Jean-Claude Juncker au sujet de l'Eurogroupe et des plans de relance

Pierre Reiland: Här Juncker, fir de Postë vum neien EU-Conseilspresident hat Frankräich sech an Äre Wee gestallt. Hutt Dir fir de Postë vum Eurogrupp-President eigentlech musse verhandelen, fir datt do kee blockéiert?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn do net musse verhandelen. Dat ass proposéiert ginn, an dat leeft elo an déi Richtung. Däitschland a Frankräich hu ganz däitlech gemaach, esouwuel virun der Press wéi och an der Sitzung, datt et hire Wonsch wier, datt ech fir en neit Mandat vun 2 an engem halwe Jor géif zur Verfügung stoen. Eng oder 2 Regierunge mussen nach mat hire Premieren doriwwer schwätzen, mä déi Zoustëmmung déi ass ganz breet. Et geet duer mat enger einfacher Majoritéit, well bei där Ofstëmmung do huet all Land eng Stëmm.

Pierre Reiland: Mat deem neien EU-Traité gëtt den Eurogrupp elo e formellt Organ vun der Europäescher Unioun. Deemno gëtt dann och d’Fonctioun vum President vum Eurogrupp nei definéiert. Wéi gesidd Dir déi Fonctioun an Zukunft?

Jean-Claude Juncker: Den Eurogrupp taucht elo fir d’éischt an engem europäesche Vertrag op. Bis elo war déi eenzeg Rechtsgrondlag déi en hat eng Décisioun vum Conseil européen vum Dezember 1997 zu Lëtzebuerg. Elo steet en am Vertrag.

An en extraë Protokoll, de Protokoll Nummer 14, beschäftegt sech mam Eurogrupp a schreiwt vir, datt den Eurogrupp ënner der Leedung vu sengem President méi staark Afloss op d’Koordinéierung vun der Wirtschaftspolitik vun de Länner huele soll.

Déi Koordinéierung ass de Moment besonnesch wichteg, well mir jo driwwer diskutéieren, wéini an ënner wat fir enge Conditiounen datt mir déi konjunkturstützend Moossnamen, déi mir alleguer an eis Budgete geschriwwen hunn, zréck zéien. Do kënnt also eng nei Responsabilitéit op en duer. Generell, wat d’Koordinéierung vun der Wirtschaftspolitik ubelaangt, gëtt seng Roll gestäerkt, a particulièrement de Moment, wou iwwer d’Exit strategy an der Europäescher Unioun, a besonnesch och am Eurogrupp an och international, diskutéiert gëtt.

Pierre Reiland: Zu där Fro, déi Dir elo ervir gehuewen hat, déi Konjunkturprogrammer vun der Eurozon an aneren europäesche Länner. Dir sidd jo der Meenung, et wier op alle Fall nach ze fréi fir déi elo schonn zréck ze zéien.

Jean-Claude Juncker: 2010 ass ze fréi, well d’Konjunktur bleift fragile, och wann et däitlech Zeeche fir Erhuelung gëtt. Mä mir sinn am Jor 2010 an am Jor 2009 däitlech méi aarm wéi an de Joeren 2007 an 2008. Et wir jo awer elo konjunkturpolitesch e falsche Grëff an d’Instrumentekëscht fir grad an dësem Moment, wou d’Wirtschaft sech lues a lues erhëlt, eng Spuerpolitik unzefänken déi iwwerzu wier. Well déi kéint ganz gutt dozou féieren, datt déi Konjunktur, géif se d’Nues e bësse weisen, direkt eng op d’Nues géif kréien, an dofir fänke mir eréischt am Jor 2011 un, alleguer déi Moossnamen déi mir an de Konjunkturpäck stoen hu lues a lues zréck ze zéien.

Pierre Reiland: Jean-Claude Juncker, villmools merci fir dësen Interview.

Jean-Claude Juncker: Ech soe merci.

Dernière mise à jour