Jean Asselborn au sujet de l'attribution du prix Nobel de la paix à Barack Obama

Umoderatioun: An de President Obama gëtt grouss Hoffnung gesat an de Friddensnobelpräis ass en Encouragement fir hien. Dat ass d'Reaktioun vum Ausseminister Jean Asselborn op déi dach iwwerraschend Nouvelle, datt den Nobelpräiscomité zu Oslo de Mëtten dem Barack Obama dee Präis dëst Joer gëtt. Den US-President gëtt gëéiert fir seng aussergewéinlech Beméiungen d'international Diplomatie an Zesummenaarbecht tëschent de Staaten ze stäerken.

Um Telefon mam Nico Graf beschreift de Chef vun der lëtzebuerger Diplomatie dem Obama seng Friddensaktivitéiten.

Jean Asselborn (O-Toun): Dir wësst, hie setzt sech an fir eng atomfräi Welt, eng Welt och wou een net méi d'Länner andeelt an helleger an a Satanen. Et ass och e President, deen de Relatioune tëscht Russland an den USA en neie Start wëll ginn. An et ass jo och e President, dee wirklech d'Kulturen a grouss Religiounen wëll zesumme bréngen. Ech mengen net, datt de President Obama een ass, dee selwer vu sech mengt hie kënnt iwwert d'Waasser goen, mä hien wëllt mengen ech an d'Geschicht agoen als e konsequenten Handwierker fir de Weltfridden, opgrond vun deenen Deklaratiounen déi e gemaach huet. An ech mengen dee Präis hei ass ee Präis fir en do z'encouragéieren, dës Schrëtt ze maachen.

Nico Graf: Dat heescht et ass e Präis deen an d'Zukunft weist an net an d'Vergaangenheet, wéi esou dacks bei de Friddensnobelpräisser?

Jean Asselborn (O-Toun): Jo, bei verschiddenen, zum Beispill beim Willi Brandt, war et eigentlech eng Récompense. Hei ass et e Präis dee villäicht e wéineg präventiv kënnt a weist, datt dat schonn der Welt kann ee ganz neit Gesiicht ginn.

Nico Graf: Et ass am Fong och e bëssen e Präis dee seet, daje, da maacht dach elo viru mat deene gudden Iddien.

Jean Asselborn (O-Toun): „Maacht elo virun“, dat ass vläicht e wéineg salop ausgedréckt. Et ass ee Präis dee seet, et geet net duer aleng, datt een sech engagéiert als amerikanesche President fir zum Beispill tëschent Israeli an de Palästinenser de Fridden ëmzesetzen. Mee de Präis seet, selbstverständlech, Dir hutt keng dräi-véier Joer laang Zäit fir dat doten ze maachen, och zum Beispill am Afghanistan. Et ass schonn ee Präis dee mengen ech opfuerdert dat ëmzesetzen, all dat Potential, dat positivt Potential ëmzesetzen wat bis elo aus dem, loosse mir soen, aus dem Häerz vum President Obama eraus komm ass.

Dernière mise à jour