Nationale Commemoratiounsdag 2026 – Proklamatioun vun der Regierung

1946 huet déi éischt Journée de commémoration nationale stattfonnt. Och 80 Joer méi spéit bleift dësen Dag en zentrale Moment vum nationale Gedenken zu Lëtzebuerg. Mat der offizieller Zeremonie vun der Regierung an der Haaptstad gëtt un d'Affer an d'Ereegnesser aus der Vergaangenheet erënnert. Gläichzäiteg huet sech dës Commemoratioun am Laf vun de Joren a Joerzéngten ëmmer nees weiderentwéckelt an nei erfonnt, fir sech un d'Zäit unzepassen.

Den Nationale Commemoratiounsdag fënnt säin Ursprong an der Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941. Mam Virwand vun enger Vollekszielung sollte perséinlech Donnéeë gesammelt ginn, fir ënner anerem déi jiddesch Bevëlkerung ze identifizéieren an d'Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger dozou ze drängen, op d'Froe betreffend hir Mammesprooch an hir angeblech "Volkszugehörigkeit" mat "däitsch" ze äntweren. Mat Trakten a Flyeren huet d'Lëtzebuerger Resistenz d'Bevëlkerung opgeruff, op déi entspriechend Froe mat "Lëtzebuergesch" ze äntweren. Dësen Appell war esou erfollegräich, datt d'Personenstandsaufnahme schliisslech huet missen ofgebrach ginn.

Dëst Joer sinn et 85 Joer hier, datt dës Vollekszielung annuléiert gouf. D'Ofsoe vun der Personenstandsaufnahme ass a bléift e grousse Succès vun de Widderstandsbeweegungen. Esou gedenke mir haut hirem onermiddlechen Engagement am Kampf géint Ënnerdréckung an Tyrannei. Hiert Beispill bléift fir eis an déi nächst Generatiounen eng Quell vun Inspiratioun an en Opruff, d'Wäerter ze verdeedegen, op deenen eist demokratescht Zesummeliewen opgebaut ass.

Niewent dem Courage vun de Resistenzlerinnen a Resistenzler wëlle mir haut och un dat onbeschreiflecht Leed vun den Zwangsrekrutéierten an den zwangsëmgesidelte Familljen erënneren. Wärend dem Zweete Weltkrich goufen Dausende vu Jonge géint hire Wëllen an déi däitsch Wehrmacht agezunn an un d'Front geschéckt. Net manner wéi 3.614 Meedercher goufe gezwongen, fir den Okkupant ze schaffen, virun allem am Reichsarbeitsdienst an am Kriegshilfsdienst, wärend ganz Familljen, déi als "däitsch-feindlech" ugesi goufen, ëmgesidelt goufen.

Mir gedenke gläichzäiteg dem grausame Schicksal vun eise jiddesche Matbiergerinnen a Matbierger, déi vun den Nazie verfollegt, deportéiert an ermuert goufen. De 16. Oktober 1941 ass den éischten Deportatiounszuch vu Lëtzebuerg a Richtung Litzmannstadt (Łódź), am besate Polen, fortgefuer. Dësen Depart markéiert den Ufank vun der Deportatioun vun de Judden zu Lëtzebuerg an d'Ghettoen an d'Vernichtungslager vum nationalsozialistesche Regime.

All dës Evenementer erënneren eis drun, wéi fragil Fräiheet, Mënschewürd a Rechtsstaatlechkeet kënne sinn. Si fuerderen eis all op, d'Erënnerung un all Affer lieweg ze halen an eis konsequent géint Antisemitismus, Rassismus, Intoleranz an all Form vun Ausgrenzung ze engagéieren.

Nëmmen andeems mir d'Léiere vun deemools net vergiessen, kann et eis geléngen, d'Fundamenter vun eisem friddlechen an demokrateschen Zesummeliewen ze erhalen, fir déi haiteg an zukünfteg Generatiounen.

 

Luc FRIEDEN, Xavier BETTEL, Marc SPAUTZ, Martine HANSEN, Claude MEISCH, Lex DELLES,

Yuriko BACKES, Max HAHN, Gilles ROTH, Martine DEPREZ, Léon GLODEN,

Stéphanie OBERTIN, Serge WILMES, Elisabeth MARGUE, Eric THILL

 

Communiqué vum Staatsministère