Le Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet de la situation budgétaire et financière de la Grèce

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.

RTL Radio Lëtzebuerg: Griichenland gëtt net am Stach gelooss wann et Hëllef brauch, dat ass de klore Message vun den Eurolänner gëschter. Wéi gesäit déi Hëllef aus?

Jean-Claude Juncker: Griichenland gëtt net am Stach gelooss, well et sech fir d'éischt emol selwer hëlleft. D'griichesch Regierung huet ee groussen, couragéierte Spuerprogramm opgeluecht, dee schéngt eis credibel ze sinn. Dee weist, datt Griichenland um Konsolidéierungspad Stéck fir Stéck virukënnt.

Griichenland muss fir d'éischt seng Hausaufgabe maachen, ier aner Länner an aner Instrumenter kënne gefrot ginn, respektiv a Beweegung bruecht ginn. Wann d'Finanzmäert net reagéieren op déi griichesch Konsolidéierungsmoossnamen, wa si virufueren op eng heiansdo net justifizéiert Aart a Weis géint Griichenland ze spekuléieren, eréischt dann trëtt d'Hëllef vun deenen aneren Eurolänner a Kraaft.

Mir hunn eis drop gëeenegt, am Prinzip, ouni datt mir eng formell Décisioun geholl hunn, datt Griichenland an deem Fall – vun deem ech mengen, datt en net géif antriede well ech mengen, datt déi Situatioun sech géif berouegen – Krediter vun deenen aneren Eurostaaten zur Verfügung gestallt kritt.

RTL Radio Lëtzebuerg: Firwat ginn et do nach keng konkret Zuelen?

Jean-Claude Juncker: Well déi Zuel nach ganz einfach net um Dësch läit. Déi Zuelen déi genannt ginn, an deenen hir Gréissenuerdnung ech net kann dementéieren, dat schéngt mir ongeféier esou ze sinn, déi Gréissenuerdnung gesäit een eréischt wann d'Fro sech stellt. Mir menge souwisou, d'Fro géif sech net stellen, well d'Finanzmäert op déi Tatsaach hin, datt déi aner Eurolänner bereet stinn an op déi Tatsaach hin, datt d'Griiche massiv Spuerprogrammer virhuelen, wahrscheinlech den Interessi op aner Plazen an der Welt wäerte lenken.

RTL Radio Lëtzebuerg: Kann een esou och den Drock op Griichenland oprecht erhale fir weiderhi streng ze spueren, andeems een net zevill präzis gëtt?

Jean-Claude Juncker: Neen, dat ass net d'Iwwerleeung. D'griichesch Regierung weess ganz genau, ech hu laang mam griichesche Premier a mam griichesche Finanzminister déi lescht Deeg doriwwer geschwat, datt mir drop halen, datt déi Spuermoossnamen déi d'griichesch Regierung proposéiert huet an d'griichescht Parlament votéiert huet, datt déi och 1 zu 1 ëmgesat ginn.

D'Regel an Europa däerf net sinn, datt, wann Aen, fir Lëtzebuergesch ze schwätzen, eng komme léisst, datt dann déi Aner gerannt komme fir ze hëllefen. Fir d'éischt muss ee säin eegent Haus an Uerdnung bréngen. D'Griiche sinn amgaang dat ze maachen an nëmme wann all Strécker räissen, wann den Noutfall antrëtt, stinn déi aner Eurostaate bereet fir hëllefräich zur Säit ze sprangen. Mä wéi gesot, ech ginn dovun aus, datt déi Situatioun sech berouegt ier esou eng Situatioun antrëtt.

RTL Radio Lëtzebuerg: Här Staatsminister, merci fir dës Explikatiounen.

Jean-Claude Juncker: Merci Iech.

Dernière mise à jour