Le Premier Ministre, président de l'Eurogroupe au sujet des mesures de consolidation budgétaire en Grèce

Marco Goetz: De griichesche Premier Papandreou huet senger Regierungséquipe de Moien eng ganz Rei nei Spuermesurë virgestallt, fir de Staatsdefizit vun elo knapp 13% op dëst Jor 9% erofzedrécken. 3% si jo u sech nëmmen an der EU erlaabt. Dohinner soll Griichenland bis 2012 kommen.
Um Telefon begréissen ech elo de Premier a President vum Eurogrupp, Jean-Claude Juncker. Gudde Mëtteg.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg, Här Goetz

Marco Goetz: De griichesche Premier huet annoncéiert, datt d’TVA vun elo 19% op 21% soll erop goen. Dat ass jo och dat, wann ech mech richteg erënneren, wat Dir no der leschter Sëtzung vum Eurogrupp gefuerdert hutt. Dat heescht, d’Consignë vum Eurogrupp déi ginn a Griichenland gelauschtert an ëmgesat?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn et a Griichenland mat enger dramatescher Verfallssituatioun vun den ëffentleche Finanzen ze dinn. Déi Spuermoossnamen, déi d’griichesch Regierung ugekënnegt hat, hunn eis net ausreechend geschéngt, an dofir hat ech am Numm vum Eurogrupp no eiser leschter Sitzung de 15. Februar supplementar, additionell Moossname gefrot, ënner anerem eng Augmentatioun vum TVA-Saz, nei Accisësteigerungen, Luxussteieren op Schëffer, op deieren Autoen, an esou virun, an eng Rei vu Reductiounë bei den ëffentlechen Dépensen, notamment am ëffentlechen Déngscht.
Dat huet d’griichesch Regierung gemaach, esou datt mir mengen, no där Ukënnegung vun haut, datt d’Griichen weider 4,8 Milliarden Euro, dat heescht 2% vun hirem Bruttoinlandprodukt, aspuere wëllen, datt d’Zil wat Griichenland sech gesat huet a wat mir verlaangt hunn, nämlech eng Ofsenkung vum Budgetsdefizit em 4%, op eng crédibel Aart a Weis kann erreecht ginn. Dat ass eng gutt Décisioun déi d’griichesch Regierung do geholl huet, wann och eng couragéiert, an eng déi sozial Schwieregkeete mat sech bréngt.

Marco Goetz: Sinn dat dann déi néideg Signaler fir d’Finanzmäert ze berouegen?

Jean-Claude Juncker: Ech ginn dovun aus, datt d’Finanzmäert och vun Zäit zu Zäit zu engem rationalen Ëmgang mat enger bestëmmter Situatioun fannen.
Mir hätte gären, datt Griichenland säi Budgetsdefizit ëm 4% reduzéiert. Dat wat d’griichesch Regierung elo annoncéiert huet mécht kloer, datt de feste Wëlle vun der griichescher Regierung besteet fir dat ze maachen. Mir hate gemengt am Spuerprogramm géifen 1,5% bis 1,75% feelen, d’griichesch Regierung mécht elo 2% Haushaltséquilibréierung. Dat schéngt eis ënner Beweis ze stellen, datt de griichesche Konsolidéierungspad um richtege Wee ass.
De griichesche Premier, de griichesche Finanzminister hu mir gesot, datt si wëllen dat nach dëse Freideg duerch d’Parlament a Griichenland bréngen. Wann dat geschitt, menge mir, datt d’Finanzmäert sech misse kënne berouegen.

Marco Goetz: Dat heescht, d’Folterinstrumenter, mat deenen Dir d’Spekulanten zësse wëllt, déi loosst Dir nach am Keller?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn däitlech gemaach, als Europäesche Conseil an als Eurogrupp – ech rappeléieren dat och haut de Mëtteg nach an engem Communiqué – datt mir bereet sinn, Griichenland zur Säit ze sprangen duerch eng décidéiert a koordinéiert Aktioun, falls dat noutwenneg wier fir déi finanziell Stabilitéit an der Eurozon, an domat och a Griichenland sécherzestellen.

Marco Goetz: Jean-Claude Juncker ,Merci fir d’Explikatiounen.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Dernière mise à jour