Jean-Claude Juncker au sujet du sommet européen d'octobre, du poste de président du Conseil européen et de la lutte contre le changement climatique.

Jean-Claude Franck: Et ass zwar onwahrscheinlech, datt bis muer gewosst ass, wien EU-President gëtt an awer sinn d'Verhandlunge voll amgaangen. Mat der ëmmer méi probabeler Ratifikatioun duerch Tschechien kéint de Lissabon Traité nämlech geschwënn a Kraaft trieden, wat Ännerungen um Fonctionnement vun der EU mat sech brénge géif. Ier en EU-Rotspresident an e Responsabele fir d'Aussepolitik genannt ginn, hofft de Jean-Claude Juncker am 100,7 Interview, datt um EU-Sommet fir d'éischt emol iwwer d'Aufgabe vum EU-President verhandelt gëtt.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Erstaunlecherweis hu mir als Regierungschefen nach ni intensiv driwwer diskutéiert, wéi dann d'Beschafenheet vun deem Amt soll am Detail ausgesinn. Ech wëll dovun ausgoen, datt emol eng Diskussioun iwwer d'Aufgabeverständnis vum permanente Rotspresident stattfënnt, ier een zu Personalië schreid.

Jean-Claude Franck: Fir de Jean-Claude Juncker ass dat eng kruzial Fro.Wann den EU-President just soll am Interessi schaffe vun Däitschland, Frankräich oder Groussbritannien, da wéilt hie selwer dee Posten net iwwerhuelen, huet de lëtzebuerger Premier virgëschter an engem Interview am Monde ze verstoe ginn. Op där anerer Säit gëtt de Jean-Claude Juncker awer zou, datt hien um Posten interesséiert ass, wann den EU-President soll am Interessi vun allen Europäer schaffen a fir e Konsens suergen tëscht deene Groussen.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Wann déi Bedingungen erfëllt sinn, dann ass dat en interessante Posten. Mä ech hunn net eigentlech bis elo z'erkenne ginn, datt ech à tout prix wéilt Rotspresident ginn. Et kann een och net fir esou e Poste kandidéieren, dat geet guer net.

Jean-Claude Franck: De Jean-Claude Juncker wiert sech dofir géint d'Behaaptung vum Monde, datt hie fir de Postë vum EU-President kandidéiere géif. An awer, wann de Premier iwwer seng Visioun vun deem Postë schwätzt, dann huet een den Androck, datt déi Visioun ganz gutt op säin eegene Profil passt.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Ech hunn ni verstoppt, datt ech dem europäeschen Integratiounsprozess déi allergréisste Wichtegkeet zoumoossen, à la fois fir de Kontinent, wéi och fir dat eegent Land an dat kann een eréischt décidéiere wann et esou wäit ass.

Jean-Claude Franck: E weidert Argument fir hie selwer ass, datt den éischte permanenten EU-Rotspresident soll aus engem klenge Land kommen.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Et war kloer, an den Aë vun all deenen déi dobäi ware wéi dee Posten do geschaf ginn ass, datt den éischte Rotspresident sollt aus engem klenge Land kommen. Ech maachen allerdéngs dorop opmierksam, datt ech deen Eenzege sinn, deen do dobäi war deen och elo nach dobäi ass, esou datt ech dovun ausginn, datt déi kollektiv Erënnerung dorunner relativ onausgeprägt vorhanden ass.

Jean-Claude Franck: Ënner deenen déi dat, wéi et schéngt, vergiess hu sinn d'Briten. Der BBC no wëll de Premier Gordon Brown haut a muer aktiv um EU-Sommet Campagne maachen, fir datt den Tony Blair EU-President gëtt. De Jean-Claude Juncker erkläert, fir wat hie mam Tony Blair net averstane wier.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Ech hu mam Här Blair meng Ausernanersetzunge gehat, ech hat och meng Freed mat him an hien hat der och vill mat mir an dofir ass dat keng Fro déi persounegebonnen an deem Sënn ass, datt een een, well et hien ass, net géif wëllen. Ech soen nach eng Kéier, ech kann net akzeptéieren, datt ee Rotspresident gëtt, dee sech net strikt un d'Gemeinschaftsmethod hält. Ech muss drop insistéieren, datt déi kleng Länner och an deenen neie Konfiguratiounen net nëmmen déi selwecht Dignitéit, mä och déi selwecht Rechter hu wéi méi grouss Ensemblen an der Europäescher Unioun.

Jean-Claude Franck: Der AFP no wieren d'Beneluxlänner an Éisterräich sech géint den Tony Blair als EU-President. Op där anerer Säit wier och de Jean-Claude Juncker ëmstridden.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Ech sinn der Meenung, datt den Zoustëmmungsgrad net zougeholl huet, no deenen heftege steierpoliteschen Ausernanersetzungen déi mir haten, well dat ass jo e Konflikt dee mir mat 25 Staaten, vu datt just Éisterräich op eiser Säit ass, mussen ausdroen. Ausserdeem ass déi Aufgab vum Europresident och net vergnügungssteuerflichteg, well do muss ee jo permanent d'Regierungen an d'Schranke weisen, drop opmierksam maachen, datt hir Finanzpolitik aus dem Rudder leeft, dat féiert zu kenger spontaner Vergréisserung vum Frëndeskrees.

Jean-Claude Franck: D'EU Staats- a Regierungschefe mussen deemno nach vill verhandele fir sech iwwer en EU-President an e Responsabele fir d'europäesch Aussepolitik eens ze ginn. Eventuell ass den nächste Mount dofir esouguer e Spezialsommet. De Fall gesat, hie géif EU-President ginn, wëll de Jean-Claude Juncker awer net verrode wéi et dann zu Lëtzebuerg weider geet.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Ech hu weder Verhandelungen iwwer dee Posten zu Bréissel gefouert nach Verhandelungen iwwer dee Posten oder iwwer aner Posten déi da géife fräiginn zu Lëtzebuerg. Ech hunn Iech gesot, dat mécht sech alles an deem Moment wou et sech mécht.

Jean-Claude Franck: De Jean-Claude Juncker nennt et souwisou eng Verierung vun der Politik, datt d'Persounen ëmmer méi wichteg gi wéi den Inhalt.

Esou soll haut a muer um EU-Sommet och eng gemeinsam Positioun fonnt ginn a Saache Klimaschutz, dat am Virfeld vun der internationaler Konferenz am Dezember zu Kopenhagen, wou iwwer en neie weltwäiten CO2-Reduktiounsplang verhandelt gëtt. D'EU ass sech awer ënner anerem nach net eens, wien wéivill Suen an de Klimaschutzfong fir d'Drëtt Welt abezuele soll. Votum Klima, eng Associatioun vun 30 lëtzebuerger ONGen, huet dat rezent an engem oppene Bréif un de Premier kritiséiert. De Jean-Claude Juncker reagéiert esou:

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Mir sinn der Meenung als lëtzebuergesch Regierung, datt eng adequat Offer un d'Länner vun der Drëtter Welt, wat d'Laaschtendeelung bei der Ofwendung vun der Klimakatastrof ubelaangt, muss fonnt ginn. Dat setzt viraus, datt mir eis eens ginn iwwer déi EU-intern Opdeelung vun der Finanzlaascht déi ze stemmen ass. Mä d'Virstellung, datt ee kéint déi aarm Länner am selwechte Mooss an d'Flicht huele wéi déi räich Länner ass eng déi ech net hunn. Hei muss d'Europäesch Union de Länner vun der Drëtter Welt, besonnesch deenen äermsten, zur Säit sprangen. Dat geet net anescht.

Jean-Claude Franck: Datt d'EU d'Wichtegkeet vun der Klimakris net erkannt hätt, dat gesäit de Jean-Claude Juncker iwwerdeems net esou. Ouni d'Initiativë vun der Europäescher Unioun wier een am Kampf géint de Klimawandel net esou wäit komm.

En anere Sujet dann um EU-Sommet ass d'Wirtschaftskris, mat virop der Fro, vu wéini un déi grouss Budgetsdefiziter musse reduzéiert ginn. Alles an allem géif et deemno keen einfache Sommet ginn, esou de Jean-Claude Juncker. Un engem Manktem u Kontroversë géifen d'Staats- an d'Regierungschefen op hirem Hierschtsommet zu Bréissel net leiden.

Dernière mise à jour