Jean Asselborn au sujet de sa visite en Afghanistan

Radio 100,7: Den Ausseminister Jean Asselborn ass haut op Visite am Afghanistan. Mir hunn e virun e puer Minutten um Flughafen zu Kabul um Telefon erreecht.

Jean Asselborn (O-Toun): Ech mengen net, datt et eng 100%eg sécher Plaz am Afghanistan gëtt, dat ass evident. Mä esou eppes wéi de Moien elo hei geschitt ass, ass op dësem Fluchhafen op jiddwerfalls – dat huet de Kapitän mir gesot – hei nach net geschitt. Et ass effektiv e Risiko, dat muss ee wëssen. An de Kapitän sot mir och, datt dat Schlëmmst dat ass, datt duerno villes Routine gëtt, an datt een net méi de Reflex huet fir opzepassen. Ech mengen, mir zu Lëtzebuerg alleguer – virun allem och déi, déi d’politesch Responsabilitéit hunn – mir wëssen, datt dat e Risiko ass.

An et muss ee wierklech och déi Leeschtung unerkennen, déi vun de lëtzebuerger Jongen an och Fraen hei zënter 2001 geleescht ginn ass.

Jean-Claude Franck: Den Owend sollt de Jean Asselborn mat de lëtzebuerger Zaldoten déi am Afghanistan stationéiert sinn zesummekommen. Wéinst der Schéisserei vun de Moie wier dat elo net méi méiglech, esou den Ausseminister elo grad um Telefon

Dernière mise à jour