Jean Asselborn au sujet de la désignation de Herman Van Rompuy comme président du Conseil européen

Jean Asselborn: Gudde Moien.

Sophie Morang: Firwat dann elo finalement den Herman Van Rompuy an net de Jean-Claude Juncker?

Jean Asselborn: Fir d'éischt wëll ech ee Wuert soen zum Van Rompuy, dat ass een, Dir wäert gesinn, deen Europa gesäit wéi mir Europa gesinn, deen zimlech schei optrëtt, mä et ass ee Mënsch mat Konviktiounen an ech sinn iwwerzeegt, datt en op d'Raffinesse spillt an datt do déi Grouss net mat deem maache wat si vläicht geduecht hunn. Firwat net de Jean-Claude Juncker? Fir et vläicht an engem Saz ze soen, et waren der ganz vill fir de Jean-Claude Juncker, mä et waren der e puer radikal dergéint. Beim Här Van Rompuy waren der net esou vill radikal dofir, mä et war praktesch keen dogéint an ech huelen un, datt dat den Ausschlag ginn huet.

Sophie Morang: Dir hutt gesot, et soll een den Herman Van Rompuy net ënnerschätzen. An éischte Kommentare gëtt en awer als bleeche Mann duergestallt. Dir sidd awer dovunner iwwerzeegt, datt hien Europa ka weiderbréngen?

Jean Asselborn: Jo, mir musse jo wësse wat mir wëllen an Europa. Mir wollte keen hunn, deen Europa dominéiert, op jidder Fall mir hei zu Lëtzebuerg, mä och a villen anere Länner, datt dat elo den absolute President vun Europa géif ginn. Elo hu mir een, bon bleech, ech gleef net, datt et ee bleechen ass, en huet d'Belsch elo no engem Joer op eng besser Schinn bruecht, en huet d'Belsch zesummegehalen. Dat ass eng vun deene schwéierste politeschen Aufgaben, déi et iwwerhaapt an Europa gëtt, géif ech soen, a vill wäerte nach gesinn mam Herman Van Rompuy, datt dat falsch ass fir e vun Ufank un esou ofzestempelen. Et däerf een net mat Viruerteeler un een erugoen, wann ee vläicht nach keen Numm huet. Hien ass eréischt ee Joer elo Premier an der Belsch, mä ech sinn iwwerzeegt, datt seng Qualitéite wäerten zum Virschäin kommen.

Sophie Morang: Wat ass dann elo vun der neier europäescher Ausseministerin, der Britin Catherine Ashton ze halen? Si ass nach wéineg bekannt.

Jean Asselborn: Jo also do hutt Dir Recht. Ech op jidder Fall perséinlech kennen si net, wéi déi meescht vu mengen Ausseministerkollegen. Mir hu si heiansdo gesinn, wann et ëm d'OMC gaangen ass. Si huet eng gutt Aarbecht gemaach an der Kommissioun a Saachen Handel an et freet mech och fir mat hir zesummenzeschaffen a fir si zesumme mat menge Kollegen an d'Aussepolitik eranzeféieren, well dat war jo bis elo net hiren Domaine. Mä ech muss soen an deem Kontext, d'Englänner hu perfekt gespillt gëschter, si hunn d'Kaart Blair bis zum Schluss iergendwéi gewisen an als Monnaie d'échange, wéi se se zréckgezunn hunn, hätte si gären den Haut représentant gehat. Dat huet geklappt bei eis, bei de Sozialisten, et huet och geklappt an der Ronn vun de 27. Chapeau, dat war de Main de maître. Bon elo muss ee kucken, datt dat am Interêt ass vun der Europäescher Unioun.

Sophie Morang: Här Asselborn, nach eng aner Fro, sidd Dir eigentlech als Lëtzebuerger Vizepremier elo zefridden, datt eis Regierung normal ka weiderschaffen, datt een a schwieregen Zäite keng Regierungsëmbildung muss maachen?

Jean Asselborn: Also doriwwer eraus, ech wëll just soen, datt et mir selbstverständlech och leed deet fir de Jean-Claude Juncker, datt dat elo esou ausgaangen ass. Mä mir hunn et gesot, dee Blockage vun England deen hu mir kannt, dee vu Frankräich, dee war vehement. Bon dat ass esou, mä ech sinn iwwerzeegt, datt den Här Juncker doriwwer ewegkënnt. En hat bei de Sozialisten, ech hunn him et och gëschter gesot, vill Sympathien. Leider hu mir net genuch de Moment där Regierungen, mat där Ausnam déi mir kennen. Zu Lëtzebuerg, dat hate mir esou matenaner ofgemaach, wann déi Episod hei eriwwer ass, ech mengen et wier gutt gewiescht fir Europa, et wier gutt gewiescht fir Lëtzebuerg och, wann de Jean-Claude Juncker President gi wier vum europäesche Conseil, mä ech mengen en ass capabel fir dat doten ewechzestiechen, ech sinn iwwerzeegt dovunner a mir mussen eis elo hei wierklech, wat mir bis elo jo och gemaach hunn, no där Budgetsdébatte um Ufank vum nächste Joer, gi mir eis zesummen drun, fir dat ze maache wat eis Flicht ass, hei zu Lëtzebuerg déi Reformen anzeleeden déi mir brauchen an och fir d'Stabilitéit vun de Staatsfinanzen, fir eis dofir staark an engagéiert de Kapp ze zerbriechen an och zu Decisiounen ze kommen, zesumme mat de Sozialpartner.

Sophie Morang: Eng lescht Fro nach Här Asselborn, Dir sot de Jean-Claude Juncker dee wäert dat doten iwwerliewen, dee wäert dat ewechstiechen. Wéi grouss ass da bei Iech selwer d'Enttäuschung, datt Dir de Poste vum Ausseminister net krut? Dir gouft jo och an de leschten Deeg fir dee Poste gehandelt. Éischter erliichtert?

Jean Asselborn: Nee, déi Enttäuschung ass iwwerhaapt net do. Also ech hu jo ni ni ni de Fanger do gewisen. Dat si Konstruktioune gewiescht déi vu Journaliste gemaach si ginn. Bon dat ass hiert gutt Recht, mä Dir musst verstänneg sinn, ech menge mir hunn dat jo awer och gewisen, op jidder Fall hunn ech mir Méi ginn, net nëmmen no bannen, mä och am Ausland ze weisen, datt mir ee Kandidat haten, also Kandidat ënner Gänseféisercher, fir ee wichtege Posten an doropper hu mir alles konzentréiert. Meng Persoun war do ni am Spill, au contraire, ech mengen ech hunn ëmmer mech wierklech agesat fir déi aner Erausfuerderung an do sinn ech net enttäuscht driwwer. Ech sinn e wéineg enttäuscht driwwer, datt mir einfach an der Europäescher Unioun, dat huet sech gëschter Owend erëm gewisen, dee Rapport de force dee spillt, deen ass ganz ganz staark. Do ännert de President vum Conseil näischt drun, do ännert och a mengen Aen den Haut représentant guer näischt drun. Wa grouss Länner sech eens sinn, fir een net ze huelen, da brénge si et fäerdeg, och wann si e wéineg gespléckt sinn. Hei war et ganz kloer Frankräich an England déi zesummegespillt hunn, mat aneren dobäi, dat wëll ech guer net net soen an et ass e wéineg dat wat een trotzdem heiansdo schwéier ewechstécht, datt mir an deem Europa eben, wou Grousser dominéieren, an deenen allermeeschte Fäll, datt mir do musse kucken eis Interêten och verteidegt ze kréien.

Sophie Morang: Esou wäit also eng éischt Analyse vum Ausseminister Jean Asselborn vun den Decisioune vu gëschter Owend. Merci, Här Asselborn, fir dat Gespréich.

Jean Asselborn: Merci, Madame Morang.

Dernière mise à jour