Le ministre de la Défense, Jean-Marie Halsdorf, au sujet de l'engagement du Luxembourg en Afghanistan

Jean-Marie Halsdorf: Mir wëssen datt et Blesséierter gouf, mir wëssen datt dat Ganzt de Moien 20 op 6 geschitt ass, et gouf eng Explosioun, a mir wëssen datt keng Lëtzebuerger verletzt sinn, wat eng gutt Saach ass.

Max Theis: Hat Dir Kontakt mat hinnen, oder?

Jean-Marie Halsdorf: Mir hate Kontakt, mir hu permanent Kontakt mat hinnen, daat ass jo evident – ech hat esouguer Kontakt mat hinnen nach wéi ech an der Vakanz war. Mir si permanent am Bild wat do ënne leeft, a wéi d’Situatioun do ass.

Max Theis: Den Afghanistanasaz am Moment ass jo relativ an der Diskussioun, soen ech emol, duerch déi Attack déi vun Däitschland ordonnéiert gi war op zwee Tankween. Sinn dat och Diskussioune wou Lëtzebuerg ufänkt sech Gedanken ze maachen iwwer de Sënn an Onsënn vun deem Asaz, an och vun der Geféierlechkeet, wann ee bedenkt, datt jo dann déi Attack do effektiv beim Flughafe war?

Jean-Marie Halsdorf: Wann een an eng Géigend geet, wou e Staat muss opgebaut ginn, ass et kloer, datt et do geféierlech ass, an duefir schéckt ee jo och Militär dohinner, duefir schéckt ee jo dann net einfach Bierger dohinner. Dat muss ee wëssen.

Et muss een och wëssen, datt déi ganz Aktioun jo am Joer 2003 lass gaangen ass. Dat heescht, mir si scho 5, 6 Joer am Gaang. A mir sinn hei an enger Solidaritéitsbewegung an eiser Welt: et sinn net méi wéi 42 Länner, déi do am Fong geholl an dëser Missioun, an der Isaf-Missioun, Deel huelen. Ce n’est pas rien, géif de Fransous soen. Do si Japaner dobäi, Finnlänner, Irlänner oder och d’ganz EU an d’Amerikaner an esou weider, a wann een do seng Strategien ännert, da mécht een dat natierlech horizontal, op enger breeder Basis, an et muss een natierlech d’Situatioun permanent evaluéieren. Dat geschitt jo och, an et gëtt jo permanent versicht – et gëtt jo dann och d’Strategie geännert – eben de Gegebenheete sech unzepassen fir deem Land eng Chance ze ginn.

Well mir si jo mat eiser Défensepolitik an där 3D-Politik mat Entwécklung, Développement, mat Défense a mat Diplomatie, an hei ass d’Entwécklung. Dat Land muss opgebaut ginn, fir datt keng Gefor méi ass fir déi aner. An et geet hei drëm am Fong geholl, dat wat mir och schonn an der Entwécklungshëllef maachen – mir maache jo schonn Entwécklungshëllef op der Plaz. Et ass ee Ganzt wat mir hei hunn, an dat sollt een da virsiichteg weiderféieren, an et soll een da kucken, wéi déi Situatioun evoluéiert.

Max Theis: Däitschland huet anscheinend e Plang wat e Réckzuch ugeet. Ginn et och schonn esou Pläng fir Lëtzebuerg? Huet Dir Iech déi Fro scho gestallt?

Jean-Marie Halsdorf: Ech hunn Iech jo elo gesot, wéi eis Iwwerleeungë sinn. An déi Iwwerleeungen, ech ka mir net virstellen, datt am nächste Regierungsrot net géif hei driwwer geschwat ginn.

Max Theis: Mä wat heescht dat dann elo, gëtt et e Plang oder gëtt et kee wat de Réckzuch ugeet?

Jean-Marie Halsdorf: Ech hunn zu Iech gesot, ech ka mir virstellen, datt an deem nächste Regierungsrot hei driwwer geschwat gëtt, an da ginn déi eenzel Optiounen, déi da kënnen entstoen, da ginn déi diskutéiert.

Max Theis: Mä wat schwieft Iech da vir? Wat proposéiert Dir dem Regierungsrot?

Jean-Marie Halsdorf: De Moment ass et esou, datt ech versichen d’Situatioun ze verstoen, an datt ech versichen déi Missioun, déi mir elo schons säit e puer Joer maachen, weiderzeféieren.

Max Theis: A wéi laang wësst Dir net?

Jean-Marie Halsdorf: Wéi laang dat soll ginn oder wéi laang dat net soll sinn, dat ass mengen ech elo verfréit fir do engem eng Äntwert ze ginn. Et sollt een ee Rou behalen, et soll een Distanz zu deem Ganze behalen, wëssend wat ech Iech elo scho gesot hunn, datt et geféierlech ass, datt awer trotzdem hei daat Wuert Solidaritéit muss weider gëllen.

Dernière mise à jour