Aktualiséiert den
Nationalfeierdag 2026: Offiziell Zeremonie an der Philharmonie den 23. Juni 2026 um 10 Auer − Invitatioun fir d'Ëffentlechkeet
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.A.R. de Grand-Duc gëtt eng offiziell Zeremonie den Dënschdeg 23. Juni 2026 an der Philharmonie Luxembourg ofgehalen, dat a Presenz vun LL.AA.RR. de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse, den Deputéierten, der Regierung, dem Staatsrot, der Justiz, dem Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg an dem diplomatesche Corps, deen zu Lëtzebuerg akkreditéiert ass
D'Regierung luet all interesséiert Persounen an un der offizieller Zeremonie den Dënschdeg, 23. Juni 2026 um 10 Auer an der Philharmonie deelzehuelen. Well d'Plaze limitéiert sinn, ginn d'Invitatiounen der Reiefolleg vun der Aschreiwung no verdeelt.
Déi interesséiert Persoune kënne sech den Dënschdeg, 9. Juni 2026, vun 9 Auer un iwwert de Site www.gouvernement.lu umellen.
Matgedeelt vum Staatsministère