Le ministre des Affaires étrangères, Jean Asselborn, au sujet de l'arrestation d'un homme au Danemark à la suite d'une explosion dans un hôtel à Copenhague

Roy Grotz: No der Bommenexplosioun e Freideg an engem Hotel zu Kopenhagen gëtt et nach ëmmer Onkloerheet iwwer d’Hannergrënn vun dëser Dot, dat ëmsou méi wou Dänemark no der Publikatioun vun den ëmstriddene Mohammed-Karikature jo absëns exposéiert ass.

An dänesche Medien hat et geheescht, datt dee suspekte Bommeleeër d’Lëtzebuerger Nationalitéit hätt. D’Nouvellë goufen awer dunn nees revidéiert. Eng Reaktioun vum Ausseminister Jean Asselborn an dëser onduerchsichteger Affaire.

Jean Asselborn: Wat ech elo weess, dat ass, datt dee Mann deen do concernéiert ass sech ausginn huet als Lëtzebuerger. Wat dee richteg do gemaacht huet a wat geschitt ass, dat weess ech net. Hien huet sech ausginn als Lëtzebuerger, hien huet och e Lëtzebuerger Pass presentéiert, awer dee Pass soll gefälscht sinn. Dat ass esou, wéi d’Laag ass. Et soll elo gesot gi sinn, hie soll d’belsch Nationalitéit hunn, mä dat ass op jiddwerfall net offiziell bestätegt ginn.

E Freideg den Owend, wéi dat geschitt war, huet méng dänesch Kollegin, d’Ausseministesch vun Dänemark, mir gesot, et soll een dat do net ze héich spillen, et ass héchstwahrscheinlech e Problem aus dem Drogemilieu.

Elo, gëschter, hunn d’Dänen, esou wéi och eis Ambassade mir dat nach de Moie bestätegt huet, Declaratiounë gemaacht, déi verschidde Spriecher vun dohannen, oder e Spriecher vun der Police, datt et awer kéint en terroristeschen Zësummenhank hunn.

Dir wësst, gëschter war den 11. September. Déi Karikaturen iwwer de Mohammed vum Här Westergaard si viru 5 Joer ongeféier publizéiert ginn. Et gëtt also ganz grouss Sensibilitéit an Dänemark op deem Punkt.

Mä loosse mir elo d’Dänen hir Enquête weider féieren. Ech mengen, datt do och e Kontakt besteet tëscht der dänescher Police an der Lëtzebuerger Police, an esou bal wéi mir och vum Ausseministère aus aus Dänemark Informatiounë kréien, da wäert ech déi kënne weiderginn. Eis Ambassade schafft och dorop, mä bis elo kann ech offiziell net soen, a) wat geschitt ass, a b) ob et eng Drogenaffaire ass, oder eng aner Affaire, oder ob et en terroristeschen Hannergrond ass, wat jo och an Dänemark selwer nach net bewisen ass.

Roy Grotz: De Jean Asselborn. De suspekte Bommeleeër gouf entretemps dann och vun de Riichter zu Kopenhagen gehéiert, dobäi gouf hie vun engem franséischen Traducteur begleet. Wéi et schéngt, wéi gesot, hat hie gefälscht belsch Pabeiere bei sech, parallel leeft also och eng Enquête an der Belsch, dat confirméiert de Mëtteg de Parquet zu Bréissel.

Dernière mise à jour