Proclamation du gouvernement à l'occasion de la Journée de la commémoration nationale

Un des éléments constituant une nation est l’histoire commune acceptée comme telle par la population. Cette mémoire collective d’une nation a besoin de dates symboliques qui lui permettent de se remémorer les moments forts de son histoire pour les transmettre aux nouvelles générations.

Le fait pour un événement d'être constitutif de la mémoire collective n'est pas le fruit du hasard, mais résulte d’une volonté politique. Comme la Deuxième Guerre mondiale avec son lot de victimes et de souffrances pour notre pays constitue une période exceptionnelle dans notre histoire d’après 1815, il est évident que tous, nous en chérissons le souvenir.

Voilà la raison pour laquelle le gouvernement invite une nouvelle fois la population à se souvenir des victimes de la Deuxième Guerre mondiale. La Journée de la Commémoration nationale que nous célébrons depuis 1946 continuera d’avoir sa place dans la Mémoire collective du peuple luxembourgeois. Elle est appelée à contrecarrer une attitude très humaine: l’oubli.

Nous avons fêté, il y a quelques semaines, le 65e anniversaire de la libération du Grand-Duché par les troupes alliées. Nos concitoyens qui ont vécu ces jours de joie sont de moins en moins nombreux. Ainsi, nous risquons de perdre cette partie de notre mémoire collective qui peut, en se basant sur un vécu direct, transmettre le mieux aux jeunes les expériences et les souffrances de la population luxembourgeoise pendant la guerre.

Il faut éviter cela. C’est pourquoi, il importe de se souvenir de toutes les victimes de la guerre. Par ailleurs, et à côté des diverses cérémonies commémoratives et de la Journée de la Commémoration nationale, il convient de thématiser cette période au niveau de l’enseignement et de tirer, ensemble avec les jeunes, les leçons de notre histoire. Dans une période où le manque de civisme est de plus en plus déploré, le courage dont beaucoup de Luxembourgeois ont fait preuve pendant la Deuxième Guerre mondiale doit montrer l’exemple pour préparer une jeunesse critique et engagée à affronter son avenir.

Souvenons-nous dès lors en ce jour des Luxembourgeois dont le comportement durant une époque très difficile a contribué à maintenir les valeurs morales et humaines sur lesquelles se fonde notre société : liberté, respect et tolérance.

Les membres du gouvernement

Jean-Claude Juncker, Jean Asselborn, Marie-Josée Jacobs, Mady Delvaux-Stehres, Luc Frieden, François Biltgen, Jeannot Krecké, Mars Di Bartolomeo, Jean-Marie Halsdorf, Claude Wiseler, Nicolas Schmit, Octavie Modert, Marco Schank, Françoise Hetto-Gaasch, Romain Schneider

Haut de page

Proklamatioun vun der Regierung

E vun den Elementer déi eng Natioun begrënnen, ass eng gemeinsam Geschicht, déi och als dat vun der Populatioun acceptéiert gëtt. Dës Mémoire collective vun enger Natioun brauch symbolesch Datumen un deene si déi staark Momenter vun hirer Geschicht kann an Erënnerung ruffe fir se un déi jonk Generatioune weider ze ginn.

Dat wat an der Mémoire collective gespeichert ass, ass meeschtens nët dem Zoufall iwwerlooss, mais d’Resultat vum politesche Wëllen. Well den Zweete Weltkrich an déi héich Zuel vun Affer zu Lëtzebuerg an eiser Geschicht zënter 1815 eng aussergewéinlech Period sinn, ass et selbstverständlech datt mer all d’Erënnerung dorunner héich halen.

Dofir rifft d’Regierung och dëst Joer d’Populatioun nees op, op dësem Dag un d’Affer vum Zweete Weltkrich ze denken. Zënter 1946 huet all Regierung dat gemat an et wäert och an denen nächste Joren esou sinn. Matt deem Opruff soll enger ganz mënschlecher Haltung, nämlech dem Vergiessen entgéint gewierkt ginn.

65 Joer si vergaang zënter de Grand-Duché vun alliéierten Truppe befreit gouf. D’Zuel vun eise Matbierger, déi sech nach un deen Dag vu Freed kënnen erënnere gëtt all Joer méi kleng. Domadder ass d’Gefor ginn, datt mir een Deel vun eiser Mémoire collective, deen Deel, deen aus eegener Erfahrung am iwwerzeegensten deene jonke Generatioune ka vermëttele, wat deemols geschitt ass a wéi am Krich vun de Lëtzebuerger gelidde gouf, no an no verléieren.

Dat dierf nët sinn. An dofir ass a bleift et wichteg, datt weiderhin un all Affer vum Zweete Weltkrich geduecht soll ginn. Niewt deene jährleche Gedenkfeieren a dem Dag vun der nationaler Commémoratioun, ass et genausou wichteg an eise Schoulen d’Léieren aus der Vergaangenheet ze zéien. An enger Zäit, an där de Mangel un Zivismus ëmmer méi beklot gëtt, soll d’Beispill vu Courage, dee vill Lëtzebuerger am Zweete Weltkrich bewisen hunn, e Wee weisen, deen eng kritesch an engagéiert Jugend op hier Zukunft ka virbereeden.

Dofir loost mer op dësem Dag deene Lëtzebuerger gedenken, deenen hiert Verhalen an enger schwéierer Zäit d’Weiderbestoe vun de moraleschen an humane Werter erméiglecht huet, op deenen eist Zesummeliewen opgebaut ass: Fräiheet, Respekt an Toleranz.

D’Membere vun der Regierung

Jean-Claude Juncker, Jean Asselborn, Marie-Josée Jacobs, Mady Delvaux-Stehres, Luc Frieden, François Biltgen, Jeannot Krecké, Mars Di Bartolomeo, Jean-Marie Halsdorf, Claude Wiseler, Nicolas Schmit, Octavie Modert, Marco Schank, Françoise Hetto-Gaasch, Romain Schneider

(communiqué par le ministère d'État)

Dernière mise à jour