Feierlechkeete ronderëm den Trounwiessel

Nodeems den Ierfgroussherzog den 8. Oktober 2024 Lieutenant-Représentant genannt gouf an de Grand-Duc dunn Enn vum Joer annoncéiert huet, den 3. Oktober 2025 zu Gonschte vu sengem Fils ofzedanken, ginn d'Maison du Grand-Duc an de Staatsministère elo éischt Detailer iwwer den Oflaf vun de Feierlechkeeten am Oktober bekannt.

Den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin
© Maison du grand-Duc / Sophie Margue

Déi offiziell Zeremonië si Freides, den 3. Oktober 2025. D'Haaptpunkten am Programm wäerten d'Ënnerschreiwe vun der Ofdankung duerch de Grand-Duc Henri am Palais sinn, a Präsenz vum Chamberpresident an dem Premierminister, duerno déi feierlech Vereedegung vum Ierfgroussherzog Guillaume an der Chamber. Dann weist d'groussherzoglech Famill sech um Balcon vum Palais. De Public kritt och d'Geleeënheet, déi nei groussherzoglech Koppel um Knuedler ze begréissen, wou Si vum Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg empfaange ginn.

D'Regierung organiséiert eng Receptioun fir d'Institutiounen an de Corps diplomatique am Cercle Cité. Den éischten Dag vun de Festivitéite gëtt ofgeschloss mat engem Gala-Dinner am Palais.

Um Samschdeg, de 4. Oktober, sinn, no de protokollareschen Zeremonië vum Dag virdrun, de ganzen Dag Feierlechkeeten a verschiddene Stied a symbolesche Plazen uechter d'Land. D'Awunner vum Land, aus der Groussregioun, an all déi, déi Loscht hunn, kënnen der neier groussherzoglecher Koppel op dräi grousse Volleksfester begéinen, mat deenen den Trounwiessel gefeiert gëtt. Dës Evenementer wäerten zu Wolz, Diddeleng an an der Stad Lëtzebuerg ofgehale ginn.

Den zweeten Dag steet ënner dem Motto "Dem Groussherzog seng feierlech Tournée”. Do wäert déi nei groussherzoglech Koppel un deenen dräi Volleksfester deelhuelen an och zousätzlech Statiounen zu Gréiwemaacher a Stengefort maachen. Géint 20 Auer wäerten de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse iwwer d'Rout Bréck an der Haaptstad ukommen. Den Dag wäert um Glacis ofgeschloss gi mat engem Nuetspektakel mat Dronen, begleet vun engem Concert, deen déi lëtzebuergesch Kënschtlerzeen an de Mëttelpunkt stellt.

D'Maison du Grand-Duc, de Staatsministère, an déi zoustänneg staatlech a kommunal Administratiounen, schaffen zesumme mam Support vun den Ekippe vum Atelier un der Organisatioun vun den Evenementer fir de 4. Oktober.

Sonndes, de 5. Oktober, wäert déi groussherzoglech Famill, op Invitatioun vum Äerzbëschof, un engem Te Deum an der Kathedral Notre-Dame zu Lëtzebuerg deelhuelen.

Weider Detailer iwwer den Oflaf vun de Feierlechkeeten am Oktober ginn zu engem spéideren Zäitpunkt bekannt gemaach. All Pressekontakter betreffend den Trounwiessel kënnen op follgend Adress gemailt ginn: Trounwiessel@gdl.etat.lu.

Organisatioun

Staatsministère

Event Datum

03.10.2025 - 05.10.2025 

Typ(en)

Aweihung Feierlechkeeten Zeremonie