Jean Asselborn au sujet des opérations de l'OTAN en Afghanistan ainsi que des élections présidentielles

Dany Rasqué: En anere wichtege Rendez-Vous war haut zu Stockholm a Schweden. Do haten d'Ausseministeren aus der Europäescher Unioun eng informell Reunioun op där et an der Haaptsaach ëm d'Situatioun am Noen Osten an am Afghanistan goung. An do hu verschidde Lännder d'Loftattake vun der Nato gëscht schaarf kritiséiert. Ënnert deene Länner war nieft Frankräich och Lëtzebuerg. De Jean Asselborn huet am RTL-Interview vun enger Aktioun geschwat déi net esou hätt dierfte lancéiert ginn.

Jean Asselborn: Ech si keen Expert a Militärfroen, mä ech sinn awer net deen Eenzege vun den europäeschen Ausseministeren, deen do sech Froe stellt, datt et esou einfach ass, esou onkomplizéiert ass, fir Bommë lasszeloossen, mat deene Konsequenzen déi mir do kennen. Do gëtt d’Zivilpopulatioun, déi sougenannte Kollateralschied wat d’Zivilpopulatioun ugeet, déi sinn do net auszeschléissen. An duefir hoffen ech, datt dat gemaach gëtt, wat elo gesot ginn ass, wierklech vun der Nato eng kloer Enquête. Bon, dat ass fir déi Leit déi hirt Liewe gelooss hunn natierlech ze spéit, mä mir musse wëssen, dat Bild wat mir ofginn an der Welt, duerch eis Präsenz an Afghanistan, wat eng gutt Saach ass, ech soen et nach eng Kéier, et ass déi richteg Saach, datt mir do sinn och fir eis Sécherheet, mä awer virun allem och aus Respekt virun deene Leit, déi an Afghanistan liewen, dat mir do hëllefen erëm Sécherheet ze schafen an och erëm d'Land opzebauen. Mä dat do sinn Aktiounen, déi dat Ganzt wat mir do maachen an en immenst schlecht Liicht zéien an dat ass schued.

Dany Rasqué: Dat wichtegst am Afghanistan ass awer elo den Ausgang vun de Presidentiellen, ënnersträicht den Ausseminister. Muer oder iwwermuer sollen offiziell Resultater publizéiert ginn an de Jean Asselborn hofft, datt déi international Kommissioun déi néideg Rektifikatioune mécht. Do wou et Onregelméissegkeete bei de Wahle goufen.

Jean Asselborn: Mir wëssen, dass grave, ganz ganz grave Illegalitéite geschitt sinn. Et ass ee Beispill, wat de Mëtteg nach hei erwähnt ginn ass, wou an engem Duerf, wou 25 Wieler agedroe waren, louchen herno 20.000 Bulletinen an der Urn. Wann also déi Kommissioun d'Optioun hëllt, an ech hoffe jo datt se déi hëllt, datt se net nëmmen d'Wahlresultat comme tel publizéiert an donieft alleguerten déi Illegalitéiten oder Irregularitéiten opzielt. Sie soll sech wirklech Méi ginn, an daat ass och den Optrag deen op jidde Fall mir vu Stockholm där Kommissioun wëlle ginn, wat eng international Kommissioun ass, déi vun engem Kanadier geleet gëtt, datt déi néideg Retouchë mussen gemaach ginn. Wann esou eppes wéi dat doten zielt, da muss gekuckt ginn, datt deen, deen déi Stëmmen do kritt huet, datt déi net zielen. An, datt wann sech da géif erginn, datt een zweeten Tour noutwenneg wier, wat ech elo awer net weess, mä wann dat noutwenneg wier no deene Rectifikatiounen déi musse gemaach ginn, datt dann och en zweeten Tour zustane kënnt.

Dany Rasqué: De Jean Asselborn ass sech bewosst, datt et extrem schwiereg gëtt fir esou en zweeten Tour z'organiséieren. Hie betount awer, datt et och guer net gutt wier en afghanesche President ze hunn deem sech Legitimitéit vun Ufank un wéinst Wahlmanipulatioun a Fro gestallt wier. An een Dag no den Attake vun der Nato gouf et haut e Selbstmordattentat op déi däitsch Zaldoten an Afghanistan. 5 Zaldoten an een afghaneschen Iwwersetzer goufen dobäi blesséiert.

Am Noen Osten huet de Palästinenser President Mahmut Abbas haut e Rendez-Vous mam israelesche Premier Benjamin Netanjahu kathegoresch refuséiert. Déi zwee Politiker haten nach iwwerhaapt keng Entrevue zanter den Netanjahu am Abrëll israelesche Regierungschef ginn ass. Ier et iergendee Rendez-Vous tëschent deenen zwou Säite gëtt muss Israel ophale Kolonien ze bauen, esou den Abbas. Ee Punkt deen och den EU-Ausseministere ganz wichteg ass. Nach emol de Jean Asselborn.

Jean Asselborn: Fir zu Lëtzebuerg dat eng Kéier kloer ze maachen: dat ass wéi wa mar Leit vu Sterpenech oder vun Arel géifen op Stengefort kommen an ee Lotissement do maachen, Haiser bauen an da fil barblé, also Stacheldroot, ronderëmmer maachen a si géifen da soen elo ass dat heiten Territoire vun der Belsch. An da géif och nach d'Belsch Polizei hinnen den Accès fräi maache fir, datt se an déi Lotissementer, an déi Kolonien géifen era kommen. Et muss een also wëssen wat fir eng Provokatioun, datt dat ass. D'Israelien hunn eigentlech näischt verluer op deem Territoire, dee fixéiert ginn ass vun der UNO. D'Grenzen, loosse mir mol einfach soen vun 1967, hunn d’Israelien net respektéiert fir do deen Terrain ze akaparéieren an heiansdo doropper ze bauen. Dat ass eng permanent Provokatioun. Dat ass eppes inacceptables. scho bei der leschter Regierung, wou dat net grad esou prononcéiert war, mä bei dëser Regierung ëmsou méi. Wéi dir elo héieren hutt, sollen elo nach erëm 2500 där Logementer gebaut ginn. Déi, di schon bestinn, déi sollen nach ausgebaut ginn. Dat geet net. An, datt d'Amerikaner do wirklech stuer drop sinn, dat ass och fir eis Europäer wichteg. Do wackelt och kee vun de 27 Länner. Et ass net akzeptabel. Esou laang wéi déi Politik gemaach gëtt vun den Israelien kommen si net méi mat de Palästinenser un en Dësch zeréck.

Dany Rasqué: Esou wäit de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn.

Dernière mise à jour