Déclaration du Premier ministre au sujet des propos tenus par le ministre Nicolas Schmit dans le cadre d'une enquête policière concernant son fils

Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,
Léif Kollegen.

Zwou Fraktiounen aus Ärem Haus, déi vun der Demokratescher Partei an déi vun de Gréngen, hu gëschter d'Regierung, respektiv de Staatsminister opgefuerdert Stellung ze huelen zu deem Police-Rapport iwwer d'Vernehmung vum Fils vum Minister Schmit, Vernehmung déi an der vun der Police autoriséierter Präsenz vum Minister de 15. Dezember vum leschte Joer stattfonnt huet.

D'Ufro vun deenen zwou Fraktiounen ass absolut berechtegt, grad esou wéi et richteg war, datt déi Police-Agentin, déi d'Vernehmung virgeholl huet, e Rapport iwwer déi selwecht un hir Hierarchie adresséiert huet.

D'Police-Beamtin verdéngt dofir Luef a keng Kritik. Hätt si dee Rapport net geschriwwen, dann hätt si Kritik verdéngt.

De Minister Schmit huet säi Fils op de Police-Büro begleet, well hie wollt wëssen, wat him géing virgeworf ginn. Et kann een e Papp verstoen, datt e wëll wësse wat sengem 18-järege Jong virgeworf gëtt. Jiddwereen heibannen a jiddwereen dobausse muss zouginn, datt en och esou hätt kënnen handelen.

Bei der Vernehmung ass däitlech ginn, datt de Fils Schmit wéinst Amtsbeleidegung op de Police-Büro bestallt ginn ass.

De Minister huet, wéi hie Kenntnis kritt huet vun den Aussoe vu sengem Fils der Police géintiwwer, sengem Fils direkt gesot, datt en dës Aussoen op kee Fall hätt dierfte maachen an en huet hien an aller Form fir déi Aussoe gemaassregelt.

De Minister Schmit, deen ech a mäi Büro bestallt hat fir Stellung zum, entretemps vum Inneminister verëffentlechte Police-Rapport ze huelen, hätt et gär gesinn, wann dëst och am Police-Rapport figuréiert hätt, deen esou méi komplett gewiescht wier.

De Minister mengt och, nodeems en héieren hat, wat sengem Fils virgehale géif ginn, et wier besser gewiescht, en hätt de Police-Büro du verlooss, anstatt der weiderer Vernehmung bäizewunnen.

De Minister huet op meng Fro hin och erkläert, en hätt sech net dozou hiräissen dierfe loossen, d'Moyenen déi bei der Interpellatioun vu sengem Fils a vun deem senge Kollegen den 12. Dezember agesat goufen, als disproportionéiert ze bezeechnen. Déi vum Minister monéiert Disproportioun an d'Beschëllegung vun der Amtsbeleidegung hunn effektiv direkt näischt mateneen ze dinn.

Och mengt de Minister, säin Hiwäis op eng méiglech Klo géint d'Police vun den involvéierte Jugendleche wéinst Rassismus, wier net néideg gewiescht. D'Klo wier jo an alle Fäll net duerch hien, mä duerch déi implizéiert Jugendlech geschitt, esou datt deen Hiwäis, deen net hätt misste sinn, net als Drohung vum Minister géint d'Police-Beamtin déi Protokoll gefouert huet ka gesi ginn.

De Minister Schmit huet iwwregens nach um Police-Büro sengem Fils recommandéiert op eng Klo wéinst Rassismus ze verzichten.

De Minister Schmit huet mir géintiwwer erkläert, seng Remarque, datt bei der Interpellatioun vu sengem Fils a senge Kollege Moyenen agesat gi sinn, déi hien, zu Onrecht, als disproportionéiert qualifizéiert huet; datt dës Moyenë sech géife schlecht mat de Spuerustrengunge vum Staat verdroen, zu Onrecht am Police-Rapport mat enger vum Minister esou net gemaachtener Absichtserklärung gläichzesetze wieren, hie géif sech am Regierungsrot géint all Erhéijung vun de Police-Effektiver asetzen.

Souwisou ass den Aarbechtsminister dofir net zoustänneg. Dofir zoustänneg sinn de Finanzminister an déi ganz Regierung. Als Immigratiounsminister brauch den Här Schmit d'Police, an als Immigratiounsminister weess hien och, an dat huet en dacks zum Ausdrock bruecht, d'Aarbecht vun der Police ze schätzen.

Ech kann hei bezeien, datt den Immigratiounsminister oft bei mir virstelleg ginn ass fir eng Verstäerkung vun de Policeeffektiver a senger Qualitéit als Immigratiounsminister ze plädéieren.

Här President, ofschléissend dräi Remarquen:

De Minister gëtt zou, datt en am Gespréich mat der Polizistin, déi d'Vernehmung vu sengem Fils gefouert huet, Saache gesot huet, déi net onbedéngt hätte gesot misste ginn, an déi net onbedéngt eppes mat der Saach ze dinn haten. An d'Saach ëm déi et gaangen ass war Amtsbeleidegung déi sengem Fils virgeworf ginn ass. De Minister bedauert dat zudéifst.

Zweetens, a kengem Moment huet de Minister en individuellen Drock op d'Agentin ausgeübt déi Protokoll gefouert huet, mä de Minister Schmit entschëllegt sech dofir, datt seng Aussoe bei der Polizistin d'Gefill hannerlooss hunn, hie wier méi als Minister wéi als Papp opgetrueden.

Drëttens, d'Polizistin huet hir Aarbecht korrekt gemaach, wéi d'Police insgesamt hir Aarbecht korrekt mécht. Et geet am Police-Rapport leedeglech ëm eng Interpretatiounsdifferenz iwwer déi reell Etendue vum Minister sengen Aussoen.

De Minister Schmit genéisst mäi Vertrauen.

Dernière mise à jour