Message vum Premierminister Xavier Bettel am Kader vun Nationalfeierdag 2023

Fannt hei de Message vum Premierminister Xavier Bettel am Kader vun Nationalfeierdag 2023.

©SIP Xavier Bettel, Premierminister
Xavier Bettel, Premierminister

Léif Matbiergerinnen a Matbierger,

 

Eisen Nationalfeierdag ass, wéi de Numm et scho seet, en Dag op deem mir feieren. Mir feieren eist Land, eis Geschicht, eis Géigewaart an eis Zukunft. Mir feieren och eis selwer, eis Leeschtungen an Erfolleger. De Nationalfeierdag ass awer och eng gutt Geleeënheet, fir an eis ze goen an eis ze froen: wéi geet et eis eigentlech? Wat fir eng Ängschten a Suerge ploen eis de Moment, wat fir eng Hoffnungen a Pläng hu mir fir d'Zukunft?

 

Léif Matbiergerinnen a Matbierger, ech hoffen, et geet Iech all gutt! Dëst ass en éierleche Wonsch, dee mech an de leschte Joren Dag fir Dag begleet. De Wonsch nom Wuelergoe vun eise Matmënschen ass fir mech perséinlech eng grouss Motivatioun. An Zäiten, wou mir eng Pandemie hannert eis hunn, an Zäite vun engem Krich an Europa a vun enger Energie- an Inflatiounskris ass eist Wuelergoen awer leider alles aneschters wéi selbstverständlech.

 

Krisenzäite si keng einfach Zäiten. Mir hunn alles derfir gemaach, fir d'Krisen an de leschte Joren esou ze geréieren, fir et Iech, léif Matbiergerinnen a Matbierger esou einfach wéi méiglech ze maachen. Mir hunn an der Pandemie alles derfir gemaach, fir zu all Moment esou vill Sécherheet wéi néideg an esou vill Fräiheet wéi méiglech ze garantéieren.

 

Mir hunn alles derfir gemaach, fir den Impakt vum Krich an der Ukrain a vun der Energie- an Inflatiounskris op Är Kafkraaft esou kleng wéi méiglech ze halen. Mat dräi erfollegräichen Tripartitten bannent engem Joer hu mir net nëmmen d'Kafkraaft vun de Mënsche gestäerkt, mir hunn och de soziale Fridden an eisem Land erhalen.

 

Wann ech vu "mir" schwätzen, déi all dës Krisen erfollegräich gemeeschtert hunn, da mengen ech domat eis alleguer. Well dësen Erfolleg gehéiert net eleng enger Regierung oder enger Persoun.

 

E gehéiert all de politeschen Acteuren am Land, déi bereet ware Verantwortung ze iwwerhuelen. Den Erfolleg gehéiert de Sozialpartner, déi a schwieregen Zäiten openeen duergaange sinn, fir zesumme Léisungen am Interêt vun eis alleguer ze fannen, amplaz sech géigesäiteg ze bekämpfen. E gehéiert de villen Associatiounen a Benevollen, déi hiert Liewen dem Asaz fir d'Wuel vun hire Matmënsche verschriwwen hunn.

 

Den Erfolleg gehéiert och Iech, léif Matbiergerinnen a Matbierger, déi Dir all déi lescht Méint a Joren alt nees bewisen hutt, wat dëst Land ausmécht - wat Lëtzebuerg ausmécht: Solidaritéit, Zesummenhalt an ongebremsten Optimismus, mat deem mir eis eegen Zukunft uginn.

 

Mir sinn en aussergewéinlecht resilient Vollek, dat scho méi wéi eng Kéier a senger Geschicht geléiert huet, nei Weeër ze goen, fir eise Wuelstand ofzesécheren, jo esouguer auszebauen.

 

Mir hunn et als Land bis elo ëmmer fäerdeg bruecht, gestäerkt aus schwieregen Zäiten ervirzegoen, op nom zweete Weltkrich oder der Stolkris an de 70er Joren. Zesumme wäert eis dat och dës Kéier geléngen. Déi objektiv Zuelen deiten all drop hin, datt mir och déi lescht Krise besser gemeeschtert hunn, wéi déi allermeeschten aner Länner op der Welt.

Mir haten an der Pandemie déi niddregst Iwwerstierflechkeet an der EU, an dat trotz ville Fräiheeten, déi mir am Verglach mat eisen Nopeschlänner konnte genéissen. Mir konnte mat historeschen Hëllefspäck Aarbechtsplazen ofsécheren an d'Kafkraaft vun de Leit stäerken. Mat Hëllef vun den Energiemesuren hu mir haut mat déi niddregsten Inflatioun an der Eurozon, mat garantéiert niddregen Energiepräisser dëst an dat ganzt nächst Joer.

 

Objektiv gesinn, geet et eisem Land also gutt. Ech hoffen, léif Matbiergerinnen a Matbierger datt et Iech och gutt geet. Ech si mir awer bewosst, datt et Leit ënnert eis gëtt, deenen et net gutt geet.

 

Familljen, déi trotz all den Hëllefe Problemer hunn, d'Enner zum Schluss vum Mount beieneen ze kréien. Jonker, déi Schwieregkeeten hunn, sech d'Wunnen zu Lëtzebuerg ze leeschten. Mënschen, déi sech Suergen ëm hir eegen Zukunft an ëm d'Zukunft vun eisem Planéit maachen, eng Zukunft déi vum Klimawandel bedreet gëtt.

 

Och wann Nationalfeierdag e Grond ass, ze feieren, sou däerfe mir dës Mënschen net vergiessen. Mir mussen hir Suergen an Ängschten eescht huelen. Si sollen eis Motivatioun sinn, fir eis och an de nächste Jore fir e bessert, nach méi solidarescht an nach méi nohaltegt Lëtzebuerg anzesetzen.

 

Léif Matbierger, Lëtzebuerg ass e Land dat vill ënnerschiddlech Kulturen, Sproochen an Traditioune vereent. Mir sinn e Land, dat et wéi keen anert op der Welt fäerdeg bréngt, e gutt a friddlecht Zesummeliewe vun esou ville verschiddenen Nationalitéiten am Alldag ze zelebréieren. Et gouf eng Zäit, wärend där vill Lëtzebuerger hiert Land hu musse verloossen an eng nei Heemecht gesicht hunn. Dëst ass en Deel vun eiser Geschicht, déi mir net vergiess hunn. Ech sinn haut immens houfreg op d'Solidaritéit déi vill Lëtzebuerger vis-à-vis vun de Flüchtlingen, ënnert anerem aus der Ukrain bewisen hunn.

 

Léif Matbiergerinnen a Matbierger, haut op Virowend vun Nationalfeierdag si queesch duerch d'Land Evenementer an de Gemengen, wou d'Mënsche beienee kommen, fir mateneen op eist Land unzestoussen an ze feieren. Ech wënschen hinnen, ech wënschen Iech alleguerten e schéinen Nationalfeierdag a vill schéi Momenter mat Äre Léifsten.

 

Vive eise Grand-Duc

Vive eis groussherzoglech Famill

A vive eist Land

 

Aktualiséiert