Dir Dammen an Dir Hären.
Dee "Vertrag iwwer d’Fiskalunioun", wéi e vereinfacht heescht, mä vläicht ass och net méi dra wéi dat, dee soll den nächste Méindeg vum Conseil européen zu Bréissel behandelt ginn.
Dee Vertrag ass prinzipiell décidéiert gi vun de Stats- a Regierungschefen den 8. an 9. Dezember zu Bréissel, an et hu Sitzungen den 20. Dezember, de 6. Januar an den 12. Januar um Niveau vun de Staatssekretären an den Directeurs du Trésor vun de Finanzministere stattfonnt. Déi Konferenz ass geleet gi vum lëtzebuerger Directeur du Trésor. An de leschten 23. Januar hunn d’Finanzministeren zu Bréissel ënner menger Présidence doriwwer beroden – d’Finanzministere vun deene 27 Länner, an net nëmmen déi vun der Eurogrupp – well déi 27 mech gebieden haten, déi Présidence do ze féieren.
Dee Vertrag, deen nach net a senger endgülteger Versioun virläit – ech loossen, esou bal wéi ech dee Vertrag vum Här Van Rompuy zougestallt kréien, deen der Chamber selbstverständlech nach virum Weekend zoukommen – dee setzt sech aus 24 Considéranten an aus 17 Artikelen zesummen. Esou datt et e bësse kéng ass fir ze mengen, dat kéint een hei am Schnellduerchgang, an Telegrammstil ofwéckelen, well et si jo awer Elementer dran déi et a sech hunn, obschonn ee Vertrag vu 17 Artikelen eigentlech, wann ech vergläiche mat de Grondverträg vun der Europäescher Unioun, nëmmen de Qualifikatif vun engem klenge Vertrag verdéngt.
Et ass en exzeptionelle Vertrag, well et ee Vertrag zu 26 ass. Dofir ass et och kee Vertrag deen am Regelwierk vun der Europäescher Unioun zustane kënnt, mä en zwëschestaatleche Vertrag tëscht 26 Staaten vun der Europäescher Unioun. Dir wësst, datt Groussbritannien seng Distanze par rapport zu deem Vertrag geholl huet, dee gëllt also fir déi 17 Eurostaten, plus déi aner fräiwëlleg Matfuerer.
Bis elo hunn och all aner Staten, mat Ausnam vu Groussbritannien, hir Bereetschaft erkläert, dee Vertrag ze ënnerstëtzen an ze ënnerschreiwen. Woubäi een awer net kann ausschléissen, jee nodeem wéi dat sech dréint, diebelt a kéiert, datt et an eenzelne Länner nach zu engem Referendum kënnt, beispillsweis an der Tschechescher Republik an, net onbedéngt, wéi ech dat haut mengen, an Irland.
Den Artikel 1 vun deem Vertrag, dee schreift d’Objektiver vun deem selwechte fest, andeem en däitlech mécht, datt et bei deem Vertrag ëm eng Verstäerkung vun der Budgetsdisziplin an der Eurozon, an doriwwer eraus an der Europäescher Unioun, geet, well de Stabilitéitspakt applizéiert sech jo net nëmmen op d’Eurolänner, mä op d’Länner alleguer.
Et ass e Vertrag, deen iwwer eng Verstäerkung vun der Koordinatioun vun der Wirtschaftspolitik handelt.
Et ass e Vertrag, deen d’Gouvernance vun der Eurozon, déi mangelhaft ass, soll verbesseren.
Et ass e Vertrag dee soll hëllefen, datt mir eng durabel Croissance kréien, an datt et eng Croissance soll sinn, déi op d’Beschäftegung ausgeriicht ass, déi der Kompetitivitéit vun Europa soll Rechnung droen, an deen d’Sozialkohäsioun an Europa soll verstäerken.
Dat sinn d’Objektiver vun deem Vertrag, deen a sengem Entworf, a sengem Artikel 2, seet, dee Vertrag hei, vun deem ech schwätzen, dee Vertrag zu 26 misst d’Prinzipien an d’Rechtsregele vun den allgemenge Grondverträg vun der Europäescher Unioun respektéieren, an e kéint sech net am Widdersproch zu deene bewegen.
Den Artikel 3 vun deem Vertrag – dat ass deen, deen déi meeschte Substanz huet – schwätzt sech aus fir e Budget, dee muss an der Balance sinn, respektiv dee muss Iwwerschoss hunn. Dat ass d’Zil vun der Finanzpolitik, vun der Budgetspolitik fir déi nächst Joeren an alle Länner.
E rappeléiert, wat och bei der Reform vum Stabilitéitspakt am Joer 2005 zréckbehale ginn ass, datt d’Länner iwwer d’Festleeung vum Maastricht-Vertrag 63% eraus mussen e mëttelfristegt Budgetszil ustriewen, medium term objective, wéi dat op Lëtzebuergesch heescht. An dee besteet doranner, datt e Land kee strukturellen Defizit dierf hunn, dee méi héich ass wéi 0,5% vum Bruttoinlandprodukt, während de Stabilitéitspakt à l’époque gesot hat, et kéint een e strukturellen Defizit hu vun 1%. Et ass also eng Verschäerfung op deem Punkt, op Grond vun deenen Experienzen, déi mir an deene leschte Joere gemaach hunn.
Wien Déficit structurel seet, dee mécht jo domat däitlech, datt all konjunkturell bedingten Elementer, deelweis och d’Bedéngung vun der Staatsschold, mussen éliminéiert ginn aus der Ermiessensgrondlag vun deem strukturellen Defizit. Wann ee wéinst der Kris, beispillsweis, wiesentlech méi Ausgaben huet fir déi Leit, déi keng Aarbecht hunn, ze indemniséieren, da gëtt dat neutraliséiert bei der Ermiessung vum strukturellen Defizit. Et also net ze verwiessele mat engem nominalen Defizit, wéi mir dat normalerweis hei an eise Berodunge maachen.
Et kann ee vun deem mëttelfristege Finanzzil ofwäichen an aussergewéinleche Situatiounen, "dans des circonstances exceptionnelles". Mir hunn eng Debatt, déi mech un d’Geschlecht vun den Engelen erënnert, de Moment zu Bréissel – mir hate se och déi lescht Woch – iwwer dat wat alles “circonstances exceptionnelles�? ass. Ass eng Circonstance exceptionnelle beispillsweis eng Naturkatastrof? Mä awer och Finanzkonsequenze vun Événementer, op déi eng national Regierung keen direkten Afloss huet.
Deen Artikel 3.1 a sengem Buschtaf B, dee seet och, datt déi Länner déi manner wéi 60% Staatsschold hunn awer kënnen e strukturellen Defizit vun 1% hunn, awer net wa se mëttel- a laangfristeg Bedrounge fir hire Staatsbudget hunn, déi am Engleschen implicit liabilities genannt ginn, mä op Lëtzebuergesch Renten- a Pensiounssystemer heeschen. A wann e Land iwwer dat mëttelfristegt Finanzzil erauskënnt, da kann et zu quasi-automateschen, voir automatesche Sanctioune kommen.
Lëtzebuerg huet e mëttelfristegt Finanzzil vun 0,5% zu Bréissel ugemellt. D’Europäesch Kommissioun huet eis bedeit, op Grond vun der Analys, déi si iwwer eise Renten- a Pensiounssystem maachen, datt Lëtzebuerg eigentlech misst en Iwwerschoss all Joer hu vun 1,5% bis 2%. Doriwwer befanne mir eis in wehrhafter Debatte de Moment mat der Europäescher Kommissioun.
Den Artikel 3.2 seet, datt een an d’Nationalrecht muss aféieren déi esou genannte golden rule. Dat heescht, d’Regel, datt ee soll en ausgeglachene Staatshaushalt hunn. Deen Artikel 3.2 seet, de Préférence soll dat e Verfassungstext sinn, oder en Text vun, wéi et fréier geheescht huet, equivalenter Bedeitung – haut ass dat Wuert ‘equivalent’ aus dem Textvirschlag vum Här Van Rompuy, no der Revisioun déi d’Finanzministeren operéiert hunn, erausgefall.
Den Text seet och, datt d’Europäescht Geriicht kann iwwerpréiwen ob déi Regel, déi mir an deem Vertrag unhuelen, korrekt an d’Nationalrecht iwwerdroe ginn ass. Deen Text seet net méi, wéi dat emol an däitsch-franséischen an an anere Virstellunge de Fall war, datt den Europäesche Geriichtshaff géif d’Uwennung vun den adäquate Budgetsregelen am Fall vun engem eenzelne Land iwwerpréiwen. Et gëtt also just d’mechanesch Traduktioun vun der Regel an d’Nationalrecht iwwerpréift.
D’lëtzebuergesch Regierung huet däitlech gemaach an de Verhandlungen, datt mir net Wëlles hunn déi Regelen, an dat Regelwierk wat déi Regele begleet, an eis Verfassung anzeschreiwen, well mir mengen, a) datt eis Verfassungsphilosophie dat net zouléisst, esou normativ arithméiert Regelungen zréckzehalen, a b) ech mech och un der Tatsaach gestéiert hunn, datt aner Regierunge Virschléi maache wéi dann d’Constitutioun vun anere Länner ze änneren ass. Dat hunn ech vun der Approche hier e bësse spektakulär fonnt, an hu mech ëmmer dofir gewiert.
Mir maachen eng Loi d’approbation vun deem Vertrag, déi muss mat enger 2/3 Majoritéit gestëmmt ginn. Domat huet een déi gëlle Regel, mat deenen exzeptionelle Bestëmmungen – dat ass guer net esou stramm, wéi dat sech an däitsch-franséischen Explikatiounen heiansdo unhéiert – dann hu mir déi ugeholl, a mir maachen iwwer de Wee vun engem ordinäre Gesetz eng Regelung, wat fir korrektiv Moossnamen datt ee muss ergräifen, wann een säi mëttelfristegt Finanzzil depasséiert huet.
Déi Länner – Artikel 4 – déi méi wéi 60% Staatsschold hu si gehalen all Joer een 20tel vun där selwechter ofzebauen. Dat ass eng Dispositioun déi eis net betrëfft.
An déi Länner, déi an enger exzessiver Budgetsprozedur sinn – Artikel 5 vum ugeduechtene Vertrag – déi musse mat der Kommissioun a mat deenen anere Membere vum Eurogrupp e wirtschaftlechen a budgetäre Partenariatsprogramm ofschléissen, dee weist, innerhalb vu wat fir enger Zäit a wéi een erëm zréck an den akzeptabele Gréissteberäich vum Defizit zréckkënnt.
Fir festzestellen, datt e Land ze vill Defizit huet, féiere mir eng nei Regel an. Normalerweis stellt d’Kommissioun fest, datt e Land d’3%-Grenz, oder de medium term objective depasséiert huet, an da muss de Conseil vun de Finanzministeren, Eurogrupp fir d’éischt, EcoFin fir d’zweet, mat qualifizéierter Majoritéit deem zoustëmmen.
Mir féieren elo d’Regel an, fir déi d’lëtzebuerger Regierung, gemeinsam mat deenen zwou Benelux-Regierunge géint Däitschland a Frankräich all déi Méint gekämpft huet, an déi doranner besteet fir ze verhënneren, datt déi grouss State sech ënnertenee verbrüderen, datt et muss eng Majorité qualifiée géint d’Propositioune vun der Kommissioun sinn. Dat nennt sech "Majorité qualifiée renversée".
Déi wäerft eng grouss juristesch Schwieregkeet op, well de Grondvertrag net virgesäit, datt ee bei Ofstëmmungen d’Majorité qualifiée renversée kann hunn. Mä do gëtt et just d’Majorité qualifiée ordinaire. Esou datt dat hei eigentlech op e politeschen Engagement vun den Ënnerzeechner-Staten erausleeft fir déi Regel awer ze applizéieren, obscho se net konform ass zum Vertrag, mä d’Ofstëmmungsverhale vum Vertrag, vum Grondvertrag muss millimetergenee suivéiert sinn.
Dee Vertrag gesäit och fir, datt et zu verstäerkter Zesummenaarbecht kann an Deelberäicher vun der Koordinatioun vun der Wirtschaftspolitik kommen. Mir hunn zu deene gehéiert, déi drop gedrängt hunn, datt do awer d’Regelen, à savoir déi vun den Artikelen 3.26 bis 3.34, vum Grondvertrag musse respektéiert ginn, fir datt mir net an eng zweet Variant vu Coopération renforcée erakommen. Dat kann am Intérêt vum Land a vun Europa sinn. Dat kann awer och an eng aner Richtung goen, an dofir bleiwe mir do gär bei dem Vertrag, wéi mir e kennen.
Mir hunn och Wäert drop geluecht, datt eng Dispositioun dra kënnt, déi d’Aart a Weis undeit, wéi national Parlamenter un der Ëmsetzung vun dësem Fiskaluniounsvertrag implizéiert ginn. Mir sinn awer elo nach dobäi, déi Formuléierung esou ofzeänneren, datt déi national Parlamenter selwer Meeschter si wéi se sech do wëlle vertriede loossen. Well elo steet am Entworf, datt dat d’Presidenten an d’Membere vun de Budgetskommissioune sinn, mir hätten awer gär, datt all national Parlament dat ka selwer décidéieren, wéi et do wëll vertruede sinn. Mä dat ass, wéi Dir mierkt, keen extrem wichtege Punkt.
Dee Vertrag soll a Kraaft trieden, wann 12 Länner e ratifizéiert hunn. Dat ass insofern en Novum, well dat en europäesche Vertrag ass deen uknäppt un allgemeng Regele vum Droit international public, wou et jo och vill Verträg gëtt déi vun enger gewëssener Zuel vu Signatairen, a vu ratifizéiernde Staten un a Kraaft trëtt. Wann hei 12 State ratifizéiert hunn, dann trëtt en a Kraaft. Firwat geet dat? Mä ganz einfach, well et kee Vertrag am Rechtssystem vun der EU ass, mä en zwëschestaatleche Vertrag ënner 26.
Ech hu mech net gutt mat där Dispositioun offonnt, an hätt gär gehat, datt op d’mannst déi 17 Eurostaten dee Vertrag solle ratifizéieren, fir festzestellen, datt just d’Belsch, Malta a Lëtzebuerg déi Positioun vertrieden.
An d’Regelung ass da leschten Enns déi, déi och de bon sens ass, datt de Vertrag da just fir déi 12 a Kraaft trëtt, déi e ratifizéiert hunn, an net automatesch d’Akraafttriede fir déi 5 aner vun der Eurogrupp zur Konsequenz huet.
Ech verstinn déi Kollegen, déi wëllen hunn, datt déi Budgetsdisziplin an déi Koordinéierung vun der Wirtschaftspolitik muss méi grëffeg ginn, ouni datt dat ofhänkt dovun, datt eng kleng Partei an engem mëttelgroussen, oder groussen, oder klenge Land sech späert, an da kann dee ganze Vertrag net a Kraaft trieden, wat selbstverständlech verheerend Wierkung am aktuelle Kontext hätt.
Anerersäits ass dat do och e Vertrag, deen, wann en engem Parlament, oder enger klenger Partei an engem mëttelgroussen oder klenge Land net gefält, d’Méiglechkeet gëtt ze soen, ma mir brauchen e souwisou net fir eis selwer ze ratifizéieren, da brauche mir en also guer net zur Ratifikatioun ze bréngen – dat ass en duebelschneidegt Schwäert.
Ech huelen un, datt mir doriwwer nach eng Kéier schwätzen, mä mäin Androck ass awer, datt déi Dispositioun, déi seet, 12 Staate ratifizéieren, an dann trëtt de Vertrag fir déi selwer a Kraaft, an net fir déi aner, datt dee Standpunkt sech duerchsetzt.
Wichteg fir eis war, am Artikel 16 vun deem Vertrag festzehalen, datt innerhalb vu 5 Joer soll probéiert ginn, deen hei Vertrag an dat allgemengt Europarecht eriwwerlafen ze loossen, fir datt mir deen onséileche Splitting, dee mir de Moment hunn, tëscht 26 an 1, datt mir dee kënne behiewen, well dat ass e Vice de forme et un vice de construction, deen deem Vertrag zu Grond läit, an dee soll een esou séier wéi méiglech behiewen.
Ech wëll hei nach soen, well ech och eenzel Stellungnahme geliest hunn, notamment vun eise Grénge Kollegen, datt et natierlech net mat deem Vertrag gedoen ass. Well dee Vertrag, dee gëtt op een Deel vum Problem wat mir hunn eng Äntwert, nämlech datt mir d’ëffentlech Finanze musse konsolidéieren, wuesstemsschounend konsolidéieren; e gëtt keng Äntwert op de Rescht vun de Problemfäll.
Fir mech ass evident, datt d’Konsolidéierung vun den ëffentleche Finanzen an den europäesche Länner, och heiheem, vun essentieller Wichtegkeet ass. Dat ass eng optiounslos Strategie, déi een do muss fueren, op Grond vun de Feeler vun der Vergaangenheet. An et entsteet och a kengem Land Wuesstem wat ze héich Defizitter an ze héich Scholdestänn huet, dat ass net d’Atmosphär an där Wuesstem entsteet.
Mä hei musse mir déi budgetär Konsolidéierung duerch eng richteg wuesstemimpulsgebend Politik ergänzen, an déi ass grad esou wichteg anzeschätze wéi déi Konsolidéierungspolitik, déi hei muss gemaach ginn.
Ech bréngen dat ëmmer, wann ech soss doruechter schwätzen, op d’Formel, datt d’Finanzkonsolidéierung eng national muss sinn, an datt d’Wuesstemspolitik europäesch muss inspiréiert an organiséiert ginn, am Kader vun där Wirtschaftsregierung déi mir ustriewen.
Et kënnt mir also wiesentlech drop un, datt dee Conseil vum nächste Méindeg, an nach méi staark dee vum 1. a vum 2. Mäerz, sech mat den Theme Wuesstem a Beschäftegung ausernee setzt, datt mir de Wee zréckfannen zu engem inflatiounsfräie Wuesstem wat beschäftegungsintensiv ass.
Ech wëll och elo d’Fro vun der Finanztransaktiounssteier hei net weider behandelen, sauf fir ze soen, datt et e gudde Grond dofir gëtt, fir de Finanzsecteur méi staark a Responsabilitéit ze huelen. Deen huet d’Kardinaldugende vun der sozialer Maartwirtschaft sträflechst vernoléissegt; deen huet schamlos vun enger Rei vu politeschen neo-liberale Verirrunge profitéiert, well einfach Finanzprodukter opgeluecht gi sinn, déi kee verstanen huet an déi kee ka kontrolléieren. Et ass also hei Handlungsbedarf, dat ass evident.
D’Aart a Weis, wéi esou e méi staarkt zur-Verantwortungzéie vum Finanzsecteur gemaach gëtt, hänkt natierlech wiesentlech vun de Regelen of, no deenen dat geschitt. Dat ass fir eng Finanzplaz wéi Lëtzebuerg vun essentieller Bedeitung. Mä dat ass keng prinzipiell Ausso, dat ass en Hiweis op d’Noutwennegkeet déi mir hu fir ze iwwerpréiwen, wéi, an der Materialitéit vum Text, déi Finanztransaktiounssteier ausgesäit, a wéi hir territorial Applicatioun esou ka gemaach ginn, datt d’Finanzplaz Lëtzebuerg net als eenzeg an der Europäescher Unioun laidéiert géif do stoen.
Beispillsweis sinn eenzel Propositiounen a Positiounen déi genannt ginn, a bekannt ginn, féieren zu engem relativ klenge steierlechen Ertrag zu Lëtzebuerg, an zur obligatorescher Ofschafung vun der Taxe d’abonnement. Dat heescht, dat Instrument wat mir hunn, fir de Finanzsecteur ze besteieren, dat misste mir opginn a mir géifen et ersat kréien duerch e relativ mediocert Besteierungsinstrument. An dofir sinn dat Froen, vun deem ech d’Haus géif bieden der Regierung Vertrauen ze maachen, déi Iech doriwwer um lafenden hält, wou ee muss déi Verhandlungsfräiheet hunn déi ee brauch, fir mat deem schwieregen Thema do eens ze ginn.
Dee Vertrag, dee mir den nächste Méindeg unhuelen, kritt eréischt seng voll Bedeitung wann een en zesumme liest mat deem Vertrag, dee mir de leschte Méindeg ugeholl hunn iwwer den Europäesche Stabilitéitsmechanismus, an deem senge Considérante mir festgeluecht hunn, datt Zougang zum Europäesche Stabilitéitsmechanismus nëmmen déi Länner kënne fannen, déi och dëse Vertrag iwwer Budgets- a Wirtschaftspolitik ratifizéiert hunn. Well et geet jo net, datt ee sech e Fräibréif gewëssermoosse gëtt bei der Haushalts- a Finanzkonsolidéierung; datt ee gläichzäiteg awer wëll un déi Dëppen erukommen, iwwer deenen hiren Offloss ee kann am Fall vun enger extremer Bedrängnis gehollef kréien.
Ech kommen iwwernächst Woch an d’Chamber zréck fir genee Bericht ze ginn iwwer de geneeën Oflaf vun deem wat den nächste Méindeg zu Bréissel passéiert.
Ech soen Iech Merci!