Jean Asselborn au sujet des répercussions de la mort d'Oussama Ben Laden

Joelle Hengen: All Dag muss een Amerikaner dout maachen, egal op Zaldoten oder Zivilisten, dat war dem Bin Laden seng Devise. Et ass also net verwonnerlech, datt hien den deklaréierte Feind vun Amerika war, an et ass och verständlech, datt d’Freed iwwer säin Doud an der amerikanescher Gesellschaft grouss ass.

Mä, esou de Jean Asselborn, mat dëser Aktioun ass zwar wuel d’Referenzpersoun vun Al Kaida onschiedlech gemaach ginn, d’Netzwierk vun der Terrororganisatioun gëtt et awer nach ëmmer. An dofir misst een an deenen nächsten Deeg och an Europa gutt oppassen, woubäi den Ausseminister awer bezweiwelt, datt Lëtzebuerg d’Zil vun enger Revancheaktioun wäert ginn.

Jean Asselborn (O-Toun): Allerdéngs waren och de Moien d’Vertrieder vun der amerikanescher Ambassade bei eis. Mir hunn déi Messagë weiderginn un eis zoustänneg Instanzen, d’Sécherheetskräften, datt ee virun allem d’[amerikanesch, ndlr] Ambassade, mä vläicht och d’Institutiounen um Kierchbierg muss an deenen nächsten Deeg ganz opmierksam kucken, datt d’Iwwerwaachung e wéineg verstäerkt gëtt.

Joelle Hengen: Dem Jean Asselborn säi Wonsch ass et, datt an der Lutte géint den Terrorismus elo nach aner Schrëtt nokommen, fir datt och nees méi Sécherheet a Stabilitéit an déi ganz Regioun Afghanistan a Pakistan erakënnt.

Jean Asselborn (O-Toun): D’Bekämpfung kann een nëmme maache wann et eng Kooperatioun gëtt tëscht de politesche Kräften am Afghanistan, der internationaler Präsenz am Afghanistan, an eben deene Responsabelen am Pakistan. An dat hei schéngt awer en Zeechen ze sinn, datt esou eng Zesummenaarbecht och méiglech ass.

Joelle Hengen: Et kann ee sech natierlech d’Fro stellen, ob d’Amerikaner bis elo wierklech net wosste wou de Bin Laden sech géif ophalen, an ob net awer e bësse politesche Calcul dohannert stécht, datt den Terrorist Nummer 1 grad elo, 10 Joer nom Attentat op de World Trade Center, erschoss gouf, engem Zäitpunkt wou dem Obama säin Image och staark um Bréckelen ass.

Jean Asselborn (O-Toun): Ech mengen, ee wéi de President Bush hätt doudsécher zougeschloe wann dat méiglech gewiescht wier.

An ech soen Iech ganz éierlech, ech vergonnen dem President Obama deen do Erfolleg no ville Réckschléi déi hie kritt huet. Et ass en Erfolleg vun him, mä awer och en Erfolleg vun der Zesummenaarbecht um internationale Plang, a virun allem awer och vum amerikanesche Militär, dat muss een esou gesinn. An ech hu wierklech léiwer, datt en Demokrat – de President Obama – President ass vun Amerika, wéi déi rietsnationalistesch Tendenzen déi mir jo elo gesinn, déi sech an der Tea-Party erëmspigelen.

Joelle Hengen: De Jean Asselborn fäert och elo keng weider Radikaliséierung, au contraire, de Fait, datt d’Referenzpersoun dout ass kéint hëllefen, datt den Dialog vun de Kulturen tëscht Osten a Westen besser gëtt.

Dernière mise à jour