Jean Asselborn au sujet de la situation en Libye

Gil Goebbels: Virun enger Réunioun vun den EU-Ausseministeren haut um Kierchbierg huet de lëtzebuerger Ausseminister den Asaz vu Buedemtruppen a Libyen net ausgeschloss. D'europäesch Unioun préparéiert den Ament eng sougenannten humanitär Missioun mat militäresche Mëttelen a Libyen. Dat offiziellt Zil ass et fir d'zivil Populatioun géint Truppe vum Colonel Gaddafi ze schützen. Duefir ass nach eng dementspriechend Demande vun de vereenten Natiounen néideg. Méi genee vun der UN-Agence OCHA déi sech ëm humanitär Hëllef bekëmmert. Op d'Fro vun engem Journalist ob een humanitären Asaz de Wee géif fräi maache fir Buedemtruppen, huet de Jean Asselborn de Moien geäntwert.

Jean Asselborn (O-Toun): Also das, was in der UNO-Resolution verboten ist, ist eine Besatzungstruppe. Das, was das wichtigste ist, meines Erachtens in der UNO-Resolution, ist der Schutz der zivilen Bevölkerung. Den muss man hinkriegen. Als Luxemburger rede ich jetzt nicht gerne über strategische, militärische Operationen auf dem Boden, aber ich glaube wir müssen das wirklich im Kopf behalten. Das ist das aller, allerwichtigste.

Gil Goebbels: Esou wäit de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn.

Dernière mise à jour