Jean-Claude Juncker au sujet de la situation financière de la Grèce

Jean-Marc Sturm: De Jean-Claude Juncker hat an der lescht och vun enger Ëmstrukturéierung vun der griichescher Schold geschwat a reagéiert op d'Kritiker esou.

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, do get et vill Mëssverständnisser. Ech triede jo net fir eng esou genannten douce Ëmschëldung a Griichenland an, ouni Bedéngungen. Et ass jo net: entweder eng douce Ëmschëldung oder näischt.

Meng Propositiounë sinn e ganze Cortège aus Moossnamen. Griichenland muss weider Konsolidéierungsmoossnamen treffen. Griichenland muss an eng ganz ambitiéis Privatiséierungswell antrieden. Griichenland muss Strukturreformen a grousser Zuel maachen. An eréischt wann déi Virbedéngungen erfëllt sinn, da kann déi nächst Tranche vun der internationaler Hëllef zur Verfügung gestallt ginn.

An eréischt da kënne mir doriwwer diskutéieren, wann dee Programm bis leeft, deen Aspuerungs- a Konsolidéierungsprogramm, a wann dee Resulter weist, ob een net zu enger Verlängerung vun de Lafzäite vum Scholdenzréckbezuele kann antrieden. Dofir gëtt déi Duerstellung e bësse verkierzt gemaach, esouwuel vun deenen déi se beschreiwe wéi och vun deenen, déi heiansdo iwwerflëssegerweis dorop reagéieren.

Jean-Marc Sturm: Wéi war d'Reaktioun vun der Madame Merkel?

Jean-Claude Juncker: Ech hu mat der Madame Merkel en Accord driwwer fonnt, datt et elo u Griichenland ass fir extrem Soliditéit ënner Beweis ze stellen, well mir fannen an eise Parlamenter keng Majoritéite méi fir mat der Griichenland-Hëllef virunzefueren, wa Griichenland net säi Budget an d'Rei bréngt, wann et net an d'Privatiséierungsefforten antrëtt, a wann et net Strukturreforme virhëllt. Do ass e Konsens, an da musse mir kucke wann alles dat erfëllt ass, wéi mir dann an der Saach selwer viru fueren.

Jean-Marc Sturm: Elo geet et fir Iech weider op Den Haag fir d'Benelux-Reunion. Och do wäert Griichenland dominéieren.

Jean-Claude Juncker: Jo, do ass och Griichenland am Fokus vun eiser dräifacher Attentioun. Mir schwätzen awer och iwwer d'Bäitrëttsverhandlunge mat Kroatien, mir schwätzen iwwer déi international Situatioun ronderëm Libyen. Mä den Haaptpunkt ass awer Griichenland.

Dernière mise à jour