Réaction du Vice-Premier ministre, ministre des Affaires étrangères Jean Asselborn, au sujet des propos du sénateur français Philippe Marini à propos du Luxembourg

Paul Konsbrück: Mir hunn dann och de Mëtteg beim Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn nogefrot, wat déi Aussoe bei him ausgeléist hunn.

Jean Asselborn: Also ech géif zwou Saache soen. Fir d’alleréischt wéilt ech dem Här Marini soen, datt den Hitler jo versicht hat de Feeler, wéi hien dat gesäit, vum Bismarck a vum Napoléon dem Drëtten guttzemaachen, an d’Existenz vu Lëtzebuerg ze zerstéiere mat Hëllef vun den Nazien. Dat ass awer net gelongen, well Lëtzebuerg weder Kollaboratioun kannt huet, nach e Pétain hat.

Dat Zweet wat ech wëll soen, an dat virun allem de Leit, datt d’Stëmm vum Här Marini net d’Stëmm vu Frankräich ass, a scho guer net d’Stëmm vum franséische Vollek.

Dem énergumène vu Compiègne, Här Marini, soll ee wierklech net de Gefale maachen elo ze argumentéieren an do op de Läim ze goen. Dat ass, wat hie gesot huet, zéro vum mënschleche Standpunkt, vum kulturelle Standpunkt ass et zéro-zéro, a vum europäesche Standpunkt gesinn iwwertrëfft dat Gedankegutt alles wat ee bis elo héieren huet vum Front national. Dat seet genuch.

Dernière mise à jour