Jean-Claude Juncker au sujet de la démission de Jean-Louis Schiltz de ses mandats politiques

Jean-Claude Juncker: Ech bedaueren dee Réckzuch aus der Politik, ma dee kënnt fir mech net iwwerraschend, well den Här Schiltz virun e puer Méint mat mir doriwwer geschwat huet. Dat ass, wéi hien erkläert, eng Liewensplanungsentscheedung. Säi Liewe gehéiert him. Wann hien décidéiert, seng politesch Aktivitéit anzestellen, ass dat eng Décisioun déi ech respektéieren, och wann ech se regrettéieren, well ech hu gär mat him zesummegeschafft, esouwuel als Generalsekretär vu menger Partei, wéi virun allem als Minister an elo och als Fraktiounschef. Egal wéi, hie bleift mäi Frënd, e gudde Frënd.

Nico Graf: Wat bedeit dat elo fir d’Politik vun der CSV an der Regierung?

Jean-Claude Juncker: Dat huet keng dramatesch Auswierkugnen op d’Regierungspolitik, an deem Sënn, datt jo do net de Regierungskurs op iergend eng Aart a Weis touchéiert oder tangéiert wier. Den Här Schiltz war en äifrege Motor vun der Koalitiounsaarbecht, an ech kann nëmmen hoffen, datt d’CSV-Fraktioun e wierdegen Nofolger fir hie fënnt; wouvun ech ausginn.

Nico Graf: Dir wësst, datt elo wahrscheinlech vill geschwat gëtt; d’Affär Ries huet de Jean-Louis Schiltz elo awer e bësse mief gemaach.

Jean-Claude Juncker: Ech mengen dat net. Ech hu mat him doriwwer geschwat an ech hunn hie gefrot, ob en eigentlech dowéint, a wéint deenen Ëmstänn déi en an der esou genanntener Affär Ries ëmginn wëll ophale mat der Politik. Hien huet mir séier, fest, ënner 4 Ae gesot, dat wier net de Fall, dat wier net determinant fir seng Décisioun gewiescht. Determinant fir seng Décisioun wier, datt hien, no 11 Joer an der Politik, sech elo erëm op seng Aktivitéit als Affekot wéilt konzentréieren.

Nico Graf: Dat ass also déi privat Säit, et geet awer elo politesch weider. Wie gëtt dann elo neie Fraktiounschef?

Jean-Claude Juncker: Dat weess ech net, ech sinn net Deputéierte vu menger Partei. Ech schwätze mat den Deputéeirte vu menger Partei doriwwer, mä déi Virstellung, datt all Décisioun vu menger Partei géif vu mir geholl ginn, déi ass falsch. Et gi Personaldécisioune ganz oft geholl, wou eigentlech iwwerhaapt kee mat mir driwwer schwätzt.

Dernière mise à jour