Jean-Claude Juncker au sujet du résultat des élections législatives en Allemagne

Max Theis: Wat sot Dir dann zum Ausgang vun den däitsche Wahlen?

Jean-Claude Juncker: E Regierungswiessel an enger Demokratie dat ass keen dramatësch-katastrophale Virgang. Aus engem rengen parteipolitësche Bléckpunkt aus gekuckt sinn ech frou, datt déi Partei mat däer meng Partei am meeschten an Däitschland zesummeschafft, d’CDU, an der Regierung bleiwt. Mä ech si besuergt aus zwee Grënn. Ech hätt ni gemengt, datt d’SPD esou staark Stëmmeverloschter misst hinhuele wéi dat gëschter de Fall war. An ech si besuergt well ech gesinn, datt déi grouss Volléksparteien sech an enger méi breed opgestalltener Demokratie mat 5-6 Parteien am Parlament ëmmer méi schwéier dinn, déi Bindekraft z’entfalen déi se mussen entfalen fir an der Breed vun der Gesellschaft unzekommen. Déi Parteien déi just eng Befindlëchkeet hunn, eng Astellung, ee Reflex, politësch bedingend, déi marschéieren duerch, an déi grouss Volléksparteien dinn sech schwéier hirt Angebot fir d’Majoritéit vun de Wieler crédibel bei deenen unzebréngen.

Max Theis: Dir hudd et elo schonn ugeschwat, déi kleng Parteie sinn déi grouss Gewënner. Sinn déi Konzepter vun de grousse Volléksparteien am Gang auszelafen?

Jean-Claude Juncker: Ech hu gesot, déi dinn sech méi schwéier déi grouss Volléksparteien. Eng grouss Vollékspartei déi muss fir all Schichte vun der Bevölkerung, Schichten tëscht Gänseféisecher wann ech gelift, fir all Gruppen an der Gesellschaft, schlësseg Konzepter an der gesamter Breed entwéckelen. Déi kleng Parteie brauchen nëmmen eng Sensibilitéit ze bedingen an dofir dinn déi méi grouss Parteie sech schwéier. D’CDU mat 33 Komma X Prozent ass jo och op engem Aflossniveau am politësche Spektrum vun Däitschland ukomm dee si selwer sech net viru Joeren hätte kënne virstellen, als sou déif leien.

Max Theis: Bléist méi e raue soziale Wand Ärer Meenong no an Zukunft ouni d’SPD an der Regierung?

Jean-Claude Juncker: Dat géif ech esou net wëlle gesinn an däer pauschaler Beurdeelung do. Dir musst gesinn, an dat erklärt jo de Phenomen vun de Lénken, datt déi däitsch Sozialdemokratie mat der Agenda 2000 a mat anere politësche Schrëtt Liberaliséierung, Privatiséierung, Flexibiliséierung an Déreguléierung breedestens matbegleed huet. Dat ass jo den eigentlëchen Thema vun der Sozialdemokratie an Europa, datt d’Leit wëssen, datt Sozialdemokraten zesummen mat aneren, ech wëll do keen aushuelen, massgeblëch déi Stëmmung an der Wirtschaftspolitik materzeugt hunn, déi mir elo probéieren ze bekämpfen. D’Sozialisten hunn Europa matregéiert an d’Sozialdemokraten hunn Europa matregéiert an dofir ginn se natierlech deelweis an Haft geholl fir dat wat geschitt ass. Ech mengen net datt elo an Däitschland Sozialofbau an intensiver Form géif begraff ginn, well Däitschland huet vill Sozialofbau, am lëtzebuergesche Sënn vum Wuert, an och a menger Konzeptioun vum Wuert iwwregens, gemaach, dir musst gesinn datt milliounen däitsch Arbeitnehmer no den Agenda-2010-Gesetzer mat manner wéi 700€ de Mount liewen. Ech hoffen, datt d’CDU Stäerkt genuch huet a Wëllen genuch huet fir eng Rei vu geplangten obszöne soziale Gesten ofzewenden. Ech hoffen net datt et dozou kënnt datt de Kënnegungsschutz weider flexibiliséiert gëtt an Däitschland, ech hoffen net datt d’Iddi sech duerchsetzt déi vu Liberalen am Wahlkampf geäussert ginn ass, fir déi sektoriell Mindestléin déi agefouert gi sinn, déi puer déi se an Däitschland hunn, ofzeschaffen. Ech hoffen datt do d’Sozialpolitik vun der CDU resistent genuch ass fir sech deene Bestriewen an de Wee ze stellen.

Max Theis: Gëschter Owend gouf ëmmer nees betount, an och am Wahlkampf, wéi wichtëg et wier, datt keng grouss Koalitioun méi kënnt. Zu Lëtzebuerg ass dat jo éischter d’Regel, kënnt dir einfach besser mateneen oder kritt dir äer Differenzen besser verstoppt?

Jean-Claude Juncker: Ech wëll mol éischtens soen, datt dir musst gesinn, datt dat Resultat wat d’CSV viru 4-5 Méint an de Wahlen hat, en aussergewéinlech staarkt ass. Mat iwwer 38% als Vollékspartei vun der Mëtt an e Sechs-Parteie-Parlament anzezéien, ass eng Gréisstenuerdnung déi et entretemps an Europa bal vu kengem méi gëtt. Esou eng richteg grouss Koalitioun hu mir zu Lëtzebuerg och net well dat géif jo viraussetzen datt, sou war et jo an Däitschland bis gëschter Owend, zwou annähernd gläichgrouss Parteien sech géifen d’Hand ginn. Mä zu Lëtzebuerg hu mir eng grouss Koalitioun vun den Iddeeën géif ech gäre soen, well dach awer d’Schnëttmengen, d’Intersectiounen tëscht deem wat d’CSV an LSAP sech denken méi grouss sinn. Ausserdem ass d’Land méi kleng an dat mécht bei responsable Politiker d’Gefill dach awer staark, datt een an essentielle Froe vu Liewens- a Liewensraumgestaltung muss zesummenschaffen. Mir sinn zu esou wéineg datt et kee Sënn mécht sech esou d’Käpp anzeschloen wéi wa mir zu ganz vill wieren. Eis grouss Noperen maachen dat jo. Mir mussen net alles nomaachen wat déi eis virmaachen.

Max Theis: Jean-Claude Juncker, ech soen Iech Merci fir d’Gespréich.

Jean-Claude Juncker: Ech bieden Iech.

Dernière mise à jour