Jean Asselborn au sujet des manifestations en Égypte

Max Lemmer: Op internationalem Plang geréit de Régime Mubarak ëmmer méi ënner Drock. Déi Arabesch Liga rifft zu engem friddlechen Iwwergang an Egypten op.

D’EU-Ausseministere soutzen hirersäits gëschter zu Bréissel beieneen, fir d’Situatioun ënner d’Lupp ze huelen. D’EU wëll d’Mënschen an Egypten bei hiren Efforten no méi Demokratie ënnerstëtzen. Si hält sech awer an der Debatt ëm de President Mubarak gréisstendeels zréck. Aktiv agräife wëll Europa net. Vum Ausseminister Jean Asselborn wollte mir wëssen, wat d’Grënn dofir sinn.

Jean Asselborn: Wann een héiert, wéi déi Leit sech ausdrécken, dat si jonk Leit, et si manner jonker, et sinn eeler Leit do: déi wëlle méi Demokratie hunn.

An dofir, a mengen Ae geet et nëmme wann en neien Départ geholl gëtt duerch fräi Wahlen, wierklech fräi Wahlen, wou jiddweree sech kann opsetzen, esouwuel fir President ze ginn, wéi och fir an d’Parlament ze kommen. Dat ass deen eenzege Wee fir enger anerer, enger méi participativ Demokratie an engem Land wéi Egypten, eng Chance ze ginn.

Mir kënne jo keng Revolutiounen, weder exportéieren nach ustiwwelen aus Europa, dat ass net eise Rôle. Wat mir kënnen ubidden, dat sinn déi Wäerter déi mir hunn. An ee vun deene Wäerter, de Grondwäert ass eben dee vun der Autodeterminatioun vun all Vollek. An dofir geet et hei net fir deen een, oder fir deen aneren, do, mengen ech, sinn d’Egypter selwer capabel dat ze maachen, an do soll ee voll Vertrauen a si hunn.

Max Lemmer: D’EU hat den Hosni Mubarak ëmmer esou als e stabiliséierende Faktor an der Regioun ugesinn. Muss e sech net a Fro stellen, an nodréiglech och Feeler selwer zouginn?

Jean Asselborn: Den Hosni Mubarak war aussepolitesch e Politiker, deen zu deene moderate gehéiert huet. An ech soen nach eng Kéier, moderat an deem Sënn war, datt e versicht huet ze kucken an der Regioun, wéi ee Stabilitéit, dat heescht net Krich, wéi een déi kéint assuréieren. An do war hien an der Linn vum Assad.

Do dierf een net après coup elo soen, dat wier alles falsch gewiescht, dat ka jo net falsch sinn, well wann een aussepolitesch op déi setzt, déi wierklech versichen d’Stabilitéit ze assuréieren. De Problem ass, datt mir de Regime méi gekuckt hu wéi d’Bierger déi an deem Regime liewen.

Max Lemmer: Wéi grouss schätzt Dir dann d’Gefor an, datt déi Onrouen an Tunesien, an och elo eben an Egypten, weider iwwergräifen op aner Länner vum Maghreb?

Jean Asselborn: Datt och aner Länner do nokommen, ech mengen, et ass net u mir fir dat de Moien elo hei ze declinéieren. Déi ganz arabesch Welt huet sech Froen ze stellen, an dat wäerte si och maachen, ob déi Systemer an deene se liewen, ob dat Systemer sinn déi déi richteg sinn, an déi och déi bescht si fir d’Vollek. An dat ass eppes, wat selwer muss komme vun den Araber.

Dernière mise à jour