Wann de Bin Laden lieweg festgeholl ginn a virun e Geriicht komm wier, da wier dat ideal gewiescht, esou de Jean Asselborn. Deene ville Leit déi den 11. September 2001 Familljemembere verluer hunn, géif sech déi Fro awer de Moment net stellen.
Jean Asselborn (O-Toun): D'Haaptsaach ass, datt hien als Referenzpersoun vun Al Kaida net méi schuede kann. Dat heescht net, datt Al Kaida net méi wäert schiedlech sinn an Zukunft.
An engem Rechtsstaat wier e Prozess selbstverständlech besser gewiescht, wéi dat beim Eichmann war oder wéi een et sech an anere Fäll virgestallt huet. Mä gutt. Hei musse mir wëssen, dat ass eng Operatioun, déi ass minutiös virbereet ginn. Dat huet 10 Joer gedauert, dat dierf een net vergiessen.
De Bin Laden war een dee gesot huet, all Moslem misst eigentlech esou vill Amerikaner wéi méiglech a sengem Liewen ëmbréngen, ob et Zaldote sinn oder Zivilisten. An et soll ee vläicht do awer trotzdem den Amerikaner d'Responsabilitéit iwwerloossen, mä awer och d'Recht iwwerloosse fir do dat ze maache wat gemaach ginn ass. Dat soll een, mengen ech, net kritiséieren. Wann et méiglech gewiescht wier fir de Bin Laden lieweg ze kréien, ech huelen un, datt si et och gemaach hätten.