützen.

Elo wou mir dem Enn vun der Pandemie ëmmer méi no kommen, musse mir eis mat der Fro beschäftegen, wéi mir eist Liewen nom Virus gestalte wëllen. Wéi wëlle mir als Gesellschaft zesummeliewen?

D'Zesummeliewe spillt sech op villen Niveauen of. Mir hunn zu Lëtzebuerg d'Chance an enger Gesellschaft ze liewen, déi aus Mënsche mat ganz ënnerschiddlechen Hannergrënn besteet. D'Regierung wëll dat interkulturellt Zesummeliewe stäerken. Mir hunn dofir eng breet Consultatioun lancéiert, déi um Enn als Basis fir en neit Integratiounsgesetz dénge soll. Mir wäerten och d'Lëtzebuergescht als Integratiounssprooch weider stäerken, mat neien Offeren a Sproochecoursen.

D'Pandemie huet eis gezwonge physeschen Ofstand zu eise Matbierger ze halen. Ëmsou méi wichteg ass et no der Kris dat soziaalt Zesummeliewen an d'Liewensqualitéit vu jiddwer Eenzelem nach méi staark ze fërderen.

An de leschte Méint si vill Mënschen a sech gaangen an hunn hir Prioritéiten am Liewen nei zortéiert. De Facteur "Zäit" ass nach méi an de Fokus vu ville Leit geréckelt. Zäit fir sech selwer. Zäit fir seng Léifsten. Zäit fir al oder nei Hobbyen.

De Virus huet eist Liewen zum Deel entschleunegt. An ëmmer méi Mënsche stelle sech d'Fro, op si zu hirem fréiere stressegen Alldag zréckgoen wëllen.

Et ass d'Fro vun der Work-Life-Balance. Jo, d'Aarbecht ass wichteg. Net nëmme fir déi eenzel Persounen, mee och fir de gudde Fonctionnement vun eiser Gesellschaft. Mir liewen awer net fir ze schaffen. Mir schaffe fir besser ze liewen.

Méi Zäit fir d'Liewen. Dat ass de grousse Wonsch, dee mir de Mënschen erfëlle wëllen.

D'Regierung huet hei besonnesch fir d'Eltere scho villes erreecht, virun allem am internationale Verglach. A wéinege Länner op der Welt gëtt et esou generéis Reegelungen beim Mammen- a Pappecongé, souwéi beim Congé parental. Mir erméiglechen den Elteren zu Lëtzebuerg däitlech méi Zäit mat hire Kanner.

Mir hunn et fäerdegbruecht, datt Fraen a Männer sech zu Lëtzebuerg net tëschent hirem Beruff an hirer Famill mussen entscheeden.

Mir schaffe weider drun, fir den Elteren nach méi Flexibilitéit an Zäit mat hire Kanner z'erméiglechen. Den Aarbechtsminister an d'Familljeministesch sinn amgaang e Work-Life-Balance-Pak op d'Been ze stellen.

Mir wäerten e Recht op Deelzäit aféieren. Fir datt d'Deelzäitaarbecht net zu Laaschte vun den zukünftege Pensiounsrechter geet, wäert de Staat en Deel vun de Cotisatiounen iwwerhuelen. Wärend enger gewëssener Zäit däerfen d'Leit, déi vun hirem Recht op Deelzäit Gebrauch gemaach hunn, erëm op hir voll Tâche zréckkommen.

De Work-Life-Balance-Pak wäert och eng Mesure virgesinn, déi d'Eltere belount, déi zu zwee de Congé parental geholl hunn. Esou wëlle mir eng gerecht Rollenopdeelung an de Familljen zousätzlech fërderen.

D'Pandemie huet d'Virdeeler vum Teletravail nach eng Kéier ganz däitlech ervirgestrach.

Vill Salariéen hunn déi positiv Niewewierkunge vun dëser sanitärer Mesure erlieft. Manner Zäit um Aarbechtswee bedeit méi Zäit fir sech selwer, d'Famill, Frënn an Hobbyen.

Ech si frou, datt d'Sozialpartner en Accord fonnt hunn, wéi den Teletravail zu Lëtzebuerg dauerhaft eng attraktiv Alternativ zum Schaffen um Büro ka ginn. Gläichzäiteg hunn d'Gewerkschaften an d'Patronat sech op e Recht op Deconnectioun gëeenegt, dat d'Liewensqualitéit vun de Salariéen an hirem Doheem nach eng Kéier stäerkt.

Et lafen och Gespréicher tëschent dem Minister fir d'Fonction publique an der CGFP fir iwwert d'Kris eraus am ëffentlechen Déngscht en attraktiven Teletravail-Modell auszeschaffen.

D'Regierung huet mat bilateralen Accorden mat eise Nopeschlänner dofir gesuergt, datt och d'Frontaliere vun doheem aus schaffe konnten, ouni steierlech oder sozialrechtlech Nodeeler ze hunn.

Mir konnten dës Reegelungen nach emol bis Enn vum Joer verlängeren. Mat der Belsch hu mir esouguer en Accord fonnt, fir d'Unzuel vun de méiglechen Deeg am Teletravail dauerhaft vu 24 op 34 z'erhéijen. Mir hoffen, och mat eise franséischen an däitschen Noperen änlech Léisungen ze fannen.

Mir hunn an de leschte Méint awer och d'Limitte vum Teletravail kennegeléiert. Et gëtt vill Beruffer, déi net kënne vun doheem ausgeüübt ginn. Vill Wunn- oder Familljekonstellatiounen maachen d'Schaffen doheem zur Erausfuerderung. Mir gesinn och, datt ze vill Teletravail zu mentale Problemer ka féieren, well de soziale Kontakt feelt.

Den Teletravail eleng kann also net d'Léisung sinn. Mir däerfen awer och net bei eisem aktuelle Modell bleiwen, wou honnertdausende Mënschen aus allen Himmelsrichtungen all Dag an deen nämmlechte Ballungsraum schaffe fueren.

D'Regierung wäert dofir d'Dezentraliséierung vun den Aarbechtsplaze weider virundreiwen. Eist Zil ass et, d'Wunnen an d'Schaffe méi no beieneen ze bréngen. Idealerweis huet all Mënsch d'Méiglechkeet a senger Regioun eng Aarbechtsplaz ze fannen.

Mat de 4 Plan-sectoriellen hu mir eis déi néideg Instrumenter ginn, fir eng méi intelligent Landesplanung ze gestalten. Si sinn den 1. Mäerz 2021 a Kraaft getrueden.

Mir schaffen och weider un enger konkreter Ëmsetzung vu sougenannten Co-Working-Spaces. Dëst si Bürosraim, déi dezentraliséiert an all de Regioune vum Land vun ënnerschiddleche Betriber kënne genotzt ginn.

Co-Working-Spaces verkierzen den Aarbechtswee, schafe méi Liewensqualitéit a stäerken d'Regiounen. Si erlaben et deene Leit, déi net onbedéngt um Haaptsite vun hirem Betrib schaffe mussen, op en alternative Büro an hirer Regioun zréckzegräifen.

Mir sinn a Gespréicher mat der Chambre de commerce an der Chambre des métiers, déi eis allen zwou zougesot hunn, eng Enquête ënnert hire Memberen ze maachen, fir erauszefannen, wéi héich genee de Besoin fir esou Co-Working-Spaces bei de Betriber ass.

Och d'Fonction publique wäert hir eenzel Verwaltungen an Zerwisser uschreiwen, fir de Bols ze fillen an och de Beamten an Zukunft dezentraalt Schaffen ze erméiglechen.

Wa mir eis nach eng Kéier bewosst gi sinn, wéi wichteg Zäit fir eis Léifsten an Hobbyen ass, dann huet eis dat lescht annerhalleft Joer och nach emol gewisen, wéi wichteg d'Kultur an de Sport fir eisen Alldag sinn.

Erëm op e Museksfestival, an den Theater, an de Kino oder op eng Liesung goen: dat war fir vill Leit no Méint vu Verzicht de Beweis vun enger Normaliséierung vun hirem Liewen.

Et war eis wichteg, d'Kultur an engem sécheren Ëmfeld erëm opzemaachen.

Dobäi hu mir och gesinn, wat mir nach besser kënne maachen an hu ganz séier reagéiert: De Mechanismus vum Gesetz vum professionellen Artist an Intermittent du spectacle huet fonctionéiert. Iwwert dee Wee konnten zousätzlech finanziell Hëllefe gräifen.

Well net all Kënschtler an net all Kënschtlerin exklusiv vu senger Konscht liewen kann, féiere mir de Congé culturel nees an.

Mir wëllen eis Muséeën, Concerten an divers kulturell Evenementer engem méi grousse Public zougänglech maachen.

Mir bilden zesumme mam House of Training an der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte nei "Médiateurs culturels” aus, déi Konscht a Kultur geziilt de Mënsche vermëttelen sollen.

Mir freeën eis elo scho op Esch2022 mat sengem räichhaltege Programm, deen eis Südregioun vum Land kulturell nohalteg verännere wäert.

D'Wichtegkeet vum Sport an der Beweegung huet sech och, a besonnesch an Zäite vun der Pandemie bewisen.

Dëst net nëmme fir déi physesch Gesondheet mä awer och fir dat mentaalt Wuelbefannen.

D'Regierung ass amgaang den zweete Relance-Plang am Sport ëmzesetzen. Mir ënnerstëtzen hei besonnesch d'Veräiner, andeems mir d'Elteren encouragéieren, hir Kanner an engem Sportsveräin anzeschreiwen. Mir offréieren dofir all Kand e Bong "Go to sports". Mat dësem Bong erlabe mir et all Kand, déi Sportaart an engem Veräin auszeüben, déi him am beschte gefält, onofhängeg vu finanzielle Contrainten.

Fir d'Sportswelt ass och de Benevolat an de Veräiner e wichtege Sujet, dee mir wäerten ugoen. Mir hunn dofir eng Campagne lancéiert, fir nei Benevollen ze rekrutéieren. Gläichzäiteg valoriséiere mir de Benevolat am Sport, andeems mir de Congé sportif méi attraktiv gestalten. En entspriechende Projet de loi gëtt de Moment am Sportsministère ausgeschafft.

Här President, Dir Dammen an dir Hären,

mir hunn an der Pandemie vill iwwert eise Fonctionnement als Gesellschaft geléiert a mir wäerte méi wéi eng Léier aus de leschte Méint zéien, fir an Zukunft nach besser ze liewen.

Mir kruten awer och an Erënnerung geruff, wéi speziell d'Situatioun an eisem Land an an Europa ass.

Besonnesch d'Zoumaache vun de Grenzen huet eis bewosst gemaach, wéi vernetzt an ofhängeg mir vun eise Noperen sinn. Dat betrëfft engersäits de Wuerentransport awer natierlech och déi vill Frontalieren, déi all Dag bei eis schaffe kommen.

Ouni si wier eise Gesondheetssystem kollabéiert. Mir sinn an essentielle Beräicher op d'Frontalieren ugewisen.

Dofir sinn ech frou, datt mir et mat eisen Nopere fäerdegbruecht hunn, datt d'Frontalieren zu all Moment d'Grenze fräi passéieren konnten. Dat war leider net selbstverständlech.

Mir hunn nach ni esou vill mat eisen Noperen an der Groussregioun zesummegeschafft wéi an de leschten 18 Méint. Am Mëttelpunkt vun de politeschen Diskussioune stoung, nieft der Situatioun op de Grenzen, déi sanitär Kooperatioun.

Mir sinn ënner anerem amgaang e gemeinsame Pandemie-Plang auszeschaffen.

Och bei der Héichwaasserkatastroph war d'Solidaritéit tëschent de Nopere grouss. Eis Secouriste waren an Däitschland souwéi an der Belsch fir ze hëllefen. Och Lëtzebuerg krut Hëllef ugebueden aus de Regiounen Moselle a Meurthe-et-Moselle.

Dat beweist, datt mir an der Groussregioun solidaresch sinn an intensiv zesummeschaffen.

Um leschte Sommet vun der Groussregioun gouf eng "Stratégie opérationnelle transfrontalière” ugeholl. Dës Strategie ëmfaasst 35 Projeten an de Beräicher Mobilitéit, Formatioun, Holzindustrie, Kreeslafwirtschaft a Waasserverwaltung.

Zil ass et, zesumme mat eisen Nopeschregiounen, eng nohalteg Strategie fir d'Zukunft auszeschaffen.

Do dernieft sollen Acteuren aus der Industrie an der Fuerschung méi matenee vernetzt ginn, fir den digitale Wandel an der Groussregioun besser a méi séier ze gestalten. Dofir sollen an de Partnerregiounen European Digital Hubs ageriicht ginn.

Dëst Zesummeschaffe soll an Zukunft am europäesche Kader nach besser an och méi einfach méiglech sinn. Dofir huet sech de Sommet vun der Groussregioun offiziell un d'Europäesch Unioun adresséiert, fir der spezifescher Situatioun vu Grenzregioune méi Bedeitung ze ginn.

Och wann d'Kooperatioun mat eisen Nopeschlänner wärend der Kris an de meeschte Fäll gutt fonctionéiert huet, hu mir awer geléiert, datt mir Lëtzebuerg nach méi onofhängeg vun internationale Liwwerkette maache mussen.

D'Regierung wëll déi lokal Produktioun vun essentielle Produkter, besonnesch vu Liewensmëttel, nach méi staark fërderen.

Et ass mir wichteg, d'Lëtzebuerger Landwirtschaft besonnesch ervirzesträichen. Si huet an der Covid-Kris hir Aktivitéiten oprechterhalen, an et stoungen eis zu all Zäit genuch Liewensmëttel an där eis gewinnter Qualitéit zur Verfügung.

Ëmmer méi Leit froen no regionale Produkter, déi fir si eng Qualitéitsgarantie duerstellen. De Landwirtschaftsministère wäert dofir de Fokus weider op d'Promotioun vu biologeschen, regionalen a saisonale Produkter setzen.

D'Regierung huet och dem Agrarsecteur gehollef, mat cibléierten Hëllefen a mat engem Relance-Pak besser duerch d'Kris ze kommen. Bis haut goufen insgesamt 3,6 Milliounen Euro un Hëllefen ausbezuelt.

Mir setzen awer och Akzenter fir d'Zukunft. Sou ass engersäits d'Agrargesetz ugepasst ginn, fir eng méi ëmweltfrëndlech Landwirtschaft kënnen ze fërderen, an anerersäits ee méi grousse Schwéierpunkt op d'Innovatioun gesat ginn. Mir wëllen esou d'Landwirtschaft zu eisem Alliéierten am Kampf géint de Klimawandel maachen.

Här Chamberpresident, Dir Dammen an Dir Hären,

Iwwerall do, wou d'Digitaliséierung eng kloer Plus-value mat sech bréngt an d'Liewensqualitéit erhéicht, wäert se sech duerchsetzen. Dat hu mir besonnesch an de leschte Méint gutt gemierkt. Genee dat ass och de Leetgedanken, ewéi mir als Regierung dës Erausfuerdungen uginn. De Fortschrëtt muss dem Mënsch déngen an net ëmgedréint. De Wiessel vun analog op digital muss Verbesserunge mat sech bréngen, d'Liewe méi einfach maachen, an zwar fir jiddereen, an net just fir e klengen Deel vun der Populatioun.

D'Pandemie huet dozou bäigedroen, dass d'Digitaliséierung e grousse Sprong no vir gemaach huet. De CovidCheck, den europäeschen Impfcertificat an déi ganz Organisatioun an Duerchféierung vun der Teststrategie, ewéi awer och vun eiser Impfcampagne, wieren ouni digital Léisungen net dee Succès ginn, deen se haut sinn.

Den Digitaliséierungsministère huet an de leschte Méint bestoend digital Produkter verbessert an dem Bierger nei Zerwisser proposéiert, déi em d'Liewe vereinfachen.

D'Unzuel vun den digitalen Demarchë geet ëmmer weider an d'Luucht an ëmmer méi Bierger profitéiere vun dëser Offer. 2020 si méi wéi 2,2 Milliounen Demarchen iwwer MyGuichet.lu gemaach ginn. Bis Ufank Oktober 2021 waren et der schonn iwwer 2,9 Milliounen.

Mir hunn eng nei MyGuichet-App lancéiert, déi schonn iwwert 150.000 Mol erofgeluede gouf. Hei kënnen d'Bierger op hire mobille Geräter zu all Moment op hir perséinlech Informatiounen an Dokumenter zougräifen. D'App erlaabt et den Notzer awer och vun iwwerall aus administrativ Demarchen einfach an onkomplizéiert iwwert de Smartphone ze maachen. Den Digitaliséierungsministère entwéckelt dësen Zerwiss permanent weider, esou dass de Bierger ëmmer méi Demarchen iwwer d'App ka maachen an déi gewinnte MyGuichet.lu-Fonctionalitéiten ëmmer grëffbereet um Handy huet.

D'Regierung wäert sech déi nächst Méint weider intensiv dofir asetze fir déi digital Transformatioun vum Land virunzedreiwen. 

Esou wäerte mir de Projet vum automatiséierte Remboursement vun Dokteschrechnunge realiséieren. Mir schaffen zesummen mat der AMMD eng App aus, déi spéitstens am Januar 2023 fonctionéieren soll.

Bei all Effort, Lëtzebuerg weider ze digitaliséieren, vergësst d'Regierung awer net déi Leit, déi nach Schwieregkeeten hunn, fir sech an der digitaler Welt zurechtzefannen. De Regierungsrot huet viru kuerzem de Plan national d'inclusion numérique ugeholl. Dëse Plang gesäit eng ganz Rei vu Mesurë vir, fir déi digital Inklusioun vun eiser Gesellschaft ze garantéieren.

Och d'Medielandschaft gëtt ëmmer méi digital. Besonnesch an der Pandemie hu sech vill Bierger online informéiert. Mir sinn op eng gutt opgestallte Press ugewisen. D'Journalistinnen a Journaliste sinn e wichtege Pilier vun eiser Demokratie. Si sinn och eis éischte Schutzmauer géint Desinformatioun am Internet. Dofir huet d'Regierung d'Journalisten an de Mëttelpunkt vun der neier Pressehëllef gestallt an d'Hëllefe un dat digitalt Zäitalter ugepasst.

Mir sinn eis bewosst, datt eng gutt journalistesch Aarbecht nëmmen da méiglech ass, wann d'Journalisten en effikassen Zougang zu Informatiounen hunn. Mir sinn amgaangen e Bilan vum Transparenzgesetz ze maachen. Mir wäerten och an Zesummenaarbecht mam Conseil de presse d'Circulaire iwwerschaffen, déi den Accès op Informatiounen aus Ministèren a Verwaltungen reegelt.

Mir brauchen d'Digitaliséierung, fir déi grouss Erausfuerderungen ze meeschteren, déi ech virdrun opgelëscht hunn.

Fir dass dat awer iwwerhaapt ka fonctionéieren, musse mir weider an déi néideg Infrastruktur investéieren, an dofir hu mir och eng Neioplag vun eiser Breetbandstrategie decidéiert a viru Kuerzem am Regierungsrot ugeholl.

Déi éischt Lëtzebuerger Breetbandstrategie war deemools schonn ambitiéis an och e Succès. Mir hunn haut eng vun de beschten Telekommunikatiounsinfrastrukturen op der Welt a gi reegelméisseg an d'Top 10 klasséiert. Mat engem fundamentalen Update vun dëser Strategie gi mir elo nach e Schrëtt méi wäit an zwar am richtege Sënn vum Wuert.

Mir ginn dee Schrëtt, deen esouwuel d'Entreprisen zu Lëtzebuerg, mee och den eenzele Bierger am Alldag wäert mierken. Grondsätzlech geet et drëm, dass jiddereen, egal wou en am Land wunnt, Accès kritt op déi beschtméiglech Connectioun. Et dierf keng geografesch an och keng sozial Fro sinn, ob ee vu séierem Internet ka profitéieren.

Dat ass haut nach net ganz de Fall. Et gi sougenannte White-Spots, also Plazen am Land, wou nach kee séieren Internet disponibel ass. Oft sinn et just déi lescht puer honnert Meter, oder, wéi et dacks bei Appartementshaiser ass, de Kabel, deen zwar am Keller läit, mee net bis dohinner geet, wou d'Leit wunnen. Mat der Breetbandstrategie 2021 bis 2025 wëlle mir dat änneren.

D'Zil ass, dass de Staat mathëlleft ze erméiglechen, dass notamment a Residenzen, wou de Fiber läit, mee aus wéi enge Grënn och ëmmer net vertikal duerch d'Haus gezunn ass, déi respektiv Proprietären a Syndikater incitéiert genee dat ze maachen.

Zil ass et och, dass d'Lächer am Land zougemaach ginn andeems mir Lächer opmaachen. Oft feelt et nëmmen un e puer honnert Meter Fiber fir dat eent Enn mam aneren ze verbannen. De Staat wäert zesummen mat den Operateuren, mee och zum Beispill mat de Gemengen, do agéieren, do wou et neideg ass, an hëllefen déi Meter, déi feelen, duerch e Rouer ze kréien.

Eng gutt Connectioun däerf keng sozial Fro sinn. Dofir féiere mir och nei Subsiden a fir Haushalter, déi sech den Uschloss un e séieren Internet net leeschte kënnen.

Mir hu fir dës Strategie an enger éischter Phas 7,7 Milliounen Euro am Budget 2022 virgesinn.

Breedband

Mir wäerten och weider den Ausbau vum 5G ënnerstëtzen a begleeden. Esou wéi bei all anere Projeten an deem Beräich och, ass et evident, dass de Mënsch virun der Technik steet a mir keng onnéideg Risiken aginn.

Lëtzebuerg ass en digitale Frontrunner a mir hunn an de leschten 10 Joer enorm vill erreecht. Et gëllt awer elo deem nach emol eng Kéier e richtege Boost ze ginn, fir dass d'Attraktivitéit vun eisem Land och als Wirtschaftsstanduert bestoe bleift.

Den High-Performance-Computer "Meluxina” ass sécherlech ee rezent Beispill, dat weist, wéi mir dat och konkret ëmsetzen. Déi nächst Etapp an deem Kontext ass, dass mir och am Beräich vum Cloud-Computing eng Schëpp wäerte bäileeën an do investéieren, wou et néideg ass.

Mir wäerten eis Strategie am AI, also der kënschtlecher Intelligenz weider ëmsetzen. Lëtzebuerg ass och en zentralen Acteur vum EU-Aktiounsplang am Quantum-Computing.

Mir investéiere verstäerkt an d'Cybersécherheet, hunn eng Plattform kreéiert fir den Echange vun Metadaten an der Recherche. Mir schaffen un enger Zort Digital Twin vun eisem Land am Energieberäich. Um Automotive Campus ginn innovativ Projeten iwwer E-Mobility an autonoomt Fueren zu Lëtzebuerg entwéckelt. De Beräich vun de FinTechs gëtt ëmmer méi zu engem Pilier vum Secteur. 

Digitale Frontrunner

Mir si mat vir bäi, mee wa mir stoen bleiwe gi mir iwwerholl an zwar méi séier, wéi mir eis et kënne virstellen. Dofir wäert dëst e Beräich sinn, wou mir net just wëllen, mee mussen investéieren a vill Energie drop verwenden.

D'Digitaliséierung bitt eis awer net nëmme Chancen, mee stellt eis och virun Erausfuerderungen. Dat ass nieft der Cybersécherheet besonnesch och fir d'Aarbecht wouer. D'Aarbechtswelt vu muer wäert eng aner sinn.

Et wäerte Beruffer verschwannen an nei Beruffer entstoen, déi mir haut nach guer net kennen. Dat ass u sech e ganz normale Prozess, dee mir och schonn an der Vergaangenheet kannt hunn. Mam Ënnerscheed, datt d'Digitaliséierung sech an engem rasanten Tempo weiderentwéckelt.

Mir musse fir dës Entwécklunge prett sinn. Mir kënnen net zouloossen, datt dausende Mënsche riskéieren hir Aarbecht ze verléieren. Mir lancéieren dofir eng Weiderbildungsoffensiv, fir all dës Leit prett ze maachen, sou datt si och an enger digitaler Aarbechtswelt hir Plaz fannen.

Re-skilling an Up-skilling si Schlagwierder, déi schonn d'Tripartite am leschte Joer dominéiert hunn. D'Regierung schafft zesumme mat de Sozialpartner u Mesuren a Programmer, déi et eis erlaben, séier an onkomplizéiert d'Employéen op d'Aarbechtswelt vu muer ze preparéieren.

D'Explosioun vun de connectéierte Géigestänn, féiert dozou, dass de Risiko vun Cyberattacke permanent zouhëlt.

Cyberattacke sinn haut eng Realitéit, där mir eis stelle mussen. Et ass d'Aufgab vum Staat fir zesummen mat der Wirtschaft, der Recherche awer och mat de Bierger dofir ze suergen, dass d'Sécherheet vum Cyberspace esouwäit wéi méiglech assuréiert ass.

Genau hei setzt déi nei Cyberstrategie un, déi d'Regierung fir den Zäitraum 2021 bis 2025 ugeholl huet.

Ee vun de strategeschen Objektiver handelt vun der Stäerkung vum Vertrauen an déi digital Welt. Cybersécherheet geet net ouni de Mënsch. D'Bierger mussen informéiert sinn, wéi se sech am beschte schützen kënnen. Mir verstäerken dofir op all Niveau Sensibiliséierungscampagnen, besonnesch an der Schoul a bei de Jonken, fir esou d'Cybersécherheet an den edukative Prozess mat anzebannen.

De GovCERT ass chargéiert, zesumme mat ëffentlechen an privaten Acteuren, all relevant Informatiounen iwwert méiglech Attacke reegelméisseg an engem detailléierte "Cyberweather" zesummenzebréngen, fir esou ee besseren Iwwerbléck ze kréien, wéi enger Zort vun Attacke mir ausgesat sinn.

Mir wäerten d'Zäitspan fir d'Detektioun vun enger Attack drastesch verkierzen. Mir wäerten e System en place setzen, fir Anomalien am Internettrafic ze detektéieren, an d'Acteure fréizäiteg virun enger méiglecher Attack ze warnen.

Déi lescht Woche war de Sujet vun der Sécherheet ganz dominant am ëffentlechen Debat. D'Sécherheet net an der digitaler Welt, mee an eise Stied a besonnesch am Garer Quartier.

Eent ass ganz kloer. Et däerf keng Plaz zu Lëtzebuerg ginn, wou ee sech net sécher spiert.

Et ass awer genee sou kloer, datt een an dëser Diskussioun net alles an een Dëppen däerf geheien.

Jo, et gëtt Kriminalitéit zu Lëtzebuerg, déi sech oft op e puer wéinege Plazen am Land konzentréiert. Jo, mir mussen dofir suergen, datt eise Rechtsstaat effikass géint dës Kriminalitéit ka virgoen.

Mee de Sujet, besonnesch op der Stater Gare, ass méi villschichteg.

Aus deem Grond huet d'Regierung an de leschte Wochen a Méint un engem ganze Pak vu Mesurë geschafft, mat deene mir alle Leit an de concernéierte Quartieren hëllefe wäerten.

Dëse Pak gesäit nieft enger méi staarker Policepresenz an neien Instrumenter, mat deenen d'Police fir Sécherheet suerge kann, och sozial Mesurë vir, déi de Mënschen an Nout nei Perspektive schafen.

D'Police kritt déi néideg Moyene fir um Terrain present ze sinn. Bis 2023 wäerte mir iwwer 600 Polizisten an 240 Zivilisten astellen, fir esou den Effektif vun der Police massiv opzestocken. D'Police muss awer och déi néideg Ënnerstëtzung kréien duerch eng koordinéiert preventiv Aarbecht vun de kompetenten Acteuren.

An dësem Pak proposéiert d'Regierung och eng éischt Etapp an der Upassung vun eiser Drogepolitik. Mir huelen dobäi esouwuel de preventive wéi de repressive Volet mat a Betruecht.

De gesamte Mesurë-Pak wäert an engem vun den nächste Regierungsréit ugeholl ginn a gëtt da vun de concernéierte Ministeren der Ëffentlechkeet virgestallt.

D'Sécherheet ass och e Sujet, deen um internationale Plang erëm méi aktuell ginn ass. D'Evenementer am Afghanistan hunn eis kloer gewisen, datt d'Europäesch Unioun eng Debatt ronderëm hir Sécherheet an d'Verdeedegungspolitik muss féieren.

Allgemeng liewe mir an enger Zäit voller Erausfuerderunge fir d'EU. De Covid huet eis an Erënnerung geruff, datt oppe Grenzen a Beweegungsfräiheet, eng vun den Haapterrungenschafte vun der europäescher Integratioun, keng Selbstverständlechkeet sinn.

D'EU huet awer och Erfolleger an der Pandemie opzeweisen. Déi europäesch Impfcampagne war no engem wackelege Start e volle Succès. Keen anere Kontinent huet um Dag vun haut méi Bierger geimpft wéi Europa. Andeems mir eis bei der Commande vu Vaccinen zesummegedoen hunn, konnte mir sécherstellen, datt all Memberstaat zäitno zu engem korrekte Präis genuch Vaccine geliwwert krut.

Am Juli d'lescht Joer hunn d'Staats- a Regierungscheffe vun der EU sech net nëmmen op en EU-Budget vun iwwert 1.000 Milliarden Euro fir déi nächst 7 Joer gëeenegt. D'EU huet mam "Next Generation EU", en historeschen europäesche Relance-Plang iwwer 750 Milliarden Euro decidéiert, deen d'Transitioun op eng nohalteg an digital Ekonomie no Covid begleede soll. De Lëtzebuerger "Plan de reprise et de résilience" war ee vun deenen éischten, déi vun der Kommissioun approuvéiert goufen, an zwar am Juni dëst Joer. Heiduerch wäerten zu Lëtzebuerg zu engem groussen Deel ökologesch an digital Projete ënnerstëtzt ginn.

D'Zukunft vum europäesche Kontinent kann nëmmen op der Basis vun engem staarke Rechtsstaat geléngen. Mënscherechter a Grondfräiheeten sinn net verhandelbar.

Onofhängegkeet vun der Justiz, Pressefräiheet a fundamental Rechter: an enger Partie Memberstaate vun der EU sinn dës Piliere vum Rechtsstaat leider net méi garantéiert. D'EU muss handelen, mat deenen institutionellen a juristesche Moyenen déi eis zur Verfügung stinn. Lëtzebuerg ënnerstëtzt voll a ganz deen neie Konditionalitéitsmechanismus deen den EU-Budget virun Dysfonctionnementer vum Rechtsstaat an de Memberstaate protegéiere soll.

Dëst gëllt ëmsou méi am Kontext vun der rezenter Decisioun a Polen, déi d'Fundament vun der Europäescher Unioun a Fro stellt. D'europäesch Integratioun ass kee Sens unique. Et kann ee net op där enger Säit vun EU-Hëllefsgelder profitéieren an op där anerer Säit europäesch Prinzipien a Wäerter iwwer Bord geheien.

Grad a schwéieren Zäiten ass et ëmou méi wichteg international Solidaritéit ze weisen an un der Säit vun den Entwécklungslänner ze stoen, an zumools deene vulnerabelste Bevëlkerungsschichten, déi all Kris als éischt an am meeschten ze spiere kréien.

Trotz budgetäre Contrainten ass Lëtzebuerg dem Prinzip vum 1% vum RNB, dee mir an d'Entwécklungszesummenaarbecht investéieren, trei bliwwen. Nieft de lafende Programmer, huet d'Lëtzebuerger Kooperatioun Flexibilitéit gewisen an insgesamt fir 2020 ronn 70 Milliounen Euro contribuéiert, als direkt sanitär oder indirekt sozio-ekonomesch Contributioun fir d'Bekämpfung vun der Covid-19 Kris an den Entwécklungslänner.

Lëtzebuerg huet seng finanziell Ënnerstëtzung fir global Gesondheetsinitiativen an Organisatioune wesentlech erhéicht, op 2 Milliounen Euro. Mir sinn och e wichtegen Acteur am COVAX-Programm. Lëtzebuerg deelt insgesamt 400.000 Dosissen Impfstoff mat Partnerlänner an Afrika an Asien.

Den 13. September gouf eng éischt Liwwerung duerchgefouert: Lëtzebuerg deelt mam Cap Vert 56.000 Dosissen Impfstoff souwéi medezinesch Ausrüstung.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Méi wéi annerhalleft Joer liewe mir elo mam Coronavirus. Et war sécher keng einfach Zäit.

Et war net einfach fir d'Mënschen, deenen hir Fräiheete limitéiert waren. Et war nach manner einfach fir déi Mënschen déi direkt an hirer Famill oder an hirem Bekanntekrees vum Virus getraff waren.

Et war och keng einfach Zäit fir d'Betriber – fir hir Patronen an hir Mataarbechter – déi hiren normalen Aktivitéiten net konnte nogoen.

Jo, mir kucken op vill Leed zréck. Mir kucken op Aschränkungen zréck, déi néideg ware fir eis Matbierger ze schützen a fir d'Lag ënner Kontroll ze halen. Vill eeler Matbierger hunn eng wäertvoll Zäit vun hirem Liewe mat Aschränkunge verbruecht. Vill Jonker ware schonn an engem fréien Alter – an engem ze vill fréien Alter mam Seriö vum Liewe konfrontéiert.

Mir kucken awer och mat Optimismus an Determinatioun no vir. Well d'Zukunft bitt eis och Chancen. D'Chance haut eng besser Welt fir muer virzebereeden.

Mir paken de Kampf géint de Klimawandel un. Well mir haut schonn zu Lëtzebuerg d'Auswierkunge vum Klimawandel un der eegener Haut spieren. Well mir eise Kanner an Enkelkanner eng Welt hannerloosse wëllen, an där et sech genausou gutt liewe léisst, wéi haut. Mir setzen op eng intelligent Klimapolitik, déi de Mënsch mat an d'Boot hëlt. Mir wëlle mat de Bierger zesummeschaffen an net géint si. De Klima-Biergerrot wäert de Mënschen zu Lëtzebuerg eng staark Stëmm an der Klimapolitik verschafen.

Mir lauden de Paradigmewiessel an der Logementspolitik an, andeems mir mat couragéierte politeschen Decisiounen d'Spekulatioun mat Bauland a Wunnengen aschränken. Gläichzäiteg investéiere mir massiv an de bezuelbare Wunnraum, andeems mir de Staat an d'Gemengen zum gréissten Acteur um Wunnengsmaart maachen.

Mir halen d'Investitiounen héich, well elo net de Moment ass fir ze spueren.

Mir schaffe weider un engem nach méi staarke sozialen Opfänknetz. Mir entlaaschte besonnesch elengerzéiend Familljen a Stéit mat klenge Revenue mat Direkthëllefen. D'Erhéijung vun der Allocation de vie chère, d'Indexéierung vum Kannergeld a gratis Iessen an de Schoule komme grad deene Leit zegutt, déi et de Moment am schwéiersten hunn, fir iwwert d'Ronnen ze kommen.

De Sozialdialog ass aus dem Erfollegsmodell Lëtzebuerg net ewechzedenken. An enger Tripartite virum Enn vum Joer wëlle mir zesumme mat de Gewerkschaften an dem Patronat iwwert déi grouss zukünfteg Erausfuerderungen um Aarbechtsmaart schwätzen.

De Virus bitt eis d'Chance, déi richteg Léieren aus de leschte Méint ze zéien. Eng grouss ugeluechten Etüd soll eis dobäi hëllefen, eis besser op eng zukünfteg Pandemie ze preparéieren. Mir wäerten eise Gesondheetssystem weider stäerken a moderniséieren.

Mir setzen dobäi och op d'Digitaliséierung, déi eis a ville Beräicher d'Liewe vereinfache soll.

Mir wëllen eise Kanner déi beschten Zukunftschancë bidden. Mir bauen dofir weider déi schoulesch Offer aus a weiden d'gratis Kannerbetreiung op d'Maison relais aus.

Mir suergen dofir, datt all eis eeler Matbierger esou liewe kënnen, wéi si sech dat wënschen. Dofir baue mir d'Offer u Better an den Heemer aus a schafen eng transparent a fair Präisstruktur.

Mir wëllen e staarkt Lëtzebuerg an engem staarken Europa. En Europa, dat gëeent mat enger Stëmm déi grouss Erausfuerderunge vun eiser Zäit ugeet.

Mir wëlle Lëtzebuerg esou gestalten, datt jidderee gutt an eisem Land liewe kann. Egal op jonk oder al. Onofhängeg wéi oder wou ee gebuer ass. Mir wëllen e Lëtzebuerg, dat jidderengem eng héich Liewensqualitéit erméiglecht.

All dëst wëlle mir zesummen an Ugrëff huelen. Mir wëllen de Bierger eng Stëmm ginn an hinnen nolauschteren. D'Erausfuerderunge si grouss. Mir hunn nach e laange Wee virun eis. D'Zil ass uviséiert. Loosst eis dës Erausfuerderungen dofir elo zesummen ugoen.

Et ass eise gemeinsame Wee. Et ass eist gemeinsaamt Zil.

Aktualiséiert