Jean Asselborn au sujet des propos de Jeannot Krecké sur la lenteur des certaines procédures administratives au Luxembourg

Frank Kuffer: Wat seet dann d'LSAP? Wat seet dann de Vize-Premier dozou? Um Telefon ass elo de Jean Asselborn. Gudden Owend, Här Asselborn.

Jean Asselborn: Gudden Owend, Här Kuffer.

Frank Kuffer: Déi CSV-LSAP Regierung blockéiert sech elo zanter Joere selwer. Kann, däerf e Minister esou eppes ëffentlech soen? Waart Dir iwwerrascht doriwwer?

Jean Asselborn: Här Kuffer, jiddwereen, deen de Jeannot Krecké kennt – och nëmme vu fern – dee weess, datt hie wierklech mat Leif a Séil bei der Saach ass als Wirtschaftsminister, datt hien en enormen Asaz weist fir d'Ekonomie, fir nei Créneauen an d'Land ze kréien an och d'Attraktivitéit vu Lëtzebuerg ze verbesseren.

A wann een de Jeannot Krecké vu méi no kennt, da weess ee vläicht, datt et e Stéier ass vum Stärenzeechen hier. Well ech och selwer ee si weess ech, datt mir ongedëlleg Leit sinn. Dat kann en Avantage hunn, dat kann och een Désavantage hunn.

De Jeannot Krecké huet seng Ongedold ausgedréckt. En huet eng rout Lut blénke gelooss. Ech menge mir wëssen, datt mir musse besser ginn a Saachen Attraktivitéit, a Saache kuerz Weeër. Déi Form, déi e gewielt huet, déi war [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: 6 Joer ass awer schonn eng laang Zäit gewiescht fir dat ze maachen, an déi Lut huet jo awer scho méi laang geblénkt.

Jean Asselborn: Neen, ech mengen, déi Form déi e gewielt huet, déi war vläicht méi emotional wéi rational, vläicht och net politically ganz korrekt. Mä ech mengen an der Essenz, Här Kuffer, huet hien de Fanger op déi richteg Wonn geluecht.

Frank Kuffer: Jo, mä firwat hutt Dir dann näischt – Dir alleguer – näischt gemaach elo an deene 6 Joer? Et ass jo dat, wat d'Oppositioun och kritiséiert. Dir hat 6 Joer Zäit. De Jeannot Krecké seet, ech hu schonn dacks drop higewisen. Et geschitt jo awer näischt.

Jean Asselborn: Dir musst verstoen, datt mir hei zu Lëtzebuerg, menger Meenung no, alleguerte wëssen, datt mir nëmmen eng Chance hu wa mir erëm de Wee vun de kuerze Weeër erëm fannen.

Ech sinn iwwerzeegt, datt, duerch déi Ausso vum Jeannot Krecké ,eng Virgehensweis, eng Dynamik entsteet, wou ee sech deem Problem erëm vill méi bewosst ginn ass.

Ech mengen, et ass ze einfach gewiescht, Saache si schleefe gelooss ginn an de leschte Joeren. Ech mengen, alleguerten déi, déi elo an der Regierung sinn, hu selbstverständlech eng Responsabilitéit ze droen, mä och d'Kollege vun der DP – dat ass jo nach net laang hier – waren och an der Regierung. Déi Gréng Kollegen hunn, wat d'Prozeduren ugeet, ëmmer Positioune gehat – a vläicht och aus hirer Siicht zu Recht – wou d'Saachen net vereinfacht gi sinn.

De Problem ass elo vill méi staark thematiséiert. Mir mussen effektiv d'Ärem erop strëppen a kucke fir hei wierklech dat ze maache wat mir musse maachen, am Intérêt vun eisem Land, elo wou mir an der Kris sinn, an och wa mir aus der Kris eraus sinn, erëm vill méi eis domat ze beschäftege wéi mir eist Land kënne méi attraktiv maachen.

Frank Kuffer: Mä schockéiert Iech dat net, datt en Interview op RTL muss kommen, fir datt et viru geet? Et ass jo anscheinend joerelaang näischt geschitt.

Jean Asselborn: D'Journaliste si komplett an hirem Rôle wa se Aussoe vu Politiker, déi, wéi ech gesot hunn, vläicht méi onkonventionell sinn, opgräifen. Dat ass de Rôle, deen an enger dynamescher Demokratie d'Journalisten ze spillen hunn.

An ech sinn och iwwerzeegt, datt d'Oppositioun selbstverständlech an hirem Recht ass. Ech hunn héieren, datt d'Demissioun vun der ganzer Regierung gefrot gëtt, datt d'Vertrauensfro gestallt gëtt, datt och d'Demissioun vum Jeannot Krecké gefrot gëtt. Dat si Weeër – dat muss ee ganz cool kucken – déi gehéieren zur Demokratie. Déi si politesch legitim, mä et soll kee sech eppes do virmaachen, a keng Illusioune maachen. Dat geet net esou.

Frank Kuffer: Dir hutt et selwer ugeschwat, d'Oppositioun schwätzt vun der Demissioun vum Minister, vun engem Mësstrauensvote an der Chamber. Wier dat net gutt fir Kloerheet ze hunn?

Jean Asselborn: Also [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Also, net onbedéngt d'Demissioun, mä dee Mësstrauensvote, zum Beispill.

Jean Asselborn: All Regierung huet sech engem Mësstrauensvote ze stelle wann e gestallt gëtt, an dës Koalitioun wäert dat och maachen.

Wann ech dierf ee Wuert soen als Sozialist. Ech hat jo d'Éier fir déi Partei an d'Wahlen eran ze féieren an och fir se an d'Regierung ze féieren. Mir sinn do e Block aus Beton. Wann ech soe „Mir“, dann ass dat d'Regierung, et ass d'Fraktioun, et ass eis Partei. Bei eis gëtt kee fale gelooss, kee Millimeter. Et ass iwwerhaapt keng Ursaach dofir do.

Ech sinn iwwerzeegt, datt dat, wat de Jeannot Krecké hei gesot huet – op seng Aart a Weis – datt dat eis och wäert uspanen an der Regierung fir d'Ärem nach méi erop ze strëppen an ze kucken, datt mir an där Fro do wierklech zu Léisunge kommen.

Frank Kuffer: Nach just eng Fro. Et geet jo hei ëm d'Simplification administrative, zum groussen Deel, datt alles ze laang schleeft. Mengt Dir dann net och, do wier de Staatsminister, dee jo da responsabel ass fir d'Simplification administrative, gefuerdert?

Jean Asselborn: Wësst Dir, an enger Regierung ass jiddweree responsabel.

Wann an enger Regierung d'Responsabilitéit an d'Solidaritéit net méi spillen, dann ass déi Regierung net méi handlungsfäeg. Ech kann Iech just soen, datt ech an enger Regierung sinn déi responsabel ass, déi solidaresch ass an déi zesumme kuckt fir déi Problemer déi mir hunn – a mir hunn der immens vill – ze léisen, an dëser Kris an och no dëser Kris. Och dat do ass een do dovunner. Mir ginn dat zesummen un a mir packen dat och zesummen.

Frank Kuffer: Här Asselborn, da soen ech Iech villmools merci fir déi Präzisiounen den Owend.

Jean Asselborn: Merci och.

Dernière mise à jour