Jean Asselborn au sujet des chances de réussite des négociations de paix israélo-palestiniennes

Cathy Straus: Rationnell gesi misste sech d’Israelien an d’Palästinenser zesummeräisse fir en Accord ze fannen, esou den Ausseminister Jean Asselborn. Ob et wierklech zu engem Accord kënnt, kéint natierlech kee soen. Dem Jean Asselborn no hätt Israel mëttel- a laangfristeg nëmmen eng Chance weider ze bestoen, wann e palästinensesche Staat géing gegrënnt ginn deen Israel respektéiert.

Jean Asselborn: Demographesch ass Israel eigentlech Perdant op Zäit. Den Iran spillt weider eng destruktiv Roll, esou laang wéi keng Léisung fonnt ass. De Krich 2006 am Libanon huet gewisen, datt d’Hisbollah net zerstéiert ass. Och den Drock vun den USA an, wéi Dir gesin hudd, vun der internationaler Communautéit, no där Geschicht vun der Flotille, ass riseg grouss op Israel, an dat zu Recht. D’Tierkei ass als Intermédiaire verluer gaangen, op jiddwer Fall elo, fir Israel. Ech géif mengen, datt Israel an enger Positioun wier, wou ebe misst alles gemaach gi fir zu engem Resultat ze kommen.

Cathy Straus: Fir de Jean Asselborn ass d’Siedlungspolitik vun Israel ee vun de wichtegste Punkten déi entscheeden, ob en Accord tëscht deenen zwou Partië ka fonnt ginn. De Baustopp vun de Siedlungen am Westjordanland ze verlängere wier en Zeeche vun der israelescher Säit wierklech eng Léisung wëllen ze fannen.

Jean Asselborn: Esou laang wéi déi Siedlungspolitik virugeet, hunn natierlech déi Leit, déi radikal un d’Saach wëllen erugoen d’Waasser op der Millen. An do hänkt alles dovunner of, ob Israel bereet ass fir dee Moratoire, dee jo de 26. September ofleeft an deen 10 Méint gedauert huet, weider ze féieren.

Cathy Straus: Am Fall wou den israelesche Ministerpresident Benyamin Netanyahu de Baustopp géing verlängeren, kéint et dem Jean Asselborn no zu Ausernanersetzungen an der Regierung kommen. Den israeleschen Ausseminister Avigdor Lieberman sot, hie géing kee Grond gesinn de Siedlungsbau weider ze stoppen. D’Palästinenser missten hirersäits eng Léisung fannen, wéi si de radikal islameschen Hamas an d’Friddensgespréicher kéinten abannen. Den Hamas hat jo eng Friddensinitiativ kategoresch zréckgewisen.

Jean Asselborn : Mä mir mussen awer wëssen, datt zum Beispill déi Leit vun der Autorité palestinienne, an zumools de President Abbas, awer och d’Regierung vum Här Fayyad, alles maache musse fir eng Kooperatioun oprecht z’erhale mat alle Sécherheetskräfte sur place, an och wierklech duerchgräife géint dat wat d’Hamas mécht.

Cathy Straus: An nëmmen engem Joer soll Israel an d’Palästinenser all d’Froen déi opsti klären an e Friddensvertrag ausschaffen.

Dernière mise à jour