Jean-Claude Juncker au sujet du référendum en Irlande et des réunions du FMI et de la Banque mondiale à Istanbul

Sascha Georges: D’Iren hu "Jo" gesot, dat zimlech däitlech. Huet Iech dat e bëssen iwwerrascht, no de leschte Sondagen?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn dovun ausgaangen, datt d’Iren dës Kéier géife "Jo" soen. Ech hu mir keng Gedanken driwwer gemaach mat wéi vill Prozent, datt si dat géife maachen. Ech si frou, datt dat geschitt ass, well d’Europäesch Unioun, falls dann och elo d’Tschechesch Republik zoustëmmt, an d’Situatioun versat gëtt, datt si méi zügeg, méi séier a besser an d’Breed kann décidéieren.

Et ass och eng gutt Nouvelle fir d’Eurozon, well et wier net gutt gewiescht, wann ee vun deene 16 Eurolänner deem Vertrag net zougestëmmt hätt. Dat hätt zu weidere Spannungen an der Eurozon gefouert.

Ech si frou, datt d’Iren agesinn hunn, datt si an der Europäescher Unioun besser opgehuewe si wéi ausserhalb vun der Europäescher Unioun. An déi Tatsaach, datt eng gewalteg Wirtschaftskris iwwer Irland eragebrach ass, huet ouni Zweiwel d’Verständnis vun den Iren fir d’Noutwennegkeet fir an der Europäescher Unioun Member ze si geschärft.

Sascha Georges: Dir hutt et schonn ugeschwat, bleiwt nach de "Jo" vum tschechesche President an EU-Skeptiker, Václav Klaus. Muss hien elo noginn, wéinst dem "Jo" vun den Iren?

Jean-Claude Juncker: Ech huelen un, datt eng tugendhaft Wierkung vun deem iresche Votum ausgeet. Allerdéngs muss een an der tschechescher Republik gesinn, datt 16 oder 17 Senateuren d’Verfassungsgeriicht befasst hunn. Net den Här Klaus muss elo fir d’éischt décidéieren, mä ier den Här Klaus iwwerhaapt kann décidéiere muss d’Verfassungsgeriicht nach eng Kéier doriwwer befannen. Ech gesinn deem eigentlech zouversichtlech entgéint, well d’Verfassungsgeriicht schonn eng Kéier festgestallt hat, an engem anere Verfahren, dee Vetrag wier mat der tschechescher Verfassung konform.

Sascha Georges: Dat heescht, den 1. Januar bleiwt och fir Iech e realisteschen Datum fir d’Akrafttriede vum EU-Reformvertrag?

Jean-Claude Juncker: Ech ginn dovun aus, datt mir mat deem neie Vertrag ënner dem Aarm an d’neit Jor wäerten era goen, jo.

Sascha Georges: An deem Reformvertrag ass jo och vun engem permanente Rotspresident rieds. En ass virgesinn. Dir sidd jo ëmmer nees am Gespréich fir dëse Posten. Wann Dir gefrot géift ginn, géift Dir da "Jo" soen?

Jean-Claude Juncker: Déi Froen, déi deen Ensembel vu Problemer do betreffe sinn nach däitlech verfréit.

Sascha Georges: Komme mir vläicht nach kuerz op Är Visite an der Tierkei ze schwätzen. Dir hutt G7-Finanzministere gesinn a sidd och am Kader vun der Hierschtsëtzung vum Internationale Währungsfong zu Istanbul, deen ënner anerem Reformen am europäesche Finanzsecteur fuerdert. Goufen dann haut elo wichteg Décisiounen an deem Kader geholl?

Jean-Claude Juncker: Et ass haut nach eng Kéier rekonfirméiert ginn, andeem et präziséiert ginn ass wat d’G20 zu Pittsburgh décidéiert hunn.

Mir wëllen eescht maache mat der Finanzmaartreform, mir wëllen eescht maache mat der Neiregelung vun de Bonien, mir wëllen eescht maache mat der Eegekapitalmëttelënnerleeung vun de Banken.

Mir sinn allgemeng der Opfaassung, datt et der Wirtschaft lues a lues besser geet, datt d’Wirtschaft sech jo awer nach net op engem däitlech konfirméierte Wuesstëmspad befënnt, an dofir si mir och der Meenung, datt déi staatlech Konjunkturprogrammer, déi lancéiert gi sinn an déi en erhiefleche Volume vum PIB an Europa schlécken, 4,5%, datt déi musse viru gefouert ginn, well et ganz geféierlech wier, ier d’Kris däitlech eriwwer ass, déi Stimulanzen, déi d’Budgeten an de Wirtschaftscircuit erabruecht hunn, eraus ze zéien. Dat géif da ganz séier d’Reprise, och wann et nëmmen e ganz haarte Moment ass, erëm an de Géigendeel verkéieren. An dofir si mir der Meenung, datt déi staatlech Programmer nach eng zäitlang musse viru lafen.

Sascha Georges: Här Staatsminister, villmols Merci fir dës Explikatiounen.

Jean-Claude Juncker: Ech soen Iech Merci. Gudden Owend op Lëtzebuerg.

Dernière mise à jour