Le ministre des Affaires étrangères Jean Asselborn au sujet de la situation politique en Belgique

Umoderatioun: Wann d'Sondagë Recht behalen, da steet d'Belsch erëm viru ganz mouvementéierte Wochen a Méint. Et riskéiert nämlech de separatistesche Bart De Wever, de Chef vun der flamenescher NVA, e Sonndeg de grousse Gewënner vun de Parlaments- a Senatswahle bei eisem Noper ze ginn. Kee Wonner deemno, datt den ëffentlechen Debat ëm bal soss näischt méi dréint wéi ëm eng eventuell Trennung vun der federal-organiséierter Belsch. De Robi Sinner huet doriwwer mam lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn geschwat.

Robi Sinner: Op bis zu 45% vun de Stëmmen kënnten de rietsextreme Vlaams Belang, déi nationalistesch NVA an d'Lijst Dedecker, déi sech vun de Liberale lassgeléist huet, kommen. Parteien déi vill méi Autonomie fir d'Regioune fuerderen. De Süden fäert dat, well d'Flandre iwwerweist all Joer Milliarden an d'Wallonie an op Bréissel fir d'Lächer ze stoppen. De Jean Asselborn vertraut awer op de Pragmatissem vun eisem Noper a wënscht sech aus villen Ursaachen en eenegt Belgien.

Jean Asselborn (O-Toun): Och aus Grënn vun der Aussepolitik, vun eise Relatiounen déi mir mat de Belsch hunn. Ech gesinn eigentlech keng Gefor, datt dat géif elo opfléien. Et gëtt eng Wahl wou, ménger Meenung no, och an de politesche Responsabilitéiten kënnen d'Kaarten anescht vermëscht ginn, mä dat ass un de Belsch dat ze decidéieren.

Robi Sinner: De Chef vun der lëtzebuerger Diplomatie ass awer dogéint fir dem Sproochesträit mat sénge verschiddenen Derivaten an dem Communautaire zevill Gewiicht ze ginn. A bei allem Wonsch no méi Souveränitéit wéissten och d'Flame wat méiglech ass a wat net.

Jean Asselborn (O-Toun): Datt een, deen de belsche Staat a Fro stellt, och de Chef vum NVA mengen ech huet et selwer gesot, datt deen net ka Premierminister vun der Belsch ginn. An ech géif och mengen hei kënnt och de Kinnék an d'Spill. Ech gleewen net, datt de Kinnék ee chargéiert mat der Formatioun vun enger Regierung, deen d'Belsch als Land wéilt demoléieren.

Robi Sinner: Och d'Sozialiste kënnten national déi gréisste politesch Famill ginn, ma fir de Jean Asselborn ass et essentiell ob iwwerhaapt eng Koalitioun ouni d'NVA vum Baart De Wever méiglech ass. A wat déi belsch EU-Présidence den nächste Mount betrëfft do mécht sech den Ausseminister keng Suergen. Eis Nopere wiere gewinnt ënner Iwwergangsregierungen an ënner schwierege Conditiounen ze fonctionnéieren.

Dernière mise à jour