Allocution du Premier ministre Jean-Claude Juncker à l'occasion de la fête nationale 2011

Dir Dammen an Dir Hären,
Gudden Owend,

Den Nationalfeierdag fällt all Joer op deeselwechten Dag mee e fällt all Joer an eng aner Zäit. Déi Zäit déi en dëst Joer ëmgëtt ass méi onsécher, jo méi geféierlech wéi am leschte Juni.

An Europa huet d'Kris ronderëm Griechenland sech radikal zougespëtzt. Wa mer a gemeinsamer Ustrengung mat eise Partner et net fäerdeg bréngen hirer Här ze ginn, da geet Griechenland ee schwéiere Wee. Wa mer am Ëmgank mat der Griechenlandkris Feeler maachen, da spréngt se op aner Euro-Länner iwwer an da werft se Stéck fir Stéck déi ganz Eurozon op d'Kopp. Eis Erfahrung mat dem belsch-lëtzebuerger Frang huet eis geléiert wat et heescht vun engem anere Land a vun deem sengen Entscheedungen ofhängeg ze sinn ouni op si kënnen Afloss ze huelen. An der belsch-lëtzebuerger Währungsassociatioun si mer eis Meenung net gefrot ginn, an der europäescher Währungsunioun musse mer mat decidéieren. Sécher: et ass besser eppes ze soen ze hu wéi nëmmen nokucken ze mussen. Mee wann ee mat ze decidéieren huet, dann dréit een och Matverantwortung fir dat Ganzt. Et ass dat eng enorm Responsabilitéit an déi déi an der éischter Linn stinn déi spiere se och. Et geet net nëmmen ëm Griechenland, et geet och ëmt eis Land.

Virun engem Joer huet keen iwwer Tunesien, Libyen, Syrien oder de Jemen geschwat. Haut drécken d'Noorichten aus Nordafrika all aner Nouvellen op d'Säit. Krich, Mord, Folter a Verdreiwung werfen ee grousse Schied op déi aner Säit vum Mëttelmier dat och eist Mier ass. Kee weess wéini a wéi déi Konflikter virun eiser Hausdier op een Enn kommen, mee mir spieren alleguer datt hir Folgen eis beréiere wäerten.

Krich an Nordafrika, Krich an zesummegeholl fofzeg Länner: esou gekuckt liewen d'Europäer an och mir Lëtzebuerger op der Sonnesäit vum Planéit. Mir Lëtzebuerger vergiessen dat dacks an dofir streide mer, niewt dem noutwennege Sträit iwwer déi grouss Froe vun der Natioun, iwwer Klengegkeeten, an och heiandsdo iwwer Dommheeten. Anstatt eis mat anere Länner an der Situatioun vun de Mënschen do ze vergläichen, vergläiche mer eis ënnereneen a ginn heiandsdo a béisen Näidgefiller ënner déi mer esou net kannt hu wéi et eis manner gutt gaang ass. Anstatt eis ëm déi ze bekëmmeren deenen et schlecht geet – an där Leit gëtt et hei zu Lëtzebuerg – streiden déi mateneen déi eigentlech genuch hunn. Et wier gutt wa mer manner neideg ënnereneen a méi solidaresch matenee wieren. Et stinn eis grouss Verännerunge bevir, net nëmme mee och an der Energiepolitik. Fir d'Zukunft ze packe musse mer eis Kräfte sammelen a méi kompakt zesummestoen. Debatten an Diskussioune musse sinn – si ginn der Demokratie dee richtegen Tempo. Blannen Egoismus, och radikale Gruppenegoismus däerfen net sinn, si ginn der Demokratie eng falsch Orientéierung.

Bei eisem Wee no vir wësse mer datt eis Suergen an Dreem vun Deem matgedroe ginn Deen un der Spëtzt vun eisem Land steet. De Grand-Duc, Deem Säi Gebuertsdag mer op Nationalfeierdag offiziell feieren, bekëmmert Sech heiheem an am Ausland ëm d'lëtzebuerger Saach. Hie mécht dat mat groussem Asaz, E stäipt sech dobäi op Säi grousst Wëssen an op dat nobelt Wiesen dat Seng Famill vun ëmmer hir auszeechent. D'Grande-Duchesse an den Ierfgroussherzog hëllefen Him a sengem Engagement. Si alleguer huele sech dobäi um Grand-Duc Jean, Deen dëst Joer Säi 90. Gebuertsdag gefeiert huet, ee Beispill. Mir wëllen Him op eisem Nationalfeierdag mat groussem Respekt all Guddes wënschen.

A ceux qui vivent chez nous et qui viennent de loin je voudrais dire que leur présence nous enrichit et rend notre communauté plus complète. Que ceux qui me regardent et m'écoutent au-delà de nos frontières sachent que nous partageons avec eux le même destin et les mêmes ambitions. Nos intérêts respectifs et nos volontés communes forment une intersection que les rares malentendus ne sauraient défaire.

Iech alleguer wënschen ech ee schéinen Nationalfeierdag.

Vive de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse!
Vive eis groussherzoglech Famill!
Vive eist Land!

Dernière mise à jour