Jean Asselborn au sujet des propos de Viviane Reding sur l'expulsion des Roms en France

Max Theis: Riskéiert de Roma-Dossier de Sommet dann haut ze blockéieren?

Jean Asselborn: Blockéiere bestëmmt net, mä datt en zur Sprooch kënnt, dovunner ginn ech aus, an de Couloiren an och ausserhalb vun de Couloiren.

Mir musse probéieren als Lëtzebuerger, dat si mir jo och gewinnt, d’Saache rationell ze kucken, a wierklech éischtens emol ze evakuéieren, wat de franséische President gesot huet, datt d’Nationalitéit vun engem Kommissär iergend eng Verbindung kéint hu mat der Politik vun engem Land, mat der Regierungspolitik vun engem Land. Dat ass en Iertum, an dat ass och eng Verzerrung.

Ech perséinlech sti komplett hannert der Kommissioun, hannert der Madame Reding, an der Substanz, wa si seet, et muss analyséiert gi vun der Kommissioun, ob Diskriminéierunge virleie géint eng ethnesch Grupp. Wa jo, da gëtt dat gemaacht wat Gang und Gäbe ass an der Europäescher Unioun, da gëtt eng Klo virun de geriichtlechen Instanze vun der Europäescher Unioun gemaacht, an et ass un deene fir dann ze tranchéieren.

A firwat soen ech dat? Majo, entsprécht et dem europäesche Gedankegutt, datt Roma systematesch viséiert sinn an a spektakulären Aktiounen ausgewise ginn? Dat schéngt och net der franséischer Regierung selwer ze schmaachen, well, Dir wësst, uganks der Woch hu se déi Circulaire, déi wierklech d’Roma stigmatiséiert huet, ganz séier geännert.

A mengen Ae gëtt do e Bild gewisen, wat eigentlech guer net zu Frankräich passt. A wann et net zu Frankräich passt, da passt et och net zur Europäescher Unioun.

Déi Mentalitéit fir Sécherheetsfroen iwwer alles ze stellen, iwwer all Aspekter vum Rechtsstaat, an datt eben de Rechtsstaat sech e wéineg ze béien huet wa Sécherheetsfroen, och aus politescher Siicht, am Spill sinn, dat ass eng geféierlech Saach. An an der Welt ka ganz liicht d’Bild entstoen, datt mir an der Europäescher Unioun Rechtsstaatlechkeet, Mënscherechter an esou weider priedegen – a mat Recht maache mir dat jo – awer datt mir e Bild vermëttele wat e wéineg verzerrt ass. An dat ass, mengen ech, de Punkt.

Et ass kee Problem hei tëscht Lëtzebuerg a Frankräich, oder tëscht Frankräich a Lëtzebuerg. Et ass e Problem, dee Frankräich huet mat der Europäescher Kommissioun.

Et soll een esou fair sinn a gesinn, datt d’Madame Reding hir Aarbecht do mécht. Si huet sech a mengen Aen e wéineg vergraff mat deem Verglach, et muss een oppasse wann een dat mécht, selbstverständlech. Ech mengen, dat huet si jo och agesinn. Sie huet sech och dofir entschëllegt, mat dem Verglach zu den Nazien, oder, wéi Dir wësst ass no den Nazien nach eppes komm, Srebrenica an esou weider. Et muss een effektiv Uecht ginn. Dat huet si jo och agesinn a si huet sech dofir entschëllegt, dann ass dat aus der Welt.

Mir musse kucken, datt mir, an de Bernard Kouchner huet mir dowéinst gëschter ugeruff, datt mir och op allen Niveauen, och op dem Niveau vun deenen zwee Ausseminister, probéieren fir de Ball erëm flaach ze spillen.

Max Theis: Mä ganz kuerz nach. Et ass jo ee vun de Grondprinzipië vun der EU-Kommissioun, datt e Kommissär net fir säi Land schwätzt, mä ebe fir d’Kommissioun. Dat weess jo och den Här Sarkozy. Ass dat dann eng bewosst Vermëschung, déi hien do gemaacht huet, mengt Dir?

Jean Asselborn: Et muss een oppassen. Ech huelen un, am Feier vun der Aktioun huet hien dat jo och an engem zouene Raum gesot. Et sinn dann dunn zwee Sénateuren déi dat no bausse gedroen hunn.

Ech kéint mir virstellen, datt wann e franséische President esou eppes seet, dann ass hien entweder rosen oder hien huet e wéineg d’Nerve verluer. Datt dat geschitt, dat huele mir zur Kenntnis.

Mä et soll een dat och elo net ze vill héichspillen, et soll ee wierklech kucken, datt mir erëm mussen anstänneg a rationell mateneen ëmgoen. Well mir hu jo eigentlech mat Frankräich heiansdo Differenzen, okay, mä mir hunn awer gutt Bezéiungen, d’Lëtzebuerger Vollek zum franséische Vollek, an och d’Lëtzebuerger Land zu Frankräich. An do dierf een awer elo net mat esou Aktioune wéi déi do versichen ze verallgemengeren an dann do e lauter negativ Conclusiounen draus ze zéien.

Max Theis: Jean Asselborn, da si mir gespaant,wat den Nicolas Sarkozy dann haut nach ze soen huet. Merci, datt Dir Iech de Moien Zäit geholl huet.

Jean Asselborn: Wann ech gelift.

Dernière mise à jour