Déclaration du gouvernement sur la situation économique, sociale et financière du pays 2012 (version originale luxembourgeoise)

Le 8 mai 2012, le Premier ministre Jean-Claude Juncker a présenté à la Chambre des députés la déclaration du gouvernement sur la politique économique, sociale et financière du pays (discours sur l'état de la nation).

- Seul le discours prononcé fait foi -

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Ech soen Iech näischt Neies, wann ech Iech soen, datt mer an anormal onsécheren Zäite liewen. D'Onsécherheet ass global, si ass kontinental a si ass national. A wéi ëmmer, wann d'Mënschen an d'Natiounen hire Wee sichen, wa se no neier Sécherheet a kloren Indikatioune fir d'Zukunft verlaangen, da kënnt de Wonsch op, datt ee soll genau soen a präzis weisen, wou et hin a wéi et weider geet. Deen awer, dee gëtt et net. 'T ass och gutt, datt et deen een net gëtt. Well d'Zukunft muss vu villen Hänn virbereed ginn, hir Gestaltung brauch den Asaz vu villen Talenter an Energien. D'Entwerfe vun der Zukunft ass näischt fir Solisten, hir Skulptur ass e Gemeinschaftswierk. Nëmmen, wa mer zesummen iwwerleeën, kréie mer e staarkt Zukunftsseel geknäppt, en Zukunftsseel, dat net räisst, well et sech aus deenen dausende Fiedem zesummesetzt, déi mer alleguer, jiddfereen no beschtem Wëssen a Kënnen, beieneen an openee geluecht hunn.

Wa mer hei zu Lëtzebuerg déi Aufgaben, déi eis gestallt ginn upake wëllen, wa mer haut d'Saache wëlle richteg maachen, fir datt se mar net falsch ginn, da musse mer der Wierklechkeet an d'Gesiicht kucken. All Politik fänkt mat der Betruechtung vun der Wierklechkeet un. Fir se genau ze gesinn, muss een de Sonnebrëll ofdinn. Duerch Sonneglieser gesäit een d'Saachen anescht, manner grell, mee 't gesäit ee se net richteg, et gesäit ee se net esou, wéi se sinn. Fir d'Wierklechkeet richteg ze gesinn, dierf een net op hire Welle surfen, et muss een déif a se erantauchen, et muss ee sech naass maache wëllen.

Wa mer an d'Zukunft tauchen, dann dränge sech eis Wierklechkeetsmomenter op, déi am Wuesse sinn an déi, wa se bis ganz ausgewues sinn, de Kontext, an deem mer an deenen nächste Jorzéngte liewen, total verännert wäerten hunn. Politik setzt sech aus Villem zesummen an zu hire wiesentleche Bausteng gehéieren Demographie an Economie. D'Demographie an d'Economie setzen d'Zukunftskaderen a loossen een d'Liewensëmstänn vu mar an iwwermar spieren.

Et ass eng demographesch Revolutioun amgaang, op déi mer eis musse virbereden, well se och eis betrëfft. Um Ufank vum 20. Jorhonnert waren 20% vun alle Mënschen op der Welt Europäer. Wéi dëst Jorhonnert ugefaang huet, hunn d'Europäer nach 11% vun der Weltbevölkerung ausgemaach. Am Joer 2050 gëtt et weltwäit nach 7% Europäer an um Enn vum Jorhonnert kommen op 10 Milliarde Mënschen nach just 4% Europäer. Innerhalb vun 200 Joer wäert den demographeschen Undeel vun den Europäer un der Weltbevölkerung sech duerch Fënnef gedeelt hunn. Och an der planetarescher Wirtschaftsarchitektur kënnt et zu tektonesche Glissementer, déi et a sech hunn. Am Joer 2010 hunn d'USA an Europa eleng 41% vum globale PIB erschafft. Am Joer 2050, also a manner wéi 40 Joer, fällt d'Wirtschaftsleeschung vun den USA a vun Europa op 18% vum globale PIB erof a si ginn ersat duerch Asien, deem säi Beitrag zur Weltwirtschaftskraaft vun haut 27% op dann 49% eropginn. Enn 2020 – dat ass geschwënn – gëtt China reng wirtschaftlech betruecht méi staark wéi d'USA. Drësseg Joer méi spéit, ëm d'Joer 2050, wäert Indien déi éischt Wirtschaftsmuecht op der Welt sinn. Brasilien schwëmmt sech ëmmer méi fräi a wäert an deenen nächste Joren an eise Gewässer optauchen, grad wéi och aner sougenannten emergent Länner.

Fir wat soen ech Iech dat? Ech soen Iech dat, well d'Konsequenzen, déi aus dem demographeschen an ökonomesche Wiessel resultéieren, absolut zukunftsbestëmmend fir Lëtzebuerg sinn. Europa gëtt méi kleng a méi schwaach. Mir hei zu Lëtzebuerg kënnen net vill méi kleng ginn, mee mir kënnen awer vill méi schwaach ginn.

Well Europa méi kleng a méi schwaach gëtt, misst et jiddferengem an Europa an zu Lëtzebuerg aliichten, datt elo all Effortë mussen ënnerholl ginn, fir datt d'Europäesch Unioun staark a méi duerchsetzungsfest gëtt. Net Redivisioun vun der Europäescher Unioun an national Divisiounen ass ugesot. Neen, mir brauchen eng offensiv Europaliga, ee méi integréiert Europa. Net well mer Angscht virun deenen neie Grousse vu mar missten hunn, mee well mer wëssen a spieren, datt en europäeschen Nationalstaat – a sierf en och nach esou grouss – et, op sech eleng gestallt, mat hinnen net ophuele kann. Als butzegt Land an Europa hu mer Alles ze gewannen, wa mer méi Europa kréien a mer hu Villes ze verléieren, wa mer deenen op de Läim ginn, déi es manner wëllen. Mir solle kritesch Europäer bleiwen. Mir sollen dat net matmaachen, wat eis radikal géint den nationale Strich geet. Mee fundamental gëllt: Lëtzebuerg muss sech ëmmer mat un d'Spëtzt vun der europäescher Integratiounsbewegung stellen. Eis natierlech, eis logesch, an eis erzwongenermoossen noutwendeg Plaz ass do, wou méi Europa stattfënnt. Soss fale mer aus der Wierklechkeet vu mar eraus. Europa ass e wiesentleche Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Staatsraison. Ech soen dat haut op esou eng determinéiert Art a Weis, fir datt jiddferee weess, wou e mat der Regierung drun ass.

Ech spieren – ech denken Dir spiert et och –, datt mer an deenen nächste Joren och hei zu Lëtzebuerg wéi am Rescht vun Europa eng dacks polemesch, onsachlech gefouert Ausernanersetzung tëschent deene wäerte kréien, déi aus Bequemlechkeetsgrënn manner Europa wëllen an deenen, déi wëssen, datt mer aus Effizienzgrënn méi Europa brauchen. Mee net nëmmen déi demographesch Evolutioun erzwéngt Ëmdenken. Och deen neien Tassement vun der Weltwirtschaft verlaangt Ëmstellungen am Denken an am Handelen. Mir mussen eis als Land opmaachen, haut schon, fir déi nei Acteure vun der globaler Economie. Lëtzebuerg war ëmmer schon op auslännescht Kapital ugewise fir seng Economie un d'Dréien ze kréien a fir se um Dréien ze behalen. Dat Kapital ass laang aus Däitschland, Frankräich an der Belsch an duerno den USA komm. Haut kënnt et och aus Asien, och aus Russland, och aus de Golf-Staaten. Mir dreiwen nawell gären Handel mat dësen neien Acteuren, mir verdéngen nawell gäre Geld, vill Geld, doduerch datt mer an dës Regiounen exportéieren. Mee wéi et schéngt, hu mer awer ganz dacks prinzipiell Bedenken, wa Betriber a Kapital aus deenen Deeler vun der Welt bei eis kommen. Dee Provinzialismus am Kapp kënne mer eis net méi leeschten. Mir verkafen am internationale Geschäft. Da musse mer och akzeptéieren, datt dat internationalt Geschäft bei eis kënnt, ouni datt dat eis ökonomesch Liewensweis an eise Sozialmodell a Fro wäert stellen.

Här President,

Aus där weltwäiter demographescher an ökonomescher Entwécklung ass eng Konsequenz ze zéien: mir mussen Europa organisatoresch an integratiounspolitesch méi staark maachen. Den objektive Gewiichtsverloscht vun Europa musse mer opfänken duerch d'Zesummeleeë vun deem, wat zesumme gehéiert a wat zesumme passt. Dat hu mer 1999 gemaach, wéi mer den Euro op d'Rees geschéckt hunn. Den Euro, eis gemeinsam Währung, ass eisen Atout am globale Wettbewerb. Wéi an anere Politikfelder gëllt och hei: eleng sinn d'Länner ze schwaach, fir et mat den neie Wirtschaftselefanten opzehuelen. De belsch-Lëtzebuerger Frang – géif et en nach ginn – wier scho längst zerriwe ginn tëschent de Währungsbléck, déi sech weltwäit nei forméieren. Wann dat esou ass, an dat ass esou, da mussen eis europäesch an national Ustrengungen drop ausgeriicht sinn, de Stellewäert vum Euro ze sécheren a säin Afloss op dat monetäert Geschehen ze verbreederen. An anere Wierder: mir mussen an der Eurozon d'öffentlech Finanze rekonsolidéieren a mir mussen an der Eurozon a via d'Eurozon Wuesstumsimpulser fräileeën an zum Schwénge bréngen, déi d'europäesch Economie erëm op Zukunftskurs bréngen. D'Konsolidéierung a Wuestum sinn déi zwou Säite vun enger an däerselwechter Wirtschafts- a Sozialmedaille.

Entgéint deem, wat ee kënnt mengen, komme mer a Saache finanziell Konsolidéierung relativ gutt weider. D'Euro-Staaten, déi hire Budgetsdefizit bis an d'Joer 2007 op 0,7% ofgesenkt an en am Joer 2010 krisebedingt op 4% hu mussen eruwuesse loossen, hunn et am Laf vum Joer 2011 fäerdeg bruecht, den duerchschnëttlechen Defizit vun der Gesamtzon op 2% ofzesenken. Dat huet an alle Länner grouss Ustrengunge kascht, a gewalteg Efforten a Griechenland, Irland, Portugal, Spuenien an Italien verlaangt. Mee et gëtt keng schlësseg Alternativ zur Konsolidéierung. Kee soll mengen, datt ee Scholden duerch nei Scholden an al Defiziter duerch nei Defiziter kënnt bekämpfen. Ween nach méi Scholde mécht, ween nach méi breet Defiziter a Kaf hëllt, dee rennt riicht an d'Zukunftsmauer. Dofir ass Spuere richteg a wichteg, all anere Wee géif an den absolute Chaos féieren.

D'Soliditéit, déi duerch d'Konsolidéierungsfortschrëtter beluecht gëtt, ass d'Viraussetzung fir d'Declenchéiere vun der Solidaritéit duerch déi Euro-Staaten, déi nach budgetär Margen hunn. Déi Länner, déi wéi Lëtzebuerg de Griechen, den Iren an de Portugiesen zur Säit sprangen, déi stierzen sech net Hals iwwer Kapp an eng onkontrolléiert Aventure. Si ginn e kalkuléierbare Risiko an. A mir gesinn haut schon, wéi notamment an Irland an a Portugal d'Verhältnisser ufänke sech ze verbesseren, obschon se fir d'Mënschen, déi betraff sinn, no wéi vir schwiereg bleiwen.

Ech weess, datt och hei am Land d'Zuel vun deene Leit, déi deene ganze Rettungsschiermer a Rettungspläng net traue bestänneg zouhëllt. Ech wëll hinne soen, datt wa mer net hëllefen d'Feier do auszetrëppelen, wou et brennt, d'Feier sech viru verbreedert an enges Dags och an eise Bëscher ukomme géif. Mir huelen d'Leit net mat an eng Aventure, mir sinn ee kalkuléierbare Risiko agaang. Net kee Risiko, mee e kalkuléierbaren. Ween a Saachen Euro an Europa kee Risiko wëllt agoen, dee geet en fait deen allergréisste Risiko an. Mee 't misst ee blann sinn, fir net ze gesinn, datt Spueren ouni d'Aussiicht op eng Verbesserung vun de Liewensverhältnisser d'Mënsche midd mécht an d'Economie net méi monter mécht.

Wa mer et an Europa net fäerdeg bréngen, fir eng konsistent Croissance ze suergen, da féieren all Spuerefforten déi ënnerholl ginn zu kengem wirtschafts- a mënschendéngleche Gesamtresultat. Dofir hunn den europäesche Conseil an den Eurogrupp hir lescht Sitzunge praktesch exklusiv dem Thema Croissance konsakréiert. D'Haushaltskonsolidéierung ass eng national Aufgab, d'Uwerfe vun der Wuesstumsmaschin zu engem groussen Deel och. Déi Länner, déi am absolute Wuesstumslach stiechen an déi sech vu Rezessioun zu Rezessioun schleefen, mussen déi Strukturreformen duerchféieren, déi der Croissance erëm eng Chance ginn. Do wou d'Pensiounsregimer aus dem Ruder lafen, musse se reforméiert ginn. Do wou ganz Secteure vun der Economie fir d'Konkurrenz zougeneelt sinn, mussen déi protektionnistesch Clôturen agerappt ginn. Do wou d'Aarbechtsrecht exklusiv déi schützt, déi eng Aarbecht hunn an deenen, déi keng Aarbecht hunn den Zougank zum Aarbechtsmaart verspäert, muss d'Aarbechtsrecht ugepasst ginn. Dat ass d'Saach vun deene betraffene Länner. Europa kann an däerf d'Länner net do ersetzen, wou se selwer an exklusiv zoustänneg sinn.

Mee de Redémarrage vum Wuesstum ass och wann net esouguer méi eng europäesch Aufgab. Dofir setzt d'Lëtzebuerger Regierung sech zesumme mat aneren derfir an, datt mer déi europäesch Wuesstumsinstrumenter zum Totalasaz bréngen. Mir plädéiere fir eng Kapitalerhéijung vun der europäescher Investitiounsbank, déi een Investitiounsschub an Europa erlabe wäert. Mir plädéiere fir ee méi konzentréierten, op schwaach Länner cibléierten, Asaz vun de Strukturmëttele vun der Europäescher Unioun. Mir wëlle méi Europa am Beräich vun der Verknäppung vun den Energienetzer, am Beräich vun de gréngen Technologien, am Beräich vun europawäite Verkéiersverbindungen, am Beräich vun der europawäit koordinéierter Recherche, am Beräich vun den alternativen Energien. Dofir gehéiere mer net zu deene Regierungen, déi sech fir d'Ofsenke vum europäesche Budget asetzen, am Géigendeel: mir hätte gär méi finanziell Investitiounsfeierkraaft fir d'Europäesch Unioun. Dofir setze mir eis fir Euro-Obligatiounen an, déi dee gewaltege finanziellen Effort, deen d'europäesch Wuesstumsremobiliséierung zur

Folleg wäert hu fir dës Generatioun a fir déi nächst Generatiounen erträglech mécht. Alles an allem: nëmme wa Spueren a Wuesstum sech d'Hänn gi fir een europäesche Geste ze forméieren, deen d'Feeler vun der Vergaangenheet verhënnert an deen den Europäer déi an eenzel Länner vun der Europäescher Unioun staark leiden erëm Zukunftshoffnunge gëtt, wäerte mer et fäerdeg bréngen, déi Erausfuerderungen, déi virun eis leien, ze meeschteren. Spueren a Konsolidéieren, Wuessen an Investéiere sinn noutwendeg. Mee si ginn net duer. Et ass evident, datt mer um globale Plang an an Europa weider Fortschrëtter bei der Reguléierung vun de Finanzmäert a vun der Finanzindustrie brauchen. Mir hëllefen dorunner ze schaffen. Op d'Aféiere vun enger Finanztransaktiounssteier e richtegt Instrument um Reguléierungswee ass, muss entretemps bezweifelt ginn. Och wann ech prinzipiell fir esou eng Steier sinn, muss ech zur Kenntnis huelen, datt se sech weder um Niveau vun de G20 nach um Niveau vun der EU 27 nach um Niveau vun der Eurozon duerchsetze léisst. Ech sinn awer ganz decidéiert der Opfaassung, datt d'Finanzindustrie muss un der finanzieller Bewältegung vun de Krisekonsequenze bedeelegt ginn. Et ass d'Finanzindustrie, hiren Onverstand an hir ongenéiert Geldgier, déi eis an d'Kris gefouert hunn. Also musse mer no anere Belaaschtungsweeër sichen, déi sécherstellen, datt de Finanzsecteur, deen um Ufank vun der Kris steet, d'post-Kris finanziell a finanzbeitragsméisseg begleet.

D'Finanzmaartreguléierung muss virugoen, ouni datt se an d'Stranguléierung vun den Aktivitéite féiert. Den europäesche Fiskalvertrag muss a senger Substanz ratifizéiert ginn, well e gëtt der europäescher Konsolidéierungspolitilk eng frësch Kredibilitéit. Dëse Vertrag muss duerch eng europäesch Wuesstumsstrategie konsolidéiert ginn. Dat ass den Dräiklang vun der Démarche an deenen nächste Méint.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Déi skizzéiert europäesch Noutwendegkeeten, virun allem an hirem Konsolidéierungs- a Wuesstumsdeel, mussen och hei zu Lëtzebuerg hir landesspezifesch Applikatioun fannen. Sécher: eis Finanzsituatioun ass däitlech besser, wéi déi vun deenen aneren Euro-Länner. Mee si entwéckelt sech an eng geféierlech falsch Richtung. Sécher: eist Wirtschaftswuesstum ass net esou schwaach, wéi dat vun anere Länner. Mee et ass net staark genuch, fir d'Zukunftskäschte kënne finanziell a budgetär ze ënnerfidderen.

Wa mer konsolidéieren, wa mer konsolidéiere mussen, da maache mer dat net, well mer ënner der Fuchtel vu Bréisseler Austeritéitsfanatiker géife stoen. Da maache mer dat am Interesse vum eegene Land a vu senger Zukunft. Deenen, déi menge mir missten zu Lëtzebuerg spueren, well Bréissel dat gären hätt, wëll ech soen datt dat net esou ass. Och wann et keng Europäesch Unioun géif ginn, och wann et keen Euro géif ginn, och wann et keng gemeinsam Disziplinen an Europa géif ginn, misste mer eist Haus an Uerdnung bréngen. Mir maachen dat net fir zu Bréissel gelueft ze ginn, mir maachen dat, fir vun den nächste Generatiounen net kritiséiert a vernannt ze ginn.

Dee Konsolidéierungspak, deen d'Regierung viru kuerzem virgeluecht huet, ass kee Knéifall virun der Bréisseler Bürokratie, ass net d'Reaktioun op een Diktat vun de Bréisseler Technokraten, et ass d'Resultat vun enger eegestänneger Iwwerleeung ronderëm d'Thema Spueren a Wuessen zu Lëtzebuerg.

Ech wëllt zu de Staatsfinanzen eng allgemeng Virbemierkung maachen. Ech si verwonnert iwwer déi onerbitterlech Kontrovers, déi ronderëm si gefouert gëtt. Egal wéi d'Zuelen evoluéieren, egal a wat fir en Zoustand datt d'Wirtschaft sech erabeweegt, et gëtt eng Konstante an eiser finanzpolitescher Debatt: d'Realitéit wiesselt a mat hir d'Zuelen, alles ännert sech, just d'Aussoe vun de Budgetsprotagonisten ännere sech net. Déi eng fuere virun ze soen datt méi Steieren erakomme wéi geduecht an datt dofir d'Finanzsituatioun sech dramatesch verbessert, déi aner fuere virun apokalyptesch Fresken un d'Mauer ze geheien. Ech kann dat verstoen, wann et drëm geet op Grond vun internationalen an nationale Prognosen a Visiounen d'Zukunft anzeschätzen. Kee kennt déi am Detail. Ech kann awer net verstoen, wann et drëm geet déi Zuelen ze kommentéieren, déi festleien, déi net méi variéiere well d'Budgetsjoren ofgeschloss sinn.

Ech huele Prognosen a Previsiounen eescht, mee sinn net hire Gefaangenen. Prognosen a Previsioune foussen op de previsible Resultater vun enger net changéierter Politik. Wann een net wëllt, datt se antrieden, muss een d'Politik deementspriechend veränneren. Dat ass an de leschte Jore geschitt. An der Regierungserklärung vum 29. Juli 2009 hat ech Iech virgerechent, datt mer net kënnten ausschléissen, datt mer bis an d'Joer 2014 eran insgesamt fir 12 Milliarden Euro nei Scholde missten ophuelen. D'Konsequenz dovu wier gewiescht – esou hunn ech Iech deemools gesot – datt d'Schold vum Gesamtstaat op bis zu 40% vum PIB kënnt eropgoen an datt d'Zënslaascht déi de Budget vum Zentralstaat misst droen op 427 Milliounen Euro am Joer 2014 kënnt klammen. Tatsächlech awer wäerte mer vun de Joren 2010 bis an d'Joer 2014 viraussiichtlech 5 Milliarden Euro léine goen. Tatsächlech wäert et awer esou sinn, datt mer am Joer 2015 maximal 328 Milliounen Zënslaascht mussen schëlleren, also däitlech manner wéi am Juli 2009 ugeholl. Dës Resultater si méiglech ginn, well mer agespuert hunn, well eenzel Steierkategorien expandéiert hunn a well d'Zënse gefall sinn. D'Resultater sinn also däitlech besser wéi gefaart mee se sinn net gutt genuch fir gutt ze sinn.

Iwwer Previsioune kann ee streiden, iwwer budgetär Ofschlossresultater allerdéngs net. Vun Ufank vun dëser Legislaturperiod u sinn eis gesamtstaatlech Finanzen net méi am Equiliber. Mer hunn e gesamtstaatlechen Defizit vun 0,8% am Joer 2009, vun 0,9% am Joer 2010 a vun 0,6% am Joer 2011 gehat. Dat war net den Equiliber, dat war awer och keng Katastroph. Dës Ofschlëss waren esouguer besser wéi den Ofschloss am Joer 2004 – dat war de leschte Budget vun enger anerer Koalitioun wéi dëser –, deen ee gesamtstaatlechen Defizit vun 1,2% ausgewisen huet. Wann ech mer awer de Budgetsofschloss vum Zentralstaat ukucken, da muss ech soen, do si mer wäit vum Equiliber a méi no bei der Katastroph. Den Zentralstaat huet mat engem Defizit vun 2,6% am Joer 2009, och vun 2,6% am Joer 2010 a vun 2,4% am Joer 2011 ofgeschloss. Dat ass net méi schlecht, wéi den Ofschloss vum Zentralstaat am Joer 2004, dee sech och op 2,6% belaf huet, mee dat ass keen Trouscht. Wann ee sech elo d'Ofschlosszuele vun deene Budgeten 2009, 2010 an 2011 ukuckt, vu Budgetsjoren also déi definitiv ofgeschloss sinn, da kënnt een un der Feststellung net laanscht, datt mer an de Joren 2009, 2010 an 2011 Dépensen haten, déi méi héich waren, wéi eis Recetten, datt mer an de Joren 2010 an 2011 e Lach vun iwwer eng Milliarde haten, wat mer duerch Empruntë mussen ofdecken.

Ech ka wéi gesot verstoen, datt een iwwer Prognose streit. Mee ech hu kee Verständnis derfir, datt een iwwer Resultater streit déi festleien. An d'Resultat ass: mer gi méi aus wéi mer hunn, d'Resultat ass, datt eis Ausgabe méi séier wuesse wéi eis Einnahmen, d'Resultat ass datt mer fir de Budget kënnen ze finanzéieren iwwer eng Milliarde d'Joer musse léine goen. An ech géif häerzlech drëm bieden, datt déi Gewerkschaften, déi Zeitungen, déi Kommentateuren heibannen an dobaussen déi eis wëllen arieden, mir hätte kee Budgetsproblem hei am Land dës Zuelen endlech zur Kenntnis huelen. An op d'Previsioune fir d'Zukunft bezunn: och wann et net esou schlëmm géif kommen, wéi d'Previsiounen ausweisen, wäerte mer d'Budgetë vun deenen nächste Joren net nëmme mat Einnahme bedénge kënne mee och mat Emprunten. Mir wëllen dëse Kurs ofschwächen, bremsen a stoppen. Mir wëllen en net ofschwächen, bremsen a stoppen doduerch, datt mer eng blann Austeritéitspolitik praktizéieren. Mir wëllen eis Finanzsituatioun doduerch verbesseren, datt mer Retouchen, Ajustementer virhuelen an eng Rigueur zur Uwendung bréngen, déi wirtschaftlech a sozial veräntwert ka ginn. An zum Thema Staatsfinanzen nach eng Randbemierkung: déi Scholdentwécklung déi ech beschriwwen hunn, déi kënnt net onerwaart, an der Erklärung zur Lag vum Land vum 5. Abrëll 2009, also matzen am Wahlkampf, hat ech fir d'Joer 2009, fir d'Wahljoer also, ee gesamtstaatlechen Defizit vun 1,7% par rapport zum PIB ugekënnegt. De facto hu mer ee gesamtstaatlechen Defizit vun 0,8, vun also manner wéi d'Halschecht, am Joer 2009 gehat. Wann een haut seet, mir hätten d'Leit am Onkloren iwwer den Zoustand vun de Staatsfinanze gelooss, dann hëllt een et mat der Wourecht net esou genau. An däerselwechter Ried hat ech gesot, an der nächster Legislaturperiod – dat ass déi, an där mer elo sinn – géifen d'Defiziter an d'Staatsscholde klammen. Ween haut esou mécht, wéi wa mer d'Leit am Onkloren iwwer déi zukünfteg Entwécklung vun de Staatsfinanze gelooss hätten, deen hëllt et mat der Wourecht net millimetergenau. Tendenziell war alles do, wat komm ass, wat net esou schlëmm komm ass, wéi mer gefaart hunn, wat awer schlëmm genuch komm ass, fir datt huet mussen d'lescht Joer, virzejoer an déi nächst Jore géigereagéiert ginn. Dee Konsolidéierungseffort, dee mer amgaang sinn ze maachen an dee mer an deenen nächste Jore verstäert fortsetzen, deen hällt net mam Joer 2014 a mat deenen nächste Wahlen op. Dee muss – wann och hannen um Wupp e bëssen ofgeschwächt – virugoen. Grad wéi och d'Wuesstumsustrengunge musse virugoen. All Politik erklärt sech vun hirem Ufank hir a muss vun hirem Enn hir geduecht ginn. Dofir muss een zwou Erklärungslinne ginn: wat wëlle mer maachen a fir wat wëlle mer dat maachen, wat wëlle mer net maachen a fir wat wëlle mer dat net maachen?

Et gëtt een Ausgabeblock, deen ee muss weider ofsenken an dat sinn d'Konsumkäschte vum Staat. Jiddferee verlaangt, datt de Staat säin Train de vie der méi enker finanzieller Situatioun muss upassen. Mee jiddferee versteet eppes anescht dorënner. An déi Wéinegst, déi wëssen, datt wann de Staat seng Konsumkäschte besser ënner Kontroll hällt, ergo also op sengem Liewenswandel spuert, datt dann eenzel Betriber hei am Land Einnahme verléieren. Dee gréissten Deel vun de Funktionnementskäschte si Personalausgaben. Duerch d'Indexmodulatioun, déi jo och eng budgetär Finalitéit hat, spuere mer am lafende Joer 34 Milliounen Euro Personalkäschten. Am nächste Joer spuere mer nach eng Kéier 36 Milliounen Euro. Fir d'nächst Joer falen also per Gesetz d'Konsumkäschten ëm 36 Milliounen Euro. Wann een d'Rechnungen alleguer géif richteg maachen, misst een dee Betrag vu 60 Milliounen deen de Finanzminister als Enveloppe fir d'Ofsenke vun de Konsumkäschten annoncéiert huet fir d'Joer 2013 ëm 36 Millioune Personalkäschtenaspuerungen erhéijen. Wann de Finanzminister vu Konsumaspuerunge vu 60 Milliounen am Joer 2013 schwätzt, dann handelt et sech dobäi ëm weider agespuerte Konsumausgaben, déi béi déi 36 Millioune Personalkäschtenaspuerungen derbäi kommen. Wann ee Konsumausgabe wëllt drosselen, da muss een un allen Ecken an Enner spueren. Net nëmme global a pauschal. All Dag muss probéiert ginn, manner ze konsomméieren. Dofir bleift et am Prinzip bei deenen Aspuerungen, déi mer d'lescht Joer an dëst Joer gemaach hunn. Dofir ginn d'Reeskäschte gesenkt. Dofir gëtt d'Gestioun vum Automobilspark vum Staat reorganiséiert: wa mer d'Autoen anescht akafen, kréie mer se méi bëlleg. Dofir wäerte mer den Akaf vun Energie, vun Elektresch, vu Mazout, esouwäit wéi dat méiglech ass, zentraliséiere fir duerch d'Vergréisserung vum Volume méi bëlleg Präisser ze realiséieren. Dofir ginn d'Käschte fir Expertisen a fir Avisë blokéiert. Dofir ginn d'Publizitéits- an Opklärungscampagnen an der Zuel däitlech reduzéiert. Dofir reduzéiere mer de Käschtepunkt vun de verwaltungsinternen Examen ënner anerem doduerch, datt d'Zuel vun de Kommissiounsmembren erofgesat gëtt. Dofir ersetze mer d'Material an d'Equipementer an de staatleche Verwaltunge manner séier wéi bis elo: Computer a Fotokopiesmaschine ginn en bloc kaaft a ginn doduerch méi bëlleg. Alles dat gesäit no näischt aus, mee alles dat ass schwéier ëmzesetzen. Et muss awer ëmgesat ginn.

Ech hu gesot, dee gréissten Deel vun de Funktionnementskäschte géif op der Gehältersäit leien. Dofir nach ee Wort zur Fonction publique. Et ass eis gelongen, dank dem energeschen Asaz vun de Ministere Biltgen a Modert, ee Gesamtaccord mat der CGFP iwwer d'Strukturreform vun der Fonction publique an de Gehälteraccord fir déi nächst Joren ze fannen. Dir hutt gesinn – an heiandsdo och bemängelt – datt de Wee dohinner heiandsdo am Zickzack verlaf ass. Dat ass bei schwierege Verhandlungen net anormal. D'lescht Joer am Summer, nodeems d'Steierrecetten e Sprong no uewe gemaach haten an nodeems vu Villen, och heibannen, d'Enn vun der Kris agelaut gi war, huet d'Regierung e Gehälteraccord mat der CGFP ofgeschloss, deen net iwwerdriwwe war, mee deen no der erneiter Zouspëtzung vun de budgetäre Schwieregkeeten net méi an d'Landschaft gepasst huet. Dofir hu mer en a gemeinsamer Ustrengung mat eisem öffentleche Sozialpartner erëm aus der Landschaft geholl. D'Haltung vun der CGFP verdéngt Respekt, well et méiglech ginn ass, fir d'éischt zanter den 80er Joren eng Nullronn fir 5 Joer ofzeschléissen. D'Punktwerterhéijung trëtt 2015 a Kraaft a mer hunn elo der öffentlecher Besoldungspolitik ee previsible Profil bis an d'Joer 2017 era ginn. Logescherweis kann et dofir och 2013 keen Ajustement vun de Pensioune ginn: wann een d'Gehälter vun den aktive Beamten afréiert, da kann een d'Pensiounen net an d'Lut setzen. Déi intergenerationell Gerechtegkeet verlaangt dat esou.

Méi wichteg wéi de Gehälteraccord ass awer d'Eenegung iwwer d'Strukturreform an der Fonction publique. Si verbessert d'Effizienz vun der öffentlecher Funktioun, si moderniséiert d'Fonction publique andeems se d'Gestion par objectif aféiert an d'Mataarbechtergespréicher adäquat espacéiert, si erlaabt et, sech am Eeschtfall vu Mataarbechter ze trennen, déi et net bréngen, si revaloriséiert eenzel Carrièren, si setzt de Stage vun 2 op 3 Joer erop a senkt d'Stage-Indemnitéiten of, si suppriméiert d'Majoration d'indice andeems d'Annalen erëm Biennale ginn, si wäert d'Allocation de famille nei uerdnen a si gesäit en akzeptablen Appreciatiounssystem vir. Et ass eng wichteg Reform, mat Ofstand déi wichtegst zanter Jorzéngten. Si trëtt an zwou Etappen a Kraaft a si bréngt dem Budget zolidd Aspuerungen. D'Kombinatioun vun der Strukturreform a vum Gehälteraccord wäert Enn 2017 d'budgetär Neutralitéit vum Gesamtpak respektéieren. Duerch eng Lounpaus vu 5 Joer an duerch déi reformbedéngte budgetär Aspuerunge leescht d'öffentlech Funktioun hire Beitrag zur Budgetkonsolidéierung. D'Regierung gesäit dofir och vu weideren Aschnëtter an de klassesche Besoldungsstrukture vun de Staatsbeamten of.

Här President,

Ech hunn Iech elo laang iwwer Personalausgabe vum Staat geschwat. Een aneren décken Ausgabeposte sinn déi direkt an déi indirekt staatlech Investitiounen. E Staat, deen net an den Ausbau vu senge kollektiven Infrastrukturen investéiert, ass e Staat, dee seng Zukunft opginn huet an deen net méi u sech gleeft. E Staat, deen net investéiert ass e Staat deen drop verzicht huet, weider ze wuessen. Mir wëlle weider wuessen, ergo brauche mer öffentlech Investitiounen op engem héijen Niveau. Deen héijen Investitiounsniveau gëtt an deenen nächste Jore bäibehalen. Déi direkt an indirekt staatlech Interventiounen wäerte sech op iwwer 1.800 Milliounen Euro bewegen. Dat si 400 Milliounen Euro méi, wéi am absolute Krisejoer 2009. Mir spueren also net op den Investitiounen an, wann een d'Investitioune vun dësem a vum nächste Joer mat den Investitioune vun de Jore virdru vergläicht. Mee vu déi verengte finanziell Situatioun vum Staat musse mer awer par rapport zu deene Volumen, déi mer an deenen nächste Jore wollten investéieren, spueren. Mir kierzen also par rapport zu de Pläng, déi mer fir déi nächst Joren haten 125 Milliounen.

Wou spuere mer par rapport zu deem wat mer eigentlech virhaten? Et gëtt ëmmer gesot – am Zesummenhank mat de Funktionnementskäschten – datt de Staat bei sech selwer soll ufänken ze spueren. Dat zielt selbstverständlech och fir d'Investitiounsausgaben. Dofir gëtt eng Rei vun administrative Gebaier elo net gebaut. Als Beispiller wëll ech nennen Dépôtë vun de Ponts et Chaussées, d'Centres douaniers Esch a Bireler Haff, de westregionale Service vum Waasserschutzamt. Déi geplangten Aspuerunge betreffen och de Stroossebau. Den Échangeur zu Léiweng gëtt net gebaut, sief et och nëmme well mer déi nächst Jore keng staatlech Gelder wëllen an de Bau vun engem Fussballsstadion investéieren, grad esou wéi mer och de Bau vun engem Velodrom zréckgesat hunn. Mir verbreederen och net d'Autobunn A3 a Richtung Frankräich. Mee den Ausbau a Richtung Lëtzebuerg, den Ausbau op dräi Bunnen, gëtt aus Sécherheetsgrënn bäibehalen. Mir bauen och keng nei Foire um Kierchbierg. Iwwerhaapt baue mer, am Héichbau, méi kleng a méi funktionell. Wou ëmmer et geet gëtt am Färdegbausystem gebaut. Domat spuert ee Geld: eng Färdegbauschoul kascht d'Halschecht vun enger klassesch gebauter Schoul. Mee 't gëtt och Investissementsprojeten, op deene mer net spuere kënnen an op deene mer net spuere wëllen. Mir wëllen net op de Schoulinfrastrukture spueren an dofir gëtt och keen eenzege Schoulprojet no hanne geschubst. Och huet d'Universitéit vu Belval fir d'Regierung strikt Prioritéit. Et gëtt alles gemaach an och esou investéiert, fir datt si 2014 hir Diere kann opmaachen. 2011 hu mer 38 Milliounen an d'Unisgebaier op Belval investéiert, dëst Joer sinn 59 Millioune geplangt, 2013 sollen et der 106 Milliounen an 2014 140 Milliounen Euro ginn. D'Uni ass Deel vum Lëtzebuerger Zukunftsprogramm. Hei kënne mer net spueren. Och a Saache Mobilitéit, effizient Mobilitéitsketten a multi-modal Reorganisatioun vun eisem Transportwiese kann net gespuert ginn. Mir brauchen zousätzlech Kapazitéiten op eisem Schinneréseau. Dofir baue mer eng nei Zuchstreck tëschent Lëtzebuerg a Beetebuerg, dofir verduebele mer d'Zuchstreck vu Lëtzebuerg op Péiteng, dofir investéiere mer an d'Verbesserung vun eiser Eisebunnsverbindung mat der Belsch an dofir kënnt et och zu enger Verduebelung vun de Schinneweeër tëschent der Polfermilllen a Sandweiler fir eng méi séier Streck an Däitschland ze assuréieren. Dofir baue mer an Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg den Tram duerch d'Stad. D'Stad Lëtzebuerg wäert een Drëttel vun den Investissements- a Funktionnementskäschte vum Tram tëschent der Gare an der LuxExpo iwwerhuelen.

Mir maachen also manner Investissementer wéi ursprünglech geplangt. Mir wollten 2013 an 2014 Investitioune vun 1.931 Milliounen Euro maachen. Mir féiere se ëm 125 Milliounen op 1.806 Milliounen zréck. Dat sinn iwwer 120 Milliounen Euro méi, wéi nach 2011. Mir spueren also op den Investissementer a gläichzäiteg spuere mer net op den Investissementer, well si wäerten an Zukunft 3,74% vun eisem Bruttoinlandprodukt ausmaachen. Dat ass e PIB-Undeel vun den öffentlechen Investissementer, dee méi héich ass, wéi an iergendengem aneren Euro-Land. Nach ee komplementärt Wuert zu den Investissementer. Ech héieren, ech liesen datt d'Decisiounen iwwer privat an öffentlech Investissementer zu Lëtzebuerg net séier genuch geholl ginn. Ech héieren an ech liesen datt tëschent der Decisioun an der Realisatioun vun den öffentlechen a privaten Investissementer onendlech laang Zäite verginn. Dës Diskussioun reegt mech op, déi nervt mech, si stéiert mech. Dofir ruffen ech am Ufank vum Hierscht eng national Table-ronde mat allen Akteure vun öffentlechen a privaten Investissementer, inklusiv de Gemengen, an, déi ech och selwer wäert presidéieren, fir Moossnahme kënnen ze decidéieren, déi den Investissementer zu Lëtzebuerg méi Stullgank mécht. Konklusioune vun där Tableronde gi virum Enn vum Joer virgeluecht. Wa mer Wuesstum hei am Land wëllen organiséieren, dann däerfe mer an de Beräicher Fuerschung an Entwécklung net spueren. Am Industriezäitalter louch eise Räichtum am roude Buedem. Wéi dee Räichtum ofgeholl huet, hu mer eis a sougenannte Souveräinitéitsnische verfuusst. De roude Buedem – dee wichteg bleift –, Souveräinitéitsnischen déi een do muss erhalen, wou ee se erhale kann, mussen haut a mar duerch Kompetenznischen ersat ginn. Déi Kompetenznische fanne mer nëmme wa mer a Fuerschung an Innovatioun investéieren. Fuerschung an Innovatioun sinn d'Motor-Elementer vun eiser zukünfteger Kompetitivitéit. Dofir hu mer vir, am Joer 2012 erëm 280 Milliounen an déi öffentlech an an déi privat Fuerschung ze investéieren. Dat ass zengmol méi, wéi am Joer 2000. Haut schaffen an der öffentlecher an an der privater Fuerschung 2.500 Fuerscher. De Fuerschungssecteur produzéiert niewt Zukunftsiddien och aktuell Aarbechtsplazen. De Fuerschungs- an Innovatiounssecteur ginn an den nächste Jore konsequent a stramm ausgebaut. De CRP Lippmann an de CRP Tudor ginn zesummegeluecht. An der Fuerschung brauche mer manner Konkurrenz a méi Komplementaritéit. Mir konzentréieren eis op Materialwëssenschaften, Gesondheetstechnologien a Biomedizin. D'Regierung huet zwee Investissementsfongen op d'Bee gestallt, ee vu 25 Milliounen Euro, dee sech ronderëm d'Biotechnologien entwéckelt an ee vun 150 Milliounen Euro, dee sech ëm innovant Entreprisen dréit. Déi Investissementsfonge ginn zu 120 Milliounen aus de Revenuë vun eise Partizipatiounen an der BGL-BNP Paribas gespeist. Mer hunn eng Bank gerett. D'Benefisser dovun, dat heescht d'Dividenden, sollen der Zukunftsvirbreedung vum Land déngen.

Och den Ëmgank mat der Energie ass en Deel vun eiser Wuesstumsstrategie. Zwee Sträng féieren an d'Zukunft: Energie spueren an d'Verduebelung vun den erneierbaren Energien. Et gëtt, Här President, ee Secteur vun eiser nationaler Wirtschaft, dee mer zevill dacks ënnerbeliicht loossen. Dat ass de Secteur vum Tourismus. Contrairement zu deem wat vill Leit mengen, ass dat e wichtege Pilier vun der Lëtzebuerger Economie. Mir schneiden op der Tourismusskala emol guer net esou schlecht of. Am touristesche Kompetitivitéitsindex 2011 vum World Economic Forum kënnt Lëtzebuerg op déi 15. Plaz vun 139 Länner, op déi 10. Plaz vun den europäesche Länner. Mir hunn 2 Milliounen Iwwernuechtungen d'Joer an déi indirekt Contributioun vum Tourismus mécht 5,7% vun eisem PIB aus a mir rechnen dermat, datt hei eng Steigerung vun iwwer engem Prozent méiglech ass. D'Tourismusbranche gëtt 18.000 Leit eng Aarbecht. Et ass bedauerlech, datt d'Lëtzebuerger fannen, dat wier keng Aarbecht fir si. Dat muss och eng Aarbecht fir si ginn. Een dee keng Aarbecht huet an een deen eng Aarbecht sicht, muss och bereet sinn am Beräich vun der Tourismusindustrie eng Aarbecht ze fannen. Et ass keng Onéier an der Tourismusbranche, an der Restauratiounsbranche, an der Hôtelleriebranche ze schaffen, wann dann d'Aarbechtsbedingunge stëmmen. Mir wäerten an deenen nächste Jore verstärkt op de Geschäfts- a Kongresstourismus setzen, deen haut schon 60% vun den Iwwernuechtungen hei am Land ausmécht. Hei stiechen nach Wuesstumsposchen déi mer mussen exploitéieren.

Wee Wirtschafszukunft denkt, ween un der Zukunft vun eiser Wirtschaft schafft, dee ka keen Ëmwee ëm IT- a Kommunikatiounsfroe maachen. Lëtzebuerg ass amgaangeen een IT- a Kommunikatiounsstanduert par excellence ze ginn. Haut schon hu mer 1.000 nei Aarbechtsplazen am Kommunikatiouns- an E-commerce- Secteur opzeweisen. Déi Evolutioun geet weider och wann, duerch nei europäesch TVA-Regelunge bedéngt, d'Steiereinnahmen aus dem E-commerce-Secteur lues a lues ofhuelen, wäert et awer esou sinn datt d'Aarbechtsplaze bleiwen. D'Aarbechtsplaze bleiwen – an d'Aarbechtsplazen huelen zou – well Kommunikatiounsbetriber net nëmme méi wéinst der TVA-Regelung op Lëtzebuerg kommen, mee wéinst deem gënschtegen Ëmfeld dat mer hinne bidden. Eis Internet- Verbindungen huele bestänneg zou. De Staat, via Luxconnect a Post, huet tëschent 2008 an 2012 iwwer 500 Milliounen Euro an den Ausbau vun den Internet- Verbindungen an an de Bau vun héichmodernen an top-ofgesécherten Datenzentren investéiert. Déi Investitiounen ginn an Zukunft virugefouert. D'Datenzentre sinn d'Lagerhale vun der Internet-Economie. 2006 hate mer dräi grouss Dateleitungen an d'Ausland. Déi Zuel hu mer dëst Joer op 16 erhéijt. Domat si mer un den Daten-TGV vun Europa ugebonn. Eis Datenzentren, virun allem déi nei, gehéieren zu deene modernsten, séchersten, energieeffiziensten a gréngsten Datenzentren op der Welt. Dat gëtt vun der Fachwelt pausenlos unerkannt. Bis 2013 wëlle mer 80% vun de Ménagen an 100% vun de Betriber un den ultraschnellen Internet ubannen. Domat gëtt Lëtzebuerg an de Spëtzentrio an Europa katapultéiert. En plus, wëlle mer d'Satellitenindustrie mat der Internet-Wirtschaft a Kombinatioun bréngen. Satellit an Internet passe gutt zesummen. Mir kommen an dëse Beräicher gutt virun a mir mussen dës Beräicher permanent am A behalen. D'Investitiounen an deem Beräich schafen de Wirtschaftsräichtum vu mar.

Här President,

Mir hunn an der Vergaangenheet probéiert, vill Standuertvirdeeler beieneen ze réckelen. D'Kultur an d'Kulturpolitik gehéieren ouni all Zweifel dozou. Auslännesch Betriber a Leit, déi vu wäit a vun no kommen, wëllen zu Lëtzebuerg, ier se decidéiere sech zu Lëtzebuerg nidder ze loossen, zwou Saache wëssen: wat fir eng Schoulinfrastruktur gëtt et zu Lëtzebuerg? Wat fir eng Kulturinfrastruktur huet dat klengt Land unzebidden? Mir hunn eng, wann och nach net komplett, sou dach awer dichteg Kulturinfrastruktur unzebidden. Kultur huet eppes mam Image vum Land ze dinn. Nëmmen ee Land dat kulturell existéiert, nëmmen ee Land, dat a seng kulturell Identitéit an a seng kulturell Multidiverzitéit investéiert ass attraktiv. Ouni Kulturofferte gëtt et kee komplette Standuert. Derbäi iwwersinn iwwerflächlech Observateuren a superfiziell Budgetspolitiker iwwer si ganz gären déi ökonomesch Kontributioun vun der Kultur. Déi, déi op der Kultur wëlle spueren – an där gëtt et vill – vergiesse ganz liicht, datt 6.300 Leit am Beräich vun der Kultur schaffen, 1,8% vun der aktiver Populatioun. Kultur an Tourismus – déi zwee Segmenter ko-funktionnéiere ganz dacks – beschäftegen iwwer 24.000 Leit zu Lëtzebuerg. Mir hunn all Intérêt drun, eise Kulturbudget net ze kierzen. E bleift och an deenen nächste Joren e Budget, dee méi wéi 1% vun der gesamter Budgetsmass ausmécht. Eng aner Liichtfankegkeet besteet doranner, fir eng Reduktioun vum entwécklungspolitesche Budget ze verlaangen. Dat kënnt bei ville Leit, déi net intensiv nodenken, gutt un. Dat wier awer ee falsche Wee. D'Regierung wëllt den entwécklungspoliteschen Effort vun eisem Land net reduzéieren. D'Lëtzebuerger Entwécklungshëllef wäert och an Zukunft méi wéi 1% vun eisem Bruttoinlandprodukt ausmaachen. Dat dréit zum weltwäiten Image vun eisem Land bäi. An dat huet eng moralesch Dimensioun: eent vun de räichste Länner vun der Welt, och wann et muss spueren, däerf net ufänke bei der Entwécklungshëllef ze spueren. Esou laang wéi ech Responsabilitéit zu Lëtzebuerg droe gëtt den Entwécklungsbudget net gekierzt. D'Lëtzebuerger Entwécklungshëllef wäert och weiderhin 1% vun eisem PIB bedroen.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Ech hu virdrun iwwer d'Standuertvirdeeler geschwat, déi mer zu Lëtzebuerg kënnen offréieren. Dat waren an der Haaptsaach Standuertvirdeeler fir déi Betriber an Investisseuren, déi wëllen hir Aktivitéiten zu Lëtzebuerg entwéckelen. Et gëtt awer och Standuertvirdeeler oder awer Standuertnodeeler fir d'Lëtzebuerger selwer. Ee relative Standuertnodeel fir déi Leit, déi hei am Land wunnen, ass de Käschtepunkt, dee mam Wunnen zesummenhänkt. Doriwwer hunn ech an deene leschte Joren, och am leschte Joer, vill geschwat.

An de leschte Joren hu mer zu Lëtzebuerg vill Wunnenge gebaut. 3.023 Wunnengen am Joer 2007, 4.444 Wunnengen am Joer 2008 – en absolute Rekord an der Logementsgeschicht vum Land – an 3.740 Wunnengen am Joer 2009. Déi zwee lescht Jore leien also däitlech iwwer deem Niveau, deen no der Wunnengsbedarfsprognos 3.400 Logementer misst bedroen. D'Regierung setzt séier konsequent déi 21 Mesuren aus dem Logementspakt ëm. Zënter dem éischte Joer hu mer Zënssubventioune verbessert. Déi d'lescht Joer ugekënnegt national Gesellschaft fir Siedlungsentwécklung gëtt an der nächster Woch virgestallt: si wäert zu enger Stabiliséierung vun de Präisser op der Wunnengsfront bäidroen. Si erlaabt dem Staat et och, Terrainë fir grouss Siedlungsprojeten op bis ewell nach net verbaute Flächen innerhalb an ausserhalb vu PAG'en ze erschléissen. De leschte Freideg huet de Regierungsrot 552 Hektar am Plan sectoriel Logement ausgewisen, Flächen, op deenen no alle Regele vun der Landesplanung a vun Naturschutz kënnen 18.000 Wunnenge fir 44.000 Leit entstoen. Zielt een dës Zuel bei déi Bauprojetë vun 52.000 Wunnengen, déi am Kader vum Pacte Logement vun am Ganzen 98 Gemenge préconiséiert goufen, kënnt een op knapp 70.000 nei Wunnengen. Dobäi kommen nach 3.000-4000 Logementer déi op de Frichen zu Woltz, der Nordstad, an op dem Terrain vum Agrocenter zu Miersch ugeduecht sinn.

Meng Suerg ass et éierlech gesot net, datt mer et génge fäerdeg bréngen, an deenen nächste Jore genuch Wunnengen ze bauen. Besonnesch dann net, wann de Staat duerch eng geschéckten Akaafspolitik Logementsterrrainen zur Verfügung stellt. Meng Suerg ass eng aner an 't ass eng dräifach. Ech fannen et net normal, datt esouvill Wunnengen hei am Land eidel stinn. Ech weess net, wéivill datt et der sinn, mee wann ech duerch d'Land fueren, mer d'Stroossen an d'Haiser ukucken, stellen ech fest datt vill eidel Häiser zu Lëtzebuerg stinn. Ech fannen deen Zoustand net normal. Ech fannen et net normal, an engem Moment wou vill Leit eng Wunneng sichen. Ech hätt dofir gär, datt déi Häiser déi eidel stinn, mat enger spezieller Steier beluecht ginn. D'Gesetzer gesinn déi Méiglechkeet vir, mee nëmme wéineg Gemengen notzen déi Méiglechkeet. Ech hu mer erkläre gelooss, datt et fir déi eenzel Gemenge ganz schwiereg ass, e Besteierungssystem vun deenen Häiser, déi eidel stinn ze definéieren. Dofir wäerten de Wunnengsbauminister an den Innenminister virum Enn vum Joer de Gemengen e Vademecum virleeën, deen d'Kritèren an d'Regelen enthält, no deenen déi Besteierung soll festgeluecht ginn. Ech wëll dervun ausgoen datt d'Gemengen dann och déi Besteierung virhuelen.

Meng aner Suerg ass, datt d'Terrainspräisser zu Lëtzebuerg einfach net an de Grëff ze kréie sinn. D'Terrainë sinn zu Lëtzebuerg einfach ze deier. Net d'Bauen ass zu Lëtzebuerg deier, mee d'Terrainspräisser sinn zu Lëtzebuerg ze deier. Ech wëll hei nach eng Kéier soen – och wann der dat fir eng naiv Bemierkung haalt –, datt et net zum Lëtzebuerger Grondwiese passt, datt déi Lëtzebuerger, déi Terrainen hunn, anere Lëtzebuerger, déi Terrainë brauche fir ze bauen déiselwecht zu exorbitante Präisser verkafen. Et si jo net d'Russen, d'Katharrien, d'Inder an anerer déi de Lëtzebuerger Bauterrainë verkafen. Et si jo Lëtzebuerger, déi Lëtzebuerger, Résidenten déi Résidenten Terrainë verkafen. Ass et wierklech noutwendeg, datt déi, déi Terrainen hunn, déijéineg déi Terrainë brauche bis zur leschter Bluttdrëpps ausquetschen? Ass dat wierklech néideg? Kënnt et net méiglech sinn, datt mer eis als Leit déi hei am Land wunnen drop verstännege kënnen, datt Bauterrainen zu Präisser verkaaft ginn, déi et jonke Leit erlaben ouni datt se d'Verméige vun hire Grousseltere verzieren an ouni datt se d'Verméigensbildung vun hire Kanner fragiliséieren, an de Genoss vun Terrainen ze kommen. Et ass nëmmen eng Fro. Mee 't ass eng Fro, déi mat der Art a Weis wéi mer hei am Land zesumme wëlle liewe fundamental ze dinn huet. Déi eng Lëtzebuerger beuten déi aner Lëtzebuerguer aus. Et brauch ee sech net ze wonneren, datt vill Lëtzebuerger et virzéien an d'Ausland ze plënneren. Mir maachen eis selwer futti. Dës Remarque applizéiert sech selbstverständlech och op de Staat. Dee muss Weeër sichen, déi et em erlaben, net maximal, mee adäquat Loyeren ze froen, wann en Häiser verlount.

Meng drëtt Suerg betrëfft d'Situatioun vun de Stéit mat klenge Revenuen, déi en enorm groussen Effort musse leeschten, fir d'Logementskäschten ze decken. D'Käschte vum Logement wuesse méi séier wéi d'Akommes vun deene Stéit. D'Zuel vun deene Ménagen, déi ënner dem Niveau vum Aarmutsrisiko liewen, mussen an der Moyenne 35% vun hirem Revenu opbrénge fir um fräie Wunnengsmaart eng Wunneng kënnen ze lounen. D'Regierung wëllt den Taux vum eegene Logementseffort vu 35 op 30% erofdrécken. Dofir féiere mer eng Subventioun vum Loyer an, ee sougenannte Mietzuschuss. Mir maachen dat an der Hoffnung, datt dee Mietzuschuss, deen déi objektiv méi aarm Famillje kréien, net opgesuckelt gëtt duerch eng Erhéijung vun de Loyeren. Dëse Mietzuschuss kënnt prinzipiell un d'Konditioune vun der Zënssubventioun ugepasst ginn, déi ee kritt fir eng Wunneng ze kafen. Dëst géif 95 Euro an der Moyenne pro betraffe Famill pro Mount ausmaachen. Bei enger maximaler Akommesgrenz vu ronn 2.590 Euro fir eng alengerzéihend Mamm mat zwee Kanner géif eng Subventioun vu maximal 106 Euro pro Mount ausbezuelt ginn. Bei engem maximalen Akommes vu 2.420 Euro fir eng Koppel ouni Kanner wier dat eng Subventioun vu maximal 100 Euro a bei engem maximale Revenu vun 3.400 Euro fir eng Koppel mat zwee Kanner géif dat eng Subventioun vun 139 Euro ausmaachen. Dir sot mer, dat wär net vill. Ech soen Iech: et gëtt vill Leit a vill Stéit fir déi dëse Mietzuschuss eng ganz konsiderabel Zomm ass. Rechent een alles zesummen, da kascht dës Moossnahm, da kascht dëse Mietzuschuss 15 Milliounen Euro pro Joer. Et ass evident – vu d'Finanzsituatioun vum Staat – datt dës Moossnahm muss géigefinanzéiert ginn duerch d'Ofsenkung vun anere Wunnengsbäihëllefen déi de Staat haut leescht.

Här President,

Et gëtt Leit, déi wëlle fir ze spueren d'Entwécklungshëllef kierzen, et gëtt Leit, déi wëlle fir ze spueren de Kulturbudget beschneiden. Einfach Iddien, einfach Vuen, simpel Gedanken, déi dem komplizéierten Ëmfeld, an deem Politik stattfënnt net gerecht ginn. Simpel Vuen expriméiere sech heiandsdo op Plazen, wou ee se net géng siche goen. Ech hunn dëser Deeg an enger Zeitung, déi fréier Campagne géint de sougenannte Renteklau gefouert huet, gelies, et wier jo och méiglech, d'Finanzéierung vun eise Pensiounen ze iwwerpréifen an deem ee géif de staatleche Beitrag zu därselwechter no ënnen upassen. Et ass jo och net falsch, fir sech d'Fro ze stellen, ob de Staat wierklech muss 2,5 Milliarden Euro kontribuéiere fir all Sozialprestatiounen zu Lëtzebuerg ze finanzéieren. Et ass jo och net falsch, wann ee sech d'Fro stellt, ob et wierklech noutwendeg ass, datt mer alleguer zesummen, Staat, Salariéën a Patronen, 24% vun de Léin als Beiträg an d'Pensiounskees abezuelen obscho mer nëmmen 21% brauchen. Ech ka verstoen, datt ee sech d'Fro stellt, ob et wierklech noutwendeg ass, datt de Staat 45% vun de Recettë vun eise soziale Versécherungssystemer muss zur Verfügung stelle während de Staat an der Belsch nëmmen 33% zur Verfügung stellt, de Staat an Däitschland nëmme 35% zur Verfügung stellt, de Staat am Frankräich nëmmen 32% zur Verfügung stellt. A wouer ass et, datt wa mer eis Kontributiounsleeschtung un d'Moyenne vun eisen Nopeschlänner upassen – an déi bedréit 33% –, datt dann de staatleche Beitrag zur Finanzéierung vun de Sozialprestatiounen zu Lëtzebuerg vun 10,5% vum PIB op 7,8% vum PIB géng eroffalen, an datt de Staatsbudget géng 1 Milliard Euro spueren. A richteg ass et fir ze soen: dann hätte mer kee Budgetsproblem zu Lëtzebuerg. Mee d'Wierklechkeet ass méi komplizéiert: wann de Staat seng Beiträg zur Finanzéierung vun de soziale Prestatioune géng op den Niveau vun den Nopeschlänner ofsenken, dann hätte mer ganz séier ee Problem bei der Finanzéierung vun eise Renten a Pensiounen an da géngen d'Reservë vun de Pensiounskeese schmëlze wéi de Schnéi an der Sonn. Mer hunn eis zu Lëtzebuerg derfir decidéiert – wéi mer et an der Fachsprooch nennen – d'Sozialsécherheet maximal ze fiskaliséieren. Mir wëllen un deem System festhalen. Well dee System bréngt et mat sech – an ech géng d'Patronatsorganisatioune bieden hir Oueren ze spëtzen –, datt d'Patronen zu Lëtzebuerg nëmmen zu 27% zur Finanzéierung vun de Sozialprestatioune bäidroen, während se 35% an Däitschland bäidroen, 43% an der Belsch bäidroen a 44% am Frankräich bäidroen. Déi, déi wéi gesot d'Finanzéierung vun der Sécurité sociale wëllen op aner Féiss stellen, musse wëssen, datt se Patronë méi belaaschten, wiesentlech méi belaaschte géngen, datt se d'Salariéë méi géngen an d'Flicht huelen an datt se déi durabel Finanzéierung vun eise Renten- a Pensiounssystemer géngen op d'Kopp geheien. Dofir ass d'Regierung net gewëllt, op de Wee vun der Ofsenkung vun de steierleche Beiträg zur Finanzéierung vun de soziale Prestatiounen ze goen.

Par conter, leeë mer awer eng Rentereform vir, déi d'Finanzéierungsrisike vun eisem Renten- a Pensiounswiesen offiedert an déi d'Méiglechkeete virgesäit – de Sozialminister schwätzt vu Schrauwen –, déi ee kann zum Asaz an zum Dréie bréngen, wann d'Finanzéierung vum Renten- a Pensiounssystem aus dem Kanal spréngt. Mir wëllen dës Reform maachen. Mir wëllen iwwer dës Reform mat der Chamber a mat de Sozialpartner virun diskutéieren. Mee datt mer eng Rentereform brauchen, steet ausser Fro. D'Rentereform gehéiert zu de grousse Strukturreformen, déi d'Regierung wëllt maachen. Dës Regierung wäert se och maachen. Um Wee dohinner – well d'Finanzsituatioun esou ass wéi se ass – kënnt et och zu kengem Rentenajustement op den 1. Januar 2013. D'Lounentwécklung vun de Joren 2010 an 2011 fënnt keng Rentefortsetzung. Par conter wëlle mer awer op den 1. Januar 2013 de Mindestloun upassen. Ech huelen zur Kenntnis datt muenech Kreesser vum Patronat an och Stécker vun der Lëtzebuerger Politiklandschaft dës Mindestlounerhéijung net wëllen. Ech wëll hinne roueg a geloosse soen: den 1. Januar 2013 ginn d'Mindestléin ugepasst. Si ginn ugepasst well et schwéier ass, mam Mindestloun zu Lëtzebuerg ze liewen. De Mindestloun gëtt ugepasst obschon en däitlech méi héich ass wéi am Frankräich – et ameséiert mech bal datt de Front de gauche e Mindestloun vu 1.700 Euro aklot wëssend, datt eise Mindestloun däitlech méi héich ass.

An ech wëll Iech eppes soen: et stéiert mech, datt Leit, déi heiandsdo monstruös Gehälter zu Lëtzebuerg kasséiere mengen, et géng Lëtzebuerg doduerch besser goen datt de Mindestloun géng ofgesenkt ginn. Et geet de Lëtzebuerger net besser, et geet der Lëtzebuerger Wirtschaft net besser wann d'Mindestléin ofgesenkt ginn. Et geet hir och net besser, wann d'Spëtzegehälter vun de Manager erofgesenkt ginn. Mee ech géng éischter d'Ofsenkung vun de Spëtzegehälter vun de Manager begréissen, wéi datt ech mech dozou kënnt duerchréngen, d'Mindestléin ze kierzen oder net ze erhéijen. E bësse Schimt géng Eenzelnen hei am Land gutt zu Gesiicht stoen! Grad wéi et och wënschenswäert wier, datt d'Unioun vun de Lëtzebuerger Betriber – d'UEL – sech a Saache Préretraite op eng eenheetlech Linn géng festleeën. D'Patronatsorganisatioune verlaangen, datt d'Préretraitë gestoppt ginn.

Mee wann ee Betrib ee groussen Ajustementsproblem huet, da sinn déiselwecht Patronatsvertrieder séier do, fir d'Préretraite-Ajustement ze verlaangen. Dat ass viru Woche bei ArcelorMittal geschitt. ArcelorMittal freet Préretraite-Ajustement un, well aus globale Konzerngrënn eenzel Aktivitéite mussen zu Lëtzebuerg ofgebaut ginn. ArcelorMittal mécht awer weltwäit riese Benefiss. Fir wat kann ArcelorMittal dee Préretraite-Ajustement net selwer bezuelen? ArcelorMittal mécht dat net, well eist Gesetz d'Préretraite-Ajustement als Offiederungsmechanismus an als Verhënnerungsinstrument zur Entloossung vu Mataarbechter virgesäit. Ech hu gelies, d'ABBL géng et onerhéiert fannen datt de Staat d'Préretraite op der ArcelorMittal bezillt. 'T wier vläicht gutt, anstatt dauernd no der Ofschafung vun der Préretraite ze ruffen, datt d'UEL sech intern emol op eng Linn festsetzt. Ech jiddefalls sinn der Meenung datt ArcelorMittal, ee Betrib dee 55 Milliounen Euro kritt fir Préretraite-Ajustement ze bezuelen, als Géigeleeschtung dem Staat sollt gratis Terrainen zur Verfügung stellen, op déi mer kenne mëttelstänneg Betriber ënnerbréngen oder awer Wunnenge kënne bauen. Déi grouss Patronë kënnen net nëmmen huelen. Si mussen och kënne ginn. Besser gesot: zréckginn, well ArcelorMittal huet vill vun de Lëtzebuerger kritt.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Wann et ëm d'Spueren an ëm d'Aspuere geet, da kommen einfach Iddien op déi gutt kléngen, mee déi awer net duerchzeféiere sinn. Eng Iddi, déi gutt kléngt, besteet an der Besteierung vum Kannergeld. D'Regierung huet dës Optioun net zréckbehal well dës Optioun ass keng Optioun. Ech hätt mat der Besteierung vum Kannergeld kee steierideologesche Problem, well et ass richteg, datt d'sozial Gerechtegkeet sech och an dacks iwwer de Steierwee organiséiert. Mee mir hätte mat der Besteierung vum Kannergeld grouss steiertechnesch Problemer. Wa mer d'Kannergeld génge besteieren, da géife Leit déi haut keng Steiere bezuelen duerch d'Addéiere vum Kannergeld zu hirem Akommes an déi Akommeszonen erarëtschen, an deenen Steierflicht entsteet. Déi Leit, déi wéineg verdéngen an och vill Leit aus der sougenannter Mëttelschicht wieren déi éischt Leidtragend vun der Aféierung vun engem Besteierungssystem vum Kannergeld. Derbäi kënnt, datt déi Familljen, déi haut keng Steiere brauchen ze bezuelen Steiererklärunge missten ofginn, e steieradministrativt Monster géng op eis laueren. Ausserdeem gëtt och iwwersinn datt mer nei Duebelbesteierungsofkommesse mat eisen dräi Nopeschlänner missten aushandelen, well mer misste jo och d'Kannergeld vun de Frontalierë besteieren. An anere Wierder: ech mengen, mir sollen eis net méi mat deem technesch extrem schwieregen Thema beschäftegen, à moins datt mer eng Léisung génge fannen, déi all Froe géng beäntwerten. No jorelaanger Beschäftegung mat deem Thema gesinn ech déi ëmfaassend Äntwert net.

Eng aner einfach Iddi, déi d'Regierung net wollt zréckbehalen hätt an enger pauschaler 10%-eger Ofsenkung vum Kannergeld bestan. Mir hunn dës Iddi net zréckbehal, well eng generell Ofsenkung vum Kannergeld déi akommesschwaach Familjen disproportionéiert staark betraff hätt. Ausserdeem hu mer vum Joer 2006 un d'Kannergeld net méi un den Index ugepasst. Dat erlaabt eis 2012 eng Erspuernis vun 136 Milliounen Euro. Mee wéi versprach ass déi Erspuernis net am Näischt verschwonn, mee ass genotzt gi fir d'Infrastrukture vun der Kannerbetreiung massiv auszebauen. 2012 fléissen 172 Milliounen Euro méi an d'Kannerbetreiung wéi 2006, 40 Millioune méi wéi d'Desindexéierung vum Kannergeld ausmécht. Den Ausbau vun der Kannerbetreiung geet fir de Rescht an deenen nächste Jore virun. Statt d'Kannergeld ze besteieren oder d'Kannergeld ofzesenken, hu mer eis fir eng aner Léisung ausgesprach. D'Léisung besteet an der Ëmgestaltung vun de Chèques-Services. Pro Joer spuert de Budget iwwer 8 Milliounen Euro doduerch datt mer zwou Moossnahmen huelen. Déi eng besteet an der Augmentatioun vun der Partizipatioun vun den Elteren um Stonnentarif an um Iessenspräis, déi aner besteet an der Ofsenkung vun der finanzieller Partizipatioun vum Staat un de kommerziellen Edukatiouns- an Accueilstrukturen. Ech kann Iech aus Zäitgrënn dës Moossnahm net am Detail erläuteren, mee zum bessere Verständnis vun dëse Moossnahme loossen ech een Dokument ausdeelen, wou der den Detail vun de Mesurë fannt.

Ech erënneren drun, datt mer am Kader vun der Indexmodulatioun decidéiert hunn de Lycéesschüler vu Famillje mat klengem Akommes, déi net vun de Chèques- Services profitéieren, eng zousätzlech Hëllef ze ginn. Dës Famillje kréien e Subsid vu 500 Euro plus e Chèque vun 300 Euro fir Bicher a Schoulmaterial ze kafen. Dës Moossnahm spillt fir d'éischt bei der Schoulrentrée 2012. 5.000 Schüler wäerte vun dëser Hëllef kënne profitéieren. Och hei géif d'Erklärung vum Detail ze wäit féieren. Och zu dësem Punkt loossen ech een explikativen Tableau ausdeelen.

An der Erklärung vum leschte Joer hat ech ugekënnegt, datt mer a groussem Ëmfank géngen nei Personalposte schaafen, fir d'Ënnerstëtzung vu Familljen a vu Kanner a Schwieregkeete kënne besser ze assuréieren. Mir hu säitdeem 178 supplementar Poste kreéiert a mir fueren domat virun. Ech hat och d'lescht Joer ugekënnegt, datt mer eis der Problematik vu verhalensgestéierte Kanner missten intensiv unhuelen. Vum September u funktionéiert eng Infrastruktur fir verhalensgestéiert Kanner an der Stad Lëtzebuerg. Ech wëll hei der Stad Lëtzebuerg ausdrécklech merci soe fir hir Ënnerstëtzung bei deem Projet.

Bref: mir spueren net einseiteg an exzessiv op d'Käschte vun de Familljen. Mir bauen d'Kannerbetreiung weider aus. Mir applizéieren déi Decisiounen, déi ech d'lescht Joer ugekënnegt hunn. Mir bauen de System vun de Chèques-Services sozialgerecht ëm.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

De Finanzminister huet Iech viru Wochen erklärt, datt de Konsolidéierungspak vun der Regierung sech zu zwee Drëttel aus Aspuerungen an zu engem Drëttel aus Steiererhéijungen zesummesetzt. Ech wëll dofir zur Steierpolitik e puer Erklärunge ginn.

Ech hu gelies, datt et d'Absiicht vun der Regierung gewiescht wier den Normalsaz vun der TVA ze erhéijen. D'Regierung hat dës Absiicht ni, obschons mer zu Lëtzebuerg deen niddregsten TVA-Saz an der Europäescher Unioun hunn. An dëser Legislaturperiod gëtt d'TVA net erhéicht. Mee ech kann net ausschléissen – ween heibanne kann dat eigentlech ausschléissen? –, datt mer an der nächster Legislaturperiod, da wann d'Recettë vum Commerce électronique ofhuele wäerten, esou ee Schrëtt musse virhuelen an eis der TVA-Moyenne vun der Europäescher Unioun unnähere wäerten. Mee dat ass eng Decisioun, déi di nächst Regierung ze huelen huet. Dës Regierung wäert d'TVA op kee Fall erhéijen.

Mir hunn – nach ëmmer am Zesummenhank mat der Indexmodulatioun – d'lescht Joer decidéiert, d'Antikrisesteier ofzeschafen. Mir hunn dat gemaach, fir d'Effetë vun der Indexmodulatioun e bëssen ofzefiederen. Hir Nees-Aféierung ass vun der Regierung ni eeschthaft an d'A gefaasst ginn. An der Steierpolitik däerf een net Zickzack fueren.

Mir hunn eis stattdessen derfir decidéiert, der Chamber d'Erhéijung vun der Solidaritéitssteier virzeschloen. Mir maachen dat, well d'Ausgabe vum Beschäftegungsfong klammen – bedéngt duerch d'Augmentatioun vum Chômage – a well d'Solidaritéitssteier eng zweckgebonne Steier ass, déi der Finanzéierung vun de Chômage-Indemnitéiten a vun der aktiver Beschäftegungspolitik déngt. D'Solidaritéit mat den Aarbechtslosen ass noutwendeg. Si huet ee Präiss an de Präiss ass d'Erhéijung vun der Solidaritéitssteier. Mir hiewe se vum 1. Januar 2013 un ëm 2 Prozentpunkten. Fir d'physesch Persoune klëmmt se vu 4 op 6%, fir déi physesch Persounen, déi ee besteierbart Akommes iwwer 150.000 Euro an der Klass I an 300.000 Euro an der Klass II hu klëmmt se op 8%. D'Betriber bezuele vum 1. Januar 2013 u 7 statt 5% Solidaritéitssteier. D'Gemengen, déi zanter Jore keng Solidaritéitssteier ze bezuele brauchen, wäerte vum 1. Januar 2013 eng Solidaritéitssteier vun 2% bezuele mussen. Hire Beitrag wäert sech op 12 Milliounen Euro belafen, de Beitrag vun de physesche Persounen op 147 Milliounen, dee vun den Entreprisen op 82 Milliounen. Physesch Persoune bezuelen 68 Milliounen, d'Entreprisen 32 Milliounen an d'Gemengen 12 Millioune méi an de Beschäftegungsfong an. Dat gëtt eng Gesamtrecette fir de Beschäftegungsfong – deen dës Gelder dringend brauch – vun 112 Milliounen Euro. Doduerch datt mer d'Solidaritéitssteier erhéijen, klëmmt deen effektive Spëtzesteiersaz de facto op 42,12%. Mir hunn et dacks gesot: breet Schëllere musse méi droe wéi schmueler. Breet Schëllere wäerte méi droen.

Ofschléissend an alles an allem: mir spuere well, mer spuere mussen. Mir wëssen, wou mer spueren a mir wësse fir wat. Mir spueren eis net dout, mee mir spueren eis dëst Joer, d'nächst Joer an déi Joren duerno gesond. Mir spueren, well mer eis bal als eenzegt Land an Europa d'Spueren nach kënne leeschten. Mir spueren net op d'Käschte vun deene Schwaachen. Mir spueren net op d'Käschte vum Wuestum. Mir spueren esou, datt eis Economie weider ka wuessen.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Ech hunn Iech an deene leschte Jore vill iwwer de grave Problem vum Chômage geschwat. D'Bekämpfung vum Chômage bleift déi essentiell Preokkupatioun vun der Regierung. Dofir wonnert et Iech vläicht datt ech dësem Thema haut manner Zäit widme wéi soss. Et ass jo och scho villes gesot, et ass bal alles gesot, et geet elo drëm, fir dat wat gesot a wat ugekënnegt ginn ass weider ëmzesetzen. D'Chamber féiert am Hierscht eng Debatt iwwer d'Aarbechtslosegkeet an iwwer d'Jugendaarbechtslosegkeet. Dat ass eng wichteg Debatt an ech wëll hir haut net virgräifen. Ech wëll just d'Grondlinne vun der Regierungspolitik an dësem wichtege Beräich vun nationalem Behuele skizzéieren. Eis Haaptsuerg ass d'Jugendaarbechtslosegkeet. Mir hunn iwwer 2.000 jonk Leit am Chômage. Dat sinn der 2.000 zevill. Mir däerfe si an hirer Situatioun net eleng loossen. Dofir huet den Aarbechtsminister Recht, wann en drop drängt, datt innerhalb vun den éischte véier Méint vun der Inskriptioun vun deene Jonken um Arbeitsamt, hinne muss eng Beschäftegungsofferte gemaach ginn, sief et ënner Form vu Stage, sief et ënner Form vu Formatioun, sief et ënner Form vun hirer Réckféierung an d'Schoul. Den nationale Plang géint d'Jugendaarbechtslosegkeet déngt deem Zil.

Eng séier Prise en charge vun de jonken Aarbechtslosen ass essentiel. D'Verbesserung vun hirer Employabilitéit ass deen eenzege Wee, deen hinnen den Zougank zum Aarbechtsmaart erlaabt. Op dës Themen – an op aner Themen – komme mer am Hierscht zréck. Mir wäerten eis da mat der Fro beschäftege mussen, inwiefern datt staatlech Bedeelegung um Loun vun deene Jonken déi aus dem Chômage, an d'Betriber wiesselen noutwendeg ass, an ausgebaut soll gi fir der Betribsinsertioun durabel ze hëllefen.

Eng aner Fro, déi ech an deene leschte Joren et longum et largum heibanne behandelt hunn ass eis Schoul an eise Bildungssystem. Schoul- a Bildungsreforme ginn an allen europäesche Länner hefteg diskutéiert. Symptomatesch ass, datt se iwwerall op der Dagesuerdnung stinn. Dat ass en Hiwäis drop, datt deenen aneren hir Schoulen an eis Schoul net optimal funktionéieren. Déi Tatsaach, datt d'Schoulreform vun eenzelen Milieuë staark kritiséiert gëtt, wäert eis net dervun ofhalen, déi geplangte Schoulreform virzehuelen. Net an allen Detailer esou wéi se ugeduecht ass. Mee kee soll mengen, datt d'Regierung op d'Schoulreform verzicht.

D'Gesetz iwwer d'Grondschoul vun 2009 gëtt engem Bilan ënnerzunn an dee Bilan ass an der Maach a läit fir Dezember dëst Joer vir. Wann dee Bilan virläit, kucke mer op a wa jo wéi d'Gesetz an d'Reglementer iwwer d'Grondschoul mussen amendéiert ginn. Deen neie Beruffsausbildungssystem leeft zanter dësem Joer a praktesch alle Formatiounen. Iwwer dat, wat gutt leeft, gëtt sech belueft. Do wou Schwieregkeeten optauchen, setzt d'Edukatiounsministesch sech mat allen Akteuren zesumme fir déiselwecht ze behiewen.

Iwwer d'Moderniséierung vum Secondaire gëtt weider diskutéiert. Déi zoustänneg Ministesch huet am Dezember een Text mat hire Propositioune virgeluecht. Zu deem Text si bis haut 74 Avisen erakomm. Déi Avisë ginn analyséiert. Gespréicher mat de Schüler, mat den Elteren, mat de Beruffschambren an och mat de Professere gi virun. Déi Analys dréit rondrëm d'Stäerkten an d'Schwächte vun eisem Schoulsystem an déi noutwendeg Schlussfolgerunge gi gezunn. All Moossnahmen déi proposéiert gi sinn, stinn zur Debatt. Mee sécher ass, datt mer eis Lycéeë mussen an d'21. Jorhonnert féieren. Et geet drëm an den ënneschte Klassen, 7e bis 5e, déi jonk Schüler gutt ze enkadréieren an adäquat ze begleeden, fir datt se eng Entscheedung kënnen huelen iwwer hire weideren Ausbildungswee an, fir datt se kënnen zu enger Qualifikatioun kommen. An den ieweschte Klassen, vu 4e bis 1ère am Enseignement secondaire an am Enseignement technique, muss derfir gesuergt ginn datt d'Schüler optimal op hir Héichschoulstudien an op hiren zukünftege Beruff virbereed ginn. Mir wëllen déi staark Schüler fuerderen an déi schwaach Schüler förderen. Dat ass wéinst eiser Villsproochegkeet méi schwéier wéi an anere Länner, déi hir Kanner an hir Schüler an hire Mammesprooche beschoulen. Dat wat an der Schoul gutt funktionnéiert, dat gëtt bäibehal an ausgebaut. Mir hu jo niewt partiellen Echecen och grouss Succèsen. Sou freeë mer eis, datt eng Lëtzebuerger Equipe vu 16-jährege Schüler am Abrëll bei der Europawëssenschafts-Olympiade eng Sëlwermedaille kritt huet. Mir freeën eis driwwer, datt d'Zuel vun den Décrocheuren, vun deene jonke Leit also déi d'Schoul ouni Ofschloss verloossen, weider réckleefeg ass a sech ëm 9% agependelt huet. Wann all Avisen analyséiert goufen, wann all Viraarbechten ofgeschloss sinn da wäert d'Edukatiounsministesch am nächsten Abrëll een definitive Gesetzestext virleeën, iwwer deen heibannen an op anere Plaze wäert diskutéiert an debattéiert ginn.

Här President,

Mir hunn en anere Problem hei am Land deen ech kuerz wëll uräissen an dee betrëfft d'Waasser. Mir diskutéieren zënter Joren zwee Themen: de soziale Waasserpräiss an den Eenheetspräiss beim Waasser. Ech hunn ni en Hehl draus gemaach, datt ech en faveur vun engem eenheetlechen nationale Waasserpräiss sinn. Ech kennen d'Schwieregkeeten, déi mat där Fro zesummenhänken, mee dir musst zouginn, datt ee klengt Land wéi Lëtzebuerg een eenheetleche Waasserpräiss brauch. National Solidaritéit organiséiert sech och iwwer en eenheetleche Waasserpräiss. Wéi mer deen eenheetleche Waasserpräiss gestalten, wéi mer d'Differenz maachen tëschent Drénkwaasser an Ofwaasser ass eng Debatt déi mir mussen hunn. Mee datt mer a Richtung eenheetleche Waasserpräiss, dee mer mussen an Etappen aféieren, schéngt mer evident. D'Regierung, no Gespréicher mat allen Akteuren, virun allem mam Syvicol, wäert ee Modell deen zum eenheetleche Waasserpräiss féiere kann am Hierscht virstellen.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Ech kommen no enger zevill laanger Ried zu enger zevill kuerzer Conclusioun.

Wat fir ee Lëtzebuerg wëlle mer eigentlech hunn? Elo an an den nächste Joren?

  • Mir wëllen ee Lëtzebuerg hunn, dat ee kloren europapolitesche Kurs steiert. Ee Lëtzebuerg an engem Europa dat net een Europa vun der blanner Austeritéit däerf sinn. Een Europa, dat säi sozialen Optrag eescht hëllt, een Europa, dat den europäesche Sozialmodell héich hällt, een Europa, dat net nëmmen däerf vu Spuere schwätzen, mee och Wuesstum wëlle muss.
  • Mir wëllen ee Lëtzebuerg, dat wirtschaftlech staark bleift. Fir sécher ze stellen, datt mer wirtschaftlech staark bleiwen, fir sécher ze stellen, datt mer mar an iwwermar wuessen, kënne mer eis net nëmmen op d'Kraaft vun eisem Finanzsecteur verloossen. Mir mussen aus der Ofhängegkeet vum Finanzsecteur eraus. Mir wëllen dat maachen, doduerch datt mer déi Souveräinitéitsnischen, déi mer kënnen hu weider ausbauen. Mir wëllen dat virun allem maachen doduerch, datt mer eis nei Kompetenznische sichen. Déi nei Kompetenznischen huet de Wirtschaftsminister a senger Foire-Ried benannt. Et sinn d'Logistik, et sinn d'IT- an d'Kommunikatiounstechnologien, et sinn d'Biotechnologien, et sinn d'Fuerschung, et ass d'Innovatioun. Ee Land, wat net stoe wëllt bleiwen, muss no neien Entwécklungsméiglechkeete sichen.
  • Mir wëllen ee Lëtzebuerg, dat well et kleng ass, seng öffentlech Finanze nees an Uerdnung bréngt. D'Qualitéit vun eiser internationaler Ënnerschrëft hänkt vun der Qualitéit vun eisen öffentleche Finanzen of. Dofir musse mer do spueren, wou mer an der Vergaangenheet iwwerdriwwen hunn. Dofir musse mer do konsolidéieren, wou d'Finanzen aus dem Kanal sprangen. Mee dofir musse mer awer och – well Spueren ass eng Noutwendegkeet, mee kee Staatszil – an d'Zukunftssecteuren an an d'Infrastrukturen investéieren.
  • Mir wëllen ee Lëtzebuerg, dat viru Reformë keng Angscht huet. Mir wëllen ee Lëtzebuerg, an deem dat Wuert Reform ophällt een obszönt Wuert ze ginn. Mir wëllen net ee Lëtzebuerg vum Stëllstand, mir wëllen ee Lëtzebuerg vum ordonnéierte Fortschrëtt. Dofir brauche mer eng Pensiounsreform, well wa mer keng maachen, da renne mer an d'Mauer. Dofir mussen a wäerte mer eng Bildungsreform maachen, well dat si mer deene Jonken vun haut an deenen Erwuessene vu mar schëlleg.
  • Mir wëllen net ee Lëtzebuerg sinn, dat sech fir anerer zoumécht. Mir mussen op si fir Investisseuren, déi aus aneren Deeler vun der Welt bei eis kommen. Mir mussen och méi op ginn, wann et drëm geet, EU-Bierger an eis öffentlech Verwaltung ze integréieren.
  • Mir mussen d'Land vun der Solidaritéit bleiwen. D'Land vun der Solidaritéit no baussen, d'Land, dat säi Räichtum mat aneren an der Welt deelt. Mir mussen d'Land vun der Solidaritéit no banne bleiwen, an deem mer méi Effortë vun deene verlaangen, déi sech Effortë kënne leeschte wéi vun deenen, déi déi individuel Kraaft zum Effort net hunn. Mir mussen ee Land vun der Solidaritéit bleiwen. Mee d'Solidaritéit, déi huet och ee Präiss. De Präiss vun der Solidaritéit ass d'Matmaache vu jiddferengem. Aarbechtslosegkeet bekämpft een net doduerch, datt en d'Chômeurë bekämpft. Aarbechtslosegkeet bekämpft een awer och net doduerch, datt een akzeptéiert, datt Leit, déi keng Aarbecht hunn alles maachen, fir keng Aarbecht unzehuelen. Et ass och erlaabt, an engem Land wat wëllt virukommen, vun de Chômeuren eegen Efforten ze verlaangen. An 't ass net akzeptabel, datt well et héich Chômage-Indemnitéiten zu Lëtzebuerg gëtt, eng wuessend Zuel vu Chômeurë sech an d'Solidaritéitsfotell nidderléisst an op besser Deeg waard. De Kampf géint d'Aarmut ass net gläich ze setze mam Kampf géint déi Aarm. Mee 't ass net normal, datt mer an engem gutt organiséierten, eigentlech – wa mer éierlech sinn – räiche Land esouvill Leit am RMG sëtze behalen. D'Mindestakommes ass net agefouert gi fir datt een aarm bleift. D'Mindestakommes ass agefouert ginn, fir datt een aus der Aarmut erauskënnt. Mir hätte gär datt Leit, déi an der Aarmut sëtzen aus der Aarmut erauskommen. An dofir musse mer – och wann et schwéier fällt – hinne weider hëllefen an hinnen – wann et net anescht geet – Bee maachen, fir datt se sech weider hëllefe loossen.
  • Mir brauchen ee Land, dat den ökologeschen Ëmschwonk packt. Mir brauchen eng intern Energiewend. An dofir musse mer konzentréiert an zibléiert op Alternativenergien, op Albausanéierung, op systematescht Ëmdenke setzen.
  • Mir wëllen ee Land sinn, dat seng eege Fassong behällt. Déi eege Fassong, déi mer hunn, dat ass de Modell vum permanenten Dialog. Jiddfereen hei am Land rifft no Dialog. Mee net jiddfereen ass fäheg zum Dialog. Dialog däerf een net mat Duell verwiesselen. Dialogéieren heescht openeen zougoen. D'Regierung ass bereet, dat ze maachen, si beweist et eigentlech all Dag. Mir hätten och gär, datt déi, déi net mat der Regierung, datt déi déi net mat der Politik averstan sinn, iwwer hiren eegene Schied sprange statt sech an hirem zouenen Denken anzespären.
  • Mir wëllen ee Land vum sozialen Dialog sinn. De sozialen Dialog erfreet sech de Moment zu Lëtzebuerg net där beschter Gesondheet. Ech fuerderen d'Patronen – déi mengen, ech géng mat zwee Féiss am Gewerkschaftslager stoen – op, de Sozialdialog méi eescht ze huelen. An ech fuerderen d'Gewerkschaften – déi mengen, ech géng mat zwee Féiss am Patronatslager stoen – op, fir erëm un de Verhandlungsdësch zréckzekommen a sech hirer Aufgab am Intérêt vun de schaffende Leit hei am Land ze stellen. Wann d'Sozialpartner zu Lëtzebuerg virufueren, sech wéi Porzelläinshënn unzekucken an net mateneen ze schwätzen, wann déi Zwee – wann et eescht gëtt – net mat der Regierung wëlle schwätzen, da gi mer schwéieren Zäiten entgéint.

Doduerch datt mer probéieren an d'Zäit vun haut eranzekommen, doduerch datt mer d'Zäit vu mar probéieren zesumme virzebereeden, doduerch datt mer ee virun deem aneren erëm méi Respekt kréien – d'Polizisten, d'Mataarbechter vun der Eisebunn, d'Pompjeeën an anerer hunn et net verdéngt agresséiert ze ginn –, doduerch datt mer eis beméien openeen zouzegoe statt künstlech Distanzen tëschent eis ze schafen, doduerch datt mer dee Clivage tëschent der öffentlecher Funktioun an dem Privatsecteur ophiewen a besser verstinn, datt mer alleguer zesumme gehéieren, duerch all dës an duerch vill aner Saache brénge mer et fäerdeg erëm dat ze gi wat mer sinn.

Dernière mise à jour