Déclaration sur le programme gouvernemental 2009 (version originale luxembourgeoise)

- seul le discours prononcé fait foi -

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

No de Wahlen ass virun de Wahlen.

Les élections du 7 juin 2009

De 7. Juni – dem Dag vun de Wahlen – huet d’wirtschaftlech, d’finanziell an d’sozial Lag vum Land sech net verännert. Mir wousste virun de Wahlen, datt mer schwéieren Zäiten entgéint géife goen a mir hunn et och gesot, déi eng méi haart a mat Nodrock, déi aner méi lues a mat Schalldämpfer. D’Leit, déi wiele gaange sinn, wosste wat Saach wier, a si hunn de 7. Juni fir kloer Verhältnisser gesuergt. D’CSV an d’LSAP zesummen hunn am Süden 63,78 Prozent vun de Stëmme kritt, am Osten 57,76 Prozent, am Norden 57 Prozent an am Zentrum 56,43 Prozent. Domat verfügen déi al an déi nei Koalitiounspartner iwwert eng däitlech Zoustëmmung am Land an an deene véier Wahlbezierker. De Wieler hat keng Loscht op Wiessel an dofir ass et och net zum Wiessel komm. De Wieler huet op Kontinuitéit gesat an dofir regéieren CSV an LSAP fënnef Joer zesumme weider.

Si regéiere fënnef Joer laang weider, mä si regéieren net einfach esou weider wéi bis elo. D’Situatioun vun haut erfuerdert ee méi energescht, ee méi nohaltegt an ee méi couragéiert Regéieren. D’Leit verlaange vun der Politik – vun der Regierung a vun der Oppositioun – maximalen Asaz.

Mir hunn déi lescht fënnef Joer gutt regéiert an hunn dofir de 7. Juni d’Vertraue kritt. Mir mussen déi nächst Joren nach besser regéieren, fir datt d’Land d’Vertrauen a sech selwer behält. Ech hätt d’Kollege Boden, Lux a Schiltz gären am Regierungsbot behalen, fir mat hinnen an d’Zukunft ze fueren. De Fernand Boden scheed no 30 aarbechtsintensive Joren aus der Regierung aus. En huet villes an deenen diversen Departementer, déi em uvertraut goufen, erreecht. Mir mussen äis lues a lues dru gewinnen, datt hien net méi Minister ass. Wann Dir an Zukunft eng Foto vun der Regierung gesitt, wou hien net drop ass, dann ënnerleit Dir kenger optescher Täuschung, mä Dir gesitt dat fotograféiert Resultat vu sengem Entschloss, neien a méi jonke Kräfte Plaz ze maachen. De Fernand Boden huet sech ëm eist Land verdéngt gemaach an hie steiert elo op ee méi rouegen Deel vu sengem Liewen zou, entouréiert vum Respekt a vun der Frëndschaft vu senge Kollegen a Frënn. De Jean-Louis Schiltz an de Lucien Lux leeën eng Paus an der Regierung an an iwwerhuelen eng parlamentaresch Funktioun, déi a mengen Ae genau esou wichteg, schwiereg an aflossräich ass wéi déi vun engem Minister. Ech hunn hinnen – grad wéi dem Fernand Boden – Merci ze soe fir hir Solidaritéit, un där et ni gefeelt huet, a fir hir Komplizitéit, déi besonnesch a quokelege Momenter d’Regéieren erliichtert huet. De Michel Wolter an de Ben Fayot, hir direkt Virgänger, wende sech neien Aufgaben zou. Dem Michel Wolter säi kritescht Hannerfroe vun der Regierungspolitik wäert ech net vermëssen, well hie wäert an hie muss och an Zukunft domat virufueren. Dem Ben Fayot seng Sagesse, déi sech op eng grouss Liewenserfahrung an e breet multidimensionaalt Wësse stäipt, bleift äis erhalen. Ech schätze säi Sënn fir Nuancen a seng Fakultéit fir klug a besuergt Decisiounen ofzeweien, Fakultéit, déi de Stoff ergëtt, aus deem eraus e seng Rotschléi formuléiert. Dës Rotschléi wëll ech – wëlle mir – och weiderhin héieren. Dem Lucien Weiler wollt ech meng Unerkennung soe fir déi Aarbecht, déi en un der Spëtzt vun der Chamber geleescht huet. Hien huet d’Presidéieren an d’Decidéieren an enger Intersektioun zesummegefouert, déi d’Parlament gestäerkt huet. Dat, wat e weess, an dat, wat e kann, stellt en äis virun zur Verfügung an dat ass gutt esou.

Et ass mer awer och en Uleies haut an hei enger Fra meng Bewonnerung a mäin zolidde Respekt ze soen, déi der aktiver Politik Äddi gesot huet: ech schwätze vum Colette Flesch. D’Colette Flesch huet an hire sukzessive Funktiounen d’politesch Landschaft vu Lëtzebuerg geprägt wéi kaum en aneren. Hiren Aarbechtsäifer, hir Dossierkenntnis, hire politesche Courage hunn ech als Staatssekretär an der leschter Regierung Werner als beispillhaft a wegweisend fir e jonke Politiker emfonnt. Hire fräie Geescht, hiren Asaz fir d’ëffentlech Fräiheeten an hiren intresséierte Bléck op d’Leit an op d’Saache loosse mech soen: quel itinéraire, quelle grande dame.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

La crise économique et financière

Déi Finanz- a Wirtschaftskris an där d’Welt, Europa a Lëtzebuerg stiechen, déi huet Konsequenzen iwwert dat Wirtschaftlecht a Finanziellt eraus.

Hir multipel Ursaachen an déi verspéite Beschäftegung mat hinne leeën d’Aaxt un d’Vertrauen, dat d’Mënschen an eise Wirtschafts- a Sozialmodell hunn, lähmen den Zukunftsgeescht a bremsen d’Zukunftsloscht.

Laang, ze laang hu mer äis op d’Kräfte vum Maart verlooss. Laang, ze laang sinn der vill vun äis enger kaum kontestéierter „pensée unique“ opgesiess, déi de Staat als Problem gemengt hat z’identifizéieren an déi am Zréckschrauwe vu sengem Afloss d’Fëllement vun enger regelrechter Heilsphilosophie gesinn hunn.

Ech hunn et dacks heibanne gesot: de Maart eleng produzéiert keng Solidaritéit. D’Solidaritéit entsteet aus dem Mix vu Maarteffizienz a vun zilorientéiertem staatlechem Organisatiouns- an Ëmverdeelungszougrëff. Haut bestreit bal kee méi d’Richtegkeet vum Saz, dee seet, datt de Maart villes méiglech mécht, awer och villes ka futti maachen.

Déi aktuell Kris – déi schlëmmsten, déi mer zënter 1929 erlieft hunn – laut en Epochewiessel an. De Stëbs, deen déi global Kriseschockwell opgejot huet, deen ass amgaang sech lues a lues op d’Wirtschafts- a Finanzlandschaft ze leeën a riskéiert alles zouzedecken, wat mer net wollten a wat der vill nach net wëlle gesinn. Mä fir d’Regierung bleift et derbäi: d’Finanzplazen, d’Finanzakteuren an d’Finanzprodukter musse weltwäit besser a méi streng kontrolléiert ginn. An d’Wirtschaft – a virun allem d’Finanzwirtschaft – muss sech erëm resolut an den Déngscht vun de Mënsche stellen. Si ass kee Selbstzweck.

Zu Lëtzebuerg kréie mer den Impakt vun der Kris voll ze spieren. A kee ka soen, wéi laang mer nach mat der Kris a mat hire Konsequenze musse liewen. Mir hunn hei zu Lëtzebuerg an de Joren 2008 an 2009 zesumme bal 6 Prozent vun eiser Wirtschaftskraaft verluer. Am Joer 2010 – esou gëtt äis virausgesot – wuesse mer e bëssen a vum Joer 2012 u kréie mer erëm méi Muskelen, mä net Muskele genuch fir kënne Beem auszeräissen. Genau Prognose fir déi nächst fënnef Joer kann ee keng maachen. D’Konsensprognos ass, datt ee keng Prognosen iwwert d’Joer 2010 eraus ka maachen, well d’Evolutioun vun der Weltwirtschaft, vum Welthandel a vun der Euro-Economie ze onsécher ass. Wetten op den Niveau vum Uelegpräis an op de Wiesselcours tëschent Euro an Dollar schléissen nach just déi ganz Kéng of.

Eppes awer steet historesch fest: déi Wirtschaftskrisen, déi vun enger Finanzkris provozéiert ginn, dauere wiesentlech méi laang wéi déi klassesch Wirtschaftskrisen. Derbäi kënnt, datt mer et eigentlech net mat enger klassescher Wirtschaftskris ze dinn hunn, well nach ni virdrun huet esou en totale Konjunkturzesummebroch all Deeler vun der Welt am selwechten Ament getraff.

D’Politik generell an d’Politik vun engem klenge Land wéi Lëtzebuerg steet domat viru Problemer, fir deenen hir Léisungen et kee Präzedenzfall a keng empiresch iwwerpréifbar Modeller gëtt. An enger Situatioun, wou een net genuch weess fir ouni iwwerdriwwene Risiko eng Kéier ze huelen, aus Angscht an déi falsch Richtung ze fueren, muss een duebel Virsiicht beim Plangen a beim Realiséieren uwenden.

La politique budgétaire

Dat gëllt grad a besonnesch an der Budgets- a Finanzpolitik.

Ech hat virun de Wahlen ni en Zweifel dru gelooss, datt mer 2009 an 2010 ee gehéierege Budgetsdefizit géife kréien, an datt eis Staatsschold géif staark an d’Luut goen. ‘t gesäit esou aus, datt dat esou wäert kommen. Mä eis Finanzexperte mengen – an Dir fannt hir Aschätzung als Bäilag zum Koalitiounsaccord –, datt et trotz usetzendem Wuesstëm vun 2011 un nach kéint schlëmmer kommen. Si schléissen net aus, datt mer bis 2014 insgesamt bis zu 12 Milliarden Euro nei Scholde missten ophuelen. D’Konsequenz vun deem wär, datt d’Schold vum Gesamtstaat op bal 40 Prozent vum PIB géing eropgoen an datt d’Zënslaascht, déi de Budget vum Zentralstaat misst droen, vu 14 Milliounen Euro haut op 427 Milliounen Euro am Joer 2014 géif klammen. An anere Wierder: haut bezuele mer 0,04 Prozent vum eisem PIB op eis Schold zréck, am Joer 2014 misste mer bal 1 Prozent vun eisem PIB op eis Schold zréckbezuelen. An nach anere Wierder: d’Zënslaascht géif äis vun 2014 un all Joer d’Budgetsmargen, déi et géifen erlaben, nei Politiken ze finanzéieren, zerfriessen. Ob deen Szenario stëmmt – an deen Szenario ass national an international gecheckt ginn –, kann ech Iech net soen. All déi, déi mer ëm Rot gefrot hunn, kënnen dat och net.

Mä och wann et net esou schlëmm géing kommen, och wann d’Situatioun sech éischter wéi geduecht géif redresséieren: déi Joren, déi kommen, ginn extrem schwiereg. Kee soll sech doriwwer Illusioune maachen.

D’Regierung ass fest decidéiert, d’Gesamtstaatsfinanzen à terme z’equilibréieren an de Marsch an d’onkontrolléiert Staatsverschëldung mat Zäit ze stoppen. Mir däerfen där nächster Generatioun keng Chargen operleeën, déi se net packe kann. Mir däerfe keng Generatioun vu Scholdemécher ginn, déi Jonk däerfe keng „génération remboursante“ ginn.

An der Kris däerf ee keng Feeler maachen. Et wier en absolute Feeler, an dësem an am nächste Joer e radikale budgetäre Spuerkurs ze fueren. De Konjunkturpak, dee mer geschnürt hunn, gëtt net lassgewéckelt a méi liicht gemaach. E gëtt applizéiert. Seng Verklengerung géif déi wakkeleg Konjunktur ëmgeheien. Dat wëlle mer net an dat däerfe mer net. Wéinst de Betriber net. Wéinst de Leit, déi schaffen, net. Trotz Steierrecetten, déi abriechen, bleift et derbäi, datt mer, wéi ofgemaach a wéi versprach, déi sougenannten automatesch Stabilisateure bis an d’Joer 2011 era wäerte spille loossen. Notamment d’Ausgabe vum Beschäftegungsfong, do wou se déi sozial Folge vum Chômage finanzéieren, ginn net no ënne revidéiert. Et ass richteg an der Kris net all Steierverloscht duerch gläich héich Ausgabekierzungen ze kompenséieren. Dat ass, wat een antizyklesch Finanz- a Konjunkturpolitik nennt, antizyklesch Politik, op déi mer äis an der Eurozone verstännegt hunn. Mä et wier falsch, den net krisebedéngten Deel vum Budget 2009 ouni Ofstrécher an d’Joer 2010 weiderzeschreiwen. Schonn am Budget fir d’Joer 2010 muss all Aspuerungspotenzial genotzt ginn, dat et gëtt. D’Konsumverhale vum Staat gëtt ofgesenkt. Logescherweis kann et zu kenger Steiererliichterung kommen. Et kënnt och net zu Steiererhéijungen, well si wiere Gëft fir d’Konjunktur.

Um Enn vum Joer 2010 gesi mer déi wirtschaftlech Lag méi kloer. Mä och wann de Konjunkturhimmel sech bis dohinner sollt opgehellt hunn, muss et jiddwerengem kloer sinn, datt seriös gespuert muss ginn. Sou mussen d’Investissementer, déi och 2010 – aus Konjunkturgrënn – nach eng Kéier klammen, musse vun 2011 un an eng Progressiounslogik agewise ginn, déi däitlech ënner där vun de leschte Jore läit. D’Gesamtausgabe vum Staat mussen am Rhythmus vum mëttelfristege Wirtschaftswuesstëm wuessen. De Moment wuesse se nach méi séier. Dës Tendenz muss gestoppt ginn. Iwwert eng méi selektiv Ausriichtung vun de Sozialausgabe muss mat de Sozialpartner diskutéiert ginn, am Kader an am Geescht vum Lëtzebuerger Modell, op deen d’Regierung grousse Wäert leet.

Alles an allem: wéinst der Verengung vun de Staatsfinanze wäerten an der éischter Halschecht vun der Legislaturperiod keng Decisioune getraff ginn, déi substanziell Ausgabesteigerungen no sech zéie géifen. All nei Politiken, esou wäit se Geld kaschten – also och d’Gehälterreform am ëffentlechen Déngscht an d’Gratisbetreiung vun de Kanner zum Beispill –, sti prinzipiell ënner Finanzéierungsvirbehalt. All aner Approche wier compte tenu vun der Situatioun vun de Staatsfinanzen iwwert all Moossen irresponsabel.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Déi Kris, mat där mer äis erëmschloen, werft äis selbstverständlech zréck. Mä si däerf a si wäert äis net ëmwerfen. Am Géigendeel: mer mussen elo d’Viraussetzunge schafe fir an e puer Joer méi staark do ze stoen. Et ass elo net d’Zäit vun den Defaitisten, et ass net d’Zäit vun deenen, déi schonn opginn ier se mol ugefaang hunn, et ass net d’Zäit vun deenen, déi mueres schonn d’Flemm hunn ier se opstinn. Dat hei ass d’Zäit vun deenen, déi sech net geschloe ginn, vun deenen, déi hir beschten Energien ze mobiliséiere verstinn, vun deenen, déi sech eppes an der Zukunft zoutrauen, well se an der Vergaangenheet scho villes fäerdeg bruecht hunn. Dat hei ass d’Zäit vun der couragéierter an iwwerluechter nohalteger Entwécklung an alle Liewensberäicher.

Ech kann Iech am Kader vun dëser kuerzer Regierungserklärung net alles an net alles am Detail erläuteren, wat d’Regierung bis 2014 an Ugrëff wëll huelen. Villes vun deem, wat geschéie soll, steet am Koalitiounsofkommes, dat ech de Fraktiounen e Méindeg zougestallt hunn. De Regierungsprogramm setzt sech aus deem Ofkommes an aus menger Ried vun haut zesummen. Se mussen dofir och zesumme gelies an zesummen appreciéiert ginn.

Ech kann haut nëmmen eng Rei vun Zukunftschantiere kuerz sträifen an e bësse beliichten.

L'évolution de la compétitivité

Et gëtt keng nohalteg Entwécklung ouni eng Wirtschaft, déi nohalteg wiisst. An eng Wirtschaft kann nëmmen dann nohalteg wuessen, wa se kompetitiv ass a wa se kompetitiv bleift. Fir d’Entwécklung vun eiser Wettbewerbsfähegkeet richteg kënnen anzeschätzen, musse mer se am nationalen an am internationale Kontext moosse kënnen, musse mer äis objektiv Moossinstrumenter a Kritären an d’Hand ginn. Dofir novelléiere mer déi Wirtschaftsindikateuren, déi am groussherzogleche Reglement vum 4. August 1985 opgelëscht sinn, a féiere se an engem Kompetitivitéits-Tableau de bord zesummen. D’Lounindexéierung geschitt ab sofort no den Haaptregele vum Index-Gesetz, deem Gesetz, deem seng Ausféierungsbestëmmungen wéi gesot der Realitéit vun haut ugepasst ginn.

Wee Kompetitivitéit seet, seet och Betribsbesteierungslandschaft. Mir mussen eis Plaz am OECD-Besteierungsratingtableau verbesseren. D’Regierung hält prinzipiell um Zil fest, d’Betribsbesteierung op 25,50 Prozent ofzesenken. Mir maachen dat am Rhythmus, deen d’budgetär an d’finanziell Spillraim äis erlaben. Mir musse wëssen: déi international Investisseuren decidéieren haut, wou se mar no der Reprise investéieren. Déi Länner, déi perspektivesch steierlech kompetitiv sinn, kréie bei hiren Decisiounen den éischte Präis. Also musse mer äis bewegen.

Fir e bessere Begrëff an e bessert Verständnis vun der Nohaltegkeet ze kréien, féiere mer niewent dem klassesche PIB e PIB vum Bien-être an, deen och eng Serie vu qualitativen Daten oplëscht, déi net nëmme reng wirtschaftlecher Natur sinn. De PIB pro Kapp vun Awunner seet Villes. De qualitativ méi breet opgestallte PIB du bien-être seet méi.

De Konjunkturpak, deem seng Duerchféierung besonnesch fir eis mëttelstänneg Betriber vu grousser Wichtegkeet ass, gëtt onverännert zur Applicatioun bruecht. D’ëffentlech Investissementer klammen dëst an d’nächst Joer substantiell, fir dann an der zweeter Halschecht vun der Legislaturperiod méi lues ze wuessen. Si bleiwen iwwert d’ganz Period awer mat iwwert 4 Prozent vum Bruttoinlandprodukt déi héchsten an der Eurozone.

Nohaltegt Wuesse geet net ouni nohaltegt Sichen. Dofir wäerte mer an dëser Legislaturperiod eis Fuerschungsausgaben op dräi Prozent vum PIB eropsetzen. Den ëffentlechen Effort wäert sech op ee Prozent vum PIB belafen. D’Kooperatioun tëschent der Uni an de Fuerschungszentren esouwéi der Wirtschaft ass essentiel.

D’wirtschaftlech Prospektioun ass an engem Ament vu méi schwaacher Wirtschaftsleeschtung nach méi wichteg wéi an der Héichkonjunktur. Si wäert sech op d’Zukunftsfelder vun der Logistik, de Gesondheetstechnologien, de Bio- an Ecotechnologien, dem elektroneschen Handel an de Kommunikatiounstechnologië konzentréieren, ouni awer aner Opportunitéiten, déi sech kënne presentéieren, laanscht goen ze loossen.

D’Prospektioun kann net den Tour laanscht d’Finanzplaz maachen. D’Regierung wäert eng aktiv Politik zur Ënnerstëtzung vun der Finanzplaz maachen. Op mer et wëllen oder net: si bleift ee vun den Haaptpfeilere vun eiser nationaler Wirtschaft. Déi international Ausriichtung vun der Finanzplaz gëtt verstäerkt. Mir setzen op den Ausbau vun den internationale Patrimoinesgestiounsaktivitéiten an den Investissementsfongen. Mir wëllen d’Aktivitéite vun der Finanzplaz diversifizéieren, an deem mer méi geziilt op Mikrofinanz, op sozial responsabel Investissementer, op de Financement vun Ecotechnologien, op d’islamesch Finanzen an op philantropesch Finanzaktivitéite setzen. D’Diversificatioun vun der Finanzplaz huet och eng geografesch Dimensioun. Nieft deenen traditionelle Marchéen, wou mer präsent sinn, wäert d’Regierung dofir suergen, datt d’Finanzplaz an anere Regioune vun der Welt, notamment an Asien, an de Golfstaaten an an Amerika, zu enger méi bekannter Gréisst gëtt. Mir bauen d’Netz vun Duebelbesteierungsofkommes konsequent aus a suergen duerfir, datt d’Realitéit, d’Beschafenheet an déi professionell Performance vun eiser Finanzplaz besser an eisen Nopeschlänner an am Rescht vun der Welt bekannt gemaach ginn. Déi professionell Surveillance vun eiser Finanzplaz gëtt do verstäerkt wou s’eventuell Schwächte weist.

Le ministère du Développement durable et des Infrastructures

Mir kënnen äis net nohalteg entwéckelen, wa mer de Konflikt tëschent Economie, Infrastrukturausbau an Ëmwelt net geléist kréien. D’Matenee vu Wirtschaft, Infrastrukturen an Ëmwelt féiert heiansdo zu Konflikten, déi net d’Resultat vun absolute Géigesäz sinn. Ëmwelt an Economie stinn a kriteschem Dialog, mä net am Widdersproch mateneen. Den neie Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukture soll dat Mateneen esou organiséieren, datt déi Reiwungsverloschter, déi mer ëmmer erëm feststellen, an déi vill Suergen an Zäit kaschten, méi kleng ginn. Mir wëllen d’Kyotoziler erreechen, mat alle Mëttelen an och ouni Finanzéierungsvirbehalt, well d’Klimakris gëtt et och nach no der Wirtschaftskris. Mir leeën en Akzent op Energiespueren an op erneierbar Energien a ginn der Albausanéierung, där privater wéi där ëffentlecher, e kräftege Schubs. Albausanéierung erlaabt, en hausgemaachent klimapolitescht Weiderkommen a schaaft Aarbechtsplazen heiheem.

De Ministär vum Développement durable ass logescherweis och fir d’Landesplanung zoustänneg. Et mécht Sënn, Ëmwelt, Transport, Bauten an d’Landesplanung an eng Hand ze leeën, et ass logesch, datt de Wunnengsbauminister sech a sengem zweeten Haaptberuff mat ëm dës Beräicher këmmert, well déi hu mam Logement direkt ze dinn. Esou kritt een de funktionalen Dräistrahl Wunnen, Schaffen a sech Bewege besser un d’Liichten. D’Landesplanung ass per essence laangfristeg ugeluecht. Dofir musse mer elo mat der Virbereedung vun der Revisioun vum Programme directeur ufänken, deen 2017 soll kommen, zu deem Zäitpunkt also, wou d’Territorialreform soll realiséiert sinn. Dofir fiert d’Regierung mam Ëmsetze vum IVL virun. Dofir gëtt d’Gesetz vun 1999 iwwert d’Landesplanung iwwerkuckt, fir d’Applicatioun vun de Plans directeurs an de Buedemnotzungspläng méi séier a méi terrainkonform ze maachen. Dofir gëtt déi offiziell Prozedur, déi véier primär sektoriell Plans directeurs betreffend, direkt an Ugrëff geholl. Dofir gëtt der Iwwerleeung verstäerkt Rechnung gedroen, datt d’Landesplanung eng groussregional Dimensioun huet: mir halen un eiser Ambitioun fest, Lëtzebuerg zum kommerziellen Zenter vun der Groussregioun ze maachen, d’Groussregioun, déi eng ëmmer méi grouss Roll spillt, wat erkläert, datt mer aus der Politik fir d’Groussregioun eng voll an eegestänneg ministeriell Kompetenz gemaach hunn. De Minister, deen zoustänneg ass fir d’Groussregioun, ass an aller éischter Linn fir d’éischt emol Inneminister. D’Gemengenautonomie gëtt gestäerkt, ënner anerem duerch d’Ofschafe vum dueblen „Degré de contrôle“, wat eng Redefinitioun vun den Distriktskommissariater zur Folleg wäert hunn. D’Gemengelandschaft gëtt nei gezeechent, mir mengen eng Awunnerzuel vun 3 000 Leit géif d’kritesch Mass erginn, fir all Bierger am ländleche Raum e moderne Gemengeservice ubidden ze kënnen. Am städtesche Raum wäerten aner Critèren zielen, iwwert déi mer mat de Gemenge musse schwätzen. D’territorial Reform gëtt net géint d’Gemenge gemaach. Mä d’Gemenge gehéiere sech net selwer a sech net eleng. Si gehéieren de Leit, déi an hinne wunnen. Dofir ginn och si ëm hir Meenung gefrot. D’Fro, ob e Buergermeeschter weiderhi kann Deputéierte bleiwen, gëtt da geléist, wann d’Territorialreform steet. Et fannen och Verhandlungen iwwert d’Reform vun de Gemengefinanzen an hir Artikulatioun mat de Staatsfinanze statt. Well de Wunnengsbau en Deel vun der Landesplanung ass, gëtt de sektorielle Plang iwwert de Logement rapid fäerdeg gestallt an um Terrain ëmgesat. Wunnen a Mobilitéit ginn zesummen. Mir brauche Mobilitéitsketten, déi de Wee vun doheem op d’Aarbecht – oder an d’Schoul – effizient gestalten hëllefen, eng regelrecht Mobilitéitsstrategie, déi déi verschidden Transportmethoden Zuch, Auto, Bus, Tram – Tram, dee grad wéi d’Gares périphériques kënnt – a Velo intelligent anenee gräife léisst. Nach ëmmer peile mer e Modal Split 75/25 um Horizont 2020 un. D’Prioritéit bleift den ëffentlechen Transport, quitte datt mer äis et aus Käschtegrënn net méi kënne leeschten, eidel oder schwaach besate Busse fueren ze loossen. Si mussen à terme duerch e System vu Ruff-Busser ersat ginn. Par ailleurs musse mer déi grouss Entwécklungspolen, déi mer hunn, verkéierstechnesch matenee verbannen an d’Entwécklungsgebidder mat engem adäquate Stroossennetz versinn.

Et kann een net iwwert d’nohalteg Entwécklung schwätzen, ouni Referenz op d’Landwirtschaft ze maachen. E Land ass nëmme komplett, wa seng Landwirtschaft eng Iwwerliewenschance behält. Dofir setzt d’Regierung sech mat aller Kraaft fir d’Bäibehale vum europäesche Landwirtschaftsmodell an, deen de Fernand Boden während eiser Presidence 1997 an Europa duerchgesat huet. Dofir bekämpfe mer alleguerten déi Tendenzen an Europa, déi der Lëtzebuerger Landwirtschaft de Statut vun der benodeelegter Regioun ewechhuele wëllen. Dofir konzentréiere mer äis kuerzfristeg op d’Léisung vun de Problemer am Mëllechsecteur. Mir loossen d’Mëllechbaueren net eleng. Dofir favoriséiere mer eng spezifesch Tarificatioun vum Waasserpräis fir d’Bauerebetriber. Dofir gëtt de cibléierte Remembrement am Wäibau virugefouert. Dofir wäerte mer d’Jongwënzer ënnerstëtzen, wa se de Betrib iwwerhuelen. Dofir wäerte mer, am Beräich vum Bësch, de Remembrement forestier viruféieren, kleng Privatbëschparzellen zesummeleeën a ganzjähreg befuerbar Infrastrukture schafen. Dofir stelle mer e virtuelle Guichet unique fir d’Baueren op d’Been, dee si bei hirer administrativer Aarbecht entlaaschte soll. Fir de Mëttelstand insgesamt riichte mer e System vu Coaching op, deen déi kleng Patrone bei der Creatioun an dem Developpement vun hire Betriber soll beroden a begleeden, grad wéi mer derfir suerge wäerten, beim sektorielle Plang iwwert déi wirtschaftlech Aktivitéitszonen dem berechtegten Uleies vun de klengen a mëttleren Entreprisë Rechnung ze droen. D’Zouloossungsbestëmmungen zu Beruffer am Handel an am Handwierk ginn der Zäit ugepasst. Mir wäerten dofir suergen, datt d’Nidderloossungsautorisatioune fir Kleng- a Mëttelbetriber am Prinzip net méi wéi eng Woch an Usproch huelen.

Alles wat ech Iech elo direkt oder indirekt als kleng a grouss Äntwerten op d’Kris opgezielt hunn, ass nëmmen dann ze maachen, wa mer deen eenzege Virdeel, dee mer op eis Konkurrenten hunn, konsequent notzen. Dee Virdeel besteet an de kuerzen Decisiounsweeër an an eiser Entscheedungsrapiditéit.

La simplification administrative

A Saachen administrativ Vereinfachung ass an der leschter Legislaturperiod vill geschitt. Et muss nach méi geschéien.

Fir datt méi geschéie kann, hunn d’Koalitiounsparteien decidéiert, dem Staatsminister d’Kompetenze fir d’Simplification administrative unzevertrauen. Déi Kompetenz ass eng iwwergeuerdnet, eng, déi erlaabt, d’Meenungsverschiddenheeten tëschent de Ministären – ech hätt besser ze soen: tëschent de Verwaltungen – z’arbitréieren. Ech maachen dat net gär, well ech sprangen de Ministeren net gär virun d’Nues. Mä ‘t muss gemaach ginn. Ech hunn d’Ministesch fir d’administrativ Vereinfachung gefrot, mer dobäi ze hëllefen.

Fir datt et kloer ass, a fir en Ausdrock ze gebrauchen, deen ech net gär hunn: d’Simplification administrative gëtt zur Chefsaach.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

L'éducation et la formation

E Land ass nëmmen dann op engem nohaltege Wee, wa seng Schoul- a Bildungspolitik stëmmt. D’Schoul ass méi wéi en Ausbildungslager fir d’Economie. Si soll keng Aarbechtsmaartathlete produzéieren, si soll aus de Schüler komplett Mënschen a Bierger maachen. Mä si muss déi zukünfteg Aarbechtsmaartrealitéit fest am A hunn. A Fortsetzung vun hirer bisheriger Reformpolitik am Schoulberäich, wëll d’Regierung hiert derzou bäidroen, fir datt déi gutt Schüler méi héichqualifizéiert ginn, an datt d’Qualifikatioun vun deene Schüler, déi méi schwaach a méi lues sinn, verbessert gëtt. Eisen Aarbechtsmaart, seng Struktur a säi Fonctionnement verlaangen et, datt 50 Prozent vun eise Schüler e Bac+-Ofschloss kréien. D’sozial Kohäsioun vum Land verlaangt et, datt méiglechst wéineg jonk Leit d’Schoul ouni Ofschlossdiplom verloossen. Dës Ziler impliziéieren – wéi dacks fälschlecherweis monéiert gëtt – keng Ofsenkung vum Bildungsniveau, mä eng partiell Reorientatioun vun der Schoul. Dofir gëtt de Sproochenunterricht, deem seng Wichtegkeet ech hei net brauch z’ënnersträichen, ëmgebaut awer beileiwen net revolutionéiert. Mir hale fest un der Villsproochegkeet, si bleift en absoluten Atout fir Lëtzebuerg. All Schüler muss Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch a wa méiglech Englesch kënnen. Mä net jiddweree muss deeselwechten Niveau am Schwätzen an am Schreiwen vun deene verschiddene Sproochen erreechen. Fir en Diplom ze kréien, deen de Wee op d’Uni oder op d’Héichschoul opmécht, muss e Schüler déi véier Sprooche geléiert hunn an e muss op d’mannst eng vun deenen net lëtzebuergesche Sproochen op héijem Niveau beherrschen. D’Exzellenz an enger Sprooch an en adäquate Wëssensniveau an deenen aneren enseignéierte Sprooche ginn an deene respektiven Diplomer zertifizéiert. Mir wëlle keng Schoul vun der Mëttelméissegkeet. Dofir ginn och am Secondaire an am Secondaire technique Wëssenssockelen definéiert, déi all Schüler muss erreechen. Doniewent gëtt et eng Exzellenzdefinitioun an all Fach déi, falls se erreecht gëtt, och speziell muss um Diplom dokumentéiert ginn.

D’Schüler musse besser op d’Universitéit virbereet ginn. Si musse léiere méi autonom ze schaffen, selwer ze recherchéieren, Synthesen ze maachen. Och menge mer, datt d’Spezialiséierung ze wäit gedriwwe ginn ass an datt d’Schüler dofir bis op Première e méi breeden allgemeng bildenden, ergo och naturwëssenschaftlechen Unterricht kréie mussen, well se soss riskéieren op auslänneschen Unien net méi ugeholl ze ginn.

Nodeems mer d’Grondschoul reforméiert hunn, musse mer also elo d’Gesetz iwwert den Enseignement secondaire an de Secondaire technique iwwerschaffen, souwuel am ënneschte wéi am ieweschten Zyklus. Och mussen d’Orientéierungsmechanismen, déi vum 6. Schouljoer op 7e féieren, iwwerduecht ginn, grad wéi och de Passage vun de Schüler vum techneschen Enseignement zum klassesche méi einfach muss gemaach ginn. Dofir sollen am ënneschten Zyklus all klassesch Lycéeën och Klasse vum techneschen Unterrécht kréien.

De Stage pédagogique vun de Professere gëtt reforméiert. D’Zäit an d’Aarbecht, déi d’Stagiairen an der Schoul respektiv op der Uni verbréngen, gëtt am Liicht vun den Erfahrungen, déi gemaach gi sinn, nei gestéckelt.

D’Liewe fänkt fréi un. D’Fréidiagnose, déi et erméiglecht, eventuell Dysfonctionnementer bei de Kanner z’erkennen, gëtt verstäerkt. D’Eltere vu Kanner mat Handikap behale fir hir Kanner de Choix tëscht der Regelschoul an der Spezialschoul.

No dem Primaire an dem Secondaire kënnt den Enseignement supérieur. D’Uni Lëtzebuerg funktionéiert gutt, wann och net an allen Hisiichten absolut perfekt. Dat ass normal: et ass eng jonk Universitéit, mä awer si ass no kuerzer Liewensdauer eng Institutioun ginn, déi am akademeschen Ausland Respekt fënnt. D’Regierung wëll d’Gouvernance vun der Uni net änneren, wëll awer eng besser Informatiouns- a Kommunikatiounspolitik fir a mat de Studenten a mam Personal zustanbréngen. D’Standuertfro vun der Uni gesi mer als gekläert un. De Standuert ass op Belval, d’Departementer fir Droit a Finanze bleiwen an der Stad.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Les rentes et pensions

Ech sinn amgaang mat Iech e Gespréich iwwert nohalteg Entwécklung ze féieren. Et ass evident, datt ouni Ofsécherung vun eisem Renten- a Pensiounssystem et op laang Siicht keng nohalteg Entwécklung gëtt. Eis Renten a Pensioune sinn haut sécher. Si sinn et och nach mar de mueren. Mä et besti berechtegt Zweifel drun, op s’et och nach an 20, 30 a 40 Joer sinn. Déi Tatsaach, datt Renten a Pensioune laangfristeg kënnen un d’Wakele geroden, kënnt äis natierlech egal sinn. Mä wa mer et eescht menge mat dem nohaltegen Entwécklungsgedanken, da musse mer äis elo, an net eréischt an 10 Joer, ëm déi Problemer bekëmmeren. D’Regierung wëllt sech elo deene Problemer unhuelen. Ëm déi Problemer, ëm déi Geforen an Onsécherheeten, déi d’Zukunft vun eisen Alterssécherungssystemer ëmginn. Dofir wäert de Sozialminister, an Zesummenaarbecht mam Finanzminister, sech deene laangfristege Problemer stellen. Si maachen dat an Zesummenaarbecht mat de Sozialpartner op Grond vun deene Pisten, déi d’Tripartite-Ronn, déi de Sozialminister an der leschter Legislaturperiod, zesummegeruff hat, fir sech mat där Problematik ze beschäftegen, ausgeschafft huet. Déi Aarbechte sollen an der éischter Halschecht vun dëser Legislaturperiod ofgeschloss ginn. Fir datt d’Saache kloer sinn: kee Rentner, kee Pensionär, kee Mënsch, deen an der Rent oder an der Pensioun ass, muss ëm säin aktuelle Leeschtungsniveau fäerten. Mä déi jonk Leit, déi um Aarbechtsmaart sinn, an déi jonk Leit, déi um Wee fir op den Aarbechtsmaart sinn, musse sech Suerge maachen ëm den Impakt, deen d’Garantéiere vun eisem aktuelle Renten- a Pensiounssystem an Zukunft op hir materiell Liewensméiglechkeeten huet. Mir halen ouni Wenn und Aber um Inter-Generatiounevertrag fest. Inter Generationes: dat heescht, datt mer deene jonke Leit net méi Zukunftslaascht op de Bockel paken däerfen, wéi en duerchschnëttleche Bockel der packt. Fir mech gëllt ee Grondsaz, fir meng Kollegen an der Regierung och: eis Generatioun huet net d’Recht aus Feigheet, aus Onasiichtegkeet, a gewollte Blannheet, déi laangfristeg Finanzéierungsproblemer vun eisem Renten- a Pensiounssystem där nächster Generatioun vu Politiker a vun Awunner hei am Land ongeléist z’iwwerloossen. Mir wëlle se léisen. Am Dialog. A Verhandlungen. Am Konsens hoffentlech.

Esoubal wéi een iwwert Renten a Pensioune schwätzt, fléien engem d’Warnungen an d’Virwërf ëm an iwwert de Sozialofbau ëm d’Oueren. Ech wëll dozou eppes soen. Wann all zukunftsdirigéiert Reform am Renten- a Pensiounswiese, schonn ier d’Diskussioun ugefaang huet, mat Sozialofbau gläichgesat gëtt, da bewege mer äis an en Zoustand vum totalen Reformimmobilismus eran. All Land huet seng Renten- a Pensiounssystemer probéiert zukunftsorientéiert ze reforméieren. Wa mir mengen, mir wieren dat eenzegt Land op der Welt, dat sech mat där Fro net beschäftege misst, dann iere mer äis fundamental. De responsable Sozialëmbau haut verhënnert de radikale Sozialofbau mar. Och d’Sozialpolitik muss d’Gesetzer vun der Nohaltegkeet respektéieren. An am Iwwregen: keen huet de Monopol vun der Sozialpolitik a vum Sozialstaat. Mir garantéieren de Sozialstaat haut. Mir wëllen en ofséchere fir déi, déi mar dervu wëllen a solle kënne profitéieren. Sozial ass, wat d’Mënsche sech haut a mar kënne leeschten. Onsozial ass et, d’Leeschtunge vun haut esou wäit an d’Luut ze drécken, datt déi Generatioun, déi no äis kënnt, se net méi finanzéiere kann. Nohalteg ass nëmmen dat, wat haut opgeet a wat mar an iwwermar Bestand huet. Den Applaus, deen een haut kritt, well een näischt mécht, gëtt zum Päifconcert vu mar, well een näischt gemaach huet.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Schonn ier de Koalitiounsprogramm bekannt gemaach ginn ass, hunn ech gelies an héieren, déi Regierung, déi sech haut virun Iech presentéiert fir Äert Vertrauen ze kréien, wier eng Regierung vum Sozialofbau. Ech widderhuelen: keen ass eleng fir de Sozialstaat zoustänneg. D’Regierung ass et och. A si hëlt hir diesbezüglech Verflichtunge ganz eescht. Mindestens esou eescht wéi déi, déi hir Sozialofbauabsichten ënnerstellen.

Le droit du travail

Mir huele keng dramatesch Verännerungen am Beräich vum Aarbechtsrecht vir. D’Aarbechtsrecht ass fir dës Koalitioun dee sanitäre Cordon, deen den Aarbechtsmaart ëmgëtt. Mir hunn eent vun de kohärentesten an zoliddsten Aarbechsrechter vun der Welt. Mir wäerten dee Cordon net duerchschneiden. D’Aarbechtsrecht verflicht déi, déi schaffen, zu wirtschaftsadäquater Aarbechtsleeschtung. Et legaliséiert de Respekt, deen de Patron fir dee muss hunn, dee bei em schafft. Mir hunn an der Vergaangenheet d’Ultraflexibiliséierung vum Aarbechtsrecht net matgemaach, obscho se äis vu méi wéi enger internationaler Organisatioun recommandéiert ginn ass. D’Aarbechtsrecht wäert och an dëser Legislaturperiod net a Stécker zerluecht ginn. Seng Schutzfunktioun fir déi Beschäftegt wäert erhale bleiwen. Mir trieden a fir d’Flexi-Securitéit. Mä den Akzent wäert ëmmer op Securitéit leien, net op Flexibilitéit. Et kënnt am Aarbechtsrecht kee Stéck Flexibilitéit bäi ouni Ausbau vun der Securitéit. Eist Verspriechen haut ass: Aarbecht gëtt Rechter. Si ginn net ofgebaut.

La politique sociale

De Mindestloun gëtt regelméisseg un d’Lounentwécklung ugepasst.

Mir schafen en net of, egal wat d’OECD an aner international Organisatioune suggeréieren.

Mir verlängeren d’Dauer vun der Aarbechtslosenentschiedegung wann déi, déi se bezéien, bereet sinn a Formatiounscoursen ze goen, déi en et erlaben, méi fit a méi flott fir den Aarbechtsmaart ze ginn.

Mir maachen dee legalen Encadrement vum Congé parental méi geschmeideg, ënner anerem doduerch, datt mer dee rezenten Accord tëschent den europäesche Sozialpartner an eist nationaalt Recht iwwerféieren.

Mir striewen eng Ausweitung an eng Verstäerkung vun de Matbestëmmungsrechter an eise Betriber un, nodeem mer den Avis vum Wirtschafts- a Sozialrot ageholl wäerten hunn.

Heiheem setze mer äis fir eng méi staark sozial Responsabilitéit vun den Entreprisen an, och doduerch, datt mer de Beschäftegungspläng bei geplangten Entloossungen eng méi staark Bedeitung ginn.

Nach am Hierscht leeë mer e Plang vir, deen deene jonke Chômeuren et soll erlaben, eng Beschäftegungschance an eise Betriber ze kréien.

An Europa setze mer äis an, wann de Lissabonner Reformvertrag bis gestëmmt ass, datt all europäesch Decisioun op hire Sozialimpakt hi soll iwwerpréift an hannerfrot ginn.

Heiheem verbessere mer de Schutz vun de Beschäftegten am Fall vun der Faillite, grad wéi mer am Zoustännegkeetsberäich vum Familljeministär déi privat Faillite wëllen aféieren an d’Gesetzesgebung iwwert d’Iwwerverschëldung wëllen ajustéieren.

Mir ginn der sougenannter Solidarwirtschaft en neie Stellewäert. Doduerch, datt e Minister, nämlech dee vun der Economie, fir si zoustänneg gëtt, gi mer hir eng Unerkennung zu Lëtzebuerg, déi se a wéinege Länner op der Welt huet. Doduerch, datt en delegéierte Minister d’Solidarwirtschaft en charge hëlt, weise mer, datt mer dëse Politikberäich als eng wiesentlech Aufgab vun der Regierung begräifen. Mir wëllen d’Solidareconomie juristesch encadréieren duerch d’Aféierung vun enger „Association d’intérêt collectif“. Dës nei juristesch Form wäert et méiglech maachen, d’Solidarwirtschaft als dat drëtt Standbee vun eiser Wirtschaft ze begräifen. D’Solidarwirtschaft bitt de Leit Produiten a Servicer vu sozioeconomeschem Wäert un. Dës Servicer a Produite gi gréisstendeels net vun der Realwirtschaft ugebueden. Se ginn awer gebraucht. Dofir bekëmmere mir äis méi intensiv ëm dee wichtegen Deel vun eiser wirtschaftlecher Gesamtoffer. Hire Finanzement gëtt net exklusiv vun ëffentleche Gelder bestridden. D’Solidarwirtschaft muss zum Deel och d’Moyene mobiliséiere kënnen, déi aus dem normale Wirtschaftskreeslaf kommen.

D’Regierung wäert eng Gesetzesgebung iwwert Au-pair-Aktivitéite proposéieren. D’Zil ass et, fir d’Ëmgoe vum Aarbechtsrecht ze verhënneren.

Mir wëllen e Wunnengsgeld aféiere fir Locatairen a Propriétairen, déi duerch extern Schocken a materiell Schwieregkeete gerode sinn. E Chômeur zum Beispill huet Schwieregkeete säi Loyer wéi virgesinn ze bezuelen oder seng Scholde wéi virgesinn ofzedroen. Eng temporär Zouerkennung vu Wunnengsgeld verhënnert säin Ofrëtschen a materiell onméiglech Verhältnisser.

D’Kannerbetreiung huet eng eminent nohalteg Bedeitung. Mir bauen d’Kannerbetreiungsplazen aus. Mir wëllen an dëser Legislaturperiod 8 000 nei Kannerbetreiungsstelle schafen. D’Schafung vu Kannerbetreiungsplazen huet en héije Käschtepunkt. Dofir bleift et bei der Desindexéierung vum Kannergeld, well mer der Meenung sinn, a Saache Kannerbetreiung wiere Saachleeschtunge méi wichteg wéi Geldleeschtungen. D’Aféierung vun der Gratiskannerbetreiung bleift eist Zil. Si géif aus heiteger Siicht 570 Millioune kaschten. Mir féiere se progressiv an. Ausserdeem baue mer de System vun de Chèque-Servicen aus, andeem mer se op aner gesellschaftspolitesch relevant Beräicher ausdehne wéi déi, fir déi se haut kënne gebraucht ginn.

Mir wäerten op verschiddene Plazen am Land d’Servicer vun enger sougenannter „sozialer Epicerie“ fir méi aarm a verschëllte Leid ubidden, fir datt jiddwereen hei am Land – dat ass ee Mënscherecht – genuch an uerdentlech z’iesse kritt. Och hei gëllt de Prinzip: Geldleeschtunge ginn net duer. Och Leeschtungen an der Saach si wichteg.

Mir moderniséieren d’Patienterechtsgesetz: d’Patienten hunn nämlech Rechter. Si musse se och kënne wouerhuelen. Mir schafen eng Mediatiounsplaz, déi sech mat de Litigen am Gesondheetsberäich soll beschäftegen.

D’präventiv Medezin gëtt ausgebaut. D’präventiv Medezin ass wichteg fir jiddwereen. Si ass besonnesch wichteg fir déi sozial méi Schwaach, déi sech keng privat Präventioun kënne leeschten. Fir de Rescht ass et evident, datt mer Ausgabestabiliséierungsmoossnahmen huelen, déi de finanziellen Equiliber vun der Gesondheetskeess garantéieren.

Mir beschäftegen äis – och dat ass e Stéck Sozialpolitik, well et e Stéck Sozialkohäsioun duerstellt – mat der Moderniséierung vun de Rettungsdéngschter. Si funktionéieren haut nach einigermosse gutt. Si riskéieren, mar net méi funktionéieren ze kënnen. Déi national Organisatioun vun de Rettungsdéngschter ass op de Benevolat ugewisen. Mä de Benevolat eleng geet net duer. E Stéck Professionaliséierung muss sinn. Hei ass séiert Handelen noutwendeg. Den Inneminister weess dat, an hie wäert dofir suergen, datt dat och geschitt.

Dës Pläng, dës Absichten, dës Initiative weise kloer: de Marsch geet net a Richtung Sozialofbau, mä a Richtung Sozialausbau, do wou dësen noutwendeg ass.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Les questions de société

D’Politik huet och d’Flicht sech iwwert dat Wirtschaftlecht, Finanziellt a Soziaalt eraus mat deene Liewensfroen ze beschäftegen, déi d’Leit am Land ëmdreiwen. Si muss vun Zäit zu Zäit der Gesellschaft d’Temperatur huelen, si muss spiere wéini ronderëm bestëmmte gesellschaftspolitesch Froe genuch Konsenselementer erugeräift sinn, déi hir et erlaben, fir kënne behäerzt ze legiferéieren. Wa se e Konsens feststellt, deen um Wuessen ass, ouni schonn integral ze sinn, muss se kënnen den integrale Konsens – deen et eigentlech ni ganz gëtt – antizipéieren. Och dann, wann net jiddwereen oder nach net jiddweree sech deem Quasi-Konsens kann uschléissen. Mä d’Politik muss mat der Gesellschaft harmonéieren, si däerf hir net ëmmer nëmmen nolafen.

  • Dofir féiere mer d’Bestiednis fir Homosexueller an. Gläichgeschlechtlech Partner solle sech kënne bestueden. Gléck léisst sech net exklusiv iwwert klassesch Strukturen an Ariichtungen definéieren. Et bestëmmt sech aus sech selwer. Och dowéinst wëlle mer gläichgeschlechtleche Partner d’Recht ginn, d’Kanner vun hirem Partner z’adoptéieren. Et gëtt kee Recht op d’Kand. Wuel awer gëtt et d’Recht vum Kand. Déi Léisung, déi mer virschloen, respektéiert genau dës Rechter.

  • Dofir ännere mer och d’Gesetz vun 1978 iwwert d’Ofdreiwung. Ech kenne kaum een, dee mengt, den Avortement wier e Mëttel ënner anere vun der Familljeplanung. Bal jiddweree seet, datt den Avortement d’Ausnahm bleiwe soll. Mir brauchen eng besser Sexualerzéiung an der Schoul. Mir mussen d’Enseignanten optimal op déi opkläreresch Aufgab virbereeden. Wann een déi extrem Léisung vum Avortement wëll esou selte wéi méiglech maachen, da muss ee präventiv Alternative förderen. Dofir schloe mer konsequenterweis vir, de Frae bis zum Alter vu 25 Joer e gratis Zougank zu de Verhiddungsmëttelen z’erméiglechen. D’Gesetz vun 1978 gesäit eng restriktiv Indikatiounsléisung vir. Mir proposéieren dës méi realitéitsno ze maachen an den Artikel 353 vum Strofgesetzbuch esou ze reformuléieren, datt e stroffräien Ofbroch vun der Schwangerschaft ka virgeholl ginn am Fall vu physescher, psychescher a sozialer Detresse vun der Fra. Déi Fra, déi sech mat dem Gedanken dréit, aus dëse Grënn ofzedreiwen, muss hire Gynäkolog esou wéi ee vun der Regierung agrééierte soziofamiliäre Consultatiouns- an Informatiounszentrum consultéieren. D’Consultatioun ass obligatoresch, déi lescht Decisioun hëlt déi concernéiert Fra. Mannerjähreg Frae brauchen den Accord vun deenen Erwuessenen, déi iwwert d’Autorité parentale verfügen, fir kënnen ofzedreiwen. Falls dëst net méiglech ass, musse se awer zumindest vun enger erwuessener Persoun vun hirem Vertraue bei de respektive Consultatioune begleet sinn, Accompagnement, dee vum Consultatiounszenter ze dokumentéieren ass.

  • Een anere Konsens ass amgaang sech erauszebilden. E mécht sech ronderëm d’Iddi, datt eis auslännesch Matbierger méi Matsproocherecht um kommunale Plang solle kréien. D’Gemeng ass déi éischten Integratiounsplaz. ‘t ass an der Gemeng, wou Net-Lëtzebuerger a Lëtzebuerger sech begéinen, sech kennen a sech schätze léieren. Dofir wëlle mer d’Passivwahlrecht fir all Net-Lëtzebuerger opmaachen. Dofir kënne si och – wat esouguer d’Bierger vun der Europäescher Unioun haut nach net kënnen – Buergermeeschter oder Schäffe ginn. Mir maachen et esou méiglech, datt d’Integratioun bis hannenhi ka goen. Mä prealabel Integratioun muss awer sinn. Dofir bleiwen d’Bestëmmungen iwwert d’Residenzdauer och onverännert. Datt d’Lëtzebuergescht en neie Stellewäert an der Schoul kritt, ass e weideren Integratiounstremplin.

  • Ëmmer méi Leit, ëmmer méi Bierger verlaangen eng supplementar Dosis u politesche Gestaltungsrechter. Dofir féiere mer d’Volleksinitiativ an, déi enger bestëmmter Unzuel vu Bierger a Wieler et erlabe soll, d’Chamber mat enger Volleksgesetzesinitiativ ze befaassen. Dës Form vun indirekter direkter Demokratie erhéicht d’Qualitéit vun eisem demokrateschen Zesummeliewen, ouni déi Grondregel ze verletzen, déi wëllt, datt déi gewielte Chamber an alle Fäll dat lescht Wuert huet.

  • D’Verhältnis tëschent dem Staat an de religiéise Gemeinschafte gëtt weiderhin iwwert de konventionelle Wee geregelt. Fir der laizistescher Sensibilitéit staatlechersäits déi Unerkennung zoukommenzeloossen, déi se verdéngt, schloe mer vir, e puer „Maisons de la laïcité“ am Land anzeriichten. De Staat bedeelegt sech mat 75 Prozent un den Infrastrukturkäschten vun dëse regionalen Laizitéitszentren a stellt hinnen eng forfaitair Fonctionnementsenvelopp pro Joer zur Verfügung.

  • Am Land besteet grousse Konsens driwwer, datt de Meenungspluralismus de Pressepluralismus à la fois viraussetzt a bedéngt. Dofir wäert d’Regierung sécherstellen, datt de globale Volume vun der finanzieller Ënnerstëtzung fir déi geschriwwe Press erhale bleift. Déi variabel Forme vun indirekter Pressehëllef, sollte se enges Dags onméiglech ginn, wäerten an eng direkt budgetär Pressehëllef ëmgewandelt ginn. Mir studéieren och d’Iddi, deene Jonken eng Zeitung gratis zur Verfügung ze stellen. Déi Jonk kucke vill a liesen net genuch. Liesen ass awer wichteg. Wien eng gedankefrësch Jugend wëllt, muss se méi un d’Liese bréngen. Un d’Liese vun Zeitungen an un d’Liese vu Bicher, och un d’Liese vun de Bicher vu Lëtzebuerger Auteuren. Dat geschriwwent Wuert bréngt engem méi wéi dat séiert Kucke vu virbereeten an iwwerflächleche Biller. Gleeft mer es: eng Gratiszeitung fir déi Jonk mécht dësen hire Bléck op d’Welt méi komplett.

  • D’Liesen ass de beschte Wee zur Kultur. D’Erfuerschung vun deem, wat Kultur ass, déi sentimental an intellektuell Emanzipatioun, déi den intimen Ëmgank mat Kultur erméiglecht, bréngt äis zur Iwwerleeung an zur Iwwerzeegung, e Kulturjugendpass anzeféiere fir déi Jonk ënner 20 Joer a fir Studenten, deen hinnen ënner anerem Gratisvisiten an alle Muséeën erlaabt. Och méi defavoriséiert Gruppe vun eiser Bevölkerung solle vun esou engem Kulturpass kënne profitéieren. Kultur soll fir jiddwereen do sinn. Si wäert an Zukunft fir jiddwereen do sinn.

Wa mer dës Reformen – Homo-Mariage, Avortement, Auslännerwahlrecht, Volleksinitiativ, Laizitéitshaiser, Gratispress fir déi Jonk, Jugend- a Kulturpass, ofgesécherte Pressepluralismus an esou weider – intelligent a geschéckt uginn, da geléngt et äis, d’Lëtzebuerger Gesellschaft méi inklusiv a méi partizipativ ze maachen. Mir brauche méi Inclusioun an eiser Gesellschaft. Méi Inclusioun heescht, eng Plaz fir jiddwereen, onofhängeg dovunner, wien en ass a wéi en ass. Méi Partizipatioun heescht, jiddwereen fir d’Schaffen un der gemeinsamer Saach ze motivéieren.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Les affaires européennes et internationales

Mir liewen net eleng op der Welt. A mir sinn och net hiren Nuebel. Besonnesch am Fall vu Lëtzebuerg ass d’Ausland besonnesch grouss. Dofir kënnt der Aussen- an Europapolitik och an der nächster Legislaturperiod elementar Bedeitung zou. Et ass keng Ursaach z’erkennen, firwat mer d’Grondachse vun eiser Aussen- an Europapolitik sollen änneren.

D’Aussen- an d’Europapolitik vu Lëtzebuerg zeechent sech duerch d’Kontinuitéit an duerch de Konsens vun alle politesche Kräften hei am Land aus. Dës Kontinuitéit refletéiert sech personnel an inhaltlech. Den Ausseminister bleift Ausseminister. D’Inhalter vun der Aussepolitik änneren net. Mir wëllen als Regierung de Lissabonner Reformvertrag. Hie wäert der Europäescher Unioun erlaben, besser, méi séier a global méi kohärent kënnen z’agéieren. Mir leeën, wat d’Europapolitik ubelaangt, gréisste Wäert op d’Redecouverte vun den europäesche Grondfonctionnementsregelen. All 27 Memberstaaten an der Europäescher Unioun hu gläich Rechter, well se déiselwecht Dignitéit hunn. Déi grouss Staaten an Europa, virun allem wa se un eis Landesgrenze stoussen, solle sech drop besënnen, datt Europa ëmmer d’Resultat vun den Efforten a vun de besonnesche Responsabilitéite vun deene grousse Memberstaaten a vun der vermëttelnder Intelligenz vun deene Klenge war. D’Gemeinschaftsmethod wëllt, datt d’Kommissioun proposéiert an datt Ministerrot a Parlament codecidéieren. Eng Schwächung vun der Europäescher Kommissioun kéim enger Schwächung vun der Europäescher Unioun gläich. D’Kommissioun däerf net zu engem Exekutivsekretariat vum Europäesche Rot a vun den nationale Regierunge ginn. De gewielte President vun der Europäescher Unioun – an dee kréie mer wann de Lissabonner Vertrag a Kraaft trëtt – däerf net de Géigespiller vum President vun der Kommissioun a vun der Kommissioun selwer ginn. Déi zwee mussen intim zesumme schaffen, si mussen der europäescher Identitéit Gesiichter ginn, si musse fir Europa antrieden. An Europa ass méi wéi d’Zomm vun den Nationalintressie vun de Memberstaate vun der Europäescher Unioun. Et muss erëm däitlech gemaach ginn, datt an Europa, a well et Europa gëtt, 2 + 2 fënnef ass. Fir datt 2 + 2 fënnef ka ginn, musse Grousser a Klenger déi gemeinsam europäesch Ambitioune gläichberechtegt virundreiwen.

La coopération au développement

E wichtegen Deel vum Knäppe vun eise Relatioune mat der Welt ass d’Entwécklungshëllef. D’Regierung huet d’Absicht, den Niveau vun der Lëtzebuerger Entwécklungspolitik op engem Prozent vum nationalen Akommes ze halen. Den entwécklungspoliteschen Effort vu Lëtzebuerg geet virun. Nohaltegkeet ass net nëmmen en interne Politikprozess. Och eist Wierken an der Welt muss vun de Prinzipie vun der Nohaltegkeet geprägt sinn. Mir sinn eent vun deene Länner, déi den héchste Kooperatiounsbudget hunn. Mir wäerten et net zouloossen, datt dëse kollektiven nationalen Effort decredibiliséiert gëtt duerch Etuden, primitiv a primär Etuden, déi ausgerechent vun de Lëtzebuerger Entwécklungs-ONGën initiéiert gi sinn. Wéi soll een d’Lëtzebuerger dervun iwwerzeegen, ee Prozent vum nationale Räichtum zu entwécklungspoliteschen Zwecker zur Verfügung ze stellen, wéi soll een d’Lëtzebuerger dervun iwwerzeegt kréien, datt et richteg ass, datt se och individuell hire Beitrag zur Entwécklung vun der Welt bäidroen, wa mer vun deenen, déi sech quasi professionell ëm d’Entwécklungshëllef bekëmmeren, gesot kréien, eisen Effort wier onmoralesch, well mer via eis Finanzplaz déi Drëtt Welt géifen ausbeuten. D’ONGë sollen den entwécklungspoliteschen Elan vum Land ënnerstëtzen, statt en ze briechen an en an der Substanz ze contestéieren.

Le Conseil de sécurité de l'ONU

Et ass d’Absicht vun der Regierung, Lëtzebuerg an de Weltsécherheetsrot vun der UNO ze bréngen. Mir sinn eent vun deene wéinege Grënnungsmembere vun der UNO, déi nach ni Member vum Weltsécherheetsrot waren. Mir striewen dat Zil un, net aus Selbstgefällegkeet, mä well mer mengen, datt och déi kleng Länner, déi de Multilateralismus op hirem Fändel geschriwwen hunn, der Weltgemeinschaft eppes ze soen hunn.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Déi Zäiten, déi kommen, déi ginn net einfach. Munches wäert a Fro gestallt musse ginn. Mä wa mer wëlle bleiwe wat mer sinn, da musse mer bereet sinn, ee behäerztene Spronk an d’Zukunft ze maachen. ‘t ass zu deem Spronk, wou ech Iech haut wollt animéieren. Dee Spronk geléngt äis nëmme wann d’Regierung an d’Parlament bereet sinn, do wou et noutwendeg ass, resolut Reformen unzegoen. Wien net reforméiert, dee bleift stoen. A wie stoe bleift, dee fällt zréck. Mir wëllen net, datt eist Land zréckfällt. Mir wëllen, datt et weiderkënnt.

Dernière mise à jour