An deen huet mer erlabt esouwuel de Patronatsorganisatioune wéi och de Gewerkschaften ze soen wou mer kënnten mat hinnen averstanen sinn a wou net.
Wann et elo zu enger Situatioun komm ass, déi mech net optimistesch stëmmt fir de weidere Verlaaf vun den Tripartitegespréicher dann huet daat mat engem Konflikt ze dinn, deen tëscht de Gewerkschaftsorganisatiounen besteet an de Patronatsorganisatiounen.
D’Gewerkschaften hunn gëschter däitlech gemacht, dass se an hiere Gespréicher mat der Regierung, waat e bëssen eng pluriell Beschreiwung vun engem singulière Firgang ass, relativ wäit komm sinn, an d’Patronat huet sech och bis elo nach net iwwert eng mangelhaft Diskussiouns- a Dialogbereedschaft vun der Regierung bekloot, wouraus ee kënn Oofliesen dass et Punkte gëtt am Revendicatiounskalenner vun deenen engen an vun deenen aneren mat deenen d’Regierung sech anverstan erklärt huet, mee awer net mat alle Punkten an den Revendicatiounskalenneren vun deenen engen an vun deenen aneren.
Ech wëll hei net Punkt fir Punkt déi gesträckt do eng Kéier duerchlaafen.
An de Revendicatiounselementer vun de Gewerkschaften kënnen mir keng zréckbehalen, déi d’nächst Joer mat supplementaren budgetären Ausgaben verbonne sinn. D’geet net, an d’gëtt och net gemach.
An an den Patronatskalenneren stinn Saachen dran déi een sech kann iwwerléen. Iwwerléen mir eis och. Eng gewëssen Ëmorientéierung vu Stécker vun Aarbechtsrecht a Richtung vun méi Flexibiliséierung , awer nëmmen do wou daat Sënn mecht. Zum Beispill d’Contrats à durée déterminée ze flexibiliséieren mecht Sënn an den ganz ieweschten international ze besetzenden Gehaltssegmenter. T’mecht iwwerhapt keen Sënn an dem Lounsektor deen iwwert den Niddregléin läit. D’Fuerderung, dass mer d’Mindestléin net méi géifen adaptéieren ass eng Fuerderung där d’Regierung sech net kann uschléissen. Elementer wéi een zu méi Beschäftegung kann kommen an Kombinatioun vu Mindestloun a vun Lounzousatzdeeler ass eng Diskussioun déi mer kënne féieren, mee wann mer d’Partner net un een Dësch kréien, kënnen mer se net féieren.
Egal wéi, op eng Tripartite ass oder net, d’Décisioune falen dës Woch, an wann keng Tripartite méi zesummen kënnt, an no Gespréicher déi ech nach esou féieren, d’Regierung hëllt e Freideg de mueren falls keng Tripartite stattfënnt, all Décisiounen déi am Intérêt vum Land musse geholl ginn.