Ried zur Lag vun der Natioun 2022

Verantwortung iwwerhuelen

Ried zur Lag vun der Natioun 2022, den 11. Oktober virun der Chamber vum Premier- a Staatsminister Xavier Bettel.

Illustratioun

Här President,

 

Dir Dammen an Dir Hären,

 

mir liewen an aussergewéinlechen Zäiten. Zanter dem Mäerz 2020 steet eis Welt op der Kopp. No iwwert zwee laange Joren an der Pandemie stierzt de russesche President d'Mënschheet mat engem mënscheveruechtende Krich an eng nächst Kris. Mat déifgräifenden a laangwierege Konsequenzen. Et ass eng vun de schlëmmste Krisen, déi eist Land zanter dem zweete Weltkrich kannt huet.

 

Mir erliewen net nëmmen e Krich direkt virun eiser Hausdier, mee mir sinn och mat enger historescher Inflatioun an Energie-Enkpäss konfrontéiert. Mir sti kuerz virun enger Weltwirtschaftskris, déi d'Finanzkris vum leschte Joerzéngt an de Schied kéint stellen.

 

Mir liewen an Zäiten déi vun Onsécherheet a vun Ongewëssheet gepräägt sinn. Kee vun eis ka mat Sécherheet soe wéi d'Welt an engem Joer oder esouguer nëmmen an e puer Méint wäert ausgesinn. Wat ech awer mat Sécherheet ka soen, ass datt dës Regierung alles derfir maache wäert, datt et de Mënschen zu Lëtzebuerg och an Zukunft gutt goe wäert.

 

Et ass grad an esou onsécheren an ongewëssen Zäite wichteg, datt d'Politik e rouege Kapp behält an déi richteg Decisiounen trëfft.

 

Et ass a Krisenzäite wéi dëse, wou et wierklech drop ukënnt. Wou et heescht Verantwortung ze iwwerhuelen. Verantwortung fir d'Wuel vum Land a fir d'Wuel vun de Bierger. Et ass a Krisenzäite wéi dëse, wou mir zesummenhale mussen.

 

Dës Regierung huet méi wéi eng Kéier ënner Beweis gestallt, datt mir och a stiermeschen Zäiten d'Rudder fest am Grëff hunn. Datt mir et fäerdeg brénge Lëtzebuerg gutt duerch Krisen ze navigéieren.

 

Mir hunn no der Finanzkris d'Staatsfinanze sanéiert a mat neie Rekordinvestitiounen eist Land an eis Wirtschaft fit gemaach fir d'Zukunft. Gläichzäiteg hu mir et fäerdeg bruecht, déi finanziell Mëttel ze mobiliséieren, fir op onerwaart Krisen ze reagéieren.

 

Ech denken un déi verschidden Flüchtlingswellen, un den Tornado an déi sëllegen Iwwerschwemmungen. Mir hunn déi concernéiert Mënschen net am Stach gelooss an hinne séier an onkomplizéiert gehollef.

 

Mir si gutt duerch d'COVID-Pandemie komm, andeem s mir de richtegen Equiliber tëschent de Fräiheeten an dem Schutz vun de Vulnerabele fonnt hunn. Mir hunn mat beispilllosen Hëllefspäck Betriber ënnerstëtzt an Aarbechtsplazen erhalen. Kaum eng Ekonomie an Europa huet sech nom Lockdown esou séier erholl wéi déi lëtzebuergesch.

 

D'Regierung huet an all dëse Krisen de sozialen a politesche Fridde garantéiert, andeem s mir de Leit an de Betriber gehollef hunn, iwwert d'Ronnen ze kommen.

 

Dës Krise maachen eis all midd. Mee mir loossen eis net decouragéieren. D'Zukunft gehéiert deene Couragéierten. Mir halen zesummen, wann et drop ukënnt. Dat mécht eist Land aus. Dat mécht eis Lëtzebuerger aus.

 

Mir wëssen net, wat kënnt. Mee mir wëssen, wat mir kënnen. D'Institutiounen hunn och an deene schwieregste Momenter funktionéiert. D'Land ass gutt opgestallt, fir och dës Kris ze meeschteren.

 

Dës Regierung huet an de leschte Joren ëmmer erëm Verantwortung iwwerholl.

 

Mir iwwerhuelen och an dësen Zäiten Verantwortung. Verantwortung fir haut an och fir muer.

 

Ugefaangen beim Krich an der Ukrain. Dëse Krich léisst eis net onberéiert. An der Ukrain stierwen all Dag onschëlleg Mënschen, well si fir hir Fräiheet an Onofhängegkeet kämpfen. Et stierwen onschëlleg Fraen, Männer an esouguer Kanner, déi deelweis an hirem Doheem gefoltert an ermort ginn.

 

Vill vun hinnen hu missen aus hirer Heemecht flüchten. Ech hunn an de leschte Wochen a Méint mat villen ukrainesche Flüchtlingen zu Lëtzebuerg geschwat. Ech hunn hir Verzweiwlung gespuert. Hir Trauer. An hir Angscht. Si fäerten ëm d'Liewe vun hire Familljememberen, déi nach an den ëmkämpfte Gebidder an der Ukrain sinn.

 

Wann ee mat Ukrainer schwätzt, spiert een awer virun allem hire feste Wëllen, fir hiert Land, fir hir Fräiheet a fir hir Onofhängegkeet ze kämpfen. Wéi ech virun e puer Méint an d'Ukrain gereest sinn, hunn ech net nëmme komplett zerstéiert Dierfer a Stied gesinn, mee sinn och Mënsche begéint, déi mech impressionéiert hunn.

 

Ech erënnere mech gutt un d'Gespréich mat enger Groussmamm, déi mat hiren zwee Enkelkanner ënnerwee war. Si huet mir erzielt, datt si alles verluer huet. Hire Mann, hiert Meedchen an hiren Eedem sinn duerch russesch Rakéiten ëmkomm. Si huet mir gesot, datt si esou vill gekrasch huet, datt hir keng Tréine méi iwwreg bliwwe sinn, déi si kéint vergéissen. Trotz dem onvirstellbarem Leed, deen dës Fra erlieft huet, war hir Wëllenskraaft ongebrach.

 

D'Geschichte vun dëse Mënsche ginn eis Lëtzebuerger besonnesch no. Well och eist Land ass virun iwwer 80 Joer vun engem groussen Noper iwwerfall ginn. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet a senger Usproch an dësem Haus net ëmsoss de Motto vun der Lëtzebuerger Identitéit zitéiert: Mir wëlle bleiwe wat mir sinn!

 

Jo, och d'Ukrainer wëlle bleiwe wat si sinn. An et ass eis moralesch Flicht, dat ukrainescht Vollek an hirem Kampf fir hir Fräiheet z'ënnerstëtzen. Well och mir Lëtzebuerger liewen haut just a Fräiheet, well aner Länner eis deemools net am Stach gelooss hunn.

 

Viru bal genee 9 Joer sinn d'Mënschen an der Ukrain fir méi enk Bezéiunge mat der europäescher Unioun op d'Strooss gaangen. Doropshin hunn déi russesch Aggressiounen ugefaangen.

 

Wat wiere mir fir eng europäesch Unioun, wa mir de Ruff vu Mënschen einfach ignoréiere géifen, déi sech eiser Wäertegemeinschaft uschléisse wëllen? Et war e wichtegt politescht Signal, der Ukrain a Moldawien den EU-Kandidatestatus ze ginn. Och wann et keng Ofkierzungen am Erweiderungsprozess vun der EU ginn, musse mir de Leit eng gräifbar Perspektiv ginn, déi un eng europäesch Zukunft gleewen.

 

Den Dram vun engem europäesche Kontinent, op dem alleguerten d'Mënschen u gemeinsam Idealer vun der Rechtsstaatlechkeet, Demokratie a Fräiheet gleewen, ass et derwäert fir ze kämpfen.

 

Lëtzebuerg iwwerhëlt Verantwortung, andeem s mir d'Mënschen an der Ukrain direkt ënnerstëtzen.

 

Virop andeem s mir ukrainesch Flüchtlinge mat oppenen Äerm empfänken. Ech sinn immens houfreg op d'Hëllefsbereetschaft vun de Lëtzebuerger. Iwwert 2.000 vun den insgesamt ronn 4.100 ukrainesche Flüchtlinge si privat bei Lëtzebuerger Residenten ënner Daach komm. Dat ass en enormen Akt vu Solidaritéit a Matmënschlechkeet.

 

Lëtzebuerg huet bis haut all EU-Sanktioun géint Russland matgedroen an integral ëmgesat. Och wa verschidde Leit eppes aneschtes behaapten, d'Sanktioune wierken a sinn ee wichtegt Element fir déi militäresch Aggressioun duerch Russland ze stoppen.

 

Och wa mir selwer keng Krichspartei sinn, ënnerstëtze mir d'Ukrain an hirem Recht, hir Bierger an hiren Territoire ze verdeedegen. Fir déi éischte Kéier an der Lëtzebuerger Geschicht hu mir schwéier Waffen an en aktiivt Krichsgebitt geliwwert.

 

Bis haut hu mir militärescht Material fir 72 Milliounen Euro an d'Ukrain geschéckt. Dat entsprécht 16% vun eisem aktuelle Verdeedegungsbudget. Domat gehéiere mir zu de Spëtzereider an der europäescher Unioun an an der NATO. Mir si fest entschloss dës Efforte weiderzeféieren.

 

Russland huet mat sengem Agressiounskrich géint d'Ukrain d'Sécherheet vum ganzen europäesche Kontinent a Fro gestallt.

 

Lëtzebuerg ass duerch d'Memberschaft an der NATO gutt géint militäresch Aggressioune geschützt. D'NATO ass eis beschte Garantie fir e Liewen a Fridden a Sécherheet. Fir datt dat esou bleift, mussen d'EU an d'NATO-Memberstaaten verstäerkt als Sécherheetsacteuren optrieden. An och Lëtzebuerg muss a wäert säin Deel dozou bäidroen.

 

Mir iwwerhuele Verantwortung fir eis eegen an eis kollektiv Sécherheet.

Illustratioun

Dem russesche President seng Krichsdreiwerei huet zu engem historesche Revirement an eiser Verdeedegungspolitik gefouert. D'Regierung huet e Plang ausgeschafft mat deem mir an den nächste Joren eis Militärausgabe massiv an d'Luucht schrauwen. Mir hunn eis d'Zil gesat, bis 2028 1% vun eisem PIB an eis Verdeedegung z'investéieren.

 

D'Regierung ass elo schonn amgaang, fir dëst Zil aktiv unzegoen. Mir schaffen un engem belsch-lëtzebuergesche Batailloun fir eis Arméi méi robust ze gestalten. Mir wäerten de gesamte Fuerpark vun der Arméi mat modernste gepanzerte Ween ersetzen. Mir investéieren an d'Moderniséierung an d'Renovatioun vun eise militäreschen Infrastrukturen.

 

Den neien Innovatiounsfong vun der NATO kritt säi Sëtz zu Lëtzebuerg. Mat engem Kapital vun enger Milliard US-Dollar wäert dëse Fong a Start-up Betriber investéieren, déi Technologien an de Beräicher Cyber, Space, kënschtlech Intelligenz an Ëmwelt entwéckelen. Dës Technologië kënne spéider souwuel am zivillen, wéi och am militäresche Beräich agesat ginn.

 

Mam neie Kadergesetz, dat aktuell um Instanzewee ass, féiere mir nei Karriären an, iwwert déi d'Arméi déi néideg Spezialisten astelle kann, déi een an Zäite vun der hybrider Krichsféierung brauch.

 

Eng performant Arméi hëlleft eis och hei heem, Krisenzäite gutt ze meeschteren. Honnerte vun Zaldoten hu wärend der Pandemie an och no den Iwwerschwemmunge logistesch Meeschterleeschtunge vollbruecht an hu mat hirer Aarbecht gehollef d'Liewen an d'Gesondheet vun zéngdausende Matbierger ze schützen.

 

Här President, dem Vladimir Putin seng gréisste Waff ass d'Angscht. An de leschte Wochen huet hien dës Waff erëm verstäerkt an den Asaz bruecht. Datt hie mat engem Atomkrich dréit, ass onverantwortlech an inakzeptabel.

 

Ech weess, datt och vill Bierger zu Lëtzebuerg Angscht virun esou engem Zenario hunn. Ech ka si gutt verstoen. An awer däerfe mir eis net veronsécheren oder auserneen dreiwe loossen. Well dat wier genee dat, wat de Kreml mat senge Menacen erreeche wëll.

 

Den aussergewéinlechen Zesummenhalt, deen d'NATO an d'EU-Memberstaaten bis elo bewisen hunn, ass eis beschte Verdeedegung géint Russland.

 

Mir däerfen eis näischt virmaachen. Och wa mir keng aktiv Krichspartei an der Ukrain sinn, sinn och mir ugräifbar. Déi warscheinlech Sabotage vun enger Gaspipeline an der Ostsee ass de beschte Beweis heifir. Mir mussen dofir eis kritesch Infrastrukture besser schützen.

 

D'Zuel vun de Cyberattacke geet weltwäit kontinuéierlech erop. Virun allem kritesch Infrastrukturen aus ville Secteuren, mä speziell am Energie- an Telekommunikatiounsberäich sinn an de leschte Joren Zil vu Cyberattacke ginn.

 

Lëtzebuerg ass hei keng Insel. Eng rezent Attack op e grousse lëtzebuergeschen Energiebetrib huet eis dat nach eng Kéier virun Ae gefouert. Dofir setze mir eis national Strategie an der Cybersécherheet konsequent ëm a mir hunn eis Efforten an dësem Beräich nach eng Kéier däitlech verstäerkt.

 

D'Regierung huet eng Cellule d'évaluation mat alle relevante staatlechen Acteuren aberuff fir de Cyberrisiko z'iwwerwaachen. De GOVCERT an den ILR hu Recommandatiounen un d'Operateure vu kriteschen Infrastrukturen a vun essentielle Servicer erausginn.

 

Mir schaffen un engem Pilotprojet fir eng national Cyber Reserve opzestellen, also ee Pool vu Spezialisten am Beräich vun der Cybersécherheet.

 

De GovCERT wäert een nationale Reseau vu Sonde bei eise kriteschen Infrastrukturen installéieren. Anomalien am Reseau wäerten an Zukunft un een nationale Sécherheetszentrum weidergeleet gi, fir d'Informatioune séier un eis kritesch Infrastrukture weiderzeginn a fir si esou besser géint Attacken ze schützen.

 

E Liewen ouni Internet ass fir vill Mënschen net méi virstellbar. D'Welt ass haut esou vernetzt, datt och nëmmen eng eenzeg gezillten Attack eisen Alldag, wéi mir e gewinnt sinn, massiv stéiere kéint.

 

Déi fir d'Cybersécherheet zoustänneg Verwaltungen an Autoritéite kréien am nächste Budget an och déi Joren drop däitlech méi Ressourcë fir eist Land beschtméiglechst géint Attacken ze schützen. De Staat, d'Wirtschaft, d'Recherche an d'Bierger mussen hei enk zesumme schaffen.

 

Nieft dem Krich mat der Angscht an den Attacken op eis physesch an digital Infrastrukture setzt Russland och op en Energie- a Wirtschaftskrich, fir eis auserneen ze dreiwen.

 

Här President, dat ass hinnen net gelongen! Och wann d'Präisser vum Gas, Stroum an Ueleg an de leschte Méint deels dramatesch geklomme sinn, hu mir et als Gesellschaft fäerdeg bruecht, eis net auserneen dreiwen ze loossen.

 

Ech sinn houfreg op eist Land an op eis Bierger. Mir sinn net virum russesche President ageknéckt. D'Verdeedege vu Mënscherechter, Fräiheet a Souveränitéit ass eis méi wäert, wéi kuerzfristeg bëllege Gas aus Russland.

 

Et ass e staarkt Zeechen, dat Lëtzebuerg, dat mir alleguer eraus un d'Welt schécken. Et ass och e staarkt Zeechen un all déi, déi mengen, si kéinten eis Wäerter an Iwwerzeegunge mat Erpressung an Droungen erkafen. Mir loossen eis net erpressen. Scho guer net vun Autokraten, déi eist fräit a friddlecht Europa zerstéiere wëllen.

 

Ech wëll op dëser Plaz de ville Bierger a Betriber Merci soen, déi sech un der Energie-Spuercampagne bedeelegen. Hiren Effort hëlleft eis, gutt iwwert de Wanter ze kommen an Enkpäss beim Gas a Stroum ze vermeiden. Mir sinn um gudde Wee, fir 15% vun eiser Consommatioun anzespueren. Dat ass en enormen Effort vu villen Acteuren an eiser Gesellschaft.

 

Mir iwwerhuelen zesumme Verantwortung fir eis Versuergungssécherheet.

Jo, et ass keng einfach Zäit fir vill Bierger an och fir vill Betriber. Si leiden ënnert der héijer Inflatioun, déi virun allem vun der Energiepräisdeierecht ugedriwwe gëtt. Mee mir sinn wärend all deene schwéiere Méint solidaresch bliwwen. Ënnerteneen hei bei eis, an och mat deene Mënschen, deenen et méi schlecht geet.

 

Der Regierung war et an de leschte Méint e wichtegt Uleies, d'Bierger an d'Betriber mat hire Suergen net eleng ze loossen. Um Energiedësch an op zwou Tripartitten hu mir historesch Hëllefspäck an Héicht vun insgesamt 2,5 Milliarden Euro decidéiert, fir besonnesch deene finanziell ënnert d'Äerm ze gräifen, déi am meeschten ënnert der aktueller Situatioun leiden.

 

D'Regierung huet sech dobäi dräi grouss Prioritéite gesat: d'Inflatioun bekämpfen, d'Kafkraaft erhalen an Aarbechtsplaze sécheren.

 

Ech kann net genuch ënnersträiche wat fir eng enorm Leeschtung dës 2,5 Milliarden Euro fir e Land wéi Lëtzebuerg duerstellen. Zanter der Pandemie hu mir 5,5 Milliarden Euro direkt an indirekt Hëllefen un d'Leit an d'Betriber ausbezuelt. Dës aussergewéinlech Zomm léisst sech am internationale Verglach net nëmme weisen, mee dierft op de Kapp gekuckt eemoleg an Europa sinn.

 

An eis Mesuren hunn Erfolleg. Mat eisem Anti-Inflatiounspak wäerte mir d'Präisdeierecht däitlech ausbremsen. Am Duerchschnëtt hunn d'Haushalter mindestens genee sou vill, dacks esouguer méi Kafkraaft, wéi nach virun der Kris.

 

Mir hunn den Indexsystem geséchert. Dat nächst Joer wäert all Indextranche ausbezuelt ginn. Mat geziilten zousätzlechen Hëllefe stäipe mir virun allem deenen de Réck, déi et de Moment besonnesch schwéier hunn.

An och d'Hëllefe fir d'Betriber weisen hir Wierkung, andeem s mir Faillitte verhënneren an Aarbechtsplaze sécheren. D'Zuel vun de Faillitten ass ongeféier um Niveau vun 2019.

 

Dat lescht Joer goufe souguer ronn 12.600 nei Betriber gegrënnt. D'Zuel vun den ugefroten Autorisatioune läit domadder net nëmmen iwwert dem Niveau vun 2019, mee befënnt sech esouguer op engem historesch héijen Niveau.

 

De Chômage ass mat 4,8% esouguer ënnert dem Niveau vu virun der Pandemie.

 

D'Solidaritéitspäck sinn en historeschen Erfolleg, dee mir och de Sozialpartner ze verdanken hunn. Ech soen hinne Merci fir déi konstruktiv Manéier, mat der si d'Verhandlungen an der Tripartite ugaange sinn. De Lëtzebuerger Sozialmodell huet och ënnert dem gréissten Drock funktionéiert. Dat ënnerscheet eis vu villen anere Länner an dorop kënne mir houfreg sinn.

 

Mir hunn zesumme Verantwortung iwwerholl fir de soziale Fridden ze erhalen an eise Wuelstand ze verdeedegen.

 

Et war dës Regierung, déi schonn an de leschte Jore massiv an nei sozial Leeschtungen investéiert huet. Eng sëllegen Erhéijunge beim Mindestloun a REVIS, d'Aféiere vun der gratis Kannerbetreiung a Maison Relais, gratis Schoulbicher a Schouliessen, d'Erhéije vum Wunngeld an eng sozial gerecht Steierreform si just e puer Beispiller vun de ville Geld- a Saachleeschtungen, mat deene mir ville Mënschen zanter 2014 ënnert d'Äerm gräifen.

 

Ganzer 49% vun den Depensen am Staatsbudget fléissen a sozial Mesuren. Dorop kënne mir houfreg sinn. An awer wësse mir, datt et nach ëmmer Leit ginn, deenen et net gutt geet. Mir hunn si net vergiess. Si motivéieren eis all Dag weider un engem Lëtzebuerg ze schaffen, an dem jidderee gutt liewe kann.

 

D'Regierung wäert dofir och an Zukunft de Sozialstaat weider ausbauen an deene Mënschen geziilt ënnert d'Äerm gräifen, déi besonnesch op eis Hëllef ugewise sinn.

 

Mir erhéijen de Mindestloun an de REVIS am Januar ëm iwwer 3%. Déi erhéichten Allocation de vie chère an d'Energieprimm ginn ëm ee Joer verlängert.

 

Fir deene Schwächsten an eiser Gesellschaft an Zukunft nach besser hëllefen ze kënnen, setzt d'Regierung de Personalschlëssel fir d'Offices sociaux ëm 50% erop.

 

Och op EU-Niveau schafft d'Regierung aktiv mat u Léisunge fir d'Bierger a Betriber z'entlaaschten, déi mat héijen Energiepräisser ze kämpfen hunn. Mir ënnerstëtzen ënnert anerem d'Iddi vun engem europäesche Präisdeckel op Gasimporter an eng Iwwergewënnsteier op Beneficer, déi Energieproduzenten ouni déi aktuell Kris net gemaach hätten.

 

D'Energiekris féiert eis och nach eng Kéier ganz kloer virun An, wéi ofhängeg mir de Moment nach vu fossillen Energien aus dem Ausland sinn. Dëst ass net nëmmen an der aktueller geopolitescher Situatioun e Problem, mee och schlecht fir eis Klimabilanz.

 

Trotz den aktuellen Erausfuerderungen a Krisen ass a bleift de Klimawandel déi gréissten an imminentste Gefor fir d'Mënschheet. An dat net eréischt an e puer Joerzéngten, mee schonn elo.

 

Jiddwereen deen am Summer virun d'Dier gaangen ass, huet d'Auswierkunge vum Klimawandel hautno ze spiere kritt.

 

Eise Planéit brennt. Ganz Flëss a Séien dréchnen aus. Beem stierwen net nëmmen am Feier, mee och un der Hëtzt an un der Dréchent. Akerfelder bidde kee fruchtbare Buedem méi. De Liewensraum vu villen Déiere gëtt zerstéiert, wat elo schonn all Joer zum Ausstierwe vun dausenden Déierenaarte féiert an eisen Ekosystem staark negativ beaflosst.

 

Eist Drénkwaasser gëtt knapp, well et net genuch reent a well eist Grondwaasser keng Zäit kritt fir sech ze erhuelen.

 

Gläichzäiteg liewe mir quasi all Dag mam Risiko vun Iwwerschwemmungen, provozéiert duerch staarke Reen, dee wéinst eisem verdréchente Buedem net méi séier genuch kann ofsickeren.

 

Dëst alles ass haut scho Realitéit. Et ass eis Realitéit hei zu Lëtzebuerg. De Klimawandel a seng Konsequenze sinn och bei eis am Land ukomm. An dës Realitéit kréie mir net méi réckgängeg gemaach. Mir mussen eis bewosst sinn, datt et just nach méi schlëmm wäert ginn, wa mir haut net konsequent handelen. An dat ganz drastesch a ganz séier.

 

A Pakistan hunn d'Mënschen déi katastrophal Auswierkunge vun esou enger Verschlechterung schonn dëst Joer erlieft. Wéinst enger Kombinatioun aus gewaltege Reemassen a geschmolte Gletscher stoung een Drëttel vum Land ënner Waasser. Mir schwätzen hei vun enger Fläch, déi iwwert 100 Mol eist Land duerstellt. 33 Millioune Mënsche waren direkt vun den Iwwerschwemmunge betraff.

 

Här President, un esou Katastrophe musse mir eis leider gewinnen. Och zu Lëtzebuerg, wa mir net séier handelen. An awer ass de Klimawandel keng Fatalitéit. Nach hu mir et an der eegener Hand. Mee d'Zäit leeft eis fort.

 

D'Kipppunkte sinn amgaangen iwwerschratt ze gi, mat katastrophale Konsequenzen, och fir Europa. Massiv Äismasse schmëlzen a Rekordtempo. De Mieresspigel kéint méi séier a méi dramatesch klamme wéi mir eis dat haut virstelle kënnen.

 

Mir mussen alles dofir maachen dës geféierlech Entwécklung ze stoppen. Mir hu keen anere Choix wéi de Paräisser Klimaaccord ze respektéieren an d'Äerderwiermung op 1,5 Grad ze limitéieren.

 

Jo, Lëtzebuerg an och Europa kënnen de Klimawandel net eleng stoppen. All d'Länner op dësem Planéit si gefuerdert fir dës global Kris séier an de Grëff ze kréien. Mee och wa Lëtzebuerg just ee klengen Deel vun der Léisung ass, kënnen an däerfe mir eis der Verantwortung net entzéien.

 

Mir gehéieren zu deene Länner op der Welt, déi am meeschten CO2 op de Kapp ausstoussen a wäertvoll Ressourcë verbrauchen.

 

Mir mussen e Virbild fir aner Länner am Beräich vun der Klimapolitik ginn. Mir kënnen eis et net leeschten, drop ze waarden, datt anerer eis de Wee weisen. Da kéint et schonn ze spéit sinn.

 

Mir mussen a mir wäerte Verantwortung iwwerhuelen, fir d'Zukunft vun eisem Planéit ze sécheren.

 

Lëtzebuerg huet an de leschte Joren seng Efforte géint de Klimawandel verstäerkt. Fir d'Joer 2021 hu mir eis Klimaziler insgesamt erreecht. Op dësem Erfolleg däerfe mir eis awer net ausrouen. D'Wëssenschaft seet eis, datt déi aktuell Efforten net duergi fir déi global Äerderwiermung op 1,5 Grad ze begrenzen.

 

Mir wëssen also, datt mir nach méi a virun allem méi séier handele mussen, fir eis selwer gesate Klima-Ziler ze erreechen. Dofir ass eng enorm gesellschaftlech Ustrengung néideg. Politik, Bierger a Wirtschaft mussen Hand an Hand goen, fir datt mir d'Erausfuerderung vum Klimawandel zesumme meeschtere kënnen.

 

Genee aus dem Grond hunn ech de Klima-Biergerrot aberuff. Mir hunn 100 representativ ausgewielte Bierger a Biergerinnen gefrot, ob si bereet si, méi wäit an der Klimapolitik ze goen.

 

D'Äntwert op dës Fro ass en eendeitege "Jo!".

 

De Klima-Biergerrot huet en impressionnante Katalog vu 56 Propositiounen a wäit iwwert 200 Eenzelmesuren ausgeschafft fir d'Klimapolitik zu Lëtzebuerg virunzedreiwen.

Illustratioun

Fir d'éischte Kéier an der Geschicht vun eisem Land souz d'Gesellschaft an esou enger Form mat um Verhandlungsdësch vun der Klimapolitik. De Klima-Biergerrot ass en innovatiivt demokratescht Instrument vun der Biergerbedeelegung, dat an där Form nach net dacks op der Welt agesat ginn ass.

 

Dat finaalt Resultat léisst sech weisen. Ech soen de Membere vum Klima-Biergerrot Merci fir déi vill Zäit an Aarbecht, déi si an de leschte Méint an dëse Projet investéiert hunn. Ech soen hinnen awer och Merci fir déi ambitiéis a couragéis Propositiounen, déi si ausgeschafft hunn.

 

Elo ass et un der Politik duerch eng ambitiéis Klimapolitik dësem Courage gerecht ze ginn.

 

D'Regierung steet zu hirem Verspriechen a wäert d'Aarbecht vum Klima-Biergerrot mat an d'Diskussioune ronderëm de neien Energie- a Klima-Plang integréieren.

 

Mir däerfe keng Zäit verléieren. Dofir huet d'Regierung direkt no der Presentatioun vum Klima-Biegrerrot eng Task Force agesat, déi zesumme mat de concernéierte Ministèren an de gesetzlech verankerte Gremien déi eenzel Propositiounen analyséiert. Dës Task Force soll déi néideg Aarbechte koordinéieren, wéi een d'Aarbecht vum Klima-Biergerrot an den Energie- a Klima-Plang integréiere kann.

 

Ech wëll dësem Prozess haut nach net virgräifen. Besonnesch, well d'Regierung, wéi versprach, fir Enn Oktober en Débat de consultation an der Chamber ugefrot huet, wou déi politesch Parteien sech zu de Propositioune vum Klima-Biergerrot positionéiere sollen.

 

Ech hoffen op eng breet politesch Ënnerstëtzung an der Chamber, déi dem Eescht vun der Situatioun an dem Respekt virun der Aarbecht an dësem participative Projet gerecht gëtt.

 

Här President, erneierbar Energië sinn e wichtege Bausteen vum Klimaschutz an awer och vun eiser nationaler Versuergungssécherheet.

 

Mir hunn d'Produktioun vun erneierbaren Energien an deene leschte sechs Joer méi wéi verduebelt.

Illustratioun

E besonnesche Succès gesi mir bei de Solaranlagen. Mir hunn dat lescht Joer 15 Mol méi nei Anlagen installéiert wéi nach am Joer 2016. Am Juli dëst Joer hunn eis Photovoltaique-Anlage bal duebel sou vill Stroum produzéiert wéi nach de nämmlechte Mount dat lescht Joer.

 

Och d'Wandenergie hëlleft eis de Lëtzebuerger Energiesystem méi onofhängeg a klimafrëndlech ze gestalten. Mir hunn an de leschte sechs Joer d'Produktioun vun der Wandenergie verdräifacht. Lëtzebuerg bedeelegt sech och u groussen Offshore-Wandparken am Ausland.

 

Esou hu mir nach déi lescht Woch en Ofkommes mat Dänemark ënnerschriwwe mat deem mir eis bis zu 4.800 Gigawatt erneierbare Stroum bis 2025 sécheren.

 

Den Ausbau vun den erneierbaren Energië geet also a volle Schrëtt virun. An awer musse mir nach e Gang eropschalten. De Klimawandel waart net op eis. Mir hunn och gemierkt wat den Impakt op d'Stéit an d'Wirtschaft ass, wann ee Land vun engem Dag op den aneren de Gaskrunn zoudréint.

 

Dofir wäert d'Regierung an den nächste Méint zousätzlech Efforten ënnerhuele fir d'Energietransitioun nach méi séier virunzedreiwen.

 

Mir erhéijen de scho bestoende Bonus op 50%, fir d'Ersetze vun enger Heizung, mat fossille Brennstoffer duerch eng méi klimafrëndlech Heizung. D'Regierung hëlleft iwwert Subsiden och deene Stéit, déi mat Pellets hëtzen an de Moment mat héije Präishaussen ze kämpfen hunn.

 

D'Klimabonus-Aiden fir all energeetesch Sanéierung ginn ëm 25% erhéicht. Do dernieft hu mir en obligatoresche Fong fir Koproprietéiten agefouert, mat deem all Zort vu Renovatioune finanzéiert solle ginn, besonnesch am Beräich vun der energeetescher Sanéierung.

 

Vum 1. Januar 2023 un gëtt den TVA-Taux fir nei Photovoltaique-Installatiounen op 3% erofgesat an d'Degressioun bei der Entlounung ausgesat.

 

Wann d'Bedreiwer vun enger Photovoltaique-Anlag hire Stroum selwer oder bannent enger energeetescher Gemeinschaft notzen, erhale si en zousätzleche Klima-Bonus Subside vu 25%.

 

Mir wëllen et de Leit esou einfach wéi méiglech maache fir op den Zuch vun den erneierbaren Energien opzesprangen. Dacks ass dat wat gutt fir d'Klima ass och gutt fir de Portmonni.

Illustratioun

Mir stelle fest, datt de Klimabonus, dee mir am Kader vum Neistart Lëtzebuerg bei de Subside fir energeetesch Sanéierungen agefouert hunn, vun ëmmer méi Leit genotzt gëtt. Dowéinst gëtt d'Effizienz vun eise Gebaier ëmmer besser.

 

Vill Leit kënne sech eng energeetesch Sanéierung oder d'Installéiere vun enger Solaranlag awer nach ëmmer net leeschten. Et si besonnesch déi méi sozial schwaach Stéit, déi an alen a schlecht isoléierte Gebaier wunnen. Si leiden de Moment also duebel un den héijen Energiepräisser.

 

Mir hätte gären, datt all Propriétär a Locataire an deenen nächste Jore vun enger energeetescher Sanéierung profitéiere kann. D'Regierung wäert deejéinegen zousätzlech hëllefen, déi et sech net leeschte kënnen esou e Projet vir ze finanzéieren.

 

D'Regierung wäert dofir nei innovativ Finanzéierungsmodeller fërderen fir energeetesch Sanéierungen ze realiséieren. Andeem s d'Proprietären hire Kredit iwwert zukünfteg energeetesch Erspuernesser zréckbezuele kënnen. De Staat géif an deem Fall d'Garantie vun dëse Kreditter iwwerhuelen, fir de Banken déi néideg Sécherheeten ze ginn.

 

Mir sinn dervun iwwerzeegt, datt eng nohalteg Politik sech duerch klimafrëndlech a sozial inklusiv Mesuren auszeechent. Mir loossen dofir bei der Energietransitioun keen op der Streck. Energiepolitik ass och Sozialpolitik.

 

Photovoltaique-Anlage sinn e wichtegt Element an dëser Energietransitioun. Op all gëeegenten Daach gehéiert esou eng Anlag. Och wann ëmmer méi Leit dëse Schrëtt ginn, musse mir eis Efforten nach weider verstäerken.

 

D'Regierung wäert d'Obligatioun aféieren, datt no enger Transitiounsphas op der ganzer Daachfläch vun all nei Konstruktioun eng Photovoltaique-Anlag muss installéiert ginn.

 

Mir sinn eis awer bewosst, datt d'Bauen haut schonn deier ass a wëllen d'Wunnen net nach méi onerschwénglech maachen. Dofir iwwerhëlt de Staat d'Käschte vun der Photovoltaique-Anlag fir déi Leit, déi sech d'Installatioun net kënnen oder wëlle leeschten. Nodeem s de Staat d'Käschten iwwert d'Stroumproduktioun amortiséiert huet, kritt de Proprietär d'Anlag geschenkt.

 

Mir wäerten e Regëster schafen, op dee sech Proprietäre vun existéierende Gebaier androe kënne fir hiren Daach dem Staat zur Verfügung ze stellen. Och si kënnen dann nom Amortissement vun der Anlag vu gratis erneierbarem Stroum profitéieren.

 

Dës Initiative wäert de Staat an enger éischter Phas vill Sue kaschten, mee ass mëttel- a laangfristeg käschtenneutral. Et ass eng Win-Win-Win-Initiative.

 

D'Bierger profitéiere laangfristeg vun enger komplett finanzéierter Photovoltaique-Anlag, de Staat erreecht méi séier seng Klimaziler an d'Handwierk huet garantéiert Opträg a Previsibilitéit fir déi nächst Joren. Mir gesinn dës Initiative also net als Käschtepunkt un, mee als eng Investitioun. Eng Investitioun an eis Zukunft.

 

D'Regierung wäert dës Photovoltaique-Initative am neien Energie- a Klimaplang präziséieren an an den nächste Méint de néidege gesetzleche Kader preparéieren.

 

Wéi bei de private Stéit, sollen och d'Betriber bei hirer energeetescher Transitioun besser ënnerstëtzt ginn.

 

Mir moderniséieren dofir d'Steierbonifikatioun fir Investitiounen an déi digital, energeetesch an ekologesch Transitioun ze favoriséieren. D'Regierung leet 2023 e Gesetzesprojet vir, a peilt en Akraafttrieden 2024 un.

 

D'Regierung huet zousätzlech Hëllefe fir kleng a mëttelgrouss Betriber virgestallt, déi et hinnen erlabe sech besser op déi zukünfteg Erausfuerderunge virzebereeden. Interesséiert Betriber kënne vu sougenannte SME-Packages profitéieren fir beispillsweis Projeten am Beräich vun der Nohaltegkeet an der Digitalisatioun ze realiséieren.

 

D'Betriber solle méi a méi hiren eegene Stroum hierstellen a consomméieren. Dofir wäerte mir déi autonom Consommatioun iwwer Photovoltaique-Anlagen an de Betriber nach méi staark fërderen. D'Regierung wäert och Betriber derbäi ënnerstëtze laangfristeg finanziell attraktiv Verträg mat Produzente vun erneierbarem Stroum ofzeschléissen.

 

Nëmme wa mir et hikréien e groussen Deel vum Bestand u Gebaier energeetesch ze sanéieren, hu mir eng Chance eis Klimaziler z'erreechen an onofhängeg vu fossillen Energien ze ginn.

 

Dat gëllt och fir staatlech Gebaier. Am Duerchschnëtt investéiere mir all Joer 90 Milliounen Euro fir staatlech Renovatiounsprojeten. No der Sanéierung kann an dëse Gebaier oft méi wéi d'Hallschent vun der Heizenergie agespuert ginn.

 

Dës Efforte ginn awer nach net duer. Op villen Diecher vun ëffentlechen Halen, Bürosgebaier a Schoule sinn nach keng Solaranlagen installéiert. 62 staatlech Gebaier sinn de Moment mat enger Solaranlag equipéiert. Bis 2026 sollen 10% vum järleche Stroumverbrauch an de staatleche Gebaier iwwert eege Photovoltaique-Anlage gedeckt ginn. De Staat muss hei nach méi mam gudde Beispill virgoen.

 

Och an der Mobilitéit musse mir vun de fossillen Energien ewechkommen. Gefierer mat Verbrenner-Motor stoussen net nëmme klimaschiedlech CO2-Emissiounen aus, mee si mëttlerweil duerch déi héich Bensinn- an Dieselpräisser och finanziell net méi wirtschaftlech sënnvoll.

 

Am Juni hu sech d'EU-Memberstaaten dorobber gëeenegt, datt vum Joer 2035 un nëmmen nach nei Gefierer, déi klimaneutral sinn, zougelooss ginn. Zu Lëtzebuerg sinn haut scho 5% vun all den ugemellten Autoen elektresch bedriwwen. Dësen Undeel ass amgaange konstant an d'Luucht ze goen. Dëst Joer ware 25% vun de Neiumeldungen Elektroautoen a Plug-In Hybriden.

 

Dës positiv Entwécklung ënnersträicht den Erfolleg vun de staatleche Primmen déi d'Keefer vun engem reng elektresche Gefier ufroe kënne fir esou déi zousätzlech Käschte vun engem Elektroauto ofzefiederen. D'Regierung huet am Fréijoer annoncéiert dës Primme bis 2024 ze verlängeren.

 

D'Elektromobilitéit hëlt zu Lëtzebuerg ëmmer méi u Faart op. Sou goufen am Juli dëst Joer eleng ob den ëffentleche Chargy Bornë 690.000 Kilowattstonnen grénge Stroum getankt. Dëst entsprécht ronn 4,6 Millioune Kilometer déi elektresch gefuer konnte ginn.

 

Bis 2025 soll europawäit op all den Autobunnen op mannst all 60 Kilometer eng Schnellluedstatioun installéiert ginn. Lëtzebuerg ass an dësem Beräich Virreider.

 

Vun den 88 geplangte SuperChargy Bornë sinn der aktuell schonn 30 am Asaz. Bis d'Enn vum nächste Joer wäerte se all installéiert sinn. Op dëse Bornë kënnen d'Consommateure queesch duerch d'Land hiren Auto séier oplueden an och länger Distanzen ouni Zäitverloscht meeschteren.

 

Den Chargy-Reseau ass haut schonn ee vun deene beschten a ganz Europa a wäert an noer Zukunft nach méi performant ginn.

 

Och eise Subside fir Luedstatiounen fir Privatpersounen ass e vollen Erfolleg. Mir hunn elo scho véier Mol méi Ufroe wéi nach dat lescht Joer. Och de Subsideprogramm fir Luedstatiounen an de Betriber ass um Lafen a stéisst op eng grouss Demande. D'Leit kënnen esou hiren Elektroauto net nëmmen doheem oder iwwert eng ëffentlech Borne, mee och op hirer Aarbechtsplaz oplueden.

 

An der selwechter Logik wäert Logistik-Secteur an Zukunft vu Subside profitéiere kënnen, fir hir Camions-Flotten op Null-Emissiounsgefierer ëmzestellen.

Illustratioun

Am Mäerz huet d'Regierung de nationale Mobilitéitsplang bis 2035 virgestallt. Mat dësem Plang fänke mir elo un déi Offer ze schafen, déi mir 2035 wäerte brauchen. Mir wëllen net méi weider dem Verkéiersproblem mat verspéite Chantieren hannendru lafen. Dofir schaffe mir haut schonn un der Mobilitéit fir muer.

 

Dozou gehéiert och d'Digitalisatioun ze notze fir d'Mobilitéit méi effikass ze gestalten. D'Regierung ass am gaangen en Observatoire fir digital Mobilitéit ze schafen. Mir wäerten nach d'nächst Joer e Gesetzestext deponéieren, fir datt dësen Observatoire déi néideg Informatioune ka sammelen an allen interesséierten Acteuren zur Verfügung ka stellen.

 

Eng nohalteg an zukunftsorientéiert Mobilitéitsstrategie kann sech net op den Auto als aktuell wichtegst Transportmëttel verloossen.

 

Den ëffentlechen Transport muss a wäert an deenen nächste Jore weider ausgebaut ginn, fir datt esou vill Bierger zu Lëtzebuerg wéi méiglech eng mindestens gläichwäerteg, wann net esouguer besser Alternativ zum Auto hunn.

 

Wärend aner Länner iwwert bezuelbar Abonnementer fir den Zuch diskutéieren, ass zu Lëtzebuerg de gesamten ëffentlechen Transport schonn zanter 2020 gratis. Fir datt nach méi Leit vun dëser gratis Offer profitéiere kënnen, muss den ëffentlechen Transport konsequent ausgebaut ginn. Dofir wäerte mir eis Investitiounen an den Zuch, Bus an Tram weider héichhalen.

 

Lëtzebuerg beleet 2021, wéi schonn déi Jore virdrun, d'Spëtzeplaz ënnert de Länner, déi am meeschte pro Kapp an hiert Schinnennetz investéieren. 

Déi grouss Chantieren op der Beetebuerger Stréck an op der Ettelbrécker Gare lafen op Héichtouren. D'Baue vu Park and Ride Méiglechkeeten zu Miersch, Rodange, Ettelbréck an Ëlwen wäerten d'Ëmklamme vum Auto op den Zuch nach méi einfach maachen.

 

Vum nächste Joer u ginn endlech déi nei Automotricen ausgeliwwert, déi d'Passagéier-Capacitéiten an den Zich bis 2025 ëm 43% erhéije wäerten.

 

Mat all dësen Investitioune bleift den Zuchreseau och an Zukunft d'Réckgrat vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg andeem s nach méi Bierger nach méi zouverlässeg a bequeem mam Zuch vun A op B kommen.

 

Och beim Tram leeft den Ausbau op Héichtouren. Schonn haut notzen all Dag iwwer 70.000 Passagéier den Tram fir sech an der Stad virunzebeweegen. An den nächste Jore soll aus enger Tramslinn ee modernen Tramsreseau vu 40 km Längt entstoen.

 

Aus der Iddi vun enger Tramslinn vum Findel op d'Cloche d'Or ass eng Realitéit ginn. Bis 2024 soll déi gesamt Streck a Betrib geholl ginn.

 

Nieft den Etudë fir ee séieren Tram op Esch ze realiséieren, wäert d'Regierung nach an dëser Legislaturperiod zousätzlech Gesetzesprojete fir d'Finanzéierung vu weideren Extensiounen, neien Tramslinnen an engem neien Tramsschapp an der Chamber deponéieren.

 

Den Tram ass haut schonn e vollen Erfolleg a wäert an den nächste Joren d'Mobilitéit an der Agglomeratioun vun der Stad nach méi attraktiv gestalten. Den Tram ass e gutt Beispill fir eng Iddi déi virun 10 Joer nach fir den een oder aneren net virstellbar war. An haut ass dës Iddi net nëmme Realitéit, mee fir vill Leit net méi ewechzedenken.

 

Och beim Bustransport deet sech eppes. D'Regierung huet eng representativ Consultatioun bei 20.000 Residenten an 10.000 Frontalieren duerchgefouert. Do dernieft goufen iwwer 300 Verbesserungsvirschléi vu Gemengen a Bierger gesammelt fir den RGTR Busreseau ze reforméieren.

 

99,5% vun den Awunner hunn zanter dem Summer e Busarrêt an der Géigend vun hirem Doheem. De regionale Busreseau ëmfaasst haut esou vill Kilometer, wéi nach ni virdrun.

 

Fir datt d'Bussen net am Stau stinn, schafe mir zousätzlech Korridoren op den Haaptachsen, a Richtung vun de Pôles d'échanges. Hei entstinn och zousätzlech Park and Ride Méiglechkeeten. De Park and Ride op der Cloche d'Or ass am Bau. De Park and Ride Mesenich zu Mäertert soll zäitno vergréissert ginn.

 

Aktuell si bal 50% vun de Busser elektresch bedriwwen. Mir wäerten eist Zil erreeche, fir bis 2030 komplett elektresch ze fueren.

 

Här President, ech wëll den ëffentlechen Transport net méi schéi riede wéi en aktuell ass. Besonnesch an de ländleche Géigende muss d'Offer nach däitlech verbessert ginn, fir datt de Bus an den Zuch eng valabel Alternativ zum Auto ginn.

 

Mir sinn eis dëser Situatioun bewosst. A genee dowéinst wäerte mir an den nächste Joren enorm Zommen an den Ausbau vum ëffentlechen Transport investéieren.

 

Mir investéieren och weider an den Ausbau vun eisem Vëlospistereseau. Iwwert 1.100 Kilometer si gesetzlech virgesinn. Och hei musse mir an den nächste Gang schalte fir méi séier eng gutt vernetzten a sécher Vëlosinfrastruktur ze schafen. Nieft Vëloexpressweeër déi d'Agglomeratiounen direkt matenee verbanne wäerten, schaffe mir och u regionale Vëlospisten.

 

Nëmme mat konstant héijen Investitiounen an den ëffentlechen Transport an déi douce Mobilitéit brénge mir et fäerdeg eis Stroossen z'entlaaschten an eis Klimaziler z'erreechen.

Illustratioun

Här President, ech hunn et scho méi wéi eng Kéier gesot. Mee et ass wichteg, et ëmmer erëm ze widderhuelen. Mir kënnen de Kampf géint de Klimawandel just gewannen, wa mir all zesummen halen. Mir däerfen eis net ee géint deen aneren ausspille loossen. Mir däerfen eis net auserneen dreiwe loossen. Mir sëtzen all am nämmlechte Boot.

 

Dat gëllt och fir d'Landwirtschaft. Ech akzeptéieren net, datt d'Bauere vu Verschiddenen als Matschëlleger um Klimawandel duergestallt ginn. Mir brauchen de Baueren a Wënzer net ze erklären, datt de Klimawandel hir Existenz bedréit.

 

Well et si si, déi d'Auswierkunge vun der Äerderwiermung elo schonn an hirer alldeeglecher Aarbecht ze spiere kréien. Déi aussergewéinlech Dréchent an de Waassermangel maache ville landwirtschaftleche Betriber d'Liewen, a munchen esouguer d'Iwwerliewen, schwéier.

 

Jo, et stëmmt, verschidde landwirtschaftlech Aktivitéite verursaachen d'Emissioun vu klimaschiedleche Gasen. Et stëmmt och, datt d'Landwirtschaft sech weiderentwéckele muss, wa mir eis Klimaziler erreeche wëllen.

 

D'Bauere sinn awer net eis Géigner, mee vill méi eis Alliéierte fir dës Ziler z'erreechen.

 

Virum Summer huet d'Regierung e Projet fir dat neit Agrargesetz ugeholl. Iwwert 800 Milliounen Euro aus dem nationalen an europäesche Budget wäerten déi nächst Joer un déi Lëtzebuergesch landwirtschaftlech Betriber fléissen.

 

Ronn 40% vun de järlechen Ausgaben si fir Hëllefen am Beräich vum Klima an der Biodiversitéit reservéiert. Mat dësen Investitioune maache mir d'Landwirtschaft zu engem aktive Partner an der Klimapolitik, dee fir säi Service am Interessi vun der Allgemengheet gerecht entlount gëtt.

 

Mir sinn eis awer bewosst, datt virun allem jonk Bauere sech Suerge maachen, datt si ouni Wuesstem hire Betrib net rentabel bedreiwe kënnen. Dat neit Gesetz gesäit dofir eng ganz Rei Mesurë vir, déi de Bauerebetriber finanziell derbäi hëllefen, och ouni zousätzlech Béischte rentabel ze schaffen.

 

Verschidde Bauereverbänn hunn en Agrarsommet gefrot, fir mat der Regierung iwwert d'Zukunft vun der Landwirtschaft ze diskutéieren. D'Regierung ass bereet fir an e konstruktiven Dialog mat hinnen ze trieden.

 

Mir brauchen och an Zukunft eng kompetitiv an nohalteg Landwirtschaft. Net nëmmen, well mir et ouni engagéiert Baueren net fäerdeg bréngen, eis Klimaziler ze erreechen, mee och well Lëtzebuerg op zouverlässeg Liewensmëttelproduzenten ugewisen ass.

 

Wärend der Pandemie an och mam Krich an der Ukrain ass eis all nees bewosst ginn, datt et keng Selbstverständlechkeet ass, datt mir zu jidderzäit genuch Liewensmëttel an der eis gewinnter Qualitéit zur Verfügung hunn. Mir hu geléiert, eis lokal Liewensmëttel nees méi wäertzeschätzen.

 

D'Landwirtschaft ass also e wichtegen Alliéierten am Kampf géint de Klimawandel a fir den Naturschutz.

 

Wien d'Klima schütze wëll, muss d'Natur schützen. Klima- an Naturschutz sinn enk matenee verbonnen. Eis Bëscher a Naturraim bannen net nëmme CO2, mee hëllefen eis och besser mat de Konsequenze vum Klimawandel ze liewen.

 

Beem liwweren e wichtege Schutz géint d'Sonn a suergen dofir, datt ëffentlech Plazen net sou staark ophëtzen. Gesond a räichhalteg Biedem, sou wéi natierlech Flossleef mat Pufferzone kënne staarke Reen an Iwwerschwemmunge vill besser opfänke wéi vill Stëbsbiedem a kanaliséiert Baachen.

 

E wichtegen Partner am Naturschutz sinn d'Gemengen. Nom grousse Succès vum Klimapakt huet d'Regierung an Zesummenaarbecht mat de Gemengen en Naturpakt lancéiert.

 

Gemengen, déi derbäi hëllefen eis Natur z'erhalen, ze stäerken oder erëm opzebaue ginn no engem Punktesystem zertifiéiert a kréien entspriechend finanziell Mëttel vum Staat zur Verfügung gestallt. Den Naturpakt ass elo schonn en Erfolleg. Am éischte Joer hu sech schonn iwwert 80% vun de Gemenge bedeelegt.

 

Zum Naturschutz gehéiert och de Waasserschutz. Ouni Waasser gëtt et kee Liewen. Duerch d'Ausweise vu bis haut 48 Drénkwaasserschutzzone ronderëm eis Quellen a ronderëm de Stauséi, schütze mir laangfristeg eis Drénkwaasserreservoiren.

 

Mam neie Gesetz iwwert d'Drénkwaasser, dat sech zanter Abrëll an der legislativer Prozedur befënnt, wäerte mir eis Waasserressourcen nach besser schütze kënnen.

 

Här President, Lëtzebuerg ass um europäeschen an internationale Plang eng wichteg Stëmm fir eng méi ambitiéis Klimapolitik.

 

Den nächste Mount fënnt d'COP27 zu Sharm El-Sheik statt. Hei wäert Lëtzebuerg säin internationaalt Engagement erneieren, fir deenen aarme Länner finanziell am Kampf géint de Klimawandel ze hëllefen, déi elo schonn déi katastrophal Auswierkunge vun der Äerderwiermung ze spiere kréien.

 

Am Kader vum europäeschem "Fit for 55 Package" huet Lëtzebuerg sech fir méiglechst ambitiéis Reegelungen agesat, déi europawäit gëlle solle fir d'Zil vun enger CO2-Reduktioun ëm 55% bis 2030 z'erreechen.

 

Lëtzebuerg wäert sech an Zukunft international weider fir eng méi ambitiéis Klimapolitik asetzen. D'Regierung wäert och d'Virschléi vum Klima-Biergerrot, déi just iwwert europäesch Reegelungen ëmgesat kënne ginn op EU Niveau virbréngen.

 

Lëtzebuerg muss awer virun allem emol seng eegen Hausaufgabe maachen. Als Staat iwwerhuele mir dës Verantwortung a mir gi mam gudde Beispill vir.

 

Ech hunn dat lescht Joer ugekënnegt, datt Déngschtreese vu Regierungsmemberen a Beamte CO2-kompenséiert solle ginn. Zanter Januar vun dësem Joer un, gëtt all Gramm CO2 comptabiliséiert deen op staatleche Fluchreesen ausgestouss gëtt. Den 1. Oktober waren dëst 860 Tonne CO2. De Budget fir 2023 gesäit eng entspriechend Zomm fir, mat där dës Emissioune réckwierkend kompenséiert ginn.

Lëtzebuerg féiert och, wéi ugekënnegt, als éischt europäescht Land e sougenannten Nohaltegkeetscheck an. Dëst Instrument wäert et der Regierung an der Chamber erlaben, hir legislativ Aarbecht nach méi nohalteg ze gestalten.

 

D'Regierung wäert an Zukunft hir Gesetzesprojeten op Basis vun den zéng Prioritéiten duerchliichten, déi am drëtten nationale Plang fir nohalteg Entwécklung festgehale goufen. Duerch dësen Exercice gesinn d'Regierung, d'Chamber an d'Bierger ganz transparent wéi eng Gesetzesinitiativ déi nohalteg Prioritéiten impaktéiert.

 

Ech wäert an den nächste Wochen zesumme mat der Ëmweltministesch d'Detailer vum Nohaltegkeetscheck der Chamber, dem Staatsrot an der Ëffentlechkeet presentéieren.

 

Zanter dem Summer ass den neie Règlement grand-ducal iwwert déi sektoriell Klimaziler a Kraaft. Global gekuckt hu mir eis Ziler dat lescht Joer erreecht. Bei eenzele Secteuren si mir awer hannendran. Hei musse mir noleeën an zwar séier.

Mir wäerten de Kampf géint de Klimawandel net ouni enorm finanziell Ustrengunge gewannen. Jo, eng effikass Klimapolitik ass deier. Mee vill méi deier ass et einfach näischt ze maachen.

 

All Euro, dee mir haut net a Moossname géint d'Äerderwiermung investéieren, kascht eis muer dat duebelt an dräifacht. Ganz dervun ofgesinn, datt d'Zukunft vun engem liewenswäerte Planéit sech net a Suen rechne léisst.

 

Mir iwwerhuele Verantwortung fir eis eegen Zukunft.

 

Lëtzebuerg investéiert haut scho ronn 1,1 Milliarden Euro am Joer a seng Klimapolitik. Dat wäert an Zukunft awer net duergoen. Ech stinn haut virun Iech a soen an aller Däitlechkeet: Mir mussen d'Klimakatastroph stoppen. Et kascht wat et kascht.

 

Well mir keng Wiel hunn. Well mir et eis selwer an den nächste Generatioune schëlleg sinn. A wa mir nei Scholde mussen ophuelen, da sinn dat gutt investéiert Sue fir déi eis Kanner a Kandskanner eis dankbar wäerte sinn. Well mir déi Suen haut investéieren, fir datt si muer nach eng liewenswäert Zukunft hunn.

 

A Krisenzäite musse mir méi Suen ausginn. Et wier genee de falsche Wee a schwéieren Zäiten ze spueren. D'Regierung huet dofir massiv Suen an d'Mënschen, d'Betriber an d'Zukunft vum Land investéiert. Zanter dem Ufank vun der Pandemie hu mir eleng 5,5 Milliarden Euro fir Hëllefspäck ausginn. Dës Ausgabe finanzéiere mir och duerch nei Scholden.

 

Jo, Här President, et stëmmt, datt mir eis Staatsfinanzen am Ae musse behalen. Als kléngt Land kënne mir eis et net erlaben eis Staatsschold onkontrolléiert wuessen ze loossen. Mir sinn op den Triple A ugewisen. Dat ass eng Realitéit.

 

E Verloscht vum Triple A wier eng Katastroph fir eis Finanzplaz a soumat och fir eist Land. Well et ass d'Finanzplaz, déi e groussen Deel vun eise Recettë schaaft. Den Triple A séchere mir awer nëmmen dann of, wa mir d'Rating-Agencen dervun iwwerzeegt kréien, datt mir eis Staatsfinanzen am Grëff hunn.

 

Mir kënnen et eis haut erlabe méi Scholden ze maachen, well dës Regierung zanter 2013 eng responsabel Finanzpolitik gemaach huet. Iwwer déi ganz Period 2013-2019 hate mir een Iwwerschoss an der Administration publique. Gläichzäiteg hu mir mat konstant héijen Investitiounen eis Wirtschaft an eist Land prett fir d'Zukunft gemaach.

De Moment hu mir eng Staatsschold vun 24,6%. Ënnert anerem duerch d'Mesurë vum Energiedësch an aus de Solidaritéitspäck 1.0 an 2.0 wäert d'Staatsschold dat nächst Joer op 26,3% klammen. Bis 2026 kéint d'Staatsschold op 29,5% eropgoen. Dat muss eis elo nach keng Suerge maachen - well dës Suen an deenen heite Krisenzäite gutt investéiert sinn a well mir eis Staatsfinanzen am Grëff hunn.

 

Lëtzebuerg huet nach ëmmer mat déi niddregst Staatsschold an der Eurozon. Mir leien och nach ëmmer ënnert der ambitiéiser Limitt vun 30%, déi mir eis selwer ginn hunn, a wäit ënnert de 60%, déi déi europäesch Reegele virgesinn. An awer musse mir och déi nächst Joren eng responsabel an nohalteg Finanzpolitik viruféiere fir net an eng Scholdespiral ze geroden.

 

Et wier onverantwortlech elo eng grouss Steierreform op Kredit an zu Laaschte vun den nächste Generatiounen ze finanzéieren.

 

Jo, mir kënnen a mir wëllen eise Steiersystem nach méi modern an nach méi gerecht maachen. Jo, mir brauchen och geziilte Steiererliichterungen, déi bis an d'Mëttelschicht era wierken. A jo, d'Regierung schafft u konkrete Steiermesuren.

 

D'Finanzministesch wäert éischt Mesurë scho muer virstellen.

 

Här President, mir brauche keng Lektiounen, wéi een eng gerecht Steierpolitik mécht. Et war ëmmerhin dës Regierung, déi an de leschte Jore méi wéi eng Steiermesure erfollegräich ëmgesat huet. Dorënner Steierentlaaschtunge fir déi allermeeschte Leit zu Lëtzebuerg.

 

Ugefaange mat der grousser Steierreform, déi 2017 a Kraaft getrueden ass. Nieft enger grousser Upassung vun der Steiertabell hu mir d'Steierkreditter sozial gestaffelt, de Steierkredit fir déi Elengerzéiend verduebelt, d'Abattemente fir Bauspuerverträg an Zënsen um Immobiliëkredit erhéicht an déi optional Individualbesteierung agefouert.

 

2019 hu mir e neie Steierkredit fir de Mindestloun agefouert. 2020 hu mir d'Steierkreditter fir d'Salariéen, déi Pensionéiert an d'Independanten ëm 96 Euro d'Joer an d'Luucht gesat.

 

Well déi wirtschaftlech an domat déi budgetär Entwécklung de Moment esou onberechenbar ass, wäert d'Regierung déi nächst Méint ofwaarden, éier mir iwwert den Zäitpunkt vu weidere Steiererliichterungen entscheeden. Et ass also keng Fro vun "ob” mee vu "wéini”.

 

Mir entzéien eis net eiser Verantwortung. Am Géigendeel, mir stinn zu de Verspriechen, déi mir de Leit gemaach hunn. Mee mir maachen dëst op eng responsabel Aart a Weis, ouni eis Zukunft an eise laangfristege Wuelstand op d'Spill ze setzen.

 

Mëttelfristeg ass et eist Zil, dank enger ambitiéiser Budgetspolitik an den héijen Investissementer, erëm schwaarz Zuelen ze schreiwen.

 

Eise ganze Sozialmodell an eise Wuelstand sinn drop opgebaut, datt mir all Joer genuch Recetten erakréie fir déi aussergewéinlech héich Ausgaben an Investitiounen ze finanzéieren.

 

Am Plaz elo ze spuere musse mir dofir suergen, datt et eiser Wirtschaft och an Zukunft gutt geet. Nëmmen esou stelle mir sécher, datt d'Betriber och an deenen nächste Jore genuch Aarbechtsplaze schafen an och Steiere bezuelen.

Eise PIB ass dat lescht Joer ëm 5,1% geklommen. Domat gehéiert eis Wirtschaft zu deenen an Europa, déi sech no der Pandemie am beschten erholl hunn an am meeschte gewuess sinn. Wärend eise PIB dëst Joer nach ëm ronn 2,5% klamme wäert, kéint déi europäesch Wirtschaft dat nächst Joer an engem Worst Case Zenario an eng Rezessioun falen.

 

Fir dëst ze verhënneren a fir de Wuelstand an d'Liewensqualitéit vun de Mënschen ze erhale brauche mir och an deenen nächste Joren héich Investitiounen. De Solidaritéitspak 2.0 gesäit mat der Baisse vun der TVA ëm 1% an dem Erhale vun der Kafkraaft scho Mesurë vir, déi och d'Wirtschaft stäipe sollen.

 

Dat nächst Joer wäerten déi ëffentlech Investitioune bei bal 3,8 Milliarden Euro leien.

Illustratioun

Wien mengt, datt méi héich Steiere fir Betriber eis derbäi hëllefen, eis Wirtschaft méi kompetitiv ze gestalten, iert sech. Steiererhéijunge si grad a Krisenzäite Gëft fir d'Betriber. Och wa méi héich Steiere vläicht kuerzfristeg dem Staat méi Recettë abréngen, sou schueden si eis mëttel- a laangfristeg. Dat wier onverantwortlech an ass dofir mat dëser Regierung net ze maachen.

 

Mir musse vill méi dofir suergen, datt eis Betriber kompetitiv am Verglach mat hirer internationaler Konkurrenz bleiwen. Gläichzäiteg musse mir als Standuert permanent innovéiere fir attraktiv fir nei Betriber an Investitiounen aus dem Ausland ze bleiwen.

 

Mir iwwerhuelen haut Verantwortung, fir datt et eis och muer nach ëmmer gutt geet.

 

D'Regierung schafft de Moment un enger Laangzäitstrategie fir déi ekonomesch Entwécklung vum Land op eng nohalteg Manéier virunzedreiwen. Mat Hëllef vun interdisziplinären Etuden, duerchgefouert an Zesummenaarbecht mat all de Ministèren, ekonomeschen Acteuren an der Zivilgesellschaft wäerte mir eng ekonomesch Visioun bis d'Joer 2050 ausschaffen. Mat konkrete Pisten an den néidege Mëttel fir dës Visioun och an der Realitéit ëmzesetzen.

 

Am éischten Trimester soll dës Laangzäitstrategie virgestallt ginn. D'Chamber an déi breet Ëffentlechkeet wäerten dee Moment d'Méiglechkeet hu fir sech aktiv mat anzebréngen.

 

Mat der Reform vum Droit d'établissement, déi d'Regierung am Fréijoer op de Wee bruecht huet, wäerte mir den Entrepreneursgeescht weider stäerken an zousätzlech Betribsneigrënnungen encouragéieren. Ënnert anerem, andeem s mir d'Méiglechkeet vun enger zweeter Chance no enger Faillite aféieren.

 

Aner Länner sinn eis hei e puer Schrëtt viraus, wéi d'Beispiller vun enge sëllegen weltbekannten an erfollegräiche Betriber beweisen, déi vu Mënschen gegrënnt goufen, déi un engem viregte Projet gescheitert waren. De Courage vun der Selbststännegkeet muss belount an net bestrooft ginn.

 

Lëtzebuerg war ëmmer dann erfollegräich, wa mir et fäerdeg bruecht hunn eis séier un nei Situatiounen unzepassen, esoubal et néideg war, an eiser internationaler Konkurrenz e Schrëtt viraus ze sinn.

 

Eise Wuelstand ass direkt un eis Capacitéit gebonnen, permanent z'innovéieren. Déi zwee gréissten Innovatiounspotenzialer leien de Moment an de Beräicher vun der Digitalisatioun an der Nohaltegkeet.

 

Mat Hëllef vun der sougenannter "Twin transition” an dem Programm Fit4Sustainability huet d'Regierung schonn eng Rei Projete lancéiert fir d'Betriber an hirer digitaler an energeetescher Transitioun z'ënnerstëtzen.

Mir wäerten an deenen nächste Méint alleguerten déi bestoend Hëllefe fir d'Betriber un d'Zil vun der Dekarboniséierung adaptéieren. Dëst ass besonnesch fir d'Lëtzebuerger Industrie eng grouss Erausfuerderung. Mir erwaarde fir Ufank 2023 d'Resultater vun enger Etude, déi den Haut Comité vun der Industrie an Optrag ginn huet. Mat konkrete Pisten déi eis dem Zil vun enger CO2-neutraler Industrie zu Lëtzebuerg e gutt Stéck méi no wäerte bréngen.

 

Mir hunn iwwert eis Finanzplaz en enormen Impakt op d'Finanzéierung vun nohaltegen Investitioune weltwäit. Dat lescht Joer sinn 38% vun all den nohaltegen Investitiounen an Europa iwwer Lëtzebuerger Fonge gelaf. D'Regierung wëll déi positiv Entwécklung vun de nohaltege Fongen zu Lëtzebuerg weider fërderen.

 

Mir wäerten e Space Campus op der Kockelscheier installéieren an um europäesche Cloudsystem Gaia.x deelhuelen. Am Kader vun "Digital Luxembourg” investéiere mir an innovativ Initiativen, wéi zum Beispill am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz.

 

Mir schaffen och weider um Projet LuxQCI, mat deem Lëtzebuerg zu de Virreider an der Quanten-Kommunikatioun an Europa gehéiert. Dëst sinn alles wichteg Projete fir eise Standuert an de Beräicher vun der Digitalisatioun an dem Weltraum, weider z'entwéckelen.

 

D'Digitalisatioun fänkt beim Staat un, dee säi Service fir d'Bierger a Betriber esou einfach an effikass wéi méiglech gestalte soll.

 

Den 2018 geschaaften Digitaliséierungsministère proposéiert kontinuéierlech nei digital Servicer déi méi benotzerfrëndlech, sécher, accessibel an effizient sinn. D'Regierung stellt bis 2026 bal 2 Milliarden Euro fir d'Digitaliséierung zur Verfügung.

 

An d'Resultat léisst sech weisen: am eGovernment Benchmark 2022 vun der europäescher Kommissioun huet Lëtzebuerg erëm e Sprong no vir gemaach a positionéiert sech op der exzellenter 3. Plaz vu 35 Länner. Mir hunn eis ëm zwou Plaze verbessert am Verglach zu 2021 an ëm aacht Plazen am Verglach zu 2020. Dat ass eng international Unerkennung déi weist, datt eis Efforten hir Friichten droen.

 

An och d'Bierger notzen ëmmer méi déi digital Servicer vum Staat. Et goufen dëst Joer eleng schonn iwwert 1,1 Milliounen administrativ Demarchen iwwer MyGuichet.lu iwwermëttelt.

 

D'Offer un digitale Servicer gëtt wéi gesot ëmmer méi grouss. Zum Beispill gëtt et säit Februar en Assistent um MyGuichet.lu deen de Bierger bei senger Steiererklärung begleet.

 

D'App MyGuichet.lu ass ee grousse Succès a zanter hirem Lancement am Juli d'lescht Joer iwwer 238.000 Mol erofgeluede ginn. D'App gëtt konstant weiderentwéckelt, esou datt de Bierger ëmmer méi Demarchen iwwert den Handy ka maachen.

 

Mir schaffen de Moment un engem digitale Portmonni an deem d'Bierger hir offiziell Dokumenter um Handy späichere kënnen. Dës Dokumenter sinn och offline opruffbar an hunn déi nämmlecht Gültegkeet wéi d'Original. An enger éischter Phase wäerten de Führerschäin an d'Carte d'identité fir den eWallet verfügbar sinn.

 

Dës verstäerkten digital Offer fir d'Bierger dréit aktiv zum Nation Branding vu Lëtzebuerg bäi a mécht eist Land doduercher fir Investisseuren, mee och fir héich spezialiséiert Talenter aus dem Ausland nach méi attraktiv.

Illustratioun

Mir sinn op dës Talenter ugewise wa mir eise Wuelstand erhale wëllen. A mir bidden hinnen elo schonn e ganzt attraktiv Aarbechtsëmfeld. Héich Salairen, eng héich Liewensqualitéit an exzellent Infrastrukturen.

 

D'Regierung huet virum Summer eng Talent-Strategie ugeholl. En interministeriellen Aarbechtsgrupp ass amgaang déi eenzel Pisten ëmzesetzen, déi vun der Educatioun bis Immigratioun a vu Logement bis Steiere quasi all d'Beräicher vun der Politik betreffen. Mat der Skills-Etude vun der OECD hu mir e besseren Abléck an eis Besoine vun Talenter kritt. Mir schaffen un neie Formatiounsméiglechkeeten an de Betriber, déi et eis erlaben, déi gebrauchte Kompetenzen opzebauen.

 

Här President, et ass der Regierung e permanent Uleies fir d'Schaffen an d'Liewen zu Lëtzebuerg nach méi attraktiv ze maachen.

 

D'Regierung schafft weider un enger besserer Work-Life-Balance. Mir setzen déi entspriechend EU-Texter ëm a féieren ënnert anerem e Recht op Deelzäitaarbecht an. D'Regierung huet och eng Etude iwwert d'Aarbechtszäite lancéiert, fir erauszefanne wéi d'Mënschen zu Lëtzebuerg hir Aarbecht an Zukunft organiséiere wëllen.

 

Zum attraktive Schaffe gehéiert och den Teletravail. Nodeem s mir eis mat Frankräich an der Belsch op eng Erhéijung op 34 Deeg Teletravail am Joer fir Frontalieren eenege konnten, schaffe mir weider mat eisen Nopeschlänner un enger nach besserer an europäescher Léisung fir jiddwereen, deen zu Lëtzebuerg schafft oder wunnt.

 

Zu dëser Léisung gehéiert och d'Schafe vu Coworking-Spaces, déi mir op eise Grenzen opriichte wäerten. Nodeem s mir Gespréicher mat der Chambre de Commerce an der Chambre des Métiers gefouert hunn, huet d'Regierung och eng Ëmfro ënnert de Verwaltungscheffen beim Staat duerchgefouert.

 

Mir wäerten all dës Informatiounen elo aus a schaffen un enger Strategie fir esou séier wéi méiglech de Wënsch vun de Betriber, Frontalieren a Residenten no méi dezentralen Coworking-Spaces nozekommen.

 

D'Regierung huet e Gesetz op de Wee bruecht mat deem mir d'Recht op Deconnectioun aféieren. Well an enger ëmmer méi digitaler Welt an der d'Schaffe vun doheem aus ëmmer méi zur Normalitéit gëtt, musse mir d'Salariéë virun enger ze grousser mentaler Belaaschtung schützen. Spéitstens an der Pandemie hu mir geléiert, datt eis Gesondheet iwwert allem anere steet.

 

Mir wëllen och d'Zesummespill vu Beruff a Benevolat stäerken. Dofir féiere mir de Congé culturel erëm an a bessere beim Congé sportif no. Esou wëlle mir déi Leit zousätzlech ënnerstëtzen, déi sech bis elo an hirer Fräizäit fir hir Matmënschen engagéiert hunn.

 

D'Liewensqualitéit an engem Land definéiert sech virun allem niewent der Aarbecht. Mir liewen net fir ze schaffen, mee mir schaffen fir ze liewen.

 

D'Bierger hunn och am Alter d'Recht op eng héich Liewensqualitéit. D'Regierung hëlt an deenen nächste Wochen Amendementer fir de Gesetzeschvirschlag un, mat deem d'Qualitéit vun de Servicer an d'Transparenz am Beräich fir eeler Leit verbessert gëtt. Am Zentrum vun dësem Gesetz stinn d'Autonomie an d'Recht op Selbstbestëmmung fir eis eeler Matbierger.

 

Jiddweree muss kënnen an all Alter Acteur vu sengem Liewe sinn a bleiwen, a fräi wiele kënne wou a wéi e liewe wëll. Fir dëst ze erméiglechen, wäert d'Regierung an noer Zukunft d'Reform vum gerontologeschen Accueil op de Wee bréngen. Mat dësem Gesetz gräife mir deene Leit ënnert d'Äerm, déi de Pensiounspräis am Altersheem net kënne selwer bezuelen.

 

Fir dass eeler Leit an den Alters- a Fleegeheemer keng Präiserhéijungen an de nächste Méint musse fäerten, bedeelegt sech de Staat un de Méikäschten, déi duerch déi héisch Energiepräisser entstane sinn. Doriwwer eraus investéiert de Staat weider an den Ausbau an d'Renovéiere vun den Infrastrukture fir déi eeler Leit, sou datt an de nächste Jore ronn 3.000 zousätzlech Better zur Verfügung stinn.

 

Mir ënnerstëtzen och d'Famillje mat geziilte Mesuren, déi et all Kand erlaben, säi vollt Potential ze notzen. Nieft héijen Investitiounen an eis Betreiungs- a Schoulinfrastrukturen, lafen och d'Initiative vun der gratis Maison Relais, gratis Iessen a gratis Hausaufgabenhëllef un.

 

Déi nei Landesplanung vun der Regierung huet als Haaptzil eng optimal Liewensqualitéit fir all Bierger iwwerall am Land ze garantéieren.

 

Et geet eis dorëms, all Regioun am Land esou z'organiséieren, datt Wunne-Schaffe-Fräizäit-Erhuelen matenee verbonne ginn.

 

Zanter dem leschte Mount befënnt sech de Projet de Programme directeur d'aménagement du territoire an der ëffentlecher Consultatioun. D'Gemengen hu véier Méint Zäit fir sech aktiv matanzebréngen an hiren Avis zum Projet ofzeginn. De PDAT huet d'Ambitioun d'Land fir déi nächst 30 Joer z'orientéieren: wéi, wou a wéini soll sech d'Lëtzebuerger Land entwéckelen.

 

De PDAT proposéiert mat konkreten Ziler a Strategien eng Visioun, déi et erlaabt d'Attraktivitéit vum Land z'erhalen an ze stäerken andeem s mir d'Liewensqualitéit vun de Bierger an den zukünftege Generatiounen erhalen, an eis Ressourcë schützen.

 

Et fléissen och Iddien a Fuerderungen an den neie PDAT, déi vum Biergerkomitée "Lëtzebuerg 2050" a vun der internationaler Consultatioun "Luxembourg in Transition" ausgeschafft gi sinn.

 

D'Ëmwandlung vun den Industriebrooche spillt eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der neier Landesplanung.

 

D'Entwécklungsaarbechte vum Site Quartier Metzeschmelz, tëscht Esch a Schëffleng, sinn ugelaf. De leschte Mount sinn d'Terrainen offiziell vun Arcelor un AGORA iwwerschriwwe ginn. Déi lescht Woch ass dëse participative Projet virgestallt ginn. Op dësem Site wäert e Quartier entstoen, dee virbildlech ass, well en zesumme mat de betraffene Gemengen a Bierger geplangt an op eng qualitativ an nohalteg Aart a Weis ëmgesat gëtt.

 

Esou Projeten si vun enormer Wichtegkeet fir eist Land.

 

Well d'Wunnen zu Lëtzebuerg ass deier. Och ouni déi héich Energiekäschten déi vill Mënschen zousätzlech belaaschten. Wärend der Pandemie sinn d'Wunnengspräisser nach méi staark geklomme wéi déi Jore virdrun.

 

Duerch déi héich Inflatioun a gestéiert Liwwerketten kéint d'Dynamik vun de Präisser um Immobiliëmarché liicht ofhuelen. Mä dowéinst riskéiert et awer, datt an den nächste Méint manner gebaut gëtt. An doduercher gëtt de Manktem un verfügbare Wunnenge just nach méi akut, wéi en et elo schonn ass.

 

De Logement ass also och dëst Joer e Sujet, deen eis beschäftegt. Dat ass net verwonnerlech. Dat lescht Joer hunn ech den éierleche Constat gemaach, datt mir et net vun haut op muer packen, d'Präisspiral am Logement ze briechen.

 

Déi vill Mesuren, déi d'Regierung an de leschte Joren op de Wee bruecht huet, brauchen Zäit, fir richteg ze gräifen. Dat soll awer keng Entschëllegung sinn, fir d'Féiss héich ze leeën. Mir kënnen a wäerten net einfach nokucken, wéi ëmmer méi Mënschen, bis an d'Mëttelschicht eran, mat den héije Wunnengspräisser ze kämpfen hunn.

 

D'Regierung huet wärend deene leschten zwielef Méint zousätzlech Efforte gemaach, déi eis hëllefe wäerten, de Logementsproblem an de Grëff ze kréien.

 

Eis Prioritéite sinn nach ëmmer déi selwecht wéi virun engem Joer:

 

Éischtens, konsequent als ëffentlech Hand a bezuelbare Wunnraum an all de Regioune vum Land investéieren.

 

Zweetens, d'Spekulatioun mat Bauland bekämpfen a massiv Bauterraine mobiliséieren. 

Illustratioun

Mir kënnen däitlech Fortschrëtter an dësen zwee Beräicher verzeechnen. D'Efforte vun der Regierung fänken un hir Friichten ze droen.

 

D'Depensë fir den ëffentleche Wunnengsbau si vu 40 Milliounen Euro am Joer 2017 op 220 Milliounen Euro an dësem Joer geklommen. Dat ass eng Progressioun vu 450% bannent fënnef Joer. Eist Zil ass et, mëttel- a laangfristeg eng hallef Milliard Euro d'Joer z'investéieren. Bezuelbar Wunnenge fir jiddweree sinn eis dës Sue wäert.

 

An de leschte 24 Méint huet d'Chamber Finanzéierungsgesetzer fir fënnef grouss Projete gestëmmt. Mat engem Invest vu bal enger Milliard Euro entstinn an den nächste Joren zu Elmen, Wolz, Diddeleng op der Neischmelz an zu Mamer am Weltgebond eng 3.500 Wunnengen.

 

Dat lescht Joer hu mir iwwert de Fonds spécial de soutien au développement du logement 171 Milliounen Euro an den ëffentlechen a bezuelbare Wunnraum investéiert. Dat sinn 252 Projete queesch duerch d'Land mat iwwer 3.300 Wunnengen.

 

Dës 171 Milliounen Euro kommen iwwregens och dem Bausecteur zu Lëtzebuerg ze gutt, well all dës Wunnenge gi vu Lëtzebuerger Bau- an Handwierksbetriber gebaut.

 

Mir brauchen eng laangfristeg, strategesch Partnerschaft tëschent den ëffentlechen a private Bauträger. Well nëmme mat vereente Kräfte kënne mir déi néideg Wunnenge baue fir de Logementsproblem an de Grëff ze kréien.

 

D'Regierung wëll dofir an Zukunft nach méi staark mat private Betriber zesumme schaffen. Vun esou enger Partnerschaft profitéieren d'Bierger mat engem méi bezuelbare Wunnraum, mee och d'Handwierk. Besonnesch elo, wou dës Betriber manner Opträg vu private Clienten erakréien.

 

Mam Pacte Logement 2.0 wäert an den nächste Joren eng zousätzlech Dynamik am ëffentleche Wunnengsbau entstoen. Dëst neit Instrument ass zanter Februar a Kraaft an erlaabt et de Gemengen an dem Staat systematesch bei all neiem gréissere private Bauprojet un Terrainen, respektiv u Wunn-Unitéiten ze kommen.

 

Esou brénge mir et fäerdeg den ëffentleche Wunnengspark konsequent ze vergréisseren. Mam Pacte logement 2.0 schafe mir bezuelbare Wunnraum an all de Gemengen, Stied an Dierfer am Land. 99 Gemengen hu schonn déi néideg initial Konventioun ënnerschriwwen a schaffen intensiv un hirem Aktiounsplang fir de Logement.

 

Mir hunn eis en ambitiéist Zil gesat. Déi ëffentlech Hand soll 10 Mol méi ëffentlech Wunnenge geréieren, wéi dat haut de Fall ass.

 

Fir dëse Wunnengspark effikass ze geréieren, schafe mir en nationale Regëster fir abordabel Wunnengen. Hei geet et ëm Transparenz a Gerechtegkeet. Iwwert eng eenheetlech Lëscht sollen déi Persounen am séierste gehollef kréien, déi et och am dréngendste brauchen. Regional Krittäre gi bei der Verdeelung vu bezuelbaren ëffentleche Wunnenge mat a Betruecht gezunn.

 

Här President, den Observatoire de l'habitat ass an enger Etude zur Konklusioun komm, datt Lëtzebuerg eng Baulandreserve vun 3.750 Hektar huet. Op dësen Terraine kéinte ronn 142.000 Wunnenge fir iwwert 300.000 Awunner gebaut ginn. Et feelt eis zu Lëtzebuerg also net un ausgewisenem Bauland.

 

E ganz wichtegt Puzzelstéck, fir dës Terrainen ze mobiliséieren a fir géint d'Spekulatioun virzegoen ass d'Reform vun der Grondsteier, déi ech virun 12 Méint ugekënnegt hunn. Wéi versprach huet d'Regierung en entspriechende Gesetzesprojet op den Instanzewee bruecht.

 

Zanter Joerzéngte gëtt vun dëser Reform geschwat. Dës Regierung paakt se endlech un. Mir iwwerhuele Verantwortung fir eng gerecht Logementspolitik.

 

Déi nei Grondsteier ass sozial gerecht, well d'Proprietären, déi selwer an hirem Haus oder Appartement wunnen, am Duerchschnëtt Käschten an der nämmlechter Gréisstenuerdnung wéi haut wäerten hunn. Déi Proprietären, déi mat hiren Terrainen an Immobilië spekuléieren, andeem s si dës net bebauen oder eidel stoe loossen, wäerten allerdéngs däitlech méi bezuele mussen.

 

Mir wëllen net déi Famillje bestrofen, déi en Terrain behale fir datt hir Kanner spéider dorop baue kënnen. Dofir gesi mir en Abattement pro Kand vir. Dës Terraine sinn also jee no Gréisst a Regioun ganz oder deelweis vun der Mobiliséierungssteier befreit.

 

Mat der Kreatioun vum nationale Regëster vu Gebaier a Wunnenge verschafe mir dem Staat an de Gemengen e kompletten Iwwerbléck iwwert d'Wunngebaier, hir Notzung oder och Net-Notzung.

 

Wunnraum soll kee Spekulatiounsobjet sinn. Iwwert déi nei Mobiliséierungs- a Leerstandssteier huele mir d'Proprietäre mat an d'Verantwortung, fir d'Wunndeierecht an de Grëff ze kréien. D'Recht op Eegentum bleift bestoen. 

Illustratioun

Wann d'Spekulatioun mat dësem Eegentum allerdéngs op Käschte vun der Allgemengheet geet, mussen d'Proprietären sech an Zukunft finanziell dru bedeelege fir dës Käschten ze kompenséieren.

 

D'Reform vun der Grondsteier an d'Schafe vun der Mobiliséierungs- a Leerstandssteier wäerten de Gemengen an dem Staat derbäi hëllefen, méi bezuelbare Wunnraum ze finanzéieren.

 

Mam Baulandvertrag a Remembrement ministériel wäerten de Staat an d'Gemengen an noer Zukunft zwee zousätzlech Instrumenter zur Verfügung hunn, fir géint d'Spekulatioun mat Bauterraine virzegoen an d'Schafe vun neie Wunnengen ze fërderen. Nodeem s den Avis vum Staatsrot zum entspriechende Gesetzesprojet virläit, huet déi zoustänneg Chamberkommissioun nach virum Summer Amendementer ugeholl. Wann dëst Gesetz bis a Kraaft ass, gëtt d'Spekulatioun mat nei ausgewisenem Bauland an Zukunft quasi onméiglech. Mir stellen also sécher, datt all zukünftegen Bauterrain zäitno wäert bebaut ginn.

 

Eis Logementspolitik däerf sech net um Profit vum Eenzelen, mee um Wuelergoe vun der Allgemengheet orientéieren. Dëst gëllt och a Steierfroen. Nodeem s d'Regierung schonn 2020 steierlech Abuse mat de FIS immobiliers ofgeschaaft an den Amortissment accéléré ofgeschwächt huet, wäerte mir den Amortissement accéléré nach eng Kéier däitlech limitéieren.

 

An Zukunft däerf all Persoun just nach zwee Mol an hirem Liewe wärend fënnef Joer vun dësem steierlechen Virdeel profitéieren. Esou stelle mir sécher, datt eng kléng Investitioun an Immobilië weiderhin attraktiv bleift, ouni awer datt eise Steiersystem mëssbraucht gëtt fir e Geschäftsmodell op Käschte vun der Allgemengheet ze finanzéieren.

 

Mat all dëse Mesuren gi mir der neier Verfassung gerecht: net mat engem bedéngungslose Recht op Eegentum, mee mat engem Recht op e wierdegt Wunne fir jiddereen. E gerechte Wunnengsmaart ass nëmmen da gerecht, wann och all Mënsch Accès op e Logement huet.

 

Déi staatlech Hëllefen an Investissementer musse méi gerecht a méi cibléiert ginn. Mir wäerten de Privatmarché besser reglementéieren an den Eenzele besser schützen.

 

Méi wéi 20.000 Stéit, déi um private Marché lounen, ginn iwwert 50% vun hirem Akommes fir d'Wunnen aus.

 

An der Tripartite vum Mäerz hu mir zesumme mat de Sozialpartner decidéiert, d'Loyerssubventioun ze verduebelen. Et kënnen zanter dësem Joer och méi Stéit vun dëser Hëllef profitéieren. Vill Leit wëssen net, datt si en Urecht op d'Wunngeld hunn. Mir wäerten dofir dës Mesure, sou wéi och aner Logementsaiden, besser promouvéieren.

 

Mat der Reform vum Bail à loyer suerge mir fir e bessere Schutz vum Locataire a vereinfachen alternativ Wunnformen. De private Locatiounsmarché kritt ee méi kloren an transparente Kader. Mir setzen d'Deckelung vun de Loyeren, vun haut 5% vum investéierte Kapital, op 3,5% erof an esouguer op 3% fir Wunnenge mat niddreger Energieeffizienz. An Zukunft muss de Montant vum investéierte Kapital an de Bail à loyer ageschriwwe ginn, fir datt de Locataire d'Anhale vun der Deckelung besser kontrolléiere kann.

 

Mir kréien de Logement just dann an de Grëff, wa mir all zesumme schaffen: Staat, Gemengen a Privatsecteur. Si all mussen Verantwortung iwwerhuelen, fir datt d'Wunnen zu Lëtzebuerg fir jidderee bezuelbar gëtt.

 

Déi nei national Logementsstrategie ass am gaangen, hir Friichten ze droen. D'Regierung wäert hir Beméiunge konsequent viruféiere, fir eng méi gerecht Logementspolitik zu Lëtzebuerg.

Illustratioun

Här President,

Wa mir iwwert d'Liewensqualitéit schwätzen, däerfe mir net eis Gesondheet vergiessen.

 

D'Covidkris huet sech iwwert d'Fréijoer an de Summer aus der éischter Rei vun der Aktualitéit zréckgezunn. De Covid ass net verschwonnen, mee mir léiere lues awer sécher mam Virus ze liewen. Mir spieren éischt Tendenzen a Richtung vun enger "neier" Normalitéit.

 

Mir kënnen nei, méi geféierlech Varianten net ausschléissen. Mir wëssen net wat d'Zukunft eis bréngt, mee mir droen der Vergaangenheet Rechnung fir all Eventualitéit ze preparéieren. Mir si prett op en Neits Verantwortung z'iwwerhuele wann et néideg ass.

 

D'Réserve sanitaire huet sech iwwert de Summer preparéiert. Mir sinn zu all Moment prett, fir de Contact-Tracing erëm ze aktivéieren. Den Accès zur Impfung ass a bleift einfach – mir loosse ganz bewosst en Deel vun den Impfzenteren op, fir séier kënne vill Leit mateneen ze impfen.

 

Wéi versprach, huet d'Regierung d'Aarbechte fir d'Aféiere vun enger Impfflicht virugefouert, fir am Worst Case Zenario keng Zäit ze verléieren. De Staatsrot huet a sengem Avis Äntwerten op déi vill oppe juristesch Froe ginn an déi zoustänneg Chamberkommissiounë kënnen elo op den Texter schaffen.

 

Mir kafen och weiderhi Medikamenter, déi an der Bekämpfung vum Covid eng ëmmer méi grouss Roll spillen, well si no enger Infektioun Liewe retten. Eis Stocke vu Schnelltester si gutt gefëllt. Mobil Ekippe sti prett fir d'Impfen an d'Teste vu vulnerabele Leit och an Zukunft séier an effikass duerchzeféieren. D'Testméiglechkeeten hu sech zu Lëtzebuerg konstant ob engem héijen Niveau beweegt. Dat selwecht gëllt fir d'Impfung.

 

Eleng an deene leschten 12 Méint huet d'Regierung ronn 14 Millioune Schnelltester verdeelt. Et sinn iwwert 1 Millioun PCR-Tester a ronn 600.000 Impfunge gemaach ginn. Den nationale Gesondheetslaboratoire huet ronn 40.000 Sequenzéierunge vu Virusprouwe realiséiert an de Contact-Tracing am Kader vu senger Missioun iwwert 95.000 Leit kontaktéiert.

 

Iwwert 83% vun den erwuessene Leit hunn ee "schéma vaccinal complet", bal 70% hunn eng éischt Boosterimpfung.

 

Mir wäerten d'Entwécklung vum Virus och an Zukunft ganz genee am Ae behalen. Mir wäerten och weiderhin alles dofir maache fir eis Matmënschen esou gutt wéi méiglech virun dem Virus ze schützen, ouni eist Liewe komplett vum Virus bestëmmen ze loossen.

 

D'Grondrechter vun de Bierger an hir eenzel Fräiheete waren eis ëmmer wichteg. Dat wäert bei all Mesure, déi mir eventuell mussen huelen, ëmmer eng Roll spillen. Mee mir wäerten net zécken, z'agéiere wann et néideg ass.

 

Illustratioun

De Gesondheetssystem ass zu Lëtzebuerg zu kengem Moment ënnert der Laascht vun der Pandemie zesummegebrach. An awer musse mir zouginn, datt Lëtzebuerg, wéi och de Rescht vun der Welt, vum Virus iwwerrascht gouf.

 

Haut wësse mir, datt mir sou munches och hätte kënnen aneschters maachen. Well mir de Virus besser kennen a besser verstinn.

 

Eent ass ganz kloer. Mir musse besser op eng zukünfteg Pandemie preparéiert sinn. Well déi nächst Pandemie kéint scho muer virun eiser Dier stoen.

 

Sou wéi ech dat lescht Joer ugekënnegt hunn, huet d'Regierung d'OECD dermat beoptraagt, eng onofhängeg Etude iwwert eis Krisegestioun wärend der Pandemie ze maachen.

 

D'Resultater vun dëser Etude si virun enger Woch virgestallt ginn. Déi allergréissten Transparenz war ubruecht, fir datt déi multidisziplinär Experten vun der OECD sech e komplett an objektiivt Bild konnte maachen. All d'Moossnamen - um organisatoreschen, sanitären, ekonomeschen, budgetären, sozialen a gesellschaftleche Plang – si beliicht ginn.

 

D'OECD huet mat ganz villen Acteuren hei zu Lëtzebuerg geschwat, mat staatleche Servicer, awer och mat Dokteren, Spidolspersonal an Infirmieren, mat de Gewerkschaften an de Patronatsverbänn, mat Vertrieder vun der Croix-Rouge, der Caritas an der Mënscherechtskommissioun, mat Deputéierten, Apdikter a Membere vum Wirtschafts- a Sozialrot. Hinnen all ee ganz grousse Merci fir hir Disponibilitéit.

 

D'OECD lueft, datt Lëtzebuerg schonn an engem ganz fréie Stadium, näämlech Enn Januar 2020, un engem Pandemieszenario geschafft huet, an dat éier d'Weltgesondheetsorganisatioun vun enger internationaler Urgence geschwat huet. D'Experte stufen eis Krisemechanismen insgesamt als erprouft a belaaschtbar an.

 

A kierzester Zäit konnte mir eng Organisatioun op d'Bee stellen, déi flexibel a séier op ënnerschiddlech Entwécklunge reagéiert huet. Mir waren eent vun den éischten europäesche Länner déi an de Krisemodus geschalt hunn.

 

Um Niveau vum Krisemanagement, hieft d'OECD besonnesch d'Zesummespill mat Partner aus der Privatindustrie ervir. Dës Kooperatioun huet eis erlaabt ganz séier dat néidegt Schutzmaterial op Lëtzebuerg ze kréien. D'OECD schléit eis vir, dës Erfarung mat anere Länner ze deelen.

 

D'Kommunikatioun mam Bierger war interaktiv an d'Coordinatioun mat de Gemengen huet zu Lëtzebuerg besser funktionéiert ewéi a villen anere Länner. Déi aktiv Roll vun der Chamber gëtt am Rapport ënnerstrach.

 

Am Gesondheetssystem war den direkten Impakt vun der sanitärer Kris – gemooss un der Iwwerstierwlechkeet am Verglach zu normalen Zäiten – manner grouss zu Lëtzebuerg ewéi an deene meeschten OECD-Länner. D'Réserve sanitaire huet dofir gesuergt, datt mir zu Lëtzebuerg net ënnert enger Penurie vu Personal gelidden hunn. De Monitoring war effikass.

 

D'Effikassitéit vun der Impfcampagne ass der OECD no onbestridden. D'Efforten déi hei vun de mobillen Ekippe gemaach goufen, stufen d'Experten als remarkabel an.

 

Eis Schoule ware manner laang zou, wéi an deenen aneren OECD-Länner. Déi massiv Digitaliséierungsefforten an eise Schoulen an déi individuell Betreiung vun de Schüler erkläre firwat d'OECD, am Géigesaz zu anere Länner, keng Defiziter bei de Schoulresultater feststelle konnt.

 

D'Entreprisë kruten einfach an onbürokratesch gehollef, Ufroen si séier beaarbecht ginn. D'Hëllefe ware cibléiert fir déi Secteuren déi am meeschte vun der Kris betraff waren. D'OECD sträicht besonnesch d'Stabilitéit vum Akommesniveau vun den Haushalter ervir.

 

Zil vun dëser Etude war et net, datt d'Regierung an hirer Krisegestioun confirméiert gëtt. Ganz am Géigendeel.

 

D'OECD krut den Optrag, genee z'analyséiere wat gutt funktionéiert huet, mee virun allem wat hätt kënne besser lafen. Op Basis vun dëser Analyse sollten d'Experte konkret Recommandatiounen ausschaffe wéi Lëtzebuerg sech op eng nächst Pandemie besser ka preparéieren.

 

A genee dat huet d'OECD gemaach. D'Experte ginn eis eng ganz Partie Hausaufgabe mat op de Wee. Mir sollen eis Krisepläng nach méi systematesch aktualiséieren an nach méi Efforte maachen um Niveau vun der Preparatioun vun indirekten Impakter an enger Kris.

 

D'Fuerschung soll och an Net-Krisenzäite méi staark a politesch Decisiounen agebonne ginn. Hir Roll soll institutionaliséiert ginn.

 

Allgemeng musse mir am Gesondheetsberäich sou wéi am Alters- a Fleegeberäich nach méi Efforten maachen. Sou soll Lëtzebuerg méi e groussen Akzent ob d'Preventivmedezin, op d'Teleconsultatioun an op eng multidisziplinär Behandlung vum Patient leeën. D'Attraktivitéit vum Gesondheetssekteur soll gestäerkt a seng Ofhängegkeet vum Ausland erofgesat ginn.

 

Insgesamt krut Lëtzebuerg eng gutt Zensur vun der OECD ausgestallt. Dëst ass en Erfolleg vu ganz villen Acteuren.

 

A wann d'OECD op enger ganzer Rei Punkten an hirem Rapport schreift, datt aner Länner sech ee Beispill u Lëtzebuerg sollen huelen, dann däerfe mir als zweetklengste Land an der OECD houfreg dorobber sinn.

 

D'Regierung hëlt dës an all déi aner vill Recommandatioune vun der OECD ganz eescht. Mir wäerten de Rapport vun der OECD och mat der Chamber diskutéiere fir duerno zesummen déi néideg Aarbechten unzefänken, wéi mir eis nach besser opstelle kënnen. Nëmmen zesumme kënne mir besser ginn.

 

Zesummen – dat ass d'Stäerkt vun eisem Land. Zesummen, dat zeechent Lëtzebuerg an enger Krisesituatioun aus.

 

Ech sinn der fester Iwwerzeegung, datt dës Etude eng reell Plus-value fir eist Land wäert bréngen.

 

De Covid huet eis méi wéi däitlech an Erënnerung geruff, wéi wichteg e gutt funktionéierende Gesondheetssystem ass.

 

D'Spideeler spillen eng enorm wichteg Roll an eisem Gesondheetssecteur, net nëmmen an der Pandemie. Et ass eng absolut Prioritéit vun der Regierung d'Spidolswiesen zu Lëtzebuerg op d'Erausfuerderunge vun der Zukunft beschtméiglechst virzebereeden.

 

Esou investéiert de Staat 556 Milliounen Euro an den Neibau vum CHL, e Projet deen insgesamt 820 Milliounen Euro wäert kaschten. Den neie CHL, an deen och en Häerz-Zenter integréiert gëtt, ass en essentielle Grondstee fir d'Ëmsetze vum Virage ambulatoire a fir d'Moderniséierung vun de Spidolsgebaier.

 

D'Ausschreiwunge fir de Projet CHEM Südspidol lafen an de Bau kann dat nächst Joer ufänken. Dat interkommunaalt Spidol zu Stengefort gëtt nei gebaut mat insgesamt 160 zousätzleche Better. Mir plangen och eng Moderniséierung vum Centre hospitalier neuro-psychiatrique, de Neibau vun der Rehaklinik an d'Ausbaue vun den Hôpitaux Robert Schuman um Kierchbierg.

 

Mat engem neie Gesetzesprojet erméiglecht d'Regierung d'Schafe vu medizeneschen Zentre queesch duerch d'Land. Esou kréien d'Bierger e besseren an dezentralen Accès op Servicer wéi zum Beispill Radiologie an IRMen, mat manner laange Waardezäiten.

 

Déi bescht Strukture sinn net vill wäert ouni engagéiert a kompetent Personal. Nodeem s d'Uni Lëtzebuerg schonn e Bachelor, souwéi och dräi Spezialisatiounen an der Medezin ubitt, wäerten am Hierscht 2023 direkt véier nei Bachelorprogrammer fir spezialiséiert Infirmieren an Infirmièrë starten. Ab 2024 soll och e Bachelor an der allgemenger Fleeg ugebuede ginn.

 

Eng aner absolut Prioritéit vun der Regierung ass d'mental Gesondheet. D'Pandemie huet eis all mental op d'Prouf gestallt. Vill Mënsche leiden haut nach ënnert de Belaaschtungen, déi si eleng net méi gemeeschtert kréien.

 

Ech si frou, datt d'Regierung bis Enn vum Joer e vaste Plang am Beräich vun der mentaler Gesondheet wäert unhuelen. Mat dësem Plang wëlle mir de Mënschen aus allen Alterskategorien hëllefen, déi ënnert engem psychesche Problem leiden. D'mental Gesondheet ass nach ëmmer fir vill Mënschen en Tabu-Thema. Mir wëlle mat dësem Tabu briechen. Well mir alleguer sinn zu gewësse Momenter op Hëllef ugewise fir Krisen an eisem Liewe gutt ze meeschteren.

 

Dausende vu Lëtzebuerger sinn zum Beispill op Psychotherapien ugewisen. Fir vill vun hinnen ass et schwéier nozevollzéien, datt si dës wichteg medezinesch Behandlung de Moment komplett aus eegener Täsch musse bezuelen.

 

Ech ruffen all déi concernéiert Acteuren derzou op, sech an der Mediatioun séier op eng gutt Léisung ze eenegen, fir datt och Psychotherapië vun der Krankeversécherung ofgedeckt sinn. Mir brauchen eng Léisung am Interessi vum Patient.

 

De beschte Gesondheetssystem ass just sou vill wäert wéi en och fir d'Patiente bezuelbar ass.

 

Mir sinn houfreg drop, datt zu Lëtzebuerg zanter dësem Joer kee méi duerch dat soziaalt Netz fält. Mam Aféiere vun der Couverture universelle des soins de santé, kréien och déi Mënschen Zougang op d'Leeschtunge vun der Krankeversécherung, déi zwar zu Lëtzebuerg liewen, mee bis elo keen Zougang zu Gesondheetsleeschtungen haten.

 

Déi concernéiert Servicer an Akteuren um Terrain begleeden dës Mënschen aktiv bei all Schrëtt an hëllefen hinnen dobäi nees an eiser Gesellschaft Fouss ze faassen.

 

De Lëtzebuerger System vun der sozialer Sécherheet ass en essentielle Pilier vun eiser Gesellschaft. D'sozial Sécherheet muss sech permanent un eng ëmmer méi komplex medezinesch Realitéit upassen an däerf net an der Vergaangenheet hänke bleiwen.

 

D'Digitalisatioun ass dofir och an dësem Beräich eng Prioritéit vun der Regierung. All Versécherte soll iwwert e méi einfache Wee Zougang zu de Leeschtungen an Déngschter vun deene verschiddenen Institutioune vun der sozialer Sécherheet kréien.

 

An der Krankeversécherung schafft d'Regierung un der direkter an automatescher Prise en charge, déi vum nächste Joer un an e puer Etappen agefouert wäert ginn. Mat dësem System brauch ee keng Sue méi virzestrecken, déi vun der Krankeversécherung iwwerholl ginn.

 

Mir iwwerhuelen also Verantwortung fir e méi performanten a méi inklusive Gesondheetssecteur, dee fir jiddereen zougänglech a bezuelbar ass.

Illustratioun

Här President, ech hunn haut vill iwwert d'Attraktivitéit vun eisem Land geschwat. Nieft all den ekonomeschen a finanzielle Virdeeler, déi mir offréiere kënnen, gehéiert definitiv och déi sozial a politesch Stabilitéit zu eise gréissten Atouten am Verglach mam Ausland.

 

Grouss sozial Ausernanersetzungen, Streiken a politesch Krise sinn eng absolut Ausnam zu Lëtzebuerg. De Sozialdialog an de soziale Fridde sinn zanter Joerzéngten e feste Bestanddeel vun eisem Erfollegsmodell.

 

Dëst Joer hu mir alt erëm bewise wéi wichteg de Sozialdialog a Krisenzäiten ass. Zwou Tripartitten, déi d'Regierung zesumme mat de Sozialpartner erfollegräich ofschléisse konnt, si Beweis genuch, fir den Erfolleg vum Lëtzebuerger Sozialmodell.

 

Wärend dausende Salariéen an anere Länner fir méi Loun op d'Strooss ginn, hu mir et fäerdeg bruecht mam Indexsystem den automatesche Lounausgläich fir dat nächst Joer ofzesécheren. Mam Energie-Steierkredit ginn déi kleng a mëttelgrouss Revenuen zanter dem Juli a bis den Abrëll esouguer iwwerkompenséiert.

 

De Sozialdialog lieft. An domat lieft den Erfollegsmodell Lëtzebuerg. Nëmmen zesumme brénge mir et fäerdeg och an deene schwéierste Situatiounen déi beschtméiglechst Léisungen ze fannen.

 

Den Zesummenhalt an der Gesellschaft ass eng grouss Stäerkt vun eisem Land. Dofir musse mir mat alle Mëttelen déi sozial Kohesioun erhalen a weider stäerken.

 

Dat maache mir och iwwert d'Biergerbedeelegung. De Klima-Biergerrot ass eng Erfollegsgeschicht. Wärend aacht Méint hunn 100 Bierger participativ Demokratie gelieft an erlieft. Mir brauche méi esou participativ Initiativen.

 

D'Bierger hunn e Bedierfnis sech zu deene grousse politeschen Erausfuerderunge vun eiser Zäit ze äusseren an aktiv u Léisunge matzeschaffen. Mir hunn d'Uni Lëtzebuerg dermat beoptraagt, den Projet vum Klima-Biergerrot z'analyséieren, fir esou wäertvoll Léiere fir zukünfteg participativ Projeten ze zéien.

 

Mir brauchen eng méi lieweg Demokratie. Eng Demokratie, un där d'Bierger aktiv deelhuele kënnen. Déi nei Verfassung leet heivir de Grondsteen mat neien Instrumenter fir méi Biergerbedeelegung. Iwwert d'initiatve citoyenne zum Beispill kënne Bierger an Zukunft eege Gesetzestexter virschloen, wann dës genuch Ënnerstëtzung an der Bevëlkerung fannen.

 

D'Akraafttriede vun der neier Verfassung ass en historesche Moment. Mir kënnen houfreg op eis nei modern Constitutioun sinn, déi den aktuelle gesellschaftleche Realitéite Rechnung dréit.

 

Och d'Schoul muss sech permanent de gesellschaftlechen Entwécklungen upassen. Mir brauchen eng gutt Bildung fir jiddereen. Well d'Bildung ass ee vun de wichtege Faktoren, déi eis Gesellschaft vu muer formen. Well all Kand aner Talenter huet, fuere mir mat der konsequenter Diversifizéierung vun eiser Schouloffer virun. Fir datt all Kand déi nämmlecht Zukunftschancen huet. De Motto "ënnerschiddlech Schoule fir ënnerschiddlech Kanner" gëtt sou ëmmer méi zur Realitéit.

 

Mir däerfe keen aus dem gesellschaftlechen Zesummeliewen ausschléissen.

 

Och eis auslännesch Matbierger droen zum kulturellem a wirtschaftlechem Räichtum vun eisem Land bei. Mir wëllen hinnen dofir bei de Gemengewalen méi einfach eng Stëmm ginn.

 

Mir hunn mat grousser Majoritéit an der Chamber d'Walgesetz ofgeännert, sou datt d'Wunnsëtzklausel vu fënnef Joer fir auslännesch Matbierger ewechfällt an den Delai fir sech kënnen anzeschreiwe verlängert gëtt.

 

Esou kënne si sech méi einfach integréieren an d'Zesummeliewen an hirer Gemeng matgestalten.

 

D'Regierung schafft och, an enker Zesummenaarbecht mat de Leit um Terrain, un engem Gesetz fir interkulturellt Zesummeliewen, dat eis sozial Kohesioun zousätzlech stäerke soll.

 

Den Zesummenhalt an eiser Gesellschaft geréit ëmmer erëm a Gefor duerch geziilte Falschinformatiounen, déi besonnesch op de soziale Medie gestreet ginn. Dëst huet an der Pandemie zu enger Radikaliséierung vun engem Deel vun der Gesellschaft gefouert. Mam trauregen Héichpunkt dat lescht Joer vun den Ausschreidungen um Chrëschtmaart a ronderëm d'gëlle Fra.

 

Zanterhier schafft d'Regierung zesumme mat Experten un engem Aktiounsplang géint d'Radikaliséierung. Mir wäerten nach dëst Joer mat der Chamber zesummen iwwert dësen Aktiounsplang diskutéieren.

 

Och d'Press ass e wichtegen Alliéierten am Kampf géint d'Desinformatioun a fir d'Stäerke vun eiser Demokratie. Mam neie Gesetz iwwert d'Pressehëllef an neie Konventioune fir RTL, de Radio 100,7 an de Radio Ara wäerte mir de Pluralismus an der Press weider stäerken. Insgesamt 18 Publikatioune vu 14 Editeure profitéiere vun der Pressehëllef.

 

An den éischte sechs Méint vun dësem Joer huet de Staat 6,7 Milliounen Euro fir d'Pressehëllef ausginn. Dat ass eng Erhéijung vu 43% am Verglach mam leschte Joer.

 

Mindestens genee esou wichteg ass et fir eng onofhängeg Press, beschtméiglechst u staatlech Informatiounen ze kommen. De Staat huet hei an der Vergaangenheet net alles richteg gemaach.

 

Mir hunn dofir zesumme mam Presserot d'Circulaire iwwerschafft, déi den zoustännege Beamten nei a méi kloer Uweisunge fir d'Zesummenaarbecht mat der Press gëtt. De Staat muss bannent 24 Stonnen op d'Demande vun engem Journalist äntweren, wa méiglech mat der gefroten Informatioun, mindestens awer mat enger Indikatioun, bis wéini d'Informatioun disponibel ass, respektiv aus wat fir enge Grënn d'Informatioun eventuell net ka verëffentlecht ginn.

 

Déi nei Circulaire ass zanter e puer Wochen a Kraaft a soll no engem hallwe Joer zesumme mat der Press an den zoustännege Beamten evaluéiert ginn.

 

Och dat sougenannten Transparenzgesetz befënnt sech de Moment an enger Evaluatioun, déi mir an noer Zukunft zesumme mat der Press an aneren interesséierten Acteuren diskutéiere wäerten.

 

Transparenz ass essentiell fir d'Vertraue vun de Bierger an d'Institutiounen. De Prinzip vum Open Data ass haut scho fest am Gesetz verankert. Mir stellen awer fest, datt dëse Prinzip net ëmmer esou respektéiert gëtt, wéi mir eis dat virstellen. De Staat sammelt Millioune vun Donnéeën. Vill vun dësen Informatioune sinn net nëmmen aus Transparenzgrënn wichteg fir d'Bierger, mee stellen och bis elo ongenotzte Chancen duer.

 

Fuerscher, Associatiounen, Betriber a jo och ganz normal Bierger kéinte mat dësen Informatiounen an hirem Beräich am Interêt vum Allgemengwuel schaffen. Dem Staat entginn de Moment ganz vill Kompetenz, Expertise a Kreativitéit.

 

Dat wäerte mir änneren. Mir wëllen esou transparent wéi méiglech mat staatlechen Donnéeën ëmgoen. Mir wäerten de Prinzip vum Open Data komplett op de Leescht huelen fir esou seng Potentialer ganz ze notzen. Fir d'éischt maache mir e Bilan vun dem, wat bis elo gutt a wat manner gutt funktionéiert huet.

 

Uschléissend wäert d'Regierung de Ministèren a Verwaltungen déi néideg Ressourcen zur Verfügung stellen, fir datt den Open Data net nëmmen um Pabeier existéiert, mee am ëffentlechen Alldag gelieft gëtt.

 

Mir iwwerhuelen Verantwortung fir eng Gesellschaft, déi och an Zukunft a schwierege Momenter zesummesteet. Andeem s mir d'Bierger besser an déi politesch Entscheedungen mat abannen an de Staat méi transparent gestalten.

Illustratioun

Här President, ech hunn et am Ufank vu menger Ried scho gesot: mir liewen an aussergewéinlechen Zäiten. A méi normalen Zäite wier ech haut op alleguerten d'Themen agaangen, déi dat lescht Joer an dat nächst Joer d'Politik am grousse Ganze beschäftegen.

 

Ech hätt d'Aarbecht vun all de Ministèrë beliicht. Well all d'Ministèren a Verwaltunge leeschten och a Krisenzäiten Aussergewéinleches. An dat net nëmmen an der Krisebewältegung, mee och an der Virbereedung vun eiser Zukunft. Ech wëll op dëser Plaz all de Leit Merci soen, déi zanter Joren onermiddlech fir d'Wuel vum Land a vun de Bierger schaffen.

 

Ech hu mech dëst Joer op déi gréissten Erausfuerderunge konzentréiert, déi eist Land an eis Bierger de Moment beschäftegen. Dat war eng ganz bewosst Entscheedung an net well et zu de villen anere Politikberäicher näischt ze soe géif.

 

Ganz am Géigendeel. All dës Ministèren hunn am leschte Joer vill a gutt Aarbecht geleescht an hu fir d'Zukunft eng ganz Rei Initiative geplangt, déi et derwäert si fir hei am Haus am Detail presentéiert an diskutéiert ze ginn.

 

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

 

jo, mir liewen a stiermeschen Zäiten. Mir ginn dës Zäite mam néidegen Eescht, mat der néideger Konsequenz an och mat Optimismus un. Dës Regierung huet et an der Vergaangenheet fäerdeg bruecht och an onrouege Gewässer, d'Rudder fest am Grëff ze behalen an d'Land gutt duerch all Stuerm ze navigéieren.

 

Mir hunn net nëmmen op den eis gewinnte Lëtzebuerger Wee vertraut, mee mir hunn eisen Erfollegsmodell permanent verbessert an un nei Erausfuerderungen ugepasst. Mam Resultat, datt mir all déi vergaange Krisen net nëmme gutt iwwerstanen hunn, mee datt mir als Land no schwéieren Zäiten esouguer besser do stounge wéi virdrun. An dat och, well mir konsequent déi richteg Léieren aus der Vergaangenheet zéien.

 

Och d'Pandemie huet Lëtzebuerg besser iwwerstane, wéi déi meeschten aner Länner an Europa. Mir lauschteren op de Rot vun internationalen Experten a bereeden eist Land nach besser op eng nächst Pandemie vir. Mir erhéijen d'Investitiounen an de Gesondheetssystem fir eng méi breet opgestallte medezinesch Offer, déi fir jiddwereen accessibel a bezuelbar ass.

 

Mat de Solidaritiéitspäck hu mir de Grondstee geluecht, fir och déi aktuell Kris gutt ze iwwerstoen. Mir knécken net viru Krichsdreiwer an a sti fir eis Wäerter riicht.

 

Mir schaffe permanent un der Attraktivitéit vun eisem Wirtschaftsstanduert fir eis Aarbechtsplazen an eise Wuelstand laangfristeg ofzesécheren. Dat maache mir iwwert innovativ Projeten an der Digitalisatioun an an der Nohaltegkeet. Gläichzäiteg hale mir d'Liewensqualitéit héich iwwert eng intelligent Landesplanung an eng besser Work-Life-Balance.

 

Bezuelbaart Wunne fir jiddwereen ass a bleift eng absolut Prioritéit vun dëser Regierung. Mir kënne wichteg Erfolleger virweisen. Mir schafen an deenen nächste Joren dausenden ëffentlech an abordabel Wunnengen a gi geziilt géint d'Spekulatioun vir.

 

D'Regierung schafft an all de Beräicher vum Liewen u konkreten a spierbare Verbesserunge fir d'Mënschen zu Lëtzebuerg. Mir leeën haut de Grondstee fir eng nach méi liewenswäert Zukunft. Fir eis selwer, eis Kanner an eis Kandskanner.

 

Dofir iwwerhuele mir och weider eng Virreiderroll am Kampf géint de Klimawandel. Mir schaffe konkret op de Propositioune vum Klima-Biergerrot a vun den Experten, fir eis Efforten an der Klimapolitik ze verstäerken. Mir iwwerhuelen international Verantwortung, ouni eis Hausaufgaben heiheem ze vernoléissegen. Mir schalte bei der Energie-Transitioun an de nächste Gang fir eist Klima a fir eis Energiesouveränitéit.

 

Fir all dës Erausfuerderungen erfollegräich unzepaken, setze mir op de Sozialdialog, méi Biergerparticipatioun an d'Stäerke vun der gesellschaftlecher Kohesioun iwwert méi Demokratie an Transparenz.

 

Mir setzen op e méi staarkt Lëtzebuerg an engem méi staarken Europa. Well eleng wäerte mir déi grouss Erausfuerderunge vun eiser Zäit net meeschtere kënnen.

 

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

 

Mir befannen eis zanter Mäerz 2020 an engem permanente Krisemodus. D'Bierger sinn es héchstwarscheinlech midd. An ech kann dat gutt verstoen.

 

Si wëllen einfach nëmmen hiert Liewe liewen. Zäit mat hire Léifste verbréngen. Hir Zukunft plangen. Ouni Suerge mussen ze hunn, ob si déi nächst Stroumrechnung nach bezuele kënnen. Ouni Angscht mussen ze hunn, datt de Krich an der Ukrain komplett eskaléiert. Angscht virun onvirstellbare Konsequenzen déi dat och fir eis Sécherheet mat sech brénge kéint.

 

Ech verstinn dës Suergen an dës Angscht. Mee et gëtt genuch Grënn, fir déi nächst Wochen a Méint mat Optimismus a Courage unzegoen. Mir stinn dat hei duerch. Zesummen. Sou wéi mir als Vollek scho vill schwéier Zäiten duerchgestan hunn. Dat ass Lëtzebuerg. Dat mécht eis aus.

 

Mir loossen d'Bierger net eleng. Mir huelen aussergewéinlech Moossname fir si gutt duerch dësen aussergewéinleche Wanter ze bréngen. Mir maachen alles dofir, datt si an hir Kanner och nach muer op gutt a sécher Aarbechtsplaze kënnen zielen.

 

Mir investéieren an eng Zukunft vun engem Land, an deem et sech nach besser liewe léisst, wéi dat haut schonn de Fall ass. Mir kënnen och muer a Sécherheet liewen, andeem s mir haut net viru Krichsdreiwerei aknécken.

 

Dës Regierung huet an der Vergaangenheet méi wéi eng Kéier Verantwortung iwwerholl. Andeem s mir déi richteg Entscheedungen zum richtege Moment geholl hunn.

 

An och haut si mir dervun iwwerzeegt, datt mir déi richteg Äntwerten op déi grouss Erausfuerderungen hunn, deene mir eis als Land stelle mussen. Déi richteg Äntwerten, net nëmme fir eis duerch dës Krisen ze bréngen, mee och fir eise Wuelstand an eis Sécherheet laangfristeg ze garantéieren.

 

D'Wielerinnen an d'Wieler hunn eis viru véier Joer hiert Vertrauen geschenkt. Mir stinn an hirem Déngscht.

 

Mir iwwerhuele Verantwortung, och an dëse schwéieren Zäiten. Fir d'Wuel vum Land a senge Bierger. Fir haut a fir muer.

Aktualiséiert