Le Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet de son entrevue avec le président français Nicolas Sarkozy et au sujet de la brasserie Diekirch

Pierre Reiland: Gudde Moien, Här Juncker.

Jean-Claude Juncker: Bonjour.

Pierre Reiland: Jean-Claude Juncker, am November hat den Nicolas Sarkozy Är Kandidatur als permanenten EU-Conseilspresident blockéiert. Gëschter hat Dir d'Geleeënheet mat him doriwwer ze schwätzen. Gouft Dir do vläicht méi gewuer iwwer d'Ursaach fir dee Blockage?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn doriwwer geschwat, ënner 4 Aen, dat waren der 4, där Aen. Mir hunn eis ausgeschwat an, wéi ech mengen, et wier gutt wa mir déi Episod an de franséisch-lëtzebuergesche Bezéiunge géife vergiessen. Ech hunn och no där Sitzung zu Bréissel am November gesot, et wier d'Aufgab vum Lëtzebuerger Staatsminister fir fir geuerdnet an normal Relatioune mat eisem franséischen Noper ze suergen. Dorëms hunn ech mech gëschter beméit...

... [Interruption de l’interview]

Pierre Reiland: ...An de Jean-Claude Juncker ass elo nees do, op enger besserer Telefonslinn, hoffen ech. Här Juncker, kommt mir bleiwe vläicht beim Sujet Diekirch. Ass dat fir Iech eng Chefsaach?

Jean-Claude Juncker: Wichteg Dossiere sinn ëmmer zu engem ganz groussen Deel Chefsaach an deen doten och. Dee Problem, dee gëtt net zu Lëtzebuerg geléist. Mir mussen zu Lëtzebuerg ufänken en ze léisen. Et ass net gutt fir an der Ëffentlechkeet Hypothesen z'evoquéieren, Méiglechkeeten ze studéieren dee Betrib ze retten. Dat muss bei Inbev an zu Bréissel geschéien. Ech sinn amgaangen, zesumme mat de Ministeren déi dofir zoustänneg sinn, mech ëm den Dossier ze bekëmmeren a féieren an der nächster Woch Gespréicher an der Belsch doriwwer.

Pierre Reiland: Eriwwer bei deen anere Sujet, Är Visite gëschter beim Nicolas Sarkozy. Hat Dir d'Geleeënheet mat him ze schwätzen iwwer säi Blockage vun Ärer Kandidatur fir de permanenten EU-Conseilspresident?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn doriwwer geschwat, dat hate mir och schonn de 10. Dezember zu Bréissel eng Kéier gemaach. Mir waren eleng, mir hunn eis eng Rei Saache gesot, an ech mengen, et bréngt d'Relatiounen tëscht Frankräich a Lëtzebuerg net weider wann ech mech méi laang mat deem Sujet géif ophalen. Mir hunn eis Saache gesot.

Pierre Reiland: Den Nicolas Sarkozy seet, hie géif Iech ënnerstëtze fir President vum Eurogrupp ze bleiwen. Kënnt Dir him iwwerhaapt nach gleewen?

Jean-Claude Juncker: Ech hu keng reconfirméiert Ursaach fir dem President vun der Republik net ze gleewen, wann e mir esou eppes seet. Dat gëtt och korroboréiert duerch dat wat déi franséisch Finanzministerin mir virgëschter um Telefon gesot huet, wéi si amgaangen ass sech op déi Sitzung vum nächste Méindeg virzebereeden; dat gëtt mir och gesot vun anere Regierungschefen, déi hu jo ënnerteneen doriwwer geschwat. Ech menge schonn, datt dat esou wier.

Pierre Reiland: Här Juncker, d'Telefonsleitung ass nach ëmmer net tipptopp. Ech soen Iech trotzdem villmools Merci fir dës Präzisiounen de Moien.

Jean-Claude Juncker: Ech bieden Iech.

Dernière mise à jour