Le Vice-Premier ministre, ministre des Affaires étrangères Jean Asselborn, au sujet des propos du sénateur français Philippe Marini à propos du Luxembourg

Monique Pütz: Am Sträit tëscht der EU-Kommissärin Viviane Reding a Frankräich, wat d’Expulsioune vu Roma aus dem Hexagon ubelaangt, huet de franséische Sénateur Philippe Marini bedauert, datt et Lëtzebuerg iwwerhaapt gëtt. De Politiker vun der Regierungspartei UMP sot gëschter wuertwiertlech op France Culture, hien hätt léiwer d’Gespréich am Joer 1867 tëscht dem Napoléon dem Drëtten an dem Bismarck wier anescht ausgaangen, da géif et Lëtzebuerg net ginn. De Marini huet weider erkläert, datt wann de Grand Duché existéiert, dat nëmmen op d’Schwächt vum Napoléon dem Drëtten zréckzeféiere wier. A Lëtzebuerg wier e Land, dat seng Steieren emol net misst andreiwen.

De Lëtzebuerger Chef vun der Diplomatie, de Jean Asselborn, huet elo den Owend bei eis um Mikro reagéiert.

Jean Asselborn: Wann den Här Marini hei viru mir stéing, da géif ech him soen, Monsieur, Dir gitt jo un d’Geschicht ze kennen, och déi vu Lëtzebuerg. Dir sot d’Evenementer vun 1867, dat wier en Zoufall gewiecht. Et wier eigentlech net gewollt gewiescht, an den Napoléon den Drëtten an de Bismarck hätten e Feeler gemaach. De Fait, datt mir iwwerhaapt nach géingen existéieren, géif sech just dorop zréckbezéien.

Ech wëll Iech just soen, da kennt Dir jo och d’Geschicht do duerno. 7 Joerzéngten duerno huet een anere probéiert dee Feeler do ze korrigéieren. Et ass him net gelongen. Dee Mann huet Hitler geheescht. Firwat? Well mir eis gewiert hunn. Well mir Éier haten, well mir Affer bruecht hunn, vläicht och well mir kee Pétain haten.

Ech géif awer de Leit soen, datt een e Marini net soll ze vill eescht huelen. Dat ass net d’Stëmm vum franséische Vollek, an och net d’Stëmm vu Frankräich.

Ech mengen, dee Mann, deen disqualifizéiert sech eigentlech selwer. Et ass Null um kulturelle Plang wat hie seet, et ass zwee Mol Null um mënschleche Plang, an um Plang vun der Europäescher Unioun, vun där Iddi, iwwertrëfft et eigentlech all dat, wat bis elo de Le Pen vun Thesë propagéiert huet. Hei si mir an ahmadinejadeschen Thesen, an dat, mengen ech, seet alles.

Dernière mise à jour