Jean Asselborn au sujet de la mort d'Oussama Ben Laden

Jean Asselborn (O-Toun): Al Kaida huet hir Referenz, hire Kapp verluer, mä Al Kaida ass net dout.

Et kënnen eventuell – dat gëtt jo virun allem an Amerika gefaart, mä awer och an Europa – Revancheakten an den nächsten Deeg a verschidde Länner kommen.

An ech kann Iech och soen, datt de Moie Vertrieder vun der amerikanescher Ambassade hei am Ministère waren, an datt mir och de Wonsch, dee si hunn, fir d'amerikanesch Ambassade hei [zu Lëtzebuerg, ndlr], a vläicht och nach dat eent oder anert Gebai, och um Kierchbierg, datt do versicht gëtt déi zoustänneg Instanzen ze sensibiliséiere fir d'Protectioun a fir d'Sécherheetsmoossnamen, déi do kënne getraff ginn, fir déi e wéineg eropzesetzen.

Mä ech ka mir net virstellen, éierlech gesot, datt elo déi geballte Reaktioun vun Al Kaida sech géif an engem Land wéi bei eis elo dorop fokusséieren. Allerdéngs, an Europa – wann ech u Paräis, London oder Berlin an aner Stied denken – ass dat eng grouss Suerg a Gefor déi do elo gedroe gëtt an déi een och muss eescht huelen.

Dernière mise à jour