En 1945 les victimes des atrocités nazies étaient partagées entre colère, désarroi et deuil d’une part, délivrance et espoir d’autre part. Ceci fut également le cas au Grand-Duché de Luxembourg qui sortit de cette épreuve durement marqué par quatre ans d’occupation nazie et les retombées de la guerre. Face à la douleur provoquée par les pertes humaines et l’ampleur des destructions matérielles, la population occupa toutes ses forces et toutes ses ressources à la reconstruction du pays et au relèvement moral des victimes dans un effort de solidarité sans précédent.
En cette même année, la communauté internationale voulut mettre un verrou à de nouveaux conflits mondiaux et créa l’Organisation des Nations Unies. Même si l'objectif d'une disparition totale de conflits armés n’a pas pu être atteint, l’ONU s’est instituée en garante de paix pour la plus grande partie du monde.
Aujourd’hui, 65 ans après, le Gouvernement luxembourgeois s’engage comme ses prédécesseurs à cultiver la mémoire collective, en se remémorant avec gratitude les sacrifices des générations marquées par la guerre.
Chaque année, autour de la date du 10 octobre, le Gouvernement organise la Journée de la Commémoration nationale. Le pays se souvient entre autres de l’opposition manifestée par la grande majorité des Luxembourgeois contre la tentative de germanisation de l’occupant à travers le slogan « 3x Lëtzebuerg » dans le cadre du recensement populaire, la « Personenstandsaufnahme» du 10 octobre 1941.
A l’heure où les témoins directs de ces événements douloureux disparaissent, le Gouvernement encourage plus que jamais les initiatives éducatives et pédagogiques qui cherchent à inciter les jeunes à devenir porteurs d’histoire et de mémoire. C’est aussi l’occasion de jeter un regard critique sur la société actuelle, devenue plus individualiste, mais où chaque citoyen devrait se sentir sollicité pour être aux côtés des plus faibles, et cela dans l’esprit de solidarité qui fut celui des générations de guerre.
En cette journée de recueillement, chaque membre de la communauté luxembourgeoise devrait par ailleurs s’engager à rester vigilant à l’égard de toute forme de recrudescence de discriminations et d’extrémismes, afin de protéger les valeurs fondatrices de notre démocratie.
Dans le respect du legs des générations sacrifiées, le Gouvernement invite les citoyens à joindre leurs efforts et à travailler contre l’oubli et l’indifférence, pour transmettre la flamme du souvenir aux enfants, tout en les guidant vers une meilleure compréhension du monde contemporain.
Luxembourg, le 1er octobre 2010
Les membres du Gouvernement
Jean-Claude JUNCKER, Jean ASSELBORN, Marie-Josée JACOBS, Mady DELVAUX-STEHRES, Luc FRIEDEN, François BILTGEN, Jeannot KRECKE, Mars DI BARTOLOMEO, Jean-Marie HALSDORF, Claude WISELER, Nicolas SCHMIT, Octavie MODERT, Marco SCHANK, Françoise HETTO-GAASCH, Romain SCHNEIDER
Nationale Kommemoratiounsdag: Proklamatioun vun der Regierung
1945 waren d'Affer vun de schrecklechen Nazi-Doten hin an hier gerappt tëschent Roserei, Betraffenheet an Trauer engersäits an Erliichterung an Hoffnung anerersäits. Dat war och de Fall hei zu Lëtzebuerg wat och haart gepréift gi war duerch 4 Joer Nazi-Okkupatioun an d'Auswierkunge vum Krich. Confrontéiert mam Leed dat déi mënschlech Affer an d'materiell Zerstéierung ervirgeruff hunn, huet d'Bevëlkerung an engem formidablen Akt vu Solidaritéit all hir Kraaft an all hir Méiglechkeeten agesat fir d'Land erëm opzebauen a fir den Affer hir moralesch Ënnerstëtzung ze ginn.
Datselwecht Joer wollt déi international Communautéit neie weltwäite Konflikter zevirkommen an huet d'Organisatioun vun de Vereente Natiounen an d'Liewe geruff. Och wann dat ugestriewtent Zil, arméiert Konflikter definitiv verschwannen ze dinn, net ganz erreecht konnt ginn, sou hunn d'Vereente Natioune sech dach als Garant vum Fridden a groussen Deeler vun der Welt etabléiert.
Haut, 65 Joer duerno, engagéiert sech d'Lëtzebuerger Regierung – grad wéi hir Virgänger – fir d’kollektivt Gediechtnes ze erhalen andeem se mat Dankbarkeet un d'Affer vun de Krichsgeneratiounen erënnert.
All Joer, ëm den 10. Oktober, organiséiert d'Regierung den Dag vun der nationaler Kommemoratioun. D'Land erënnert sech ënner anerem dorunner wéi déi grouss Majoritéit vun de Lëtzebuerger beim Referendum – der "Personenstandsaufnahme" vum 10. Oktober 1941 – mam Slogan "3x Lëtzebuerg" sech dem Versuch vun der Germaniséierung entgéint gesat hunn.
An engem Moment wou et ëmmer manner Aenzeie vun dëse schmäerzlechen Evenementer gëtt, ënnerstëtzt d'Regierung méi wéi jee all erzéieresch Initiativ fir d'Geschicht an d'Erënnerung méi no un déi Jonk erunzebréngen. Et ass och d'Geleeënheet fir e kritesche Bléck op d'Gesellschaft vun haut ze riichten, eng Gesellschaft déi méi individualistesch ginn ass, mee wou all Bierger sech misst ugesprach fillen un der Säit vun deene Schwaachen ze stoen an dat am selwechte Geescht vu Solidaritéit deen och d'Krichsgeneratiounen ugedriwwen huet.
Op dësem Dag vu Besënnung misst all Member vun der Lëtzebuerger Communautéit sech engagéiere géintiwwer all Form vun Diskriminatioun an Extremismus opmierksam ze bleiwen an esou d'Grondwäerter vun eiser Demokratie ze protegéieren.
Am Respekt vun der Ierfschaft déi Krichsgeneratiounen hannerlooss hunn, rifft d'Regierung d'Bierger op zesummen anzetriede géint d'Vergiessen an d'Indifferenz an esou d'Flam vun der Erënnerung un d'Kanner virunzeginn an hinnen domat e bessert Verständnes vun der heiteger Welt ze erméiglechen.
Lëtzebuerg, den 1. Oktober 2010
D’Membere vun der Regierung
Jean-Claude JUNCKER, Jean ASSELBORN, Marie-Josée JACOBS, Mady DELVAUX-STEHRES, Luc FRIEDEN, François BILTGEN, Jeannot KRECKE, Mars DI BARTOLOMEO, Jean-Marie HALSDORF, Claude WISELER, Nicolas SCHMIT, Octavie MODERT, Marco SCHANK, Françoise HETTO-GAASCH, Romain SCHNEIDER