Regierungserklärung iwwert d'Situatioun am Noen Osten

Transcription verbatim 

 

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären Deputéierten,

Déi reegelbaséiert Welt ass an Onuerdnung. De Fridden ass net eng Selbstverständlechkeet. D'Welt steet zënter e Samschden an engem neie militäresche Konflikt mat direkte Repercussiounen op de Mëttleren an Noen Osten, mee och op eis an Europa. An der direkter Noperschaft vun der Europäescher Unioun, an der Ukrain, am Gaza, a lo am Iran, an an der ganzer Golfregioun, ass elo Krich. Déi Situatioun ass grav a stellt villes a Fro, firwat eist Land steet.

Lëtzebuerg an Europa stinn zu de Prinzippie vun der UNO-Charta, egal wou dee Konflikt ass. Lëtzebuerg steet ëmmer op der Säit vun der Diplomatie, dem Fridden an dem internationale Recht. Lëtzebuerg steet och fir d'Fräiheet a Mënscherechter. Duerfir si mir haut, a vläicht haut méi wéi jee, fir e staarkt Europa. En Europa wat Wäerter vu Fridden, Fräiheet, Demokratie a Wuelstand verteidegt. Et ass kloer, deen neie Krich am Iran a ronderëm, werft eng ganz Rei vu Froen och am internationale Recht op.

War den diplomatesche Wee tëscht Iran an USA iwwert den Atomwaffeprogramm ënner der Vermëttlung vum Oman wierklech um Enn? Wéi imminent war d'Gefor vun enger Attack vum Iran op Israel? Wéi vill Ënnerstëtzung huet d'Iranescht Vollek gefrot, fir endlech kënnen a Fräiheet ze liewen? Mir wëssen dat net, well Europa war net Deel an ass net consultéiert ginn iwwert d'Opportunitéit an den Zäitpunkt vun deenen Attacken op den Iran de leschte Samschden. Dëse Krich am Mëttleren Orient ass um Ufank, net um Enn. En ass am véierten Dag, a villes weist drop hin, datt e länger wäert daueren. Mir si besuergt iwwert d'Extensioun vun dësem Konflikt iwwert déi ganz Regioun. Mir wëssen awer och, datt de Regimm am Iran zënter Joerzéngten dat internationaalt Recht ignoréiert a mat Féiss getrëppelt huet, an eng Gefor fir seng Noperen an d'ganz Welt ass. Virun allem duerch d'Entwécklung vun nukleare Waffen an Doheem, duerch d'Repressioun vu senge leider Minoritéiten, duerch d'Erdrécke vun all Oppositioun, duerch d'Ënnerstëtzung vun terroristeschen Organisatiounen an anere Länner.

Dës Entwécklunge verlaangen eis vollsten Opmierksamkeet. Dëst ass e regionale Konflikt mat enger internationaler Dimensioun. An duerfir hunn zënter dem Ufank vun dësem Krich e Samschden, den Ausseminister an ech sou munch Gespréicher geféiert heiheem tëschent eis, mat auslännesche Partner, fir ze kucken, wat mir kënnen a musse maachen. Et ass och duerfir, firwat d'Regierung gëschter Moien zu engem extraordinäre Regierungsrot zesummekomm ass. Well dëse Konflikt, ech soen et nach eng Kéier, betrëfft eis, direkt an indirekt, virun allem mënschlech, mee och ekonomesch a geopolitesch. Déi éischt Prioritéit vun der Regierung ass et, fir d'Sécherheet vum Land a senge Leit ze garantéieren, heiheem an am Ausland.

Mir stinn alle Staatsbierger a Lëtzebuerger Residenten, déi den Ament an der Regioun blockéiert sinn, zur Säit. Nach e Samschden hunn den Ausseminister an ech déi zoustänneg Instruktioune ginn, fir de Concernéierte beschtméiglech ze hëllefen. Den Ausseminister wäert a senger Interventioun op déi Pisten agoen, déi gekuckt ginn, fir eise Leit an der Regioun ze hëllefen. Mee och d'Sécherheet heiheem ass eng vun eise Prioritéiten. Eis Sécherheetsorganer, virun allem d'Police an de Geheimdéngscht, sinn alertéiert an am enken Austausch mat eise Partner, fir eventuell Menacen ze identifizéieren an se virzebeugen.

D'Situatioun ass grav an ongewëss. Mee d'Realitéit ass, den iranesche Regimm ass zënter Joerzéngten eng Quell vu Repressioun no bannen a vu grousser Instabilitéit no baussen. Dat eegent Vollek gëtt ënnerdréckt, gefoltert, agespaart, ëmbruecht. Aleng an de leschte Wochen a Méint si grouss Protester brutal niddergeschloe ginn. Den Nuklear-Programm an d'Finanzéierung vun terroristesche Milizen am Libanon, Gaza, Jemen an op anere Plaze bréngen eis Partner an Alliéierten an Onsécherheet. A loosst eis net vergiessen, et sinn och iranesch Dronen, déi Russland all Dag am Krich géint d'Ukrain ënnerstëtzen.

Lëtzebuerg an d'Europäesch Unioun stoungen a stinn duerfir op der Säit vum iranesche Vollek. Mir ënnerstëtzen hiert Recht op Selbstbestëmmung, op Fräiheet an op fundamental Rechter. Dat ass och internationaalt Recht. An dat heite kann e Moment vun Hoffnung fir dat iranescht Vollek sinn, och wa se fragil bleift. Den Doud vum Leader vum Iran ass vläicht eng néideg Konditioun fir Verännerung, mee et ass sécherlech net déi eenzeg. Et ass ze fréi, fir virauszesoen, wéi sech d'Situatioun am Iran selwer entwéckele wäert, engem Land vun ëmmerhin 90 Milliounen Awunner mat enger komplexer gesellschaftlecher Struktur. Gläichzäiteg weist d'Geschicht vun der Regioun, datt extern erzwonge Regimmwiesselen, net ëmmer automatesch zur Stabilitéit a Fridde féieren. Leider, géing ech soen. E Vakuum ka séier gefëllt ginn, an dat net ëmmer am Sënn vu Fräiheet a Reform. Wat mir awer haut scho wëssen, ass, datt déi aktuell Situatioun wäert gréisser Impakter hunn, op den Iran, op déi ganz Regioun an och op Europa.

De Mëttleren Osten ass net just vun zentraler Bedeitung fir d'Energieversuergung an der ganzer Welt. D'Strooss vun Hormus ass och ee vun de wichtegste Mierespassage fir allméiglech Gidder. A wann de Mëttleren Osten a Brand steet, dann huet dat direkt Auswierkungen op d'Energiepräisser, an domat op d'Inflatioun, op d'Kafkraaft vun de Bierger, an op de Fonctionnement vu ville Betriber, besonnesch déi, déi vill Energie brauchen. D'Erhale vun oppenen Handelsweeër an engem stabillen internationale Wirtschaftsëmfeld steet an direktem Zesummenhang mat den Aarbechtsplazen an dem Wuelstand heiheem.

Duerfir schwätzt Lëtzebuerg sech och als Land vum Dialog a vum Fridde kloer fir e militärescht Zréckhale vun alle Säiten an dësem Konflikt, och elo nach aus. Mir verurteelen op dat Däitlechst all Attack op d'Territoirë vun eise Partner a Frënn an der Regioun. Mir drécken eis voll Solidaritéit aus mat Staate wéi dem Kuwait, dem Qatar, de Vereenegten Arabeschen Emiraten, dem Oman, Bahrain, Saudi-Arabien a Jordanien. Mir sinn amgaangen, grad sou wéi och den Ausseminister, dee Message och un eng Rei vu Staats- a Regierungscheffen an Ausseministeren an der Regioun ze vermëttelen. Well et si grad dës Länner, déi aktuell an der éischter Linn vun der Eskalatioun stinn, déi iwwert déi lescht Joren och eng zentral Roll an diplomatesche Prozesser haten. Verschiddener vun hinnen hu souguer eng wichteg Roll als Gespréichspartner a Vermëttler vis-à-vis vum Iran, och an de leschten Deeg iwwerholl. Si kënnen net d'Affer vun dësem Krich sinn.

A mir stinn an der Solidaritéit och op der Säit vun eisen EU-Memberen. Eise Frënn an Zypern zum Beispill, wéi och all anerem EU-Land, wat attackéiert gëtt oder wat riskéiert, attackéiert ze ginn. Och déi Solidaritéit hunn ech an engem Gespréich dem zypriotesche Staatspresident an deene leschte Stonnen ausgedréckt. Och wann dës Situatioun hir eegen Nuancen an Ënnerscheeder huet, dann dass et awer e weidere Rappell no der Ukrain, no Grönland och, fir d'Wichtegkeet vun engem gëeenten a souveränen Europa. Och dee Message wëll ech muer dem President vum Europäesche Conseil, dem Här António Costa, iwwermëttelen, wann en op Visitt zu Lëtzebuerg ass.

Här President,

Mir hunn e Bild vun Instabilitéit, vun Onsécherheet an och zu engem Deel Ongewëssheet beschriwwen. Mee dat bedeit nach laang net, datt mir eis op d'Roll vun engem Spectateur limitéiere sollen, limitéiere kënnen. Et ass un eis, fir déi richteg Lektioun ze zéien an eis op eng Welt anzestellen, déi an engem déiwe Wandel steet. An d'Regierung geet genau deen Defi un.

Et ass grad, well d'Welt méi rau gëtt, dass mir eis Investissementer an eis eege Sécherheet heiheem an am Ausland musse steigeren. Et ass grad, well d'EU-Länner, all d'EU-Länner, aleng keng staark Stëmm hunn, dass mir eis fir eng gemeinsam EU-Aussepolitik staark maache mussen. Et ass grad, well mir ofhängeg si vu fossillen Energië, dass mir eis fir e massiven Ausbau vun den erneierbaren Energië mussen asetzen. Et ass grad, well den internationalen Handel méi ongewëss gëtt, datt mir eis Partnerschafte mat aner Regiounen an der Welt stäerken.

Dat ass dat, wat mir als Lëtzebuerg maache kënnen. An dat ass dat, wat d'Regierung mécht. Mee d'Zukunft vum Iran soll net zu Washington, net zu Jerusalem, net zu Bréissel an och net zu Lëtzebuerg decidéiert ginn.

D'Zukunft vum Iran läit an den Hänn vun den Iraner, a just vun den Iraner. Et ass ëmmer derwäert, sech fir Fräiheet a Fridden anzesetzen, heiheem an am Ausland. An dat maache mir, grad an dësen onstabillen an onsécheren Zäiten.

Merci.

Regierungsmember

FRIEDEN Luc

Organisatioun

Staatsministère

Event Datum

03.03.2026