Proclamation du gouvernement luxembourgeois à l'occasion du 65e anniversaire de la Libération

"Lëtzebuerg ass fräi" stong den 11. September 1944 op der éischter Säit vun der Zeitung ze liesen.

Dës dräi Wierder hun alles résuméiert wat d’Lëtzebuerger Vollek mat Schmäerzen erwaart hat an op e sonnege Sonndeg Muergen erlieft huet.

Amerikanesch Zaldoten hunn deen Dag eist Land befreit, a bis haut si mir dofir dankbar. Datt et méiglech wor d’Stad Lëtzebuerg ouni grouss Verloschter ze libéréieren huet dës Operatioun wéi eng "Entrée joyeuse" ausgesi gelooss. Vum 6. Juni bis 10 September haten awer schon dausende vu jonken Amerikaner, Englänner, Kanadier, Fransousen, Belsch, Hollänner, Polen an och Lëtzebuerger hiert Liewe gelooss fir d’Liberatioun vun Europa. Dat klengt Lëtzebuerg wosst deemools a weess och haut wat et den Alliéierte schëlleg ass an dat mannst wat mir kënne maachen, ass si net ze vergiessen.

Eisen éierleche Merci un all déi, deene mir eis Fräiheet verdanken, soll dëst Joer besonnesch zum Ausdrock kommen. Dobäi wëlle mer de Bléck op déi Lëtzebuerger riichten, déi an enger alliéierter Uniform un der militärescher Liberatioun bedeelegt waren, mee och un all déi, déi an der "Armée des ombres" am Maquis mat enger Waff an der Hand hire Mann gestallt hunn denken.

Datt mir elo 65 Joer Fridden a Fräiheet genéissen hu mir hinnen ze verdanken. Datt si als jonk Kärelen de Courage haten, hiert Liewen ze riskéieren, soll bei dëser Geleeënheet besonnesch eise jonke Leit virun Ae gefouert ginn. Si hunn d’Fëllementer fir Europa geluecht an deem mir haut esou gutt liewen. Dat däerfe mer net vergiessen.

(communiqué par le ministère d'État)

Dernière mise à jour