Jean Asselborn au sujet de l'abondon du projet de bouclier antimissile

Max Theis: Ee vun de Géigner vun der éischter Stonn vum Rakéitenofwiersystem war de Jean Asselborn, an deen ass elo an der Leitung. Här Ausseminister, Dir sidd ouni Zweiwel zefridden iwwer dës Décisioun. Wat huet Iech dann dès le départ un der Ofwier gestéiert? Dir hutt Iech jo net nëmme Frënn gemaach?

Jean Asselborn: Neen, dat waren dräi Punkten, ganz kloer. Dat éischt, dat war fir mech ni ze verstoen, datt d’Sécherheet vun der Europäescher Unioun, d’Sécherheet vun der Nato, net bilateral tëschent Amerika an zwee Länner kann verhandelt ginn. Dat waren an dësem Fall Polen an d’Tschechei. Dat muss jo als Europäesch Unioun, als Nato verhandelt ginn.

Zweetens, d’Rakéiteschëld un sech: ni ass d’Efficacitéit dovunner, oder d’Noutwennegkeet dovunner, bewise ginn.

An dat drëtt, dat ass folgendes: wësst Dir, zënter datt déi Diskussioun do leeft, ass e ganz grousse Malaise gewiescht um politesche Plang tëschent den USA a Russland. An Europa war do dotëschent, wéi esou dacks an esou Fäll, zimlech dividéiert.

Max Theis: War dee Schratt néideg fir Russland nees an d’Boot ze kréien? Wat erwaart Dir Iech dann elo vu Moskau?

Jean Asselborn: Ech fannen, datt Moskau selbstverständlech dee Schratt do, wat ee wichtege Schratt ass, datt se dee Schratt wëssen ze appréciéieren. Si verstinn, datt dat do wierklech e Geste ass, fir deen "Reset", deen neie Start dee jo d’Madame Clinton an den Här Lawrow eng Kéier bildlech duergestallt hunn, an deem se op e Knäppche gedréckt hunn, datt fir dee Start hei dat hei e formidabelt Zeechen ass, fir op eng aner Schinn erëm hir Relatiounen ze verbesseren.

Max Theis: D’USA hunn eng Ersatzléisung. Ass net dat selwecht am Bloen?

Jean Asselborn: Neen, mir mussen oppassen, hei geet et em ganz, ganz Wichteges.

Fir d’alleréischt ass eng nei Approche vun der Administratioun Obama do, déi seet, datt d’Indivisibilitéit vun der Securitéit, déi spillt. Si wëllen eng Kooperatioun mat Russland, fir wat net och mat anere Länner, wéi zum Beispill mat Japan an där Fro hei.

An fir d’Menace ze konteren gëtt et technesch aner Méiglechkeeten. Do brauch ee kee fixe Radar ze bauen, och keng fix Rakéiten ze installéieren. Wann dat do néideg ass, da fanne se och Weeër, zum Beispill, dat ass jo scho gesot ginn, op Schëffer oder op anere Pläng, fir do eng Kooperatioun fäerdeg ze bréngen. Mä da muss et wierklech mat Russland sinn, net géint Russland, dat konnt näischt ginn.

An ech sinn iwwerzeegt, datt do och technesch, ech si kee Spezialist dran, mä datt technesch Méiglechkeete bestinn um militäresche Plang fir Rakéiten ofzewieren, ouni datt een dee Wee, deen ageschloe war, datt een deen huet misse weidergoen.

Max Theis: Jean Asselborn, Merci fir d’Explikatiounen.

Jean Asselborn: Wann ech gelift.

Dernière mise à jour