Le ministre des Affaires étrangères Jean Asselborn au sujet des élections aux Pays-Bas

RTL Radio Lëtzebuerg: Den Ausseminister Jean Asselborn kuckt besuergt op dat hollännescht Wahlresultat, besonnesch wat de Rietsruck ugeet.

Jean Asselborn: Wat mech am meeschten natierlech stéiert, wéi all Mënsch, dat ass dee riesegen Erfolleg vun der Partei vum Wilders, dee jo vun 9 op anscheinend 24 Sëtz eropgeet. Dat ass eng Partei, déi extrem feindlech ass géint d'Auslänner. Dat ass eng Partei, déi sech offen als anti-Islam Partei duerstellt. Bon, mir musse wëssen, datt wann déi doten eng Chance hu fir an d'Regierung ze kommen, datt daat eng Répercussioun kritt op d'Europäesch Unioun selbstverständlech. Dir wësst, datt mir an der Europäescher Unioun matgehollef hunn een Dialog, eng Allianz tëscht Zivilisatiounen opzebauen. Mat Astellunge wéi déi vum Wilders, op déi dee Mann gehalen huet an Holland, an déi hien och wierklech a senge Wuerzelen huet, an wat säin haapt “Fonds de Commerce�? ass, daat gëtt ee Schock fir d’Politik. Et gëtt ee Clash vun den Zivilisatiounen mat esou Theorien. An dat wäert eng Auswierkung hunn op selbstverständlech dann d'Bild wat mir als Europa, als Europäesch Unioun ofginn.

RTL Radio Lëtzebuerg: Dem Jean Asselborn no geet de Wilders nach méi wäit a sengen Aussoe wéi deemools de Jörg Haider an Éisterräich. Wéi deem seng FPÖ an d'Regierung koum gouf et Sanktiounen op EU-Niveau. Den Ausseminister ass iwwerzeegt, datt déi raisonnabel Hollänner deen Szenario nach am Kapp hunn.

Dernière mise à jour